Eng kritesch Analys iwwert de Staatsbudget 2005

De Laurent Mosar hëllt Stellung virun der Châmber
Dir Dammen an dir Hären,

Wann een als Budgetsrapporter vun der Finanz- a Budgetskommissioun bestëmmt gët, sou ass daat eng grouss Eier, mee awer och eng rieseg Erausfuerderung fir jidfer Politiker, deem dës Eier an deene allermeeschte Fäll nëmmen eemol an senger Karriär zoufällt. Dëst Joër ass dann d’Erausfuerde-rung besonnesch grouss gewiecht, well ech fir d’éischte Kéier ënnert der neier Prozedur der Châmber den Budgetsrapport dierf presentéieren.

Anescht wéi an de vergaangene Joere kënnt et net zu engem Rapport complémentaire, sou datt de Rapporter nëmme méi een Optrëtt op der Chambertribün mécht, an de Budget och zum Oofschloss vun den Debatten en Donneschdeg nächst Woch direkt ka gestëmmt ginn.

Déi nei Budgetsprozedur, déi d’Koalitiounspartner während de Verhandlunge fir d’Regirungsbildung am Summer beschloss hunn, bleiwt net ouni Auswiirkungen op d’Aarbechte vum Budgetsrapporter a vun der Chamber. De Budgetsprojet gouf dëst Joer eng éischte Kéier eréischt an der zweter Oktoberhalschent presentéiert, an d’Akteure vun der Prozedur haten duerno just nach fënnef Wochen, fir hir Aviën respektiv hire Rapport auszeschaffen. Perséinlech fannen ech, datt sech dëse méi geraffte Kalenner positiv op déi gesamt budgetär Aarbechten ausgewiirkt huet. Net nëmmen ass de Budgetsprojet, esou wéi d’Regirung en am Oktober deposéiert huet, komplett gewiescht an huet net méi mussen amendéiert ginn, mee déi méi eng zäitlech Fënster duerno huet de Rapporter och derzou incitéiert, säi Rapport géigeniwer de leschte Joeren erhiewlech ze beschneiden. Et ass nees méi e reng budgetären, e geziilt finanzielle Rapport, deen drop verzicht, eng politesch Gesamtiwersiicht ze liweren, waat jo am Fong och net säi Sënn war an ass.

Här President,den Dépôt vum Budget am Oktober ass virun allem vun der Suerg inspiréiert, sech kënne bei der Ausaarbechtung vum Projet op méi realistesch wirtschaftlech Daten ze baséieren. Mir hunn tatsächlech an dene leschte Joeren ëmmer nees erliewt, datt déi Previsiounen, déi am éischten Hallefjoer konnte gemaach ginn, am zwete Semester méi oder manner drastesch revidéiert goufen. Duerch dee méi spéiden Dépôt vum Budgetsprojet get dëse Problem geléist. D’Acteure vun der Budgetsprozedur, vum STATEC iwer de Budgetsdepartement an d’Beruffschamberen, d’Zentralbank, d’Cour des Comptes bis hinn zur Finanzkommissioun an hirem Rapporter, schaffen direkt op denen Donnéeën, déi um Enn vun engem Kalennerjoer kënne mat zimlecher Sécherheet fir daat nächst Budgetsjoer zugronn geluecht ginn. Ech perséinlech hu fonnt, datt déi nei Prozedur och d’Aarbecht vum Rapporter an deem Sënn erliichtert.

Während fënnef Wochen haat ech elo Geleeënheet, mech am Detail mat de staatleche Finanzen, mat der Struktur vun de Steierrecetten a mat der allgemenger wirtschaftlecher Situatioun vum Land auserneenzesetzen. Meng Virgänger als Budgetsrapportere wëssen, datt esou een Exercice genausou spannend wéi opschlossräich ass, an datt een als Rapporter vum Budget en Iwerbléck iwer finanzpolitesch Zesummenhäng kritt, déi engem an däer Form an an deem Mooss virdrun dacks net esou bewosst waren. Et kritt een awer och d’Geléenheet, mat deene sougenanntenen forces vives de la nation ze diskutéieren iwwer d’Finanzsituatioun vun eisem Land. Ech muss Iech soën, dass ech déi Diskussiounen mat all den Beruffschâmberen, den Gewerkschaften, den Patronatsorganisatiounen an all aneren Associatiounen appreciéiert hun an si mer och alleguerten wäertvoll Informatiounen geliwwert hun, vun deenen ech versicht hun, a mengem Rapport eng Rei ze verschaffen. Ech wëll dann awer och di exzellent Zesummenaarbecht mam Budgetsminister, mat deenen verschiddenen Direktiounen vun der Steierverwaltung, der Administration de l’Enregistrement, der Douane an den Accisen, der Finanzinspektioun, dem Tresor, dem STATEC, dem Administrateur Général, der Direktioun vun der Cour des Comptes a vun der Zentralbank ervirsträichen, déi der Finanzkommissioun eng äusserst grouss Disponibilitéit entgéint bruecht hun an ouni deenen hiir aviséiert Avisën ech dëse Rapport nët an däer Form hätt können fäerdeg machen. Hir Qualitéit beweist dann och, dass een an engem begrenzten Zäitraum eng exzellent Aarbecht kann maachen. Ech wëll dann och hei vun der Geléenheet profitéieren, hinnen alleguerten e ganz groussen an oprichtegen Merci auszedrécken. E ganze spezielle Merci wëll ech dann awer och nach un all Kolleginnen a Kollegen vun der Finanz- a Budgetskommissioun riichten, fir hiirt Verständnis an fir aktiv Zesummenarbecht, och e besonnesche Merci un d’Sekretärin vun der Kommissioun Madame Caroline GUEZENNEC. E läschte ganz besonnesch déiwen a speziellen Merci geet un mäi Fraktiounssekretär Fränk Engel, ouni deem seng wäertvoll Mataarbecht dëse Rapport sëcherlech nët am Delai hätt können fäerdeggestallt gin, souwéi all Mataarbechter aus der CSV-Fraktioun.

Här President, Ech sinn duerfir dankbar, dëst Joer den Exercice vun engem Budgetsrapport kënne gemaach ze hunn, zu engem Moment, wou sech wesentlech Froen am Zesummenhank mat der Zukunft vun de Staatsfinanzen an domat mat dem politesche Spillraum an dene kommende Joere stellen. Ech hun dann och meng Roll als Rapporteur nët limitéiert gesin op eng Bestandsopnahm vun der finanzieller Situatioun vun eisem Land, mee wollt och op eng Rei Schwachpunkten hiweisen. Ech sin der Iwwerzeegung, dass dem Budgetsrapporter seng Missioun sech nët kann drop beschränken, mat der Weihrauchschossel ronderëmmer ze goën, mee hien och d’Pflicht huet, hannert den Zuelen ze kraatzen, se ze hannerfroën an och emol eng Rei méi kritesch Iwwerléungen unzestellen. Ech géif dann och wëlle behaapten, dass ech mech an der Approch an der Traditioun vu ville vu mengen Virgänger als Budgetsrapporteur bewegen, déi och ëmmer erëm an hiren Ausféierungen versicht hun, den Budget méi kritesch ze hannerfroën. Ech hun dann awer och gemengt, et géif nët duergoën, nëmmen Kritiken par rapport zu verschiddenen Schwachpunkten ze machen, mee ech wollt och eng Rei vun Wéer opweisen, ganz besonnesch an de Kapitelen Finanzplaz a Gemengefinanzen, wéi een aus Schwächten erëm kéint versichten Stäerkten ze machen. An dësen iwwerléungen huet fir mech ëmmer d’Kompetitivitéit vum Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg am Virdergrond gestan, ouni déi mer de Wuelstand vun dësem Land nët kënnen mëttel- a laangfristeg garantéieren. Ech géif dann och nach eng Kéier wëlle betounen, dass dës Léisungsvirschléi perséinlech Iwwerléungen vum Rapporteur sin an domadden natiirlech nët d’Budgets- a Finanzkommissioun engagéieren. Dëst gesot, wëll ech dann zum eigentlechen mëndleche Budgetsrapport iwwergoën.

Här President,Dir Dammen an dir Hären,

De Budgetsprojet fir 2005 konnt op enger wirtschaftlecher Ausgangsbasis opgestallt ginn, déi nees besser ass, wéi mer se tëschent 2001 an 2003 kannt hunn. Fir daat lafend Joer rechent de STATEC mat engem ekonomesche Wuesstum vun iwer 4 Prozent, a fir 2005 kënne mer och nees vun enger Wuesstumsfourchette tëschent 4 a 4,5 Prozent ausgoen. Domat situéiert sech déi Lëtzebuerger Ekonomi nees e gutt Stéck méi no un hirer mëttlerer Wuesstumskurv an enger laangfristeger Perspektiv, wéi daat an denen éischte Joere vun dësem Joerzingt war.

De Budgetsprojet selwer baséiert op enger Wuesstumsprognos vu liicht ënner 4 Prozent am Joer 2005. D’Finanzkommissioun ass der Menung, datt d’Regirung mat dëser méi virsichteger Projektioun Recht huet, virun allem, well mer schon ze dacks déi wirtschaftlech Dynamik am Land iwerschat hunn, wann e Budget ficeléiert gouf. An nodeems nach eng ganz Parti Onsécherheetsfacteuren op den internationale wirtschaftleche Perspektive laaschten – virun allem deen onberechenbaren, awer konstant héige Präiss vum Petrol an d’Evolutioun vum Wiesselcours tëschent dem Euro an dem Dollar – schéngt et fir de Staat richteg, am Joer 2005 nach eng liicht méi moderat Croissance virauszesetzen, wéi d’Prognose vun den Instituter daat de Moment maachen.

De Budgetsprojet selwer wiisst allerdings méi staark par rapport zum aktuelle Joer, wéi eis Ekonomi daat mecht. Ronn aacht Prozent Gesamtwuesstum vum Budget si fir 2005 geplant, waat dëse Volume an d’Géigend vu 7 Milliarden Euro bréngt. Virun allem déi lafend Ausgaben affichéieren d’nächst Joer eng Progressioun vun iwer 8 Prozent, waat muss ze denke ginn.

Nu muss een awer de Budgetswuesstum relativéieren. D’Exekutioun vum Budget vun dësem Joer weist nämlech, datt suwuel op der Säit vun de Recetten wéi och bei den Dépense ronn 200 Milliounen Euro méi wäerte verbucht ginn, wéi d’Chamber am Dezember 2003 gestëmmt huet. Bei den Dépense schloe virun allem déi steigend Sozialtransferen am lafende Joer mat enger Plus-value vun ëm 150 Milliounen zu Buch – ech wäert op dësen Ëmstand nach méi am Detail agoen. Tatsaach ass awer, datt wann een de Budgetsprojet fir 2005 mat den tatsächleche Staatsausgaben am lafende Joer vergläicht, da kënnt ee bei des dépenses courantes op eng Progressioun, déi méi no bei 4 Prozent läit – an daat ass konkordant mat dem viraussiichtleche Wirtschaftswuesstum am nächste Joer.

De Budgetsprojet gesäit en Defizit vu ronn 90 Milliounen Euro vir, déi aus des Budgetsreserv kënne finanzéiert ginn. Fir dëse Feelbetrag auszegläichen, kann de Staat sech also bei sengen egenen Erspuernisser zervéieren. Doriwer eraus get awer am nächste Joer nees en Emprunt néideg: de Staat wëllt 200 Milliounen Euro léinen, déi direkt an zu gläichen Deler sollen dem Fonds des Routes an dem Fonds du Rail zougefouert ginn. Dës Zomm transitéiert also net duerch den eigentleche Staatsbudget, a get deemno och net als Recette kontabiliséiert. 2004 war daat esou virgesinn, a gouf vun enger ganzer Parti Kritiker kontestéiert, déi geléintent Geld net wollten als Staatsrecette betruechten. Ech wëll mech net mat den techneschem Detailer vun esou engem Virgank ophalen, mee just fannen, datt et e bësse eegenarteg ass, eng Recette, egal wéi eng et ass a vu wou se kënnt, net als Recette ze considéréieren. Mee esou oder esou stellt déi Fro sech fir den Exercice 2005 net méi.

Insgesamt felen dem Staat 2005 dann 300 Milliounen Euro, fir esouwuel säi Budget wéi säin Investitiounsprogramm iwer d’Fongen ze finanzéieren. An der europäescher Berechnungsmethod SEC95 musse jo d’Dépense vun de Fonge bei der Ermëttlung vum Budgetsdefizit berücksichtegt ginn. Daat ass am Fong eng total Häresie, well d’Avoire vun de Fonge Finanzreserve vum Staat duerstellen, déi iwer Joere konstituéiert goufen, an déi Dépensen, déi mat dëse Gelder gemaach ginn, hunn deemno iwerhaapt näischt mat engem Defizit ze dinn. Well awer ausser Lëtzebuerg kee Land an der Europäescher Unioun esou Reserven huet an och keen ausser eis sech da virstellen, datt ee Land der soll hunn, si mer esou gutt a kontabiliséieren d’Ausgabe vun de Fonge mat, wa mer den Defizit fir daat kommend Joer berechnen. An da komme mer am Total op e Feelbetrag vun 843 Milliounen Euro, waat Prozent vum PIB entsprécht. Suguer mat den Dépense vun de staatleche Fongen, vun dene mer wëssen, datt et Gelder sinn, déi de Staat huet a keng, déi e muss léine goen, erfëllt Lëtzebuerg domat nach den Defizitcritère vum europäesche Stabilitéitspakt.

De Gesamtsolde vun den ëffentleche Verwaltungen zu Lëtzebuerg, an deem de Staat, d’Gemengen an d’Sozialkeese berücksichtegt ginn, ass fir 2005 zimlech genee am Ekiliber. Daat erklärt sech doduerch, datt d’Sozialkeesen een nach ëmmer kräfteg iwerschëssege Solde virweisen, deen déi vun der Zentralverwaltung an de Gemengen ausgläicht.

Am Résumé stellt sech d’Finanzsituatioun vum Staat esou duer, datt se souwuel ekilibréiert wéi gesond ass.

E Wuert nach zur Schold vum Lëtzebuerger Staat, fir dës Appréciatioun oofzeronnen. D’Staatsschold ass vu 1997 bis 2003 stänneg erofgaangen, well de Staat an dene Joere keng nei Verschëldung opgeholl huet. 2004 louche mer dunn bei enger Bruttoschold vu just 435 Milliounen Euro, waat 1,8 Prozent vum PIB ausgemaach huet. Mat den Emprunts vun 2004 an 2005 – insgesamt 320 Milliounen Euro Neiverscholdung am lafenden an am kommende Joer – geet eis Bruttoschold nees op 569 Milliounen Euro erop. Par rapport zum PIB ass daat keng weider bedenklech Entwécklung: mir situéieren eis d’nächst Joer bei enger Schold vun 2,1 Prozent, waat am europäesche Verglach no wéi vir absolut konkurrenzlos ass.

Här President,ech wéilt dann iwergoen zu mengem Commentaire vum Budget vun de Recetten, esou wéi de Projet fir 2005 e virgesäit. Dobäi wéilt ech mech op e puer grouss Poste konzentréieren, déi och d’Eckdate vun de staatleche Recetten ausmaachen, an zwar d’Akommessteier, d’Kollektivitéitssteier, d’TVA, d’taxe d’abonnement an de Lëtzebuerger Undeel un dene gemeinsam Recette vun der UEBL.

Bei der Akommessteier féiert deen duerchaus dynameschen Aarbechtsmaart, dee mer ëmmer nach hunn, derzou, datt dës Recette kënne substanziell klammen, an zwar vun ëm déi 1250 Milliounen Euro am lafende Joer op 1400 Milliounen am Joer 2005. Natiirlech ass d’Croissance vum Aarbechtsmaart net nëmme mat steigende Steierrecette verbonnen, mee op däer anerer Säit och mat Sozialausgaben, déi enger egener Entwécklung follegen a stänneg an d’Luucht ginn. Dorop kommen ech nach zréck.

Bei der TVA ass et esou, datt 2005 soll e Rekordjoer ginn, mat Recette vu 1588 Milliounen Euro, 218 Millioune weider wéi am gestëmmte Budget fir 2004. E wesentlechen Deel vun dësen zousätzlechen Einnahmen resultéiert aus der Präsenz zu Lëtzebuerg vun e puer Internetgesellschaften, déi de Standuert Lëtzebuerg gewielt hunn, well mir deen niddregsten TVA-Saz an der Unioun hunn, an si deen am Land bezuelen, wou hire Verrechnungssiège ass.

Esou dankbar a frou mer iwer dës zousätzlech TVA-Recette sinn – déi eis am iwregen iwerhaapt net einfach esou an de Schouss gefall sinn, wéi daat verschiddentlech op dëser Tribün behaapt gouf – esou séier musse mer eis awer bewosst bleiwen, datt se net op éiweg geséchert sinn. De Prinzip vum Land vum Dingschtleeschter, deen de Moment nämlech an Europa bei der TVA-Erhiewung zugronn geluecht get, ass schwéier ënner Beschoss. Et ass net ausgeschloss, datt en an enger mëttelfristeger Perspektiv net iwerliewt, an datt domat d’Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg fir Internet-Handelsfirme géif kräfteg relativéiert ginn. Dëst ass eng Méiglechkeet an der Evolutioun, et ass keng Sécherheet. Mee et soll eis derzou bréngen, d’TVA-Recetten aus dem Internethandel net als gottgegeben hinzehuelen. Si si séier fragil.

Bei der Taxe d’Abonnement dann ass och en Erhuelungsprozess ze verzeechnen, deen derzou féiert, datt nees iwer 400 Milliounen Euro am Budgetsprojet opgefouert sinn. Tatsächlech ass d’Industrie vun den Investmentfongen, déi dës Tax zu quasi 100 Prozent bezillt, gesond an hir Aktiva entwéckelen sech positiv. Enn September 2004 louchen déi bei 1059 Milliarden Euro, waat eng reell Progressioun vu ronn 150 Milliarden Euro während engem Joer erëmget. D’Taxe d’abonnement ass deemno amgaang, sech ze erkrabbelen, a soll 2005 ronn 50 Milliounen Euro méi erabréngen, wéi daat nach 2003 de Fall war.

Allerdings muss ee wëssen, datt Lëtzebuerg weltwäit deen zwete bis drëtten – mir liweren eis do e permanent Fänkesspill mat Frankräich fir déi zwete Plaz – Standuert fir Investmentfongen ass, just hannert de Verenegte Staaten. An op all denen anere Plazen, wou esou Fongen sech wuelfillen – an Amerika, a Frankräich, an Australien, an Italien – get et keng Taxe d’abonnement. Daat bedeit, datt mer bei der Standuertpromotioun regelméisseg mussen erklären, waat dann déi speziell Tax do ass, déi just zu Lëtzebuerg muss entriicht ginn. An daat mécht d’Promotioun net méi einfach. Duerfir ass et och rotsam, datt mer den Taux vun der Tax lues a lues no ënnen upassen, au fur et à mesure wou de Volume vun den hei lokaliséierte Fongen zouhëllt. Domat kënne mer d’Recette stabiliséieren an de Standuert gläichzäiteg nach méi attraktiv maachen. Vill méi ass natiirlech an esou enger Logik net aus der Taxe d’abonnement erauszehuelen. Och dees musse mer eis bewosst sinn.

D’Recetten, déi Lëtzebuerg am Kontext vun der UEBL virun allem aus den Accisen zoustinn, dierften sech 2005 op iwer 900 Milliounen Euro situéieren. Daat beweist d’Vitalitéit vum Tanktourismus a sengen ugeschlossene Phänomenen, wéi zum Beispill dem Grenzverkaf vun Tubaksprodukter. Mee och d’Entwécklung vun dëse Recette werft Froen op, déi mer net einfach kënne vum Dësch wëschen.

Den Tanktourismus ass eng wichteg Finanzquell vum Lëtzebuerger Staat. Mee mir liewen nun emol ewell am Zäitalter vum Protokoll vu Kyoto, ënner deem Lëtzebuerg sech derzou engagéiert huet, bis zum Horizent 2008-2012 seng CO2 Emissiounen ëm 28 Prozent par rapport zu 1990 zréckzeschrauwen. A problematescherweis get eisem Land dee ganze Petrol, dee mer un de Grenze verkafen, als Quell vu Lëtzebuerger Emissiounen zougeschriwen.

De Budgetsprojet fir 2005 gesäit dann och schon d’Schafung vun engem spezielle Fong vir, deen eng éischte Kéier mat 5 Milliounen Euro dotéiert get, fir datt Lëtzebuerg kann um internationale Maart zousätzlech Emissiounsrechter kafen. Mee kee Mënsch weess genee, wéi eisen Emissiounsbilan sech riskéiert, iwer déi nächst Joeren ze entwéckelen, Emissiounsquote sinn elo schon deier a riskéieren, och vill méi rar ze ginn. An da kann et eis geschéien, datt mer Penalitéiten ze bezuele kréien, wa mer d’Emissiounen, déi eisen nationalen Allokatiounsplang virgesäit, iwerschreiden. Net mar, mee an e puer Joer wäert eng exzessiv Tonn CO2 mat 100 Euro zu Buch schloen. Waat daat am Kontext vun honnertdausenden Tonnen, déi aus dem Tanktourismus resultéieren, kéint als Belaaschtung fir de Staatshaushalt bedeiten, brauch ech net weider ze detailléieren.

Tatsaach ass: den Tanktourismus riskéiert, am Kyoto-Zäitalter méi zu enger Belaaschtung ze ginn, wéi en daat bis haut war. A mir wire gutt beroden, e Gesamtbilan ze erstellen, an deem eisen Energiehaushalt ausenaner geholl a par rapport zu de Kyoto-Verpflichtunge berechent get. Wa sech dann ergéif, datt am schlëmmste Fall enges Dags méi Penalitéiten ze bezuele wiren, wéi mer Recetten aus dem Tanktourismus kënnen zéien, dann drängen sech och fir d’Regiirung neiaarteg Iwwerléungen iwwer de Präis vum Benzin an Diesel op.

Bleiwt schlussendlech, Här President, d’Kollektivitéitssteier, déi eis Betriber bezuelen. Do gesäit d’Perspektiv fir 2005 net esou roseg aus. Déi Zäite, wou 1400 Milliounen Euro konnte budgetiséiert ginn, sinn eriwer. Fir 2005 rechent d’Regirung mat 1125 Millioune Recetten aus dëser Steier, 25 méi wéi am lafende Joer. Daat sinn Zuelen, déi eis mussen ze denke ginn.

D’Kollektivitéitssteier, esou get engem gesot, mee ni richteg offiziell, get zu ronn 80 Prozent vum Finanzsecteur bezuelt. Daat bedeit éischtens, datt eis Industrie an de ganze Mëttelstand neëmme ganz wéineg Kollektivitéitssteier bezuelen. Et bedeit anerersäits awer – an daat ass méi wichteg – datt dës Steier quasi ganz vun engem Wirtschaftssecteur oofhängt, deen ëmmer méi duerch Fusiounen, Acquisitiounen a Rationaliséirungen opfällt an deen och versicht, deng Steierlaascht zu Lëtzebuerg permanent ze drécken. Wann een dann nach weess, datt an de Joeren zënter 2002 zimlech massiv de Banken hir Steiersolden agedriwe goufen, fir d’Recetten aus der Kollektivitéitssteier héich ze halen, an datt dës Solden haut wäitgoend opgebraucht sinn, dann zeechent sech fir d’Kollektivitéitssteier e Bild, waat net kann optimistesch stëmmen.

Dës Steier ass an hirem Produkt faktesch récklefeg. Un deem Ëmstand wäert sech an dene nächste Joere kaum eppes änneren – d’Acteure vun der Finanzplaz an och déi Industribetriber, déi nach Kollektivitéitssteier bezuelen, setze vill drunn, fir duerch steierlech Ingénierie déi Beträg, déi se un de Lëtzebuerger Staat ofzeféieren hunn, erofzedrécken. Aus de Récklage fir Besteierung op der Finanzplaz ass net méi vill erauszehuelen. D’Zuel vun dene Betriber, déi iwerhaapt Kollektivitéitssteier bezuelen, hëllt net méi zou, an d’Effekter vun der Steierreform vun 2002 weisen sech elo réischt an hirem ganzen Ausmooss.

Dobäi muss ee jo soen, datt mer mëttlerweil am europäesche Verglach mat eisem Taux vun 22 Prozent Kollektivitéitssteier guer net méi sonnerlech gutt do stinn. Mir leie just nach op der 8. Plaz an der Europäescher Unioun, an Irland, e wichtege Konkurrent vun eiser Finanzplaz, féiert den Tableau mat 12,5 Prozent un. Zousätzlech ass et dann esou, datt et fir e Betrib zu Lëtzebuerg mat der Kollektivitéitssteier jo net gedoen ass. Derbäi kommen nach Gewerbe- a Solidaritéitssteier, sou datt e Betrib am Schnëtt hei soll 30.38 Prozent bezuelen. Mat deem Taux leie mer am europäesche Verglach nach op der 18. Plaz. Daat ass wuel net déi Positioun, déi mer ustriewen – an en Taux vun iwer 30 Prozent get an der erweiderter Unioun, wou vill Memberstaaten Taux’e vun ënner 20 Prozent applizéieren, ëmmer méi schwéier ze vermaarten. Daat selwecht gëllt um Niveau vun der OECD. Et geet also och ëm d’Kompetitivitéit vum Standuert Lëtzebuerg an och ëm déi Kritären, déi an de Lissabonner Strategiën virgesi sin an déi jo eigentlech sollen d’Kompetitivitéit vun der gesamter Europäescher Wirtschaft verbesseren. Ech kommen dann och nët emhin, nach eng Kéier festzestellen, dass hautdesdags een nët derlaanscht könnt, ëmmer erëm kurzfristeg ze reagéieren well ware mir no der Stéierreform mat eisem Taux vun der Kollektivitéitsstéier an der europäescher Hitparade op den Top-Plazen, sou si mer innerhalb vun zwee respektiv dräi Joër an daat hënnescht Mëttelfeld zeréckgefall. Wa mer hei nët definitiv wëllen den Uschloss verpassen, och ganz besonnesch par rapport zu deenen neien EU-Mêmberen, schéngt et mer onerlässlech ze sin, an deenen nächste Méint eng Diskussioun iwwer den Taux vun eiser Kollektivitéitsstéier ze féieren. Et geet allerdéngs hei nët nëmmen ëm eng Erofsetzung vun deem Taux, mee virun allem och ëm eng Vereinfachung vun dëser Stéier, déi am Handling einfach ze komplizéiert ass an domadden sëcherlech eng Rei vu potentiellen Investisseuren vum Standuert Lëtzebuerg ewechhält.

All dës Iwerleeungen hu mech derzou bruecht, a mengem schrëftleche Rapport eng Reform vun der Betribsbesteierung virzeschloen, déi eis nees un d’Spëtzt vum europäesche Peloton géif bréngen, an déi d’Promotioun vu Lëtzebuerg als Wirtschaftsstanduert wuel géif vereenfachen. Et muss ee wëssen, datt opgrond vu ganz ville Amenagementer vun der Assiette vun der Kollektivitéitssteier déi tatsächlech Belaaschtung méi no bei 20 wéi bei 30 Prozent läit. Wann daat esou ass, da get et kaum e Grond, fir den theoreteschen Taux net deem fakteschen unzepassen. A Verbindung mat enger méiglecher Reform vun der Gewerbesteier, op déi ech nach wäert agoen, sollt et méiglech sinn, d’Gesamt- besteierung vun de Betriber ënner 20 Prozent ze drécken. Wann also den Taux vum IRC, der Kollektivitéitssteier, op 15 Prozent erofgefuer géif, an d’Gewerbesteier halbéiert, da léiche mer, Solidaritéitssteier abegraff, bei 19 Prozent an eppes. Esou e Saz léisst sech verkafen. An doduerch, datt ee parallel géif d’Assiette vun der Betribsbesteierung méi breet maachen, bléiw d’Recette aus dem IRC wuel méi oder manner konstant.

Esou eng Verbrederung vun der Assiette ass souwisou op der Dagesuerdnung, wann et zu däer europäescher Harmoniséirung vun der Grondlag vun der Betribsbesteierung kënnt, déi de Code de conduite virgesäit. A wann een déi Reflexioun, déi bei all Steiererliichterung gemaach get, dann nach an de Raisonnement abaut – datt sech nämlech aus esou enger Operatioun eng wirtschaftlech Dynamiséirung erget – da kann een dervun ausgoen, datt aus engem Ëmbau vun der Betribsbesteierung, wéi ech e proposéieren, éischter méi wéi manner Steierrecette géifen erginn.

Här President,wéi gesot, ech maachen herno nach eng Parti Aussoen zu de Perspektive vun der Gewerbesteier. Elo wéilt ech mech den Ausgabe vum Staat fir 2005 zouwenden, wéi de Budgetsprojet se virgesäit, an dobäi mat den Investissementer vum Staat ufänken.

Mat iwer 800 Milliounen Euro get 2005 an de Proportiounen esou vill investéiert, wéi nach ni. 10.8 Prozent vun de gesamte Staatsausgabe fléissen an ëffentlech Investissementer – daat si ronn 3 Prozent vun eisem PIB. Dës Investissementer si néideg a fir d’Moderniséirung vum Land onverzichtbar. Duerch si adaptéiere mer eis Infrastrukturen un d’Bedürfnisser vun der Zäit an enger Populatioun, déi bestänneg wiisst. Mee Investissementer, déi dauerhaft de Volume vun 2005 erreechen, hu natiirlech Auswiirkungen op de Stand vun de Staatsfinanzen, a besonnesch op d’Avoire vun dene grousse Fongen, iwer déi déi meeschten Investitioune getätegt ginn.

Zënter 2003 ginn d’Finanzreserve vun de Fonge bestänneg erof. Daat läit dodrun, datt mer zënterhir keng staatlech Plus-value méi kënnen zousätzlech un d’Fongen affektéieren, well et däer keng méi get. A mat den uerdentleche budgetären Dotatiounen ass et kloer, datt zënter dem leschte Joer a bis op weideres d’Ausgabe vun de Fonge méi héich sinn, wéi hir Recetten. Domat schmëlzen d’Reserve lues awer sécher ewech.

Et kann een haut dervun ausgoen, datt bei engem konstanten Investitiounsvolumen iwer de gesamten Horizont vun der pluriannueller Planung bis 2008 spéitstens an deem Joer e besoin de financement bei de Fongen optaucht. Si sinn dann eidel. Allerdings setzt daat viraus, datt bis 2008 all Joer weiderhinn 200 Milliounen an d’Fonge fléissen, wéi se 2005 aus engem staatlechen Emprunt resultéieren. Wir daat net de Fall, kriten d’Fongen also all Joer bis 2008 just esou vill Dotatiounen, wéi reng aus dem Budget kann u si fléissen, da wir de besoin de financement schon am Laf vum Joer 2006 erreecht. 2008 léich de Geldbedarf vun de Fongen, fir am Ekiliber funktionéieren ze kënnen, ouni déi 200 Milliounen zousätzlech Dotatioune pro Joer bei enger ronner Milliard Euro.

Natiirlech geet och d’Exektioun vun den Aarbechten am Verlaf vun de Joere virun an d’Bedürfnisser vum Land un ëffentlechen Investissementer huele graduell of. Si verschwannen natiirlech net, si verschwannen ni ganz, esou datt e bestëmmten Handlungsspillraum fir ëffentlech Investitiounen muss erhale bleiwen. Ugesiichts der wahrscheinlecher Entwécklung vun de Kontostänn vun de Fongen ass et awer esou, datt ee sech scho muss d’Fro stellen, ob mer dee ganzen, haut geplangtenen Investitiounsvolumen op Dauer packen, ouni op anere Plazen am Budget Aschränkunge virzehuelen. Et schéngt mer evident ze sin, dass mer deen héijen Investitiounsnivo, deen liewenswichteg fir eis Wirtschaft ass, nëmmen mëttel- a langfristeg können haalen, wa mer erëm sou Progressiounen an eisem PIB kréien wéi Enn der 90er Joëren, an hei muss een emol einfach dovun ausgoën, dass daat kaum wäert de Fall sin, oder awer et muss een op aneren Plazen am Budget aspueren. Ech wäert am Laaf vu mengen Ausféierungen nach méi oft op dës – waat ech géif nennen Réorientatioun vun Prioritéiten – zeréckkommen.

Besonnesch intressant ass ganz sécher d’Evolutioun vum Beschäftegungsfong, iwer deen de Chômage an déi vill Moosnamen zugonschte vun der Beschäftegung finanzéiert ginn. Ech erënneren drunn, datt déi Erhéigung vun der Sozialkontributioun um Diesel, déi 2005 passéiert, derzou dingt, deem Fong 20 Milliounen zousätzlech Recetten ze verschafen. 145 Millioune vun denen 285, déi en d’nächst Joer erakritt, stamen iwregens aus dëser Kontributioun, weider 90 Milliounen aus der Solidaritéitssteier. Dee Fong gët 2005 338 Milliounen Euro aus – daat si bal 30% mé wéi nach 2003.

Well mer wëssen, datt de Chômage och d’nächst Joer kaum wäert erof goen – dir kennt déi ekonomesch Theori, déi beseet, datt mer hei am Land iwer 5 Prozent Wirtschaftswuesstum bräichten, fir datt et zu engem Réckgank vum Chômage kéim, an déi hu mer eben net – kënne mer unhuelen, datt och d’Ausgabe vum Beschäftegungsfong net wäerte gebremst ginn. Ech weess, dass et hei eng Rei Erklärungen fir dës sougenannten Okun-Theorie gin, déi ganz besonnesch mat eisem Statut als Arbechtsgeber um Nivo vun der Groussregioun ze din hun, nach mengen ech awer dass dës Erklärungen nët duergin, fir dës enorm Differenz an der Relatioun zwëschent Wirtschaftswuestum an Ofhuelen vum Chômage par rapport zu eisen Nopeschlänner explizéieren. Déi ongenügend Qualifikatioun vun villen Chômeuren hei zu Lëtzebuerg ass sëcherlech an deem Kontext eng scho wesentlech méi iwwerzeegend Explikatioun.

Ech sinn der Menung an der Iwerzegung, datt sech ugesiichts vun dësen enormen Zuelen en Audit vum Beschäftegungsfong opdrängt. Déi immens Zuel vu Moossnamen an Initiativen, déi vun him finanzéiert ginn, an déi objektiv Entwécklung vun de Mouvementer op de Konnte vum Fong loossen daat néideg erschéngen. Wa mer de Chômage net an de Grëff kréien, da riskéiert de Beschäftegungsfong op Dauer zu engem Faass ouni Buedem ze ginn. A fir d’Ausgaben net duerch e gréissert Lach, mee duerch en iwersichtlechen Ausgank aus dem Fong erausfléissen ze loossen, sollt am Detail gepréift ginn, waat e fir wéi eng Zwecker an a wéi enge Beträg ausget. Hei schéngt et mer onbedéngt noutwendeg ze sin, am Interessi par ailleurs vun allen interesséierten Parteien, méi Transparenz eranzekréien.

Här President,wéi all Joer ass och fir 2005 dee sougenannte Sozialbudget eng wiirklech Erausfuerderung. Net nëmmen, well e 44% vun alle geplangte Staatsausgabe fir d’nächst Joer ausmécht – daat ass nämlech eng Proportioun, déi net méi héich ass, wéi an aneren europäesche Länner mam Sozialstaatsmodell och. Mee well de Sozialbudget zënter Joeren eng egen Dynamik un den Dag leet, déi riskéiert, en aus dem Rad lafen ze loossen, wa mer en net méi präzis gefaasst kréien. Ech explizéiere mech.

De Sozialbudget fir 2004 gouf ëm ronn 150 Milliounen Euro depasséiert, ouni datt d’Politik duerfir irgend eng Décisioun geholl hätt. D’Expansioun vum Aarbechtsmaart a vun der residenter Populatioun alleng huet dës Méiausgabe bewiirkt, op déi d’Politik am Fong och keen Afloss huet. Natiirlech affektéiere politesch Décisiounen d’Sozialausgabe vum Staat – ech erënneren hei drunn, datt déi Kotisatiounserhéigung fir d’Krankekeesen, déi d’Generalversammlung vun der UCM virun zwou Woche beschloss huet, fir de Staat mat zousätzlechen Dépense vun iwer 26 Milliounen Euro zu Buch schloen. Mee och ouni esou Décisioune wiisst de Sozialbudget iwer daat vun der Chamber gestëmmtent Mooss, an zwar all eenzelt Joer.

Krankekeesen- a Pensiounskotisatiounen esouwéi Kannergeld sinn déi gréisste Posten, déi ënner dem Unzéie vum Aarbechtsmaart an d’Luucht ginn. Op däer anerer Säit, an daat gesi mer jo och am Recettebudget fir d’nächst Joer, bréngen zousätzlech Aarbechtsplazen och zousätzlech Recetten aus der Akommessteier, an déi Leit, déi bei eis am Land wunnen, ginn hei och hiirt Geld aus. Deemno sinn och steigend TVA-Recetten zum Beispill dermat verbonnen, datt mer netto all Joer e puer Dausend Leit zu Lëtzebuerg bäikréien, déi hei konsuméieren.

Mee eng aner Entwécklung wéi déi objektiv Croissance vun de Sozialausgabe muss eis an deem Kontext dach Suerge maachen, well se déi Logik, no däer méi Dépensen duerch e Wuesse vum Aarbechtsmaart och méi Recette fir de Staat an enger bestëmmter Proportioun no sech zéien, relativéiert. Dës Entwécklung ass déi vun den Exportatioune vun de sozialen Transferen, déi ëmmer méi staark an eis Nopeschlänner ginn. Daat ass virun allem op daat drastescht Usteige vun der Zuel vun de Frontalieren zréckzeféieren.

Fir denen hire stänneg wuessenden Undeel um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart ze verdäitlechen, wëll ech e puer Zuelen nennen. Vu Januar 2001 bis September 2004 ass den Aarbechtsmaart zu Lëtzebuerg ëm 12 Prozent gewuess, daat heescht, et hunn um Enn vun däer Period 30.000 Aarbechtsplaze méi zu Lëtzebuerg existéiert, wéi un hirem Ufank. An däer selwechter Period ass Awer d’Zuel vun de Frontalieren ëm 20.000 geklommen, vun 93.000 op 113.000, waat enger Augmentatioun vun 21 Prozent entsprécht. Zwee Drëttel vun de nei geschafenen Aarbechtsplaze goufen an däer Zäit mat Frontaliere besaat. Dëst an d’lescht Joer si mer méi no bei enger Proportioun vun dräi Véirel. An d’Tendenz hält un – d’Frontaliere si méi disponibel an huelen éischter Plaze mat manner intressante Léin a Konditiounen un, wéi Leit daat maachen, déi bei der ADEM ageschriwe sinn.

De Frontalieren hir Dépense ginn awer virun allem do gemaach, wou déi Leit wunnen, also net hei zu Lëtzebuerg. Vun hirem Logement iwer hir Liewesmëttel an aner Konsumausgabe bis zu de Visite beim Coiffeur an am Kino kann a muss een dervun ausgoen, datt déi méi attraktiv Präislandschaft rondrëm Lëtzebuerg d’Frontalieren derzou bréngt, och do hiirt Geld auszeginn. Déi Recette ginn deemno der Lëtzebuerger Ekonomi an dem Lëtzebuerger Staat verluer, an d’Relatioun tëschent méi Dépensen a méi Recette fir Lëtzebuerg get verzunn: bei de Frontalieren ergi sech Recette nach aus der Akommessteier an aus dem Konsum op de Lëtzebuerger Tankstellen, awer soss keng an der selwechter Proportioun, wéi et bei Résidents de Fall ass. Am Kloertext: d’Explosioun vun der Zuel vun de Frontalieren, déi ronn 40% vum privaten Aarbechtsmaart zu Lëtzebuerg ewell ausmaachen, kascht de Staat nettement méi, wéi se him zréckbréngt.

Um Niveau vun den Exportatioune vun de Sozialtransferen, déi jo och am Konsum vun de Bénéficiairen hiren Néierschlag fannen, wëll ech och e puer Zuelen nennen, well déi absolut fir sech selwer schwätzen.

Zënter 1990 hu sech d’Transferen an d’Ausland vun de grousse soziale Prestatioune folgendermoossen entwéckelt. Krankekeesen a Pensiounskeese bezuelen haut 10 Mol méi an d’Ausland, wéi nach 1990. Beim Kannergeld, déi Steigerung ass bal net nozevollzéien, ass et 275 mol méi wéi viru 14 Joer. An d’Tendenz vun der Kurv, déi dës Entwécklung beschreiwt, dauert un. 1990 goufe sozial Leeschtunge fir 70 Milliounen Euro an d’Ausland transferéiert. 2003 sinn et Leeschtunge fir bal 900 Milliounene, an d’Milliard dierft am Joer 2005 erreecht an depasséiert ginn. Den Undeel vun den Exportatiounen an de Gesamtprestatioune steigt an däer ganzer Period vu 9 op iwer 21 Prozent.

Dës Zuele schwätzen, wéi ech fannen, eng méi ewéi däitlech Sprooch. An et ass nach net eriwer. Et ass eng Fro vun der Zäit, bis Lëtzebuerg ënner dem Drock vun europäesche Regelen a Geriichtsuurteler nach weider Deler vu senge Sozialleeschtunge muss fir den Export fräiginn. Do kéint een zum Beispill un d’Mammerent denken, denen hir Bénéficiairen esou definéiert sinn, datt et musse Mamme vu Kanner sinn, déi zu Lëtzebuerg op d’Welt koumen. Dës Bestëmmung kéint liicht enger Décisioun vum europäeschen Gerichtshaff zum Affer falen, no däer dann d’Exportatioun vu Mammerenten de Käschtepunkt vun dëser Moossnam ëm e gudden Drëttel, wa net méi, kéint an d’Luucht dreiwen. Ouni Retombéën fir d’Lëtzebuerger Ekonomi an de Budget, well pensionnéiert Fraen an der Grenzregioun ganz sécher net vill zu Lëtzebuerg konsuméieren.

Et heescht deemno oppassen op de Sozialbudget, deen enger Dynamik follecht, déi sech dem politeschen Zougrëff entzitt. Ech hunn et scho gesot, an ech widderhuelen et: bei denen Erausfuerderungen, déi sech beispillsweis dem Investissementsbudget an denen nächste 4 oder 5 Joer stellen, kënne mer net parallel och nach massiv steigend Sozialausgaben op d’Schëller huelen. Duerfir geet de kuerz- bis mëttelfristege budgetäre Spillraum wuel ganz einfach net duer.

E geet iwregens och net duer, fir dauerhaft an ëmmer méi Sozialpolitik op Felder ze bedreiwen, déi sech eigentlech fir Ëmverdelung net egenen. Mir wäerten eis mussen d’Fro stellen, ob mer zum Beispill op Dauer den Usagere vum ëffentlechen Transport net méi wéi déi 12 Prozent u Participatioun mussen oofverlaangen, déi se de Moment zum Finanzement vum ëffentlechen Transport bäidroen. D’Fro stellt sech ganz eendeiteg, ob et gerechtfäerdegt ass, datt quasi all déi Leit, déi exklusiv den ëffentlechen Transport benotzen, daat fir näischt oder fir e ganz symbolesche Bäitrag kënne maachen. Den ëffentlechen Transport kascht 2005 alles an allem bal 550 Milliounen Euro, do sinn 200 Millioune fir Investissementer an d’Streckennetz abegraff. Daat ass e gewaltege Montant, deen op d’mannst an deem Deel, deen d’Fonctionnement betrëfft, misst op méi ekitabel Manéier tëschent Benotzer a Staat opgedeelt sinn. Kënnt derbäi, dass mer no der Liberaliséierung am Wuerentransport 2008 spéitstens 2009 och eng Liberaliséierung am Persouneverkéier kréien, déi riskéiert, déi verschidden öffentlech Bedréiwer an en äusserst schwiregt konkurrentielt Ëmfeld ze drécken. An allen Iwwerléungen déi zum öffentlechen Transport artikuléiert gin, soll een dëst Element nët vergiessen, ganz besonnesch an der Diskussioun ëm d’Zukunft vum Persouneverkéier.

Här President, Fir dass ech nët falsch verstaane gin: ech sin iwwerzeegt, dass um Nivo souwuel vun den Infrastrukturen wéi och vum matériel roulant e groussen Nohuelbedarf hei am Land besteet a mir kommen och nët ëmhin, en vue vun der mise en musique vum IVL, dës gewalteg Effort’en um Nivo vum öffentlechen Transport ze machen. Nach muss et awer erlaabt sin, sech d’Fro ze stellen, wéi mer mëttel- a laangfristeg dës enorm finanziell Laascht könne packen, wann een gläichzäiteg heiansdo d’Gefill huet, all dës Mesüren géifen nach nët duergoën, vill méi Leit op den öffentlechen Transport ze kréien. Mir mussen eis vläicht alleguer zesummen froën, ob nët hei virun allem emol et muss zu engem Mentalitéitswiessel an de Käpp vun de Leit kommen, iert se hiren Auto an der Garage loossen an op den öffentlechen Transport ëmklammen.

Här President,Dir Dammen an Dir Hären,

De finanzielle Spillraum, iwer dee mer verfügen, geet och net duer, fir op Dauer eng Subventiounspolitik vun den alternativen Energiën, virun allem der Photovoltaik, ze bedreiwen, esou wéi mer daat bis den 31. Dezember dëst Joer maachen. Déi Subsidien, déi mer fir photovoltaesch Anlagen ausginn, chiffréieren sech bis elo an dene verschiddene Budgeten op iwer 65 Milliounen Euro, mee domat wäert et nach laang net gedoe sinn. D’Aspeiseprämien wäerten nach eng Kéier spiirbar zu Buch schloen, sou datt mer kënnen dervun ausgoen, datt 100 Milliounen Dépensen an dëser Saach erreecht an iwerschratt ginn. Daat Ganzt, fir zum Deel eng quasi industriell Stroumproduktioun vun eenzele Solarparkbedreiwer matzefinanzéieren, déi domat Geld verdingen, ouni datt et eiser nationaler Energiversuergung eppes bréngt: mat allen haut genemegten Anlagen, jo nach laang net all stinn an a Betrib sinn, géif d’Photovoltaik just e Véirels bis en halwe Prozent vun der nationaler Stroumversuergung ausmaachen. Daat bréngt eis am Kyoto-Bilan praktesch näischt, mee et huet iwer dräi bis véier Budgetsexercicen substantiell Geld kascht. Esou generéis Usätz vum Lëtzebuerger Staat wäert et an Zukunft net méi kënne ginn. Et soll se och net méi ginn, well hei Reglementer hiirt eigentlech gutt gemengtent Zil verfeelt hunn an et erlaben, datt sech eenzel Persounen un enger staatlecher Politik beräicheren. D’Photovoltaik ass eigentlech e gudd Beispill wéi eng Iddi, déi am Usaz sëcherlech richteg ass an déi d’Produktioun vun alternativen Energiën ënnerstëtzt, duerch en onkoherent Exekutiounsreglement zu engem finanziellen Faass ouni Buedem féiert. Och hei, Här President, wëll ech nët falsch verstane gin. D’Entwécklung vun alternativen Energiën muss och an eisem Land weidergedriwwe gin, dëst allerdéngs an engem kloër definéierten juristeschen a finanziellen Kader. Bei all deenen Iwwerléungen soll een och aner, vläicht manner kostspieleg energiespuerend Moossnahmen nët aus den A verléieren, wéi zum Beispill thermesch Isolatiounen an d’Sanéierung vun äleren Häiser, déi sëcherlech och können gudd Resultater um Nivo vum Energiespueren bréngen, dëst zu engem wesentlech méi geréngen Käschtepunkt.

Här President,

Ier ech dann zu de Volete Finanzplaz a Gemengefinanze kommen, nach e puer Wuert zu de Bauten. Mir bauen zu Lëtzebuerg ze deier an ze lues. Daat ass eng Tatsaach, däer mer eis musse bewosst sinn, wa mer wëllen eppes drunn änneren. Déi endemesch Depassementer vun de Bautekrediter, déi d’Chamber stëmmt, sinn an däer Hisiicht genee esou problematesch wéi d’Käschte vum Bau selwer an d’Héicht vun den Ënnerhaltskäschten, déi bis haut eng vëlleg ongenügend Berücksichtegung an den initiale Projeeë fonnt hunn.

Ech wëll an deem Kontext explizit begréissen, datt d’Finanzkontrollkommissioun zesumme mam Bauteminister Claude Wiseler derbäi ass, nei Prozeduren ze definéieren, déi et sollen erlaben, manner deier a méi séier ze bauen. An Zukunft soll et zwee Voten zu engem Bauprojet ginn, woubäi een éischten e Planungsvote ass, nodeems eréischt den detailléierten Devis opgrond vun engem präzise Projet soll etabléiert ginn. Dësen Devis muss menger Menung no och d’Honoraire vun Ingénieuren an Architekte verpflichtend festhalen. Déi dierfen net am Kader vun Depassementer mat wuessen. Et ass net ze toleréieren, datt sech aus deels heftegen Depassementer och nach Méianname fir Leit erginn, déi am Fong hir Aarbecht net gemaach hunn, well soss wir et net zu den Depassementer komm – op d’mannst net a vergläichbarem Mooss.

An engem zwete Vote get dann den definitive Projet mat sengem viraussiichtleche Käschtepunkt gestëmmt. Soll deen iwerschratt ginn, muss d’Finanzkontrollkommissioun befaasst ginn a sech d’accord erklären. Op eng aner Manéier ass daat permanent Iwerschreide vu Baukrediter, daat och der Ëffentlechkeet kaum nach ze rechtfäerdegen ass, net anzedämmen. A mir kënnen eis et ganz einfach och objektiv net méi leeschten, Depassementer einfach esou hinzehuelen. Eis Mëttele si net onbegrenzt, an doraus erget sech noutwennegerweis e vill méi prononcéiert Moosshale nei dene staatlechen Ausgaben, déi eis mëttelfristeg am meeschte wäerte belaaschten, nämlech dene vun den ëffentleche Bauten an Investitiounen.

Här President,Dir Dammen an dir Hären,

Ech hunn a mengem schrëftleche Rapport der Finanzplaz Lëtzebuerg e Kapitel gewidmet, well an eisem Land villes vun der Gesondheet an der Leeschtungsfähegkeet vum Finanzzentrum oofhängt. Ech si schon op déi grouss Dépendance agaangen, déi eise Budget a Saache Kollektivitéitssteier – an also och a Saache Gewerbesteier – vun der Finanzplaz huet. Fakt ass allerdings, datt Lëtzebuerg nach a méi Hisiichten dervun oofhänkt, ob et eiser Finanzplaz gutt geet. Grond genuch, sech e bësse méi agoend mat hier ze befaassen.

D’Finanzplaz erwirtschaft ronn ee Véirel vun eisem nationale Räichtum. Si beschäftegt 10% vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg am Privatsecteur schaffen. A si ass zoustänneg fir bal 80% vun de Betribssteieren, déi mer anzéien.

De Lëtzebuerger Finanzzentrum ass weltwäit d’Nummer aacht. Bei der Fongenindustri ass de Ranking suguer nach e gudde Krack besser, do steet Lëtzebuerg ëmmer op zweter oder drëtter Plaz weltwäit – hanner de Verenegte Staten, déi den Tableau onkontestéiert uféieren, an alt virun, alt hanneru Frankräich – je nodeem, wéi sech d’Aktiven an d’Zuelen vun den hei ugesiddelten Investmentfongen entwéckelen. Op esou enger Plaz laascht natiirlech e gewëssen Drock. Erfollegsdrock fir d’Acteure vun der Plaz, Erhalungsdrock fir déi, déi de politeschen Encadrement dervun ze besuergen hunn. Alles an allem ass e weltwäit féirende Finanzzentrum eng Chance an eng Belaaschtung – an et ass Aufgab vun der Politik, d’Chancen esou auszegestalten, datt d’Belaaschtung net problematesch get. Genee do läit och déi grouss Erausfuerderung fir d’Zukunft.

Als Steiergenerator ass d’Finanzplaz net ze schloen. 80% vun der Kollektivitéitssteier sinn ëm déi 850 Milliounen Euro, déi ginn an de Betriber vun der Lëtzebuerger Finanzwelt erschafft. Genee esou 400 Milliounen Euro Taxe d’abonnement, an e gudden Deel vun der Verméigens- an der Enregistrementsteier, soe mer mol, nach eng Kéier 300 bis 350 Milliounen Euro. Slebstverständlech kënnt Akommessteier vun de Beschäftegten derbäi – reng statistesch kéint ee vun engem Zengtel vun der Gesamtrecette an deem Beräich ausgoen, also ronn 140 Milliounen Euro. Dobäi hu mer keng Retenue à la source, keng Tantiemesteier a keng TVA berücksichtegt – a landen dach bei 1,7 Milliarden Euro, bal e Véirel vun de Steierrecette vun eisem Land, déi reng aus der Aktivitéit vun der Finanzplaz resultéieren. Esou e Secteur muss der Politik deemno ganz besonnesch intensiv um Häerz leien – an et ass net falsch ze behaapten, datt d’Finanzplaz daat zënter de 60er Joeren, wou se hir éischt Prouessen op de Parquet geluecht huet, och ëmmer gemaach huet.

Well d’Finanzplaz Lëtzebuerg awer an Europa an doriwer eraus engem gewëssen Drock ausgesaat ass – dee sech aus ville Facteuren erget – kënnt der Promotioun vun dësem Zentrum eng ganz speziell Bedeitung zou. Net nëmmen hu mer et regelméisseg mat europäeschen Harmoniséirungsbestriewungen ze dinn, déi net ëmmer an déi Richtung lafen, déi fir d’Vitalitéit vun der Lëtzebuerger Finanzplaz déi bescht ass, mee eis Plaz befënnt sech doriwer eraus an direkter Konkurrenz mat anere Finanzzentren, wéi zum Beispill Dublin, London, oder d’Kanalinselen, fir der just e puer ze nennen, déi no bäi sinn – a muss sech an deem Kontext behaapten. Doraus erget sech eng permanent Noutwennegkeet, fir d’Attraktivitéit vun der Finanzplaz a vun dene Ramenbedingungen, an denen se funktionéiert, ze verbesseren.

Elo kënne mer zu dësem Zäitpunkt vum Joer 2004 feststellen, datt et souwuel de Banken, wéi der Fongenindustri, wéi och denen aneren Deler vum Finanzsecteur zu Lëtzebuerg nees ufänkt, besser ze goen. D’Beschäftegung hëllt zënter dësem Hierscht nees liicht zou, d’Bilanszommen ënnerleie kengem Negativtrend, an d’Aktive vun de Fonge gi nach weider an d’Luucht. Mee net alles, waat hei schéngt ze blénken, ass och aus Edelmetall.

Esou konnt zum Beispill bei der Beschäftegung am Finanzsecteur den Trend no ënnen ëmgedréit ginn, mee d’Beschäftegungszuele leien haut no wéi vir ënner de Rekordniveaue vum Ufank vun dësem Joerzingt. D’Zuel vun de Banken op der Plaz situéiert sech awer just nach liicht iwer 160, waat virun allem op Fusiounen an Acquisitiounen an deem Beräich zréckzeféieren ass, mee et bleiwt, datt keng nei Banken heihinner kommen. Och bei de Fongen, denen hir Aktiven en Total vun 1059 Milliarden Euro Enn September 2004 ausgemaach hunn, ass et esou, datt de Spillraum no uewen net méi onbegrenzt ass. D’Finanzplaz, déi e grousse Räifegrad erreecht huet, bewegt sech op d’Grenze vun hirer Expansiounsfähegkeet zou.

Nun ass et awer esou, datt an engem dynameschen, international ënner groussem Kompetitiounsdrock stoende Secteur eng Stagnatioun keng Optioun ass. Stagnatioun ass faktesch gläichbedeitend mat Regressioun. Wann et net méi no vir geet, wa keng attraktiv Zukunftsperspektive méi kënne vermëttelt ginn, wann de Standuert Lëtzebuerg net iwerzegend an d’Welt erausstrahlt als eng Plaz, wou Zukunft stattfënnt, dann evoluéiert eise Finanzzentrum éischter no ënnen ewéi soss entzwousch hinn. Mir brauchen deemno eng Wuesstumsperpektiv. A wann déi net aus méi Banken a méi Milliarden an de Fonge ga gestréckt ginn, da muss mer op Terrainen auswäichen, wou qualitative Wuesstum méiglech ass a konsequent kann ugestriewt ginn.

Ech gesinn hei virun allem zwee Felder, déi ze bestelle sinn. Daat ass zum engen daat vun der Regulatioun vun den Aktivitéite vum Finanzzentrum, wou mer net dierfen an den totalen Excès falen, well deen Aktivitéiten oofwiirgt, amplaz se ze förderen. An anerersäits ass et den europäesche Standuert vu relevanter an international beuechter Recherche am Finanzberäich, duerch déi eis Finanzplaz dee néidegen akademesche Réckgrat kritt, an déi e stännege Bäitrag zur Entwécklung vun neien, zukunftsträchtege Finanzproduië leescht.

Et ass zu Lëtzebuerg mëttlerweil méi schwéier, fir e Kont opzemaachen, wéi op der Kreissparkasse zu Wittlech oder beim Crédit agricole zu Diddenuewen. Esou eppes ass op Dauer der Attraktivitéit vun der Plaz oofträglech. Datt mer eis zu Lëtzebuerg konsequent drëm beméien, eng propper Finanzplaz ze hunn, op däer de Blanchiment bekämpft get, an déi duerfir och net fir d’Finanzbewegunge rondrëm all méiglech kriminell Machenschafte zur Verfügung steet, muss mat enger verstänneger Reguléirung kompatibel bleiwen.

Et geet einfach drëms, fir net an Exzesser ze verfalen, déi aktuell a potentiell Clienten, souwéi och nei Acteuren, vun eiser Finanzplaz ewechhalen. Et ass net normal, datt e Klient, deen aus engem vun deenen ehemolegen Ostblocklänner kennt, et praktesch onméiglech gemach kritt e Kont op enger lëtzebuergescher Bank opzemachen. Et ass net normal, datt dës Leit, déi jo awer nët alleguerten Wäisswäscher an Terroristen sin, awer quasi sou vu villen vun eisen Akteuren vun der Bankeplaz behandelt ginn. Et ass och net normal, datt een hei neierdéngs muss ugin, ob een en Deputéierten oder e Gemengerot perséinlech kennt, wann een e Kont wëllt opmaachen, just well iergendeen d’Konzept vun der Politically exposed person erfonnt huet, daat mit nees eng Kéier vill méi äerdeg ëmsetzen, wéi déi aner Finanzzentren. Am Résumé: wann d’Politik rondrëm de Finanzzentrum wëllt méi helleg sinn ewéi de Poopst, da schuede mer eis just. Daat hu mer rezenterweis beim Gesetz iwer de Blanchiment gesinn, wou sollt eng quasi generell Infraktioun geschaf ginn, déi just mat Onwësse vu Bankbeschäftegten ze di gehaat hätt. D’Chamber huet daat gekippt, mee et bleiwt, datt ëmmer nees esou Initiative geholl ginn, vun dene kee Mënsch zu Lëtzebuerg eppes huet – déi aner Finanzzentren an Europa awer séier wuel!

Dobäi kënnt, dass eng Iwwerreglementatioun och zu Panik bei deenen betraffenen Leit am Finanz- a Bankesekteur féiert, déi musse befäerten, bei all Ouverture de compte mat engem Fouss am Prisong ze stoën. Och dëst dréit sëcherlech nët zu deem Vertrauensverhältnis bäi, waat misst zwëschent den Akteuren vun der Finanz- a Bankeplaz par rapport zu hiren Klienten bestoën.

Mir brauchen deemno ?better regulation? am Sënn vu méi realistescher, méi pragmatescher Regulatioun, wéi mer se ëmmer haten. Nëmmen esou kann de Finanzzentrum kompetitiv bleiwen, an nëmmen esou kënne mer an der Finanzwelt eescht geholl ginn. All d’Acteuren, d’Politik, d’Verwaltungen, d’CSSF, d’Banke selwer, sinn hei gefuerdert, fir zesummen dee Grad vu Regulatioun ze schafen, deen eng propper Finanzplaz garantéiert, déi international awer konkurrenzfäheg bleiwt.

Mäin zwete Punkt ass dann dee vun der Luxembourg School of Finance als akademescht Réckgrat vun engem héich entwéckelten, mat komplexe Mechanisme funktionéirende Finanzzentrum. Et ass schon dacks gesot ginn an et stëmmt: eng weltwäit mat féirend Finanzplaz ka net nëmmen op Basis vu prakteschen Impulser aus Politik a Wirtschaft funktionéieren. Esou eng Plaz brauch en Iddielaboratoire, an deem Recherche bedriwen, iwer Produkter nogeduecht, neier entwéckelt an aler verbessert ginn. An dësem Iddielaboratoire musse Chercheuren aus der Finanzwelt regelméisseg transitéieren, an duerch hir Präsenz zu Lëtzebuerg eiser Plaz hir international Unerkennung verstäerken. Ech hun a mengem schrëftleche Rapport op d’Initiativ vu Liechtenstein higewisen, déi all Joër eng héichkaräteg besaate Konferenz organiséieren wou Decideuren aus der Finanzwelt zesummekommen, waat zu der internationaler Reputatioun vun dësem Land sëcherlech wesentlech bäidréit.

Et ass esou e Laboratoire vun der internationaler Finanz, deen e qualitative Wuesstum vun eiser Plaz ka förderen an ukuerbelen. Vun do kann ee sech nei Impulser erwaarden, a vun do kënnen Uregungen ausgoen, déi der Politik an der Bankewelt als sollecher net afalen. Mee dëse Laboratoire ass d’Luxembourg School of Finance nach net.

D’LSF huet en Optrag, deen aus Enseignement a Recherche besteet. Elo muss op deen zwete Pilier, op dee vun der Recherche, déi Prioritéit geluecht ginn, déi an terme vu Ressourcen a vun erwënschtem Output néideg ass. Daat ass e Prozess, deen nees eng Kéier muss vu verschiddener Säit an d’Gäng bruecht an zum Zil gefouert ginn. D’Politik, notamment d’Héichschoulpolitik ass hei gefuerdert, awer och d’Welt vun de Banken an denen anere Professionelle vun der Finanzplaz, déi mussen derzou bäidroen, datt eng Missioun fir d’LSF kann definéiert an e Mission statement formuléiert ginn, un deem sech hir zukünfteg Aktivitéit dann orientéiert.

Et bleiwt mer, Här President, och nach eng Kéier am spezifesche Kontext vun der Finanzplaz op d’Noutwennegkeet hinzeweisen, eis Betribssteieren esou ze gestalten, datt se an e verstäerkten internationale Promotiounseffort erapassen. Et kritt een haut kengem potentiellen Invester méi erklärt, Lëtzebuerg wir en europäeschen Dramstanduert, wann een ëm da muss soen, mir hätten awer eng Betribsbesteierung vun iwer 30 Prozent. Bis een deem Mënsch erklärt huet, datt awer un der Assiette ka gebastelt ginn, an datt et Rulinge get, an datt een awer déi Saach ka méi favorabel aménagéieren, huet deen opgehal mat nolauschteren. Dowéinst drängt sech séier eng Reflexioun iwer eng Reduktioun vun dem Taux vum IRC a sengen ugeschlossenen Instrumenter op. Wire mer bei engem Gesamttaux vu 19 Prozent mat enger méi breeder Assiette, amplaz bei 30,3 Prozent, déi der faktesch nëmme gutt 20 sinn, mat enger méi schmueler Assiette, da stéinge mer och an der internationaler Promotioun e Stéck besser do.

An dee Kontext gehéiert och d’Ofschafung vun der Verméigenssteier an d’Aféiere vun enger befreiender retenue à la source vun 10% op Kapitalerträg fir Résidents, déi Lëtzebuerg als Residensland fir Leit mat gréissere Fortunen intressant mécht. Wann däer sougenannter High Net Wort Individuals sech zu Lëtzebuerg néier loossen – mir däerfen déi Facilitéit allerdings net op EU-Biirger beschränken – da kënnen daat duerchaus och Décideuren aus Finanz an Industri sinn, denen hir Präsenz zu Lëtzebuerg och d’Bedeitung vun hirem Lëtzebuerger Wirtschaftsstanduert nees géif bekräftegen. Domat entstéing eng nees méi staark Verbindung tëschend dem Land a senge Wirtschaftsacteuren, eng méi déif goend Identifikatioun vun dëse Leit mat Lëtzebuerg, waat nees eng Kéier dynamiséirend Auswiirkunge fir de Standuert hätt. Positiv Propaganda vun den ekonomeschen Décideuren ass ëmmer vill wäert, an en onverzichtbare Complément zur Promotioun op politeschem Niveau.

Ech kéim dann, Här President, zu mengem leschte Kapitel, an zwar zu deem vun de Gemengefinanzen. Well daat jo e Sujet ass, dee méi oder manner opgereegt a ville Gemengen diskutéiert get, wëll ech versichen, mat enger geraffter Argumentatioun an esouvill Optioune virzegoen, datt kee mer kann ënnerstellen, nëmmen en Deel vun der Realitéit berücksichtegt ze hunn. Eng Saach ass a bleiwt awer kloer, ob se elo gäer gehéiert get oder net: eng Reform vun de Gemengefinanzen drängt sech op, an si ass mat der aktueller Gemengelandschaft net méiglech. Waat sech doraus fir Konsequenzen erginn, misst eigentlech da jidderengem séier kloer ginn.

Am Résumé stellt sech d’Situatioun vun de Gemengefinanze folgendermoossen duer. D’Recetten aus der Gewerbesteier si grad esou récklefeg, wéi déi aus der Kollektivitéitssteier, waat net anescht ka sinn, well zënter der Reform vun 2002 déi zwou Steieren déi selwecht Assiette bei de Kapitalgesellschaften hunn. D’Dotatiounen iwer den FCDF huelen zou, waat doru läit, datt de Staat signifikant Progressioune bei de Recetten aus der Akommessteier an der TVA ka verbuchen. An den Undeel vun der Grondsteier un de Gemengerecetten – knapps 2 Prozent vun den net affektéierte Ressourcen – ass esou lächerlech kleng, datt dës Steier an hirem aktuellen Zouschnëtt kee Bäitrag zu enger finanzieller Besserstellung vun de Gemenge ka leeschten.

D’Gewerbesteier mécht tëschent 40 a 50 Prozent vun de Recette vun de Lëtzebuerger Gemengen aus. De Rescht ass, um Niveau vun den net affektéierte Ressourcen, praktesch allenng d’Dotatioun aus dem FCDF. E puer Zuelen zur Illustratioun: d’Gewerbesteier erbréngt landeswäit iwer 400 Milliounen Euro, den FCDF get mat iwer 500 Millioune gespeist, déi dann un d’Gemenge fléissen. D’Grondsteier mécht e landeswäit Produkt vu ronn 25 Milliounen Euro aus. 900 géint 25 – dës Relatioun ass kloer. Zum Verglach: a Groussbritannien ass d’Grondsteier déi eenzeg Steier, aus däer d’Gemengen autonom Recetten zéien. An Däitschlang mécht se ëmmerhi 6 Prozent aus, a Frankräich an der Belsch si mer schon iwer 15. Zu Lëtzebuerg sinn et zwee Prozent. Souvill zur autonomer Gestaltung vun enger Steier, déi integral an der Hand vun de Gemengen ass.

Aus däer heier Duerstellung erget sech eng grouss Oofhängegkeet vun de Gemenge vun enger Steier, däer hir Zukunft net noutwennegerweis roseg ass. Daat ass d’Gewerbesteier. An der Logik vun enger méi wirtschaftsfrëndlecher Besteierung wéilt ech da folgend Reflexioun maachen. D’Gemengen hänken an engem zevill grousse Mooss vun dëser Steier of, däer hir Zukunftsperspektive net schrecklech sécher sinn. Wann d’Gewerbesteier och nach net richteg méi no uewe kann evoluéieren, well ëmmer manner Betriber ëmmer manner dervu bezuelen, an se parallel derzou een Deel vun däer steierlecher Gesamtbelaaschtung vun de Betriber ausmécht, déi mer esou schwéier no bausse verkaaft kréien – mat der Gewerbesteier an der Solidaritéitssteier am Taux drann leie mer an der Europäescher Unioun mëttlerweil just nach op 18. Plaz – da misste mer se reforméieren. An zwar an engem wirtschaftsfrëndlechen Sënn.

Ech proposéieren an däer Hisiicht a mengem schrëftleche Rapport, datt d’Gewerbesteier soll graff gesinn op d’Halschent vun hirem aktuelle Saz reduzéiert ginn. Daat geet entweder iwer en national eenheetlechen Taux vu 4 Prozentpunkten, deen sech op den IRC grefféiert, oder awer iwer d’Reduktioun vum haudegen Taux d’assiette vun 3 op dann nach 1,5 Prozent. An däer zweter Logik léich se da bei 3,75 Prozentpunkte mat engem Hebesaz vun 250 Prozent.

De Produit vum ICC misst da natiirlech verdeelt ginn. Do gesinn ech dräi Optiounen. Entweder, d’Gemengen, an denen en erwirtschaft get, behale e ganz – daat ass d’Variant vum maximale kommunalen Intressement u wirtschaftlecher Aktivitéit op hirem Territoire. Oder awer e get u Regionalfonge verséiert, mat denen Investissementer am Intérêt vu méi Gemenge finanzéiert ginn – daat ass eng méi planeresch konsequent Variant. Oder awer, et bléiw alles beim alen, also bei der aktueller Péréquatioun, an et geschéich eng Ëmverdelung, wéi mer se och haut kennen, no dene selwechte Regelen. Ech perséinlech hunn eng Präferenz fir déi éischt Variant, déi allerdings och eng aner Gemengelandschaft viraussetz. Dozou kommen ech nach.

Wann daat esou géing, dann entstéing – ouni elo eng verbessert Steiermoral a méi wirtschaftlech Aktivitéit viraus wëllen ze soen, déi sech prinzipiell aus enger spiirbarer Reduktioun vun der Betribsbesteierung misst erginn – en déchet fiscal vu ronn 225 Milliounen Euro um Stand vun 2005. An déi missten éirens anescht erakommen, fir datt d’Gemengen op hirem aktuelle Recetteniveau kéinte bleiwen. Meng Präferenz zum Zweck vun der Kompensatioun geet eendeiteg a Richtung vun däer Reform vun der Grondsteier, déi ech elo gläich wëll skizzéieren. Ech behaapten och, datt do genuch Spillraum besteet, fir e substantiellen Deel vun der Gewerbesteier ze kompenséieren. Mee do virdru maachen ech, fir komplett ze sinn, eng Iwerleeung zu engem reforméierten FCDF, wou och Kompensatiounsmëttele kéinten hiirkommen.

Den FCDF get haut alimentéiert vun der Akommessteier, der TVA, der Autossteier an engem forfaitairen Zousazbetrag. Wann een d’Participatiounssätz – 18 Prozent fir d’Akommessteier, 10 fir d’TVA, 20 fir d’Autossteier – géif unhiewen, da bestéing d’Méiglechkeet, fir eng Rei Milliounen Euro zousätzlech eranzehuelen. Daat selwecht wir wouer, wann ee géif een Deel vun den Accisen – och zum Beispill 10 oder 15 Prozent – an den FCDF fléisse loossen. Dobäi géif een dann dervun ausgoen, datt de Gemengen en Deel vum Produkt vun däer Steier zousteet, déi am wesentlechen aus dem Tanktourismus resultéiert, dee sengersäits déi Auswiirkungen op d’Lieweskalitéit an dene betraffene Gemengen huet, déi mer kennen. Mee am Sënnvollste wir et nach, fir eng weider Alimentatioun vum FCDF duerch eng Participatioun u neie Steiere sécherzestellen, u Steieren, déi et haut nach net get. Domat mengen ech d’retenue à la source souwuel fir EU-Biirger, vun däer hirem Produkt eis ee Véirel zousteet, an déi selwecht retenue fir Résidents zu Lëtzebuerg, déi soll geschafe ginn. Op déi Manéier entstéing dem Staat trotz enger méi héiger Dotatioun vum FCDF keng moins value par rapport zur Situatioun vun haut, well jo keng bestoend Steier deviéiert géif ginn.

Da bleiwt also eng méiglech Reform vun der Grondsteier. Wann déi verdräifacht oder vervéierfacht géif, dann hätt nach kee Stot am Land e reelle Problem mat er – mee amplaz 25 kéimen ouni weideres schon emol 100 Milliounen Euro eran. Da géifen zur Kompensatioun vun engem ICC-Feelbetrag vun 225 Milliounen der just nach 100 felen. A wann een dann nach géif d’ëffentlech Gebaier der Grondsteier ënnerwerfen, an se als Steierinstrument um Logementsmaart spekulatiounshemmend asetzen, da géif sech nach en nenneswäert méi géige Produit erginn. Ech sinn der Iwerzegung, datt et muss séier zu esou enger Reform vun der Grondsteier kommen. Hir Berechnungsgrondlag muss de Realitéite vun haut ugepasst, d’Valeur unitaire drastesch no uewe gezu ginn. Den Ënnerscheed tëschent bebautem oder bebaubarem an net bebaubarem Terrain muss natiirlech an deem Kontext erhale bleiwen. Mee d’Dréien un der Schrauw vun der Grondsteier ass eng Moossnam, déi integral der Gemengenautonomi Rechnung dréit, well et eng reng kommunal Steier ass, an zousätzlech och nach e Feelbetrag aus enger wirtschaftsfrëndlecher Reform vum ICC kéint wäitgoend kompenséieren. Daat sollt deemno geschéien, an zwar zimlech zügeg. Et géif och dem Text vum Koalitiounsaccord entspriechen, sief emol niewebäi bemiirkt.

Natiirlech, ech hunn et scho gesot, mécht eng Reform vun de kommunale Finanzen, wéi ech se skizzéiert hunn, kee Sënn mat 118 oder 116 Gemengen mat 3.400 Awunner am Schnëtt. Déi 40 Gemengen ënner 1000 Awunner, déi 70 ënner 2000, déi hunn déi kritesch Mass net, fir sënnvoll kënnen op ekonomeschem Plang ze wiirken, a se hu weder d’Gréisst, nach den Territoire, fir planeresch eng méi relevant Roll ze spillen. Wann een eng Reform vun de Gemengefinanzen uviséiert, muss ee parallel wëllen d’Ausgesi vun der administrativer Kaart vu Lëtzebuerg änneren. Eng kommunal Finanzreform, déi vun autonome Gemengen ausgeet, muss als Basis ekonomesch viabel Gemengen hunn. Déi, déi sech haut net finanzéiert kréien, kréie sech och no enger Reform net finanzéiert. Kommunal Autonomie fänkt bei de Finanzen un. Déi Gemengen, déi keng finanziell Autonomie hunn, hunn am Fong guer keng Autonomie. Daat weess all Buergermeeschter, dee mat sengem jährleche Budget e Sekretär an e Receveur bezuelt kritt, an nach kann 200 Meter Strooss frësch maachen. Eng Reform vun de Gemengefinanze setzt Gemenge viraus, déi finanziell kënnen autonom sinn. Enner 3000 Awunner am ländleche Raum an duebel esou vill am méi urbane Raum ass daat net dran.

Eng Diskussi