De Budget 2005

De Budgetsminister Luc Frieden war e Mettwoch Invité am Mettesjournal op RTL Radio: am Mettelpunkt vum Gespréich stung de Budget 2005

De Budgetsminister Luc Frieden war e Mettwoch Invité am Mettesjournal op RTL Radio: am Mettelpunkt vum Gespréich stung de Budget 2005.

RTL Radio Lëtzebuerg: Här Minister Frieden, den Defizit fir 2005 fällt méi héich aus wéi nach fir 2004. Mir sinn elo bei 88,9 Milliounen Euro Defizit, respektiv – wann een europäesch Kritèren uwendt – bei bal 333 Milliounen Euro minus. Fir 2006 gëtt et op mannst grad esou schwiereg, hutt Dir de Moie gesot. Sinn déi gëllen Zäiten dann elo definitiv eriwwer?

Luc Frieden: Jo, ech mengen, datt déi schonn d’lescht Joer eriwwer waren … An ech gesinn och nët, bei deene villen Onsécherheeten, déi an der Welt bestinn … datt mer och an den nächste Jore beim Budget, nët wéi an der Vergaangenheet, mat Plus-Valuë kënne rechnen, mä datt mer musse kucken, datt mer déi Ausgaben équilibréiert halen.
Ech wëll awer dozou soen, datt wann Dir sot, datt mer no europäesch Kritèren en Defizit vun iwwer 330 Milliounen Euro hunn, dann ass dat awer nëmme minus 1,2 Prozent vum PIB. Domadder si mer besser wéi dat, wat mer d’lescht Joer op Bréissel am Stabilitéitsprogramm gemellt hunn, an och wäitaus besser wéi déi meescht Länner an Europa …

Enorm héich sozial Ausgaben

RTL : D’Dépensë fir dëst Joer waren am Fong ëm 2 Prozent geklomm, fir d’nächst Joer ass et elo eng Hausse vun den Dépensë vu 7,8 Prozent. Firwat huet d’Regierung sech da fir d’nächst Joer nët méi Retenue operluecht?

Luc Frieden: D’Regierung huet sech ganz vill Retenue operluecht, well ech hunn an deene leschte 4 Wochen an an de leschten Deeg an Nuetën sou munech Efforten dru geluet, zesumme mat menge Kollegen an der Regierung, fir datt dee Budget sou géing ausgesinn, och wann e mer nach nët honnertprozenteg gefällt.
Ech géing soen et ginn zwou Observatiounen ze maachen: dat éischt dat ass, mir hunn zu Lëtzebuerg eng exzeptionell héich Budgetisatioun vun de sozialen Ausgaben: Mir bezuele via Steieren een Deel vun de Krankekeesen, vun de Pensiounskeesen. Dat heescht de Staat bezillt dat…

Dat zweet dat ass, datt mer eng Rei Dépensen hunn, déi punktuell sinn, déi nei sinn. D’Présidence kascht 55 Milliounen Euro. Mir hunn d’Universitéit Lëtzebuerg, déi opgeet. Mir hunn d’Betreiung vun de Kanner no der Schoul. Alles dat kascht Milliounen Euroen …

D’Kierperschaftssteier geet substantiell erof

RTL: Komme mer emol bei d’Recetten. D’Kierperschaftssteier, déi jo virun allem vum Finanzsecteur bezuelt gëtt, ass manner héich ausgefall wéi erwaart dëst Joer. Si dréit der économescher Entwécklung net Rechnung, hutt Dir de Moie gesot. Wéi ass dat dann z’erkläeren?

Luc Frieden: Traditionell wann d’Économie wiisst, da wuessen och d’Einnahmen, déi vun de Betriber kommen. Mir stellen elo fest, datt de Finanzsecteur 2004 eng Progressioun a senge Resultater huet. Mä eng ganz Rei vu Betriber aus dem Finanzsecteur bezuele keng Steiere méi, well se vun Ofschreiwungsméiglechkeete Gebrauch maachen, déi innerhalb vun hire Gruppen décidéiert ginn an iwwer Lëtzebuerg gebucht ginn. Et ass och esou, datt mer bei der Kierperschaftssteier nobesteieren an duefir elo och un déi Jore kommen, wou manner gutt Resultater do waren an duefir, wann ech z.B. drun erënneren, datt mer virun 2 Joer an däer Steier nach 1,4 Milliarden am Budget agesat haten an elo leie mer bei 1,1 Milliard. Do gesitt Dir also, et ass eng Steier, déi geet substantiell erof an dat war fréier déi gréissten Einnahm…

Haut, Gott sei Dank, ass déi ersat ginn duerch aner Steieren déi klammen, wéi zum Beispill d’TVA, notamment duerch déi Betriber am elektronesche Commerce, a wa mer dat net hätten, wäer eigentlech d’Situatioun nach vill méi schwiereg. Mä dat bleift ee Suergekand.

TVA op Benzin an Zigaretten geet mei héich

RTL: Bleiwe mer mol bei der TVA op Benzin an op Zigaretten, déi klëmmt an och den Diesel gëtt méi deier. Ass dat dann dat richtegt Zeeche fir ausgerechent elo, wou souwisou d’Petrolspräisser jo schonn enorm héich sinn, fir elo nach eng Kéier do déi Präisser duerch de Staat z’erhéijen?

Luc Frieden: Mir mussen nei Recetten hunn, fir datt mer de Budget einegermoossen am Equiliber hunn. Ech soen dat besonnesch bei der TVA, déi op den Zigarette vun 12 of 15 Prozent geet: Mir hunn och ganz vill Gesondheetsausgaben, an ech fannen et nët absurd, datt wann een méi héich Gesondheetsausgaben och géigefinanzéiert duerch ee gesondheetsschiedlecht Instrument wat d’Zigarette nun emol ass.
Um Benzin ass et esou, datt mer jo och eng Rei Obligatiounen hunn am Ëmweltberäich, Stëchwuert Kyoto. A mir gesinn awer och, datt deen Taux vun 12 Prozent, dee mer haut haten, guer nët deen ass, deen déi aner Länner hunn…

RTL: D’Investitiounsausgabe bleiwen och héich. Dat ass jo schéin a gutt, mä an engems klammen dann awer och zum Beispill d’Fonctionnementskäschte vu Kulturbauten, wéi de Pei-Musée, wéi d’Salle philharmonique oder Neimünster. Hätt een dat direkt vun Ufank un esou berechent, datt déi Foncitonnementskäschten esou héich wieren?

Luc Frieden: … Menger Meenung no gëtt dat nët genuch am Débat politique berücksichtegt, well jiddwereen hätt gär nei Infrastrukturen. Mä wann een nei Infrastrukture brauch, da muss een och duerno ee Portier an dat Gebai setzen, et muss een och d’Fënstere wäschen, et muss een Elektresch dofir kafen an et muss ee Programmer an déi Kulturinstituter bréngen an dat kascht enorm vill…

RTL Radio Lëtzebuerg den 20.10.2004