„E wichtegt Zeechen fir Lëtzebuerg“

Am Gespréich mat RTL 92,5 huet de neie Coopératiounsminister Jean-Louis Schiltz seng Aufgaben am Coopératiounsministär skizzéiert …

Am Gespréich mat RTL 92,5 huet de neie Coopératiounsminister Jean-Louis Schiltz seng Aufgaben am Coopératiounsministär skizzéiert …

“D’CSV, déi huet sech ëmmer agesaat, datt d’Coopératiounshëllef, déi Lëtzebuerg leescht, géif eropgesaat ginn. Fir datt mir am Spëtzepeloton sinn, vun deene Länner, déi solidd an der Coopératioun aktiv sinn.

Dir wësst, datt mir bei deene fënnef éischt an der Welt sinn, wat de Prozentsaz vum Produit intérieur brut ubelaangt, deen der Coopératioun consacréiert ass. Ech mengen, et ass e wichtegt Zeechen fir Lëtzebuerg, e Land, dem et jo gudd geet, waat dann och weist, datt et op internationalem Niveau mat anere Länner, mat anere Leit kann deelen, deenen et a priori nët esou gudd geet.

Wat och wichteg ass an der Coopératiounspolitik, daat ass, datt een se an der Kontinuitéit gesäit. Do rappt e nët vun engem Daag op den aaneren d’Saachen aussenaanner. Ech mengen, et ass en Effort de laang geet. Ech mengen, et ass en Effort, de muss soutenu a continu sinn. Daat schéngt mir och wichteg ze sinn, erwirzehiewen.”

Source : RTL 92,5, Mëttesjournal, 3. August 2004