Le PCS à la recherche d’un partenaire de coalition

E Commentaire vum Jean-Claude Wolff op Radio 100,7 am Moiesjournal vum 25. Juni: “Och wann d’CSV en excellente Score gemaach huet, a kee Wee laanscht sie geet, dierf sie awer net vergiessen, datt 24 vun 60 Sëtz nach wäit ewech vun enger absoluter Majoritéit sinn!”

Umoderatioun:

“Haut de Moien um 9 Auer wäert de Regierungsformateur Jean-Claude Juncker eng weider Kéier de Grand-Duc Henri iwwer de Stand vu senge Sondéierungsgespréicher informéieren, a muer dierfte mir dann no der Réunioun vum CSV-Nationalrot endlech gewuer ginn, mat wiem d’CSV Wëlles huet, déi nächst 5 Joer eng Koalitioun ze maachen. Dozou haut de Commentaire vum Jean-Claude Wolff.”

Commentaire vum Jean-Claude Wolff:

“D’CSV huet d’Broscht geschwollen no hirem fulgurante Walresultat vu viru bal zwou Wochen. D’Partei vum Überflieger Jean-Claude Juncker ass ouni Zweiwel an Discussioun de grousse Gewënner vun de Chamberwalen 2004.

Dat muss awer bei de Koalitiounsverhandlungen net onbedéngt en Avantage sinn. Gewëss, déi Chrëschtlechsozial kënne sech de Bettpartner fir déi nächste Joeren eraussichen, kënnen d’Konditioune vun der Stee diktéieren. An awer soll ee beim grousse Walgewënner net ze üppeg ginn. Kaum ee vun de potentielle Koalitiounspartner ass nämlech iwwerméisseg begeeschtert fir an esou eng Koalitioun eranzegoen. Mat Ausnam vun deene Gréngen, mä bei der knappst méiglecher Majoritéit vun 31 Sëtz, wësse si hoergenee, datt sech d’CSV do net drun traut. Net well een deene Gréngen net géing trauen, mä éischter géing ee sech do deen een oder deen aneren CSV-Deputéierte vläicht ausliwweren, déi kéint domat droen oftrënneg ze ginn, wann him eppes net passt, oder hien eppes net kritt.

Bleiwen de Verléierer DP an den Netverléierer, mä och net Gewënner LSAP.
D’DP géing et schonns lackele weider 5 Joer un de Fleeschdëppe vun der politescher Muecht sëtzen ze bleiwen. Wann een awer weess, datt an all Koalitioun mat der CSV de Partner Plomme léisst, dann dierften déi Liberal schonns elo mat Schudderen ausrechnen, wat hinnen 2009 géing vun hire lo schonns nëmme méi 10 Sëtz bleiwen, an ähnlech dierft et der LSAP goen. Si huet just ee Sëtz gewonnen, dee vun der Lénk, an huet sech personnel quasi net kënnen erneieren. Och d’Sozialiste géingen riskéieren an 5 Joer op en neits Plommen aus hirem nach ëmmer dënne Fiederkleed ze loossen.

Dofir kann et ganz gutt méiglech sinn, datt d’CSV hire Poker an de Koalitiounsverhandlungen emol kéint als Schoss no hanne lassgoen, an datt esouwuel LSAP wéi DP kéinten op emol motzen, wann et hinnen ze bond gëtt, a si kéinten hir Konditiounen auspaken, fir der CSV zu enger Majoritéit ze verhëllefen.
Och wann d’CSV en excellente Score gemaach huet, kee Wee laanscht si geet, dierf si awer net vergiessen, datt 24 vun 60 Sëtz nach wäit ewech vun enger absoluter Majoritéit sinn!”

E Commentaire vum Jean-Claude Wolff op Radio 100,7 am Moiesjournal vum 25. Juni