Fraktiounspresident Michel Wolter op RTL Radio Lëtzebuerg: Fënnef Prinzipië vun der CSV-Héichschoulpolitik
Mir hunn zënter e puer Joër schon zu Lëtzebuerg en Héichschoulgesetz. Dëst Gesetz schaaft de Kader fir d’Funktionnéiere vun deem, waat mer d’Uni Lëtzebuerg nennen. D’Héichschoulgesetz gouf vun engem CSV Regierungsmember ausgeschafft an deponéiert, well d’CSV der Iwwerzegung ass, datt Lëtzebuerg kee wäisse Fleck op der akademescher Landkaart vun Europa däerf bleiwen.
Eng Uni zu Lëtzebuerg ass noutwenneg. Mee et däerf nët déi 51. normal Uni an der Groussregioun sinn. Eis Uni muss, fir Erfolleg ze hunn an europawäit Unerkennung ze fannen, e puer Prinzipie follegen, déi aus hir eppes Besonnesches, eppes Aussergewéinleches an der Groussregioun an an Europa maachen. A si muss an all deem, waat se mécht, mat héichkarätege Schoulen an der Groussregioun an doriwwer eraus kooperéieren.
Eng Uni op d’Mooss vum Land
Eischtens muss eis Universitéit hir Gréisst an den Ëmfang vun hirem akademesche Betrib begrenzen. Si däerf nët ze séier wuessen, a si soll nët iwwer e bestëmmtent Mooss eraus wuessen. Mir kënnen an däerfen zu Lëtzebuerg keng Massenuni opriichten. Duerfir hätte mer d’Ëmfeld an d’Opfangstrukturen nët, an daat géif déi akademesch Leeschtungsfähegkeet vu Lëtzebuerg iwerschreiden.
Eng attraktiv Uni an Europa
Zweetens, mir brauchen eng Uni mat internationaler Vokatioun an Ausstralung. Mir maache keng Uni haaptsächlech fir d’Lëtzebuerger, mir maachen eng Uni zu Lëtzebuerg, déi am europäeschen Ausland soll esou attraktiv sinn, datt Professeren a Studenten heihinner léieren a studéiere kommen. An zwar, well eis Programmer an eis Infrastrukturen esou attraktiv sinn, datt Lëtzebuerg en akademesche Standuert mat Unzéiungskraaft gëtt.
D’Recherche am Mëttelpunkt
Drëttens, eis Uni muss sech op d’Recherche konzentréieren an hire Betrib un der Fuerschung ausriichten. Et muss d’Recherche sinn, déi déi universitär Oofleef inspiréiert, an et muss och si sinn, déi d’Grondlag vun der Léier op der Uni Lëtzebuerg erschafft. Zu Lëtzebuerg muss eng Wëssens-Plus-Value entstoën, déi eiser Uni international Renommée an Attraktivitéit séchert.
Konzentratioun op eis staark Beräicher
Véiertens, d’Universitéit muss sech op déi Beräicher konzentréieren, wou Lëtzebuerg staark ass, a wou mer op sënnvoll Manéier kënnen intressant akademesch Nische besetzen. Staark si mer zum Beispill am Domaine vun de Finanzen a vum europäesche Recht, wou mer mat der “Luxembourg School of Finance” an dem DEA am contentieux communautaire schon Instituter opgeriicht hunn. Nische besetze kënne mer zum Beispill am Beräich vum “Aménagement du territoire”, vun der allgemenger a geografesch méi spezifescher Raumplanung, wou e Nodiplom-Léiergang op der Uni soll entstoën, oder och am Beräich vun der Entwécklungspolitik an der humanitärer Aktioun.
Finanziell Ennerstëtzung
Fënneftens muss d’Uni déi finanziell Mëttele kréien, déi se brauch, fir all dës Ziler ze erreechen. Dozou ass d’CSV fest entschloss. Mee gläichzäiteg kënne mer net jidderengem, deen eng akademesch intressant Iddi huet, op eiser Uni e Léierstull oder en Institut ariichten. Daat wär finanziell nët ze packen, an d’Uni géif sech och inhaltlech verzettelen.
Dës fënnef Prinzipië sinn d’Grondlag vun der Héichschoulpolitik vun der CSV. Wa mer eis un hinnen orientéieren, da gëtt d’Uni Lëtzebuerg en Erfolleg. An en Erfolleg fir d’Uni zu Lëtzebuerg ass en Erfolleg fir Lëtzebuerg an Europa.
Michel Wolter, Fraktiounspresident
RTL Radio, den 18.10.2004