Bäitrëttsverhandlungen matt der Tiirkei

De Fraktiounschef Michel Wolter iwwert d’Erweiderung vun der EU
Här President,Dir Dammen an dir Hären,

De Bäitrëtt vun der Tiirkei ass e Sujet, deen mat fill Passioun diskutéiert get. D’Kenntnis, respektiv d’Onkenntnis iwer Geschicht, Kultur an Leit fun engem Land, daat um Rand fum europäeschen Kontinent leit, d’Relioun vu senger Populatioun an daat, waat vill Leit haut mat däer Relioun a Verbindung bréngen (islamesche Fundamentalismus an Terrorismus uechter d’Welt), droen derzou bäi, datt déi allgemeng Perceptioun vun der Tiirkei an der europäescher Unioun eng ass, déi d’Opnam vu Bäitrëttsverhandlunge net zu engem fait divers vun der europäescher Agenda maachen.

D’Tiirkei ass zënter iwer 50 Joer mat Europa enk verbonnen. Si ass Grënnungsmember vun der NATO, Member vum Europarot zënter 1950, mat der EG associéiert zënter 1963. D’Tiirkei huet hir Bäitrëttsdemande zur Europäescher Gemeinschaft 1987 gestallt, an d’Zollunioun tëschent der EU an hir ass zënter 1994 a Kraaft. 1999 hunn déi europäesch Staats- a Regirungscheffen um Sommet vun Helsinki d’Tiirkei als Kandidatestaat confirméiert an hir Adhesiounsvokatioun ënnerstrach. Schliesslech läit zënter dem 6. Oktober 2004 déi nuancéiert positiv Recommandatioun vun der Kommissioun vir, déi dem Europäesche Conseil un d’Häerz leet, d’Opnam vu Bäitrëttsverhandlunge mat der Tiirkei am Dezember ze beschléissen.

D’Entwécklung vun de Relatioune vun der Tiirkei mat der EU sinn démno am Laaf fun de Joeren lues a lues op Bäitrëttsverhandlungen erausgelaaf.

Här President,Dir Dammen an dir Hären,

D’Opnam vu Bäitrëttsverhandlunge rifft déi énorm Erausfuerdungen an Erënnerung, déi mat enger tiirkescher EU-Memberschaft verbonne wiren. Dës Erausfuerdungen ergi sech aus der Gréisst vum Land – et ass annerhallef Mol esou grouss wéi Frankräich – aus senger geografescher Situatioun tëschent Europa an Asien, aus de Relatioune mat seng Nopeschlänner, wéi dem Irak, dem Iran, Syrien an Armenien, aus seng Populatioun vun haut 70 an an 20 Joer tëschent 90 an 100 Milliounen Awunner. Erausfuerderungen ergi sech awer och aus dem Zoustand vun der tiirkescher Wirtschaft, déi zwar déi 21. Ekonomi weltwäit ass, mee awer nëmmen e PIB pro Kapp vun 21% vun der aktueller Uniounsmoyenne erbréngt. Dobäi soll een allerdings net ënnerschloen, datt daat zimlech genee de Niveau ass vu Rumänien a Bulgarien, déi 2007 sollen der Unioun bäitrieden.

En tiirkesche Bäitrëtt géif ouni all Zweiwel eng spiirbar Belaaschtung vum europäesche Budget um Niveau vun der Landwirtschaft an de Strukturfonge bedeiten. Esou e Bäitrëtt kann démno eréischt erfollegen, nodeem dei finanziell Perspektive fir d’Unioun iwer 2014 eraus virleien. Och d’EU muss an der Perspektiv vun engem Bäitrëtt vun der Tiirkei Effore maachen – daat ka keen unilateralen tiirkeschen Exercice sinn, wa mer dem tiirkeschem Bäitrëttswonsch wëllen op fair Manéier begéinen.

Här President,Dir Dammen an dir Hären,

D’Opnam vu Bäitrëttsverhandlunge mat der Tiirkei ass net gläichbedeitend mat dem Bäitrëtt vun der Tiirkei. De Bäitrëtt u sech get konditionéiert duerch en erfollegräichen Oofschloss vun engem Prozess, deen d’Wiese vum tiirkesche Staat beréiert a net wäert onverännert loossen. D’Tiirkei ass zu esou engem Prozess bereet, an dëss Bereetschaft verlaangt eise Respekt.

D’Opnam vu Bäitrëttsverhandlunge selwer ass nëmme méiglech ginn opgrond vun denen konsequenten Changementer, déi an dene leschte fënnef Joer an der Tiirkei stattfonnt hunn. Ech mengen domat ongezielte Verfassungs- a Gesetzännerungen; d’Oofschafung vun der Doudesstrof; d’Erlabnis vum Gebrauch vun der kurdescher Sprooch; d’Stäerkung vun der ziviler Administratioun an déi faktesch Aschränkung vun der Roll vun der Arméi. Am Résumé bedeit dëst, datt déi wiesentlech politesch Kriterien, déi e Bäitrëttskandidat muss erfëllen, haut vun der Tiirkei erfëllt ginn.

Mee wéi scho gesot, d’Opnam vu Verhandlungen ass eng Saach, de Bäitrëtt ass eng aner. Et si ronn 30 Verhandlungskapitelen oofzeschléissen, ier et zu engem Bäitrëtt ka kommen. All eenzelt vun dëse Kapitele muss mat Succès oofgeschloss ginn. Ausname ginn et a goufen et fir kee Kandidat. Et kann och keng fir d’Tiirkei ginn.

D’Europäesch Unioun muss der Tiirkei am Verlaf vun dësem Prozess schounungslos bäibréngen, waat et heescht, zu Europa ze gehéieren an Deel vum politeschen Europa wëllen ze sinn. Daat bedeit jo net nëmmen Demokrati a Mënschrechter, wirtschaftlech Stäerkt a Währungsstabilitéit. Et bedeit och eng bestëmmte Kultur vu Sozialpolitik, vu Familiepolitik, vum Respekt an der Förderung vun der Roll vun der Fra, an et bedeit kulturell, reliéis, gesellschaftlech a mënschlech Toleranz.

Doniewt ginn et weider Elementer, déi en tiirkesche Bäitrëtt zum heitegen Zäitpunkt onméiglech maachen. All Joer ginn nach ëmmer Honnerten vun individuelle Folterfäll aus der Tiirkei gemeld, och wa net méi systematesch gefoltert get. Ob eng Persoun allerdings Affer vun enger Systematik oder vun individuellem Feelverhale gouf, ass hir zimlech egal. All Joer gi nach ëmmer ronn 2.000 Asylanten aus der Tiirkei an der EU opgeholl. Daat ka net esou bleiwen: e Land, waat als EU-Member soll potenziell um System vum sécheren Drëttstaat deelhuelen, ka kee Land sinn, aus deem nach ëmmer Leit fortlafen an an der Unioun Asyl sichen. D’Relatioune mat Zypern an Armenien si net geklärt, an och daat ka net esou bleiwen. Et ass ondenkbar, datt e Memberstaat vun der EU en anere Memberstaat net unerkennt, an et ass ondenkbar, datt e Memberstaat vun der EU seng Grenz mat engem friddlechen Nopeschland zou léisst. All dës Froen musse beäntwert ginn, iir een un en tiirkesche Bäitrëtt kann denken.

Här President,Dir Dammen an dir Hären,

Op daer aner Seit, an daat muss én och soen, kann én e Land an seng Leit net eweg hinhaalen. D’Tiirkei huet an den leschten Joeren fill versprach kritt, hir europäesch Vokatioun ass op villen Platzen ennerstrach ginn. Elo, no immensen tiirkesche Virleeschtungen, ass eng europäesch Géigeleeschtung néideg. D’Opnam vu kontrolléierten a regelméisseg evaluéierte Bäitrëttsverhandlungen sinn haut eng europäesch Verpflichtung géigeniwer engem Land, daat iterativ widerholl huet, dass et Member fun der Unioun weilt ginn, awer och geigeniwer engem treien Alliéierten, dén sécherheetspolitesch ëmmer fest un eiser Säit stoung. D’Tiirkei ass ee Stabilitéitsfacteur am Balkan, deem seng Staaten och Vokatioun hunn, der EU unzegehéieren, an doriwer eraus.

D’Tiirkei ass Deel vun enger europäescher Friddensuerdnung a vun der Friddensuerdnung rondrëm Europa. An Europa u sech ass nach ëmmer an och besonnech eng friddenspolitesch Entreprise, déi fir Stabilitéit a Sécherheet op eisem Kontinent suergt. Hei kann d’Tiirkei an a mat Europa eng Roll spillen, déi soss kee vun den europäesche Partner kann iwerhuelen. D’Tiirkei ass deen eenzege wiirklech demokratesch konstituéierten a laizistesche Staat mat enger moslemescher Populatioun. Si ass d’Paart an daat turksproochegt Zentralasien, e Raum, dee sech bis a China erstreckt, an 150 Milliounen Awunner zielt. Si ass Member vun der Konferenz vun den islamesche Staaten an ënnerhält gläichzäiteg besonnesch a privilegéiert Relatioune mam Staat Israel. A schliesslech liewen zu dësem Zäitpunkt schon iwer 3 Milliounen Tiirken an der Europäescher Unioun, denen hir Integratioun e wichtege Facteur vun der Kohäsioun vun der Gesellschaft an Länner ewei Däitschland, Frankräich, Eisträich an Holland ass.

Här President,Dir Dammen an dir Hären,

D’Evaluatioun vun Inhalt a vun den Etapperesultater vu Bäitrëttsverhandlungen ass e béidsäitege Prozess. Et sëtzen zwee Partner um Dësch, déi kënnen zur Konklusioun kommen, eenzel oder zesummen, weiderzefueren, d’Negociatiounen auszesetzen oder oofzebriechen. D’Verhandlunge musse mam Zil vum Bäitrëtt opgemaach ginn, well daat de Sënn vu Bäitrëttsverhandlungen ass. Mee de Bäitrëtt ass net d’office d’Resultat vun de Verhandlungen. Wuer dee laange Wee féiert, dee mat engem Beschloss fir d’Opnam vu Verhandlungen elo soll ugoen, daat wäert den Inhalt, d’Atmosphär an de Fortschrëtt vun dëse Verhandlunge musse weisen.

Loosse mer deemno déi legitim Erwaardunge vun de Partner an déi objektiv Fortschrëtter vun dene Verhandlungen, déi elo sollen ugefaange sinn, éierlech a fair begléeden a evaluéieren. En tiirkesche Bäitrëtt zur Unioun ass dann, awer nemmen dann, wann e gudd präpareiert gett, wann en aus déne richtege Grënn stattfënnt, a wann en de Leit an dénen nächsten Joeren begreiflech gemach ka ginn, eng Beräicherung fir Europa.