Ee Kommentar vum Yolande Kieffer op RTL Radio am Moiesjournal vum 18.06.2004: Dës Walen hunn eigentlech méi Changementer bruecht oder dokumentéiert wéi dat op den éischten Bléck ausgesinn huet.
Dës Walen hunn eigentlech méi Changementer bruecht oder dokumentéiert wéi dat op den éischten Bléck ausgesinn huet.
Et ass déi éischte Kéier, datt mir aus dem klasseschen Schema ausbriechen, wou DP an LSAP sech einfach ofléisen fir mat der CSV ze regéieren. Vläit kënnt d’LSAP an déi nächst Regierung. Mä et sinn déi Gréng, déi an der Wielergonscht klammen. Dann den incroyablen Succès vun der CSV an dem Jean-Claude Juncker, deen nach bedeitend méi héich ausgefall ass wéi d’Sondagen dat virausgesot haaten. Also eng CSV-Iwwermuecht? Mä lossen mir der Rei no goen.
Datt d’DP esou eng laanscht Läffelen krut – fir beim Henri Grethen senge Wierder ze bleiwen – obschon d’Politik vun der CSV-DP-Koalitioun jo net désavouéiert gouf, huet bestëmmt eng Partie Ursachen. Mä eng vun deene Haaptursachen däerft awer bei de leschte Walen vu 1999 ze sichen sinn, wou deemols an engem explosive Klima d’DP sech onageschränkt fir d’Cause vun der Fonction publique agesaat huet. An déi Rechnung ass opgang. Mä domat hat d’DP eng Partie vun hirem traditionellen liberalen Electorat widdert de Kapp gestouss, an et kann een unhuelen, datt elo 2004 d’Quittung koum. Dat kéint d’Erklärung sinn, firwat sech d’Unerkennung vun der gudder Regierungsarbecht eleng bei der CSV niddergeschloen huet.
Wat d’Oppositiounsparteien ugeet, do stellt ee fest, datt déi Gréng net nëmmen eng flott an uspriechend Walkampagne gemaach hunn, si hunn et och am Laf vun de Joeren fäerdeg bruecht, hiren eegenen Oppositiounsstil eriwwerzebrengen, an deen war vill méi nuancéiert a méi uspriechend an och méi kredibel wéi déi ofgetraatschten, muenchmol frontal a séier plomp Attacken vun de Sozialisten oder déi hilflos iwwerdriwwen a populistesch Inszenéierungen vum ADR. Den ADR huet verluer, wat och nach fir sech eng excellent Nouvelle ass. An d’LSAP ass praktesch um selwechte Niveau bliwwen, a muss sech weiderhinn sériö Froen iwwert d’Attraktivitéit vun der Partei stellen.
An dann zum groussen Gewënner: De Juncker an d’CSV mat hirer “Iwwermuecht”. Et wäert jo awer am Eescht keen dru gleewen, datt “Juncker on Tour” ausschlaggebend soll gewiescht sinn fir de Succès vun de Chrëschtlech-Sozialen. Dat wier nu wierklech ze vill simpel. An de Jean-Claude Juncker, egal wéi gutt a wéi beléift en ass, weit keng fënnef Sëtzer. Wann ee méi genau hikuckt – awer dat mécht d’politesch Konkourrenz net gäer – da gesäit een, datt ënnert dem Afloss vum Juncker d’CSV als Partei sech am Laf vun deene leschten zéng bis fofzéng Joer gehéiereg verännert huet, no bannen wéi och no baussen. Inhaltlech sougutt wéi imageméisseg.
D’CSV gouf entstëppst, huet sech moderniséiert – besonnesch och wat d’Fraen betrëfft – a sech opgemaach fir méi e breet Gedankegutt. Dat awer ouni ze bruskéieren, an engem Rhythmus, wou keen ausser Otem koum. A gläichzäitig gouf d’Gefill vun Oprichtegkeet a Kompetenz no baussen vermëttelt. Ob et engem gefällt oder net, Fakt ass, datt d’CSV wielbar ginn ass a Kreeser, wou virun enger Dosen Joer am Dram keen sech dat hätt kéinten virstellen. E Kandidat op der CSV-Lëscht illustréiert de Wandel vun der CSV zimlech gutt. De Lucien Thiel, Direkter vun der ABBL, bekannt als éischter blo, gëtt op enger schwaarzer Lëscht, däer hire Spëtzekandidat Juncker rout ugehaucht ass, auf Anhieb an d’Parlament gewielt, an dat op der sechster Plaz.
D’Resultat vun dëse Walen huet gewisen, datt et näischt bréngt, fir mam sou genannten CSV-Staat der Däiwel un d’Wand ze molen fir d’Wieler ofzeschrecken. A wann d’politisch Konkurrenz da wierklech eng CSV-Iwwermuecht wäer, da muss se sech eng afalen loossen, awer eng uerdentlech. Eng déi Kapp a Fouss huet.