Koalitiounsverhandlungen

E Reportage vum Sam Tanson op RTL Radio am Moiesjournal vum 28.Juni 2004

E Reportage vum Sam Tanson op RTL Radio am Moiesjournal vum 28.Juni 2004

Umoderatioun:

“Knapps zwou Woche laang huet et gedauert, ier den eendeitege Walgewënner, d’CSV sech e Samschdeg entscheet huet, mat wiem se d’Koalitiounsverhandlungen ufänkt. Eestëmmeg hunn d’Membren vum erweiderten Nationalrot sech de Weekend fir d’LSAP décidéiert. No den Erklärunge vum Formateur Jean-Claude Juncker war also jiddereen iwwerzeegt, datt dat vun den dräi Méiglechkeeten, LSAP, DP an déi Gréng, déi beschte Léisung wier, Sam Tanson.”

Reportage vum Sam Tanson:

“Schwaarz-gréng Koalitioun hätt zwar programmatesch Innovatioun bruecht, sou de François Biltgen, mä d’Majoritéit vun 31 Sëtz war der CSV dann awer ze minim an d’Zäiten déi vläicht net einfach ginn. Och wa reng inhaltlech en Accord méiglech gewiescht wier. Eng Décisioun, déi de Grénge Fraktiounschef François Bausch e Samschdeg net iwwerrascht huet.”

François Bausch (O-Toun): “Wann et net duer geet, da muss ee wëssen, datt et haut heiansdo esou ass, datt ee muss an Etapë virgoen. Mir hunn am Süden zum Beispill ganz knapps den drëtte Sëtz verfeelt. Wahrscheinlech wa mir dee kritt hätten, wiere mir ganz, ganz eescht d’nächst Woch, séitze mir wahrscheinlech an de Koalitiounsverhandlungen. Mä ech mengen, eise gesellschaftleche Projet, dee gëllt nach ëmmer. Mir sinn der Meenung, datt déi Froen, déi mir opwerfen, an déi Alternativen, déi mir ze proposéieren hunn, méi wéi je richteg sinn, an duerfir si mir och fest iwwerzeegt, mir gleewen och drunn, datt aus der Oppositioun eraus Saache ka bewierken.”

Sam Tanson: “Wat d’DP ugeet, sou wier dat eng Regierung vun der Kontinuitéit gewiescht, huet de Parteipresident ënnerstrach, mä déi Liberal hätten nun emol 5 Sëtz verluer. Keng Iwwerraschung och bei der DP-Presidentin Lydie Polfer, déi allerdéngs festgestallt huet, datt d’Zäite sech änneren.”

Lydie Polfer (O-Toun): “Viru kuerzem huet et nach geheescht, d’Sozialisten an d’Regierung wielen heescht de Sträit an d’Regierung wielen. Et huet geheescht, mir hätte gutt zesumme geschafft. D’Walen hunn eng aner Situatioun ginn, dat ass ganz richteg, an ech mengen, elo huet de Formateur seng Responsabilitéit geholl. Am Fong misst dat jo schwiereg ginn, wann een eben déi verschidde Standpunkte gesäit an deenen zwee Programmer.”

Sam Tanson: “Wéinst [Zitat] “arithmetescher Vernunft”, mä och dem Programm, gouf d’CSV sech also eens mat der LSAP, d’Kolalitiounsverhandlungen anzegoen. Véier grouss Achsen huet de François Biltgen opgezielt, déi am Mëttelpunkt vun den Négociatioune stinn. D’Wirtschaft a Finanzen mat de Liberaliséierungen, déi bevirstinn, Sozialpolitik dann, wou et a Saachen Aarbechtspolitik keng gréisser Differenze géife ginn, mä et dierft een net mat neien Ideen de Staat vum séchere Wee ofbréngen. Déi drëtt Achs dann wier d’Gesellschaftspolitik an déi véiert Europa mat der Lëtzebuerger Présidence. D’Verdeelung vun de Posten stéing awer eréischt als lescht um Ordre du jour.”

François Biltgen (O-Toun): “Et ass eppes ganz kloer, an ech mengen, dat weess och eisen zukënftege Koalitiounspartner, dat ass, datt mir net kënne vun enger Paritéit ausgoen, well et keng Paritéit an de Mandater gëtt. Vir de Rescht ass et awer och esou, datt een dat muss aushandelen. Fir d’éischt maache mir programmatesch Inhalter, an da gëtt gekuckt, wéi d’Ministèren u sech composéiert ginn, an da gëtt gekuckt, wat fir eng Partei, wat fir eng Ministèrë kritt a mir sinn ni dohinner gaangen andeems mir emol fir d’éischt gesot hunn, deen een hätt gären deen ee Ministère, deen aneren deen anere Ministère. Dat wier eben och eng ganz schlecht Aart a Weis, fir an d’Verhandlung anzegoen, well mir maache jo net eng Politik fir déi Ministèrë, wou Leit vun der CSV drop sëtzen. Mir maachen eng Politik fir d’gesamt Land.”

Sam Tanson: “De François Bausch huet nach e Samschdeg gemengt, et kéint eventuell zu interne Muechtkämpf an der LSAP kommen, wann et ëm d’Posteverdeelung an der Regierung geet. Jiddferfalls wäerten esouwuel d’DP wéi och déi Gréng en opmierksamt Aa op de Koalitiounsverhandlunge behalen, Koalitiounsverhandlungen, déi en Donneschdeg de Moien am Aarbechtsministère ufänken.”

Schlussmoderatioun:

“Den Owend gesinn sech d’Parteileitung an déi gewielten Deputéiert vun de Sozialisten, wou se beschléissen an d’Koalitiounsverhandlungen eranzegoen. Da gëtt et och eréischt déi éischt Reaktioune vun der LSAP, déi sech wéinst dem Doud vum Marc Zanussi en Donneschdeg, visuell zeréck gehal huet.”

E Reportage vum Sam Tanson op RTL Radio am Moiesjournal vum 28.Juni 2004