Kooperatiounsdébatt an der Châmber

D’Nancy Arendt hëllt fir d’CSV-Fraktioun zur Deklaratioun vum Minister fir Entwécklungshëllef
Här President,Dir Dammen an dir Hären,

de Kooperatiounsminister huet elo grad an enger engagéierter Ried iwer eis Entwécklungspolitik gewisen, datt hie net fir näischt d’Zoustännegkeet fir dëse Beräich an der Regirung huet. Ech wëll him, och am Numm vu menger Fraktioun, Merci soen fir déi Detreminatioun, mat däer hien d’Saach vun eiser Kooperatioun weiderdreiwt. Grad an Zäiten, wou déi budgetär Mëttelen net méi sou räichhalteg zur Verfügung stinn, ass den Asaz fir d’Entwécklung an der Welt eng nobel Saach. Eng, déi daat Land, waat pro Kapp weltwäit deen héchste PIB ze verzeechnen huet, och muss verfollegen, well et sech selwer an denen Aarmen an der Welt daat schëlleg ass.

Eis Kooperatiounspolitik zeechent sech duerch e puer Konstanten aus, déi ech och nach eng Kéier wëll ënnersträichen. D’Haaptelementer vu menger Ried dréien och ëm dës Konstanten.

Eischtens besteet queesch duerch d’Reie vun alle Parteien an der Chamber Enegkeet iwer d’Zilsetzung, d’Héicht an d’Ausriichtung vun eiser Kooperatiounspolitik. Grad well se dach awer grouss budgetär Bätz ausmécht, ass daat fundamental wichteg: fir d’Duerstellung vun eiser Entwécklungspolitik bei de Leit ass et néideg, datt d’Parteien all derhannert stinn, an datt et hei keng Trennungslinnen tëschent Majoritéit an Oppositioun get – op d’mannst net, waat d’Prinzipien ugeet.

Zweetens ass eis Kooperatiounspolitik virun allem op déi sougenannten Ziillänner axéiert, däer mer der zéng hunn, an denen déi Lëtzebuerger Kooperatioun och gespuert an appréciéiert get. D’Ziillandpolitik huet sech bewährt, well mer eis Mëttelen net uechter d’Welt verspreeën, mee op e puer Plaze konzentréieren, wou eis Politik dann och entspriechend Wiirkung an Erfolleg kann hunn. Iwregens ass och dës Konzentratioun op déi zeng Ziillänner eng wichteg Viraussetzung fir déi Kohärenz vun de Politiken, vun däer de Kooperatiounsminister a senger Deklaratioun geschwat huet.

Drëttens schaffen déi offiziell Instanzen, virun allem de Kooperatiounsministère, ganz enk mat enger ganzer Rei vun Net-Regirungsorganisatiounen zesummen, déi eis Entwécklungsefforen op ville Plaze verlängeren an ergänzen. D’Aarbecht vun dësen ONGen ass onheemlech wertvoll, well duerch si a mat hinnen eis Kooperatioun méi déif gräift a méi breet ka wiirken.

Här President,den iwerparteileche Konsens zur Kooperatiounspolitik erlaabt et, datt Lëtzebuerg op sengem Wee weiderfiirt, fir seng Entwécklungshëllef lues a lues op ee ganze Prozent vun eisem nationale Räichtum eropzeféieren. Am Joer 2004 sti mer bei 0,84% vum PIB, fir 2005 geet dëse Saz liicht erop a wäert bei 0,85% leien. An absoluten Zuelen ausgedréckt, sinn daat ronn 200 Milliounen Euro, oder aacht Milliarden al Frang. Lëtzebuerg ass weltwäit féirend bei de Pro-Kapp-Ausgabe fir d’Kooperatioun, 2004 leie mer hei bei 318 Dollar op all Awunner vu Lëtzebuerg. Global gekuckt, si mer eent vu fënnef Länner weltwäit, déi d’UNO-Zil vun 0,7% vum PIB fir Kooperatioun erreechen an iwerschreiden.

Wann een déi rezent Entwécklung an dësem Spëtzepeloton kuckt, da si mer eigentlech nach e Stéck besser. Well an Holland, Schweden an Dänemark, dräi aner Spëtzereider, d’Zouwendungen un d’Kooperatiounspolitik méi oder manner staark zréckgefouert ginn – daat si keng immens Mouvementer, mee keent vun dëse Länner erreecht méi ee ganze Prozent – si mer eigentlech zesumme mat Norwegen nach déi eenzeg, déi hire Kooperatiounsbudget weider an d’Luucht féieren. Norwege wëllt d’nächst Joer ee Prozent erreechen, Dänemark huet daat schon 2001 fäerdeg bruecht gehaat, mee packt et elo net méi. Weltwäit si mer also bei dene Länner, fir déi Entwécklungshëllef net nëmmen eng nobel Absicht, mee e konkreten Engagement ass, deen all Joer mat genügend budgetäre Mëttelen emgesaat get.

Déi Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik ass doriwer eraus och eng sougenannten Netto-Kooperatioun. Fir eis Efforen an den Ziillänner verlaange mer näischt en Retour – ausser der Erfëllung vun enger Parti politesche Kriterien, déi mat bonne gouvernance ze dinn hunn. Aner Geberlänner, och däer am Spëtzepeloton, wéi zum Beispill Schweden, verbannen hiren Engagement konsequent mat der Förderung vu nationale Wirtschaftsinteressen. Daat bedeit, datt Ziillänner vun der Brutto-Entwécklungshëllef sech och an de Geberstaaten approvisionnéieren, an doduerch en Deel vun der Hëllef nees un de Geber zréckfléisst. Lëtzebuerg huet daat bis haut net gemaach. D’Fro stellt sech allerdings, ob et net gutt Grënn kéinte ginn, fir eng gewësse Brutto-Dimensioun an eis Kooperatioun afléissen ze loossen – do, wou daat méiglech ass, well Wueren an Dingschtleeschtunge gebraucht ginn, déi Lëtzebuerg och ka liweren.

Dëst ännert awer näischt drunn, datt ech et fundamental wichteg fannen, an eiser vu villen Egoisme geprägter Zäit eng engagéiert an déif gräifend Kooperatiounspolitik ze bedreiwen, ouni ëmmer op de Retour ze kucken. D’Laache vu kapverdianesche Kanner, déi duerch eis Zouwendungen eng anstänneg Ausbildung kënne kréien an eng korrekt Gesondheetsversuergung kënnen an Usproch huelen, ass mat Geld net ze bezuelen. Eng Liewensperspektiv huet kee Präiss, si ka net an Euroen oder an Dollaren ausgedréckt ginn. Déi Perspektiven, déi d’Lëtzebuerger Kooperatioun uechter d’Welt Dausende vu Leit get, déi sollen a mussen eis, déi mer eis d’Hëllef fir si gutt kënne leeschten, freeën an houfreg maachen. Daat gesinn all Parteien hei am Haus esou, an doriwer sinn ech selwer a meng Fraktioun frou. Et weist, datt mer an der Lëtzebuerger Politik kënne Wichteges a Richteges zesumme maachen, ouni no parteipoliteschen Iwerleeungen oder no rengem Geldintérêt ëmmer kucken ze goen, wiem et dann elo dingt a wéivill.

Här President,D’Ziillänner vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef sinn am Regelfall kleng Länner, wou de Lëtzebuerger Engagement och entspriechenden Néierschlag ka fannen. Et ass daat erkläertent Zil vun der Regirungspolitik – an d’CSV-Fraktioun ënnerstëtzt daat integral – datt mer virun allem op Plaze sollen aktiv ginn, wou eis Kooperatioun en Ënnerscheed mécht. Am Kloertext bedeit daat, datt Lëtzebuerg sech net mar Indien, Nigeria oder Pakistan als Ziilland aussicht, wou den absolute Montant vun eiser Kooperatioun kaum géif an d’Gewiicht, an also och net wieder opfalen. Daat verhënnert net, datt Projeeën och a gréissere Länner ënnerstëtzt ginn, déi konkret Bedürfnisser solle befriddegen. Daat passéiert zum Beispill an Indien, a China, a Brasilien – mee och a fréieren Ziillänner vun eiser Kooperatioun, wéi Mauritius, Burundi an Tunesien.

Ech hunn et scho gesot, d’Politik vun den Ziillänner ass eng, déi a sech schlësseg ass, an op der Plaz déi ?cohérence des politiques? erlaabt, mat däer erkläerten Entwécklungsziler kënnen optimal uviséiert an erreecht ginn. Dës Kohärenz ass e wichtegt Schlagwuert an der internationaler Kooperatiounspolitik ginn, well se ëmmer méi als néideg fir den erhofften Erfolleg vun der ëffentlecher Entwécklungshëllef ëmfonnt get. Entwécklungspolitik aus engem Goss, esou kënnt een den Usaz vun de kohärente Politiken iwersetzen, an deem d’Effore vun denen, déi ginn, mat den Ustrengunge vun denen, déi kréien, mussen intelligent vernetzt ginn. Genee dës Leitlinn get och vun der Lëtzebuerger Kooperatioun verfollegt. Si viséiert iwerall do, wou se aktiv ass, un éischter Stell d’Reduktioun an am Idealfall d’Eradikatioun vun der schlëmmster Aarmut. An daat geet nëmmen am Zesummespill vun e puer sektorielle Politiken, déi am Ëmfängerland vun eiser Hëllef mussen esou ausgeriicht sinn, datt eis Ënnerstëtzung op der Plaz dee beschtméiglechen Effet huet. All Politiken hunn engem globalen Zil ze dingen: et muss deemno derfir gesuergt ginn, datt net zum Beispill Usätz vun der renger Kooperatiounspolitik vu bestëmmte Beschlëss an den Domaine vun der Landwirtschaft oder dem Aussenhandel nees a Fro gestallt ginn.

D’Käerelementer vun der Aarmutsbekämpfung sinn d’Entwécklung vum ländleche Raum, d’Sécherung vun der Ernährung, d’Stäerkung vun der Roll vun der Fra souwéi d’Bildung an d’Gesondheetsversuergung. Am Zesummespill vun dëse Facteuren entstinn d’Grondlage vun enger egener, dynamescher Entwécklung vun dene Gesellschaften, dene mer wëllen hëllefen. Dës Entwécklung ass och nohalteg orientéiert, an d’Virgoensweis vun der Lëtzebuerger Kooperatioun berücksichtegt ëmmer och ekologesch Aspekter, déi op dene verschiddene Plaze, wou se gräift, relevant sinn.

Mat der Kooperatioun ass et ewéi mat der Politik am Allgemengen: et hänkt villes mateneen zesummen. A wann den Effort vun engem Geberland derzou féiert, datt d’Rad vun der autonomer Entwécklung an engem Ziilland un d’Dréie kënnt, dann ass daat d’Grondlag vum Erfolleg. Dësen Erfolleg kann awer nëmmen erzielt ginn, wann an den Ëmfängerlänner vun der Entwécklungshëllef en éierlecht Bewosstsin driwer besteet, datt d’Entwécklung daat éischt Zil vun hirer egener Politik muss sinn. An deem Kontext däerf et keng Extravaganze ginn.

De Minister huet dëse Volet vu senger Politik am Detail beliicht, ech wëll mech elo net weider dermat beschäftegen, mee just un engem Beispill verdäitlechen, waat d’Cohérence des politiques net ass.

Vun dene fënnef Länner, déi iwer 0,7% vun hirem nationale Räichtum fir d’Kooperatioun opbréngen, sinn der véier, déi erhiewlech Beträg an Tansania investéieren. Fir Schweden an Dänemark ass Tansania éischt Ëmfängerland vun hirer Entwécklungshëllef, bei Holland an Norwegen steet dëst Land op der drëtter Plaz vun de Récipiendaire vun der Hëllef.

Virun e puer Woche konnte mer an den Zeitunge liesen, datt d’Regirung vun Tansania awer elo decidéiert huet, fir de Staatspräsident e neie Fliger fir 40 Milliounen Dollar ze kafen. Dës Decisioun huet verständlecherweis vill Opsinn erreegt, an och a Geberkreesser en zimlechen Onmutt ervirgeruff: tatsächlech däerf ee bezweiwelen, datt den tansanesche President méi dringend e Fliger fir 40 Milliounen Dollar brauch – daat sinn eng an véirels Milliard al Frang – wéi dëst Geld hätt kënne sënnvoll an d’Entwécklung vum Land gestach ginn. Hei gesi mer, datt Geberlänner sech kennen déi gréisste Méi ginn, fir hir Politike zugonschte vun der Entwécklung vun engem Ëmfängerland zesummefléissen ze loossen, ouni datt d’Regirung vun deem Land sech esou behëllt, wéi een et am Kontext vun éierlechen Entwécklungseffore misst verlaangen.

Daat, waat en Ziilland vun der Lëtzebuerger Kooperatioun ass, entsprécht kenger strikter akademescher Definitioun. Et sinn, ech hunn et scho gesot, am Regelfall kleng Länner, vun der Gréisst hir mat Lëtzebuerg vergläichbar Länner, an dene mer mat eiser Kooperatioun en Ënnerscheed maachen.

Dëst ass ganz däitlech zum Beispill um Cap Vert, wou Lëtzebuerg éischt eenzelt Geberland ass, a wou iwerall op den Inselen och d’Bewosstsinn herrscht, datt Lëtzebuerg hëlleft, datt Lëtzebuerg, opwuel et wäit ewech ass, eng Hand mat upéckt. De Cap Vert huet eng Populatioun, déi ähnlech grouss ass wéi eis – ronn 420.000 Leit – an och d’Fläch vum Land ass mat 4.000 km2 mat eiser vergläichbar. Eis Kooperatiounsrelatioun mam Cap Vert ass am Fong en idealtypescht Beispill vu wiirksamer Hëllef an engem Land, daat e bëssen esou ass, wéi Lëtzebuerg och – domat mengen ech natiirlech Gréisst a Bevölkerung, a net Wirtschaft.

Anerer vun eisen Ziillänner sinn zwar e Stéck méi grouss, mee am weltwäite Vergläich nach ëmmer zimlech kleng. Daat ass de Fall, zum Beispill, fir El Salvador, Nicaragua, Laos, Senegal oder Burkina Faso. Och hei wiirkt déi Lëtzebuerger Kooperatioun gutt, a spillt an der Gesamtzouwendung, déi dës Länner aus der ëffentlecher Entwécklungshëllef kréien, eng zum Deel bestëmmend Roll. Doraus, ënner anerem, erget sech och de Sënn, fir an den Haaptstied vun eisen Ziillänner Kooperatiounsbureauen ze ënnerhalen. An esou Bureaue gi viraussiichtlech 2005 zu Ouagadougou, am Burkina Faso, an zu Managua, der Haapstad vu Nicaragua, opgemaach. Mat dene Bureaue verdäitleche mer nach weider eise Wonsch, fir genee ze gesinn, wou d’Lëtzebuerger Entwécklungshëllef higeet, wien se erreecht a wéi se wiirkt.

Eent vun den aktuellen Ziillänner schéngt awer net esou richteg an dëst Konzept ze passen. Daat ass de Vietnam. Net esou séier wéint sénger Fläch – obwuel et esou grouss ass wéi Däitschland oder Polen – mee virun allem, well et 80 Milliounen Awunner huet. Am Vietnam ass selbstverständlech eis Implikatioun wëllkomm, wéi een och op der Plaz miirkt, wann ee mat Leit iwer Lëtzebuerg schwätzt. An dach si mer am Vietnam an engem grousse Land, waat sech net richteg mam Cap Vert oder El Salvador vergläiche léisst. Ech wëll de Sujet elo net verdéiwen, well ech selwer a meng Fraktioun jo och wëssen, datt eisen Engagement am Vietnam net zur Debatt soll stoen – ëmmerhi si mer och do an engem Programme indicatif engagéiert, dee mer wëllen honoréieren. An dach erginn sech aus der Lëtzebuerger Kooperatioun mam Vietnam Froen. Virun allem eng läit mer do um Häerz, an daat ass déi no engem eventuellen europäeschen Ziilland vun der Lëtzebuerger Kooperatioun. E Land, waat an déi klassesch Definitioun géif passen.

Jo, eis Kooperatioun erreecht och haut schon de Montenegro an aner Plazen um Balkan, mee net am Kader vun der eigentlecher Ziillandpolitik. Wa mer awer eise Kooperatiounsbudget am Verlaf vun de Joere weider wëllen no uewen upassen, da wéilt ech uregen, datt mer iwerleeën, dovunner en europäescht Land profitéieren ze loossen, waat Gemeinsamkete mat der Lëtzebuerger Gréisst a Populatioun opweist. Daat kéint zum Beispill Albanie sinn, Moldawien oder Armenien.

Besonnesch an dësem leschte Fall, Armenien, ass et jo esou, datt déi verheerend Konsequenze vun deem groussen Erdbiewen 1987, waat en Drëttel vum Land verwüst haat, nach ëmmer net behuewe sinn. Armenien, mat enger Fläch ongeféier esou grouss wéi d’Belsch a ronn 3 Milliounen Awunner, huet als Land e Budget, deen ongeféier sou grouss ass, wéi dee vun der Stad Lëtzebuerg. Et wir ee Land, an deem Kooperatioun am klassesche Sënn vum Wuert – Ernährungssécherung, Entwécklung vum ländleche Raum, Rehabilitatioun vun der Drénkwaasserversuergung an dem Spidolswiesen – kéint verbonne gi mat humanitärem Engagement. An zwar fir déi zengdausende vu Leit, déi haut nach, foffzeng Joer méi spéit, wéint dem Erdbiewe kee richtegen Daach iwer dem Kapp hunn a keng medizinesch Versuergung kënnen an Usproch huelen. Daat passéiert net irgendwou an Afrika, mee op eisem Kontinent. Et wir gutt, wa kéint driwer nogeduecht ginn, och hei ze hëllefen. Armien ass allen offiziellen Definitiounen no en Entwécklungsland – däer get et also net nëmmen op anere Kontinenter.

En drëtte Volet, dee fir eis Kooperatioun grondleeënd ass, sinn d’ONGen, déi eis offiziell ëffentlech Entwécklungshëllef verlängeren a verdéiwen. Et get dëser Organisatiounen, déi en Agrément vum Kooperatiounsminister hunn, iwer 70, a si si bal iwerall op der Welt aktiv. Hiren Engagement ass zum gudden Deel ee benevolen, een, deen net mat Geld bezuelt get. Ouni den Engagement vun Honnerte vu Leit an de Lëtzebuerger ONGen wir eis Kooperatioun net déi selwecht, an et géif manner Mënsche gehollef. Duerfir wëll ech hinnen de Merci an d’Unerkennung vu mir selwer a vu menger Fraktioun ausdrécken. Dës Leit si wonnerbar Botschafter fir Lëtzebuerg.

D’ONGen hu ganz verschiddenaarteg Hannergrënn. Si kommen aus dem kiirchleche Milieu, aus de Gewerkschaften, et sinn Zesummeschlëss vu Mediziner an Ingénieuren, an esou weider. A si hunn eng Struktur, de Cercle des ONG de développement, an deem se sech koordinéieren an zesummeschaffen.

D’Zesummenaarbecht tëschent den ONGen ass enorm wichteg, fir eng koordinéiert Politik kënnen ëmzesetzen. Well och wann si natiirlech autonom a projektbaséiert operéieren, esou si se dach en Deel vun der gesamter Lëtzebuerger Kooperatioun, déi bestëmmten Ziler verfollegt, bestëmmte Prioritéiten huet a bestëmmte Prinzipie respektéiert. Daat mussen also och d’Organisatioune maachen, wann hir Kontributioun sech kohärent an harmonesch soll an d’Gesamtkooperatioun afügen.

Här President,déi offiziell Lëtzebuerger Kooperatioun, iwer d’Agence LuxDevelopment, déi mat hirer konkreter ËMsetzung befaasst ass, an d’ONGen schaffen all zesummen un der Verwiirklechung vun de sougenannte Milleniumsziler fir d’Entwécklung. Et sinn dës Ziler, déi der UNO hir Efforen am Beräich vun der Entwécklung leden.

Aacht Ziler sollen esou weltwäit bis 2015 erreecht ginn, Et sinn dëst:

1) D’Reduktioun vun der extremer Aarmut an dem Honger2) D’Sécherung vun enger primärer Ausbildung fir all Mënsch3) D’Förderung vun der Fra an der Gläichstellung vu Mann a Frau, woubäi och den Ëmgank mat de Rechter vun der Fra eng wiesentlech Roll spillt. Wann zum Beispill weltwäit nach ëmmer Millioune Medercher sech deem eeklegen a vëlleg onsënnege Ritual vun der Beschneidung mussen ënnerwerfen, dann ass daat en Zoustand, deen een net kann einfach esou hinhuelen. Dës Verstümmelung vu Medercher muss bekämpft ginn. 4) dann, d’Reduktioun vun der Kannerstierwlechkeet5) D’Reduktioun vun der Mammestierwlechkeet6) D’Bekämpfung vun AIDS an anere grousse Krankheten 7) D’Ofsécherung vun enger nohalteger Ëmwelt8) D’Schafe vun enger globaler Partnerschaft fir Entwécklung

Daat éischt vun dësen Ziler, d’Halbéirung vun der batterer Aarmut bis 2015, kéint no Schätzungen dann erreecht ginn, wa pro Joer 100 Milliarden Dollar Entwécklungshëllef zur Verfügung stéingen. Et sinn der awer nëmmen ongeféier 50, also d’Halschent vun deem, waat d’UNO mengt, datt fir d’Erreeche vum 1. Milleniumszil gebraucht géif. Wéi wéineg méi am Fong gebraucht géif, fir weiderzekommen, verdäitlecht d’Tatsaach, datt de Moment pro Joer de weltwäite Waffenhandel e Volume vun 950 Milliarden Dollar erreecht. Bal zeng mol méi also, wéi néideg wir, fir Honnerte vu Millioune Leit op der Welt e liewenswäert Liewen ze erméiglechen. Wa Länner wéi déi Vereenegt Staten, Kanada, Australien, Neiseeland, Japan an anerer an der OECD sech géife méi konsequent un 0,7 % vun hirem nationale Räichtum un ëffentlecher Entwécklungshëllef eruschaffen, da wir Aarmut an enger eenzeger Generatioun net méi dee brennenden Drama, deen se haut weltwäit nach ass.

Déi Lëtzebuerger Kooperatioun schreiwt sech an de globalen Effort zum Erreeche vun dëse Milleniumsziler an. Eent ass awer sécher: ouni eng gemeinsam Ustrengung vun alle Länner, denen entwéckelte wéi dene manner entwéckelten, sinn se net ze erreechen. Duerfir ass am Fong daat aachtent Zil, déi global Partnerschaft fir Entwécklung dee Kader, an deem déi siwen aner musse realiséiert ginn.

A ville Länner, och Ziillänner vun der Lëtzebuerger Kooperatioun, virun allem a Schwaarzafrika, si Krankheten e grousst Hemmnis fir all Zort vu gesellschaftlecher Entwécklung. A potentiell e Facteur, dee ganz Populatioune bedroht. Besonnesch schlëmm sinn hei déi Ravagen, déi AIDS an Afrika mécht.

Zënter 1985 sinn an Afrika ënner der Sahara 15 Millioune Leit un AIDS gestuerwen. 2003 alleng waren et 2,2 Milliounen. Daat si méi Leit, wéi Slowenien Awunner huet.

A Botswana, zum Beispill, sinn haut iwer 38 Prozent vun der Populatioun HIV-infizéiert. A Swasiland sinn et der grad esou vill. Botswana huet eng Liewenserwaardung vu nëmmen 39 Joer, daat ass e Wäert, deen an Europa am Mëttelalter gängeg war. Ouni AIDS wir d’Liewenserwaardung a Botswana 72 Joer, ongeféier esou héich wéi an Osteuropa. De President vu Bostwana huet ugesiichts der ongeheier héiger Infektiounsquot vun der Méiglechkeet vun der Ausläschung vun der Natioun geschwat. An d’Infektiounstauxe ginn nach net erof: a Swasiland huet sech tëschent 2002 an 2004 de Pourcentage vu gutt 34 op bal 39 erhéicht.

Dëst ass eng immens Erausfuerderung fir d’Politik op allen Niveauen, virun allem op deem vun der Versuergung vun den Infizéierte mat antiretrovirale Medikamenter, duerch déi de Virus a senger Entwécklung gestoppt an den Ausbroch vun AIDS, dee bal ëmmer déitlech endegt, verhënnert ginn. Dës Medikamenter kaschte Geld, Geld, waat arem afrikanesch Staaten dacks net hunn. An dach muss d’AIDS-Pandemie an Afrika gestoppt ginn, wann net e ganze Kontinent soll an d’Nuecht vum Liewen antrieden. Selbstverständlech ass dëst eent vun de Milleniumsziler. An dobäi soll eist Land hëllefen, wou et kann. De Kooperatiounsminister huet ugedeit, wéi mer daat wëlle maachen.

Ech wëll net am Detail op all eenzelt vun denen aneren Milleniumsziler agoen. Si sinn déi grouss, déi brennend Erausfuerderunge vun der Entwécklung an eiser Zäit. Kannerstierwlechkeet, Stierwlechkeet vun de Mamme während der Schwangerschaft a kuerz no der Gebuert, ustiechend Krankheeten, d’Zerstéirung vun eiser Ëmwelt: si sinn déi grouss Géigner vun der Mënschheet am 21. Joerhonnert. Hinne musse mer eis zesumme stellen, well et geet ëm déi ganz Welt. Entwécklung, am ganze Sënn vum Wuert, ass net nëmmen eng Affär vun den aarme Populatioune a Schwaarzafrika, Asien a Latäinamerika. Et ass eng Affàr vun eis alleguer. D’Beispill vun der nohalteger Ëmwelt derdäitlecht daat op dramatesch Manéier.

Wann déi global Erwäermung weidergeet, da verschwanne ganz Staate vum Globus. D’Mierespegele steige stänneg, well d’Pole schmëlzen. Inselstaate wéi d’Malediven, an anerer virun allem am Pazifik, ginn an denen nächsten 20 Joer, wa sech näischt un der Evolutioun ännert, einfach esou ënner. Si verschwannen ënner dem Waasser, si halen op, ze existéieren. Dorunner si mir Mënsche Schold, genee wéi um Verschwanne vun den Alpegletscheren an dem bedrohlechen Zouhuele vun de Naturkatastrophen, daat mer an dene leschte Joeren ze verzeechnen hunn. A wa mer all zesumme wëllen iwerliewen, wa mer net wëllen tëschent Stierm, Iwerschwemmungen an Erdbiewen eist Liewe wëlle beschléissen, da brauche mer e globalt Bewosstsinn, datt Verännerungen néideg sinn. Net nëmmen am tropesche Bësch, mee och an eisem. Net nëmmen am Energiverbrauch vun den asiateschen Entwécklungslänner, mee och an eisem.

Här President,Dir Dammen an dir Hären,ech kommen zum Schluss. Déi Lëtzebuerger Kooperatioun ass eng Saach, déi eis all an dëser Chamber um Häerz läit, déi grouss Erfolleger ze verzeechnen huet, an déi mer zesumme wëlle weiderféieren, verdéiwen a verbesseren. Si brauch entspriechend budgetär Mëttelen, an um Wëlle vun der Regirung, déi zur Verfügung ze stellen, huet sech näischt geännert. Daat begréissen d’Fraktioun vun der CSV an ech selwer ausdrécklech.

Mir sinn a mir bleiwen am Spëtzepeloton vun de Geberlänner an der internationaler Kooperatioun. Daat ass e staarkt Zeeche vu Solidaritéit mat denen, déi näischt oder guer net vill hunn, an dene mer e bësse weider wëlle ginn. Et ass déi konsequent Politik vun engem Land, waat et mat der Solidaritéit eescht mengt, waat no bannen a no baussen e Sënn derfir huet, datt Ongerechtegkete bestinn, a waat derbäi hëlleft, se ze behiewen.

Mee mir brauchen och an dëser Zäit de Sënn derfir, datt d’Entwécklung vun der ganzer Welt eppes ass, waat eis direkt a permanent ugeet. Et get net eis Welt, déi räich an déi schéin, an dann nach eng aner, eng aarm an eng ellen. Et get nëmmen eng. An däer liewe mer all zesummen, a mir mussen se zesumme verbesseren an dauerhaft liewenswert maachen. Well den indianeschen Häuptling haat recht, wéi en dee Saz sot, deen dacks zitéiert, awer net dacks genuch och richteg verstane get: ?Mir hunn dës Welt nëmme vun eise Kanner geléint?. Loosse mer se net futti maachen – net hei, a net do, wou d’Lëtzebuerger Kooperatioun gräift. Dës Kooperatioun bréngt Hoffnung op Plazen, wou der virdrun net vill war. Loosse mer och zesummen hoffen, datt déi grouss Erausfuerderunge vun eiser Zäit richteg erkannt ginn, an datt d’Politik sech hinnen op déi richteg Manéier stellt. Iwerall an der Welt.

Nancy Arendt