Walen zu Lëtzebuerg

Ee Kommentar vum Marc Linster op RTL Radio am Mëttesjournal vum 18.06.2004

Haut um Freideg ass een nach ëmmer net vill méi gescheit ewéi de leschte Sonnden um Walowend. Dat eenzegt wat nei ass, ass d’Ausso vum Henri Grethen op RTL, datt seng Partei net méi partout an d’Regierung wëllt an domadder rechent an d’Oppositioun ze goen. Dat huet e Sonndeg bei der Parteipräsidentin Lydie Polfer nach ganz anescht geklongen. Egal wéi, et ass schwéier sech d’DP nach emol an der Regierung virzestellen. Eng chrëschtlech-sozial-liberal Koalitioun wier en absoluten Mépris vum Wieler, an an deem Fall kënnt ech déijéineg Bierger verstoen déi soen, dee Moment géifen si bei de nächste Walen e wäissen Ziedel ofginn.

Mir brauchen nämlech an der Zukunft, déi fir eist Land alles anescht wéi roseg gëtt, eng Regierung déi op enger breder Basis steet. Duerwéinst ass dat a mengen Aen interessant schwaarzt-gréngt Experiment an dësen Zäiten net realiséierbar. An och eng Koalitioun zwëschent der CSV an der DP wäer op Grond vun der ekrasanter Dominanz vun deene Chrëschtlech-Sozialen an dem kolossalen Réckgang vun der DP total ongesond.

Mir mussen eis an Zukunft méi waarm undoen an de Rimm méi eng zesummen zéihen. Duerwéinst brauchen mir eng Regierung déi zwar engersäits ekonomisch de Leit d’Woueregt seet an déi néideg strukturell Reformen duerchzitt, anerersäits de soziale Volet net ganz aus den Aen léisst. An dat kann ech mir op alle Fall besser mat enger CSV-LSAP-Regierung wéi mat Schwarz-Blo viirstellen. Dofir sinn nämlech d’Leit ronderëm den Henri Grethen dach vill ze vill wirtschaftsliberal. Déi nei Regierung gëtt nämlech dru gemooss, wéi se de Spagat zwëschent noutwendegen ekonomischen Reformen a sozialer Offiederung packt. An doriwwer eraus muss si och déi noutwendig Zukunftsfroen wéi Verkéier, Wunnen a Landesplanung allgemeng upaken. An do gëllt et, dem Bierger munech onbequem Saachen mussen ze soen.

(Ee Kommentar vum Marc Linster op RTL Radio am Mëttesjournal vum 18.06.2004)