Wéini huet een an de Walen verluer?

Ee Kommentar vum Jay Schiltz zum Walresultat op Radio 100,7, Moiesjournal

Ee Kommentar vum Jay Schiltz op Radio 100,7

Wéini huet een an de Walen verluer?
Wéini gebidd de politischen Anstand datt e sech an d’Oppositioun zeréckzitt? Bei minus engem Sëtz oder bei minus fënnef? Huet een d’Walen nach ëmmer net verluer, och wann een zwee Regierungsmember net méi erëmgewielt kritt, wa bal 72 Prozent vun der Chamberfraktioun vum Wieler keen Mandat méi kréien, dorënner den Fraktiounspresident selwer. Ass déi Demokratisch Partei wierklech esou indécent fir déi manifest Néierlag net zou ze ginn?

Dat soll een hir, fir de Moment, nach net ënnerstellen. Kann oder däerf se d’Néierlag nach net zouginn? Ass se nach an der Attente? Higehal villäicht op Drock vun anerwärts? Dat ass schon éischter méiglech. Virop och nodeems jo gëschter de Jean-Claude Juncker zwar vum Grand-Duc als Regierungsformateur genannt gouf, mat Forméieren awer wëll hien eréischt no Nationalfeierdag ufänken. An eppes méi wéi enger Woch also, a bis dohinn kann vill geschéien.

Do ass fir unzefänken emol den EU-Sommet Enn deser Woch zu Bréissel, op deen de Jean-Claude Juncker net ouni Drock hifiert. D’Visite vum Javier Solana gëschter beim Lëtzebuerger Premier war keng Formalitéit. Och wann aus deem Gespréich näischt bekannt gouf ass unzehuelen, datt och den Här Solana, grad wéi viru 14 Deeg den irischen Premier Bertie Ahern, dem Jean-Claude Juncker nach emol gesot huet, datt hien weider de Wonschkandidat fir d’Platz fir d’Plaz vum EU-Kommissionspresident bleiwt.

A wuel och fir, am Hibléck op den EU-Sommet zu Bréissel, den Terrain nach emol ze sondéieren, wéi et dann elo ass, no den Walen zu Lëtzebuerg. Net eleng den Terminkalenner kann déi Auszäit vum Premier bis nom Nationalfeierdag erklären, mä éischter datt de Premier Zäit wëllt gewannen, fir sech kloer ze maachen, wat dann elo mat Europa gëtt. Den Drock wiisst an de Jean-Claude Juncker wäert et zu Bréissel net einfach hunn deen Drock och ofzewieren. Bleiwt hien bei sengem Verspriechen, op alle Fall Premier zu Lëtzebuerg ze bleiwen. An dann kann de Jean-Claude Juncker op Dauer deen Drock iewerhaapt Stand halen? Sinn déi Europäisch Interessen net abemol och national Interessen? Schwéier soen, mä wéi och ëmmer, fir de Jean-Claude Juncker gëtt et sëcherlch keng gemitlech Woch bis no Nationalfeierdag, et sief dann hien ass emol méi, ewéi esou dacks eens mat sech selwer a weess genee wat kennt an da gi mir esou oder esou gewuer firwat d’DP d’Walen nach net verluer huet.


Radio 100,7, Moiesjournal vum 16.6.2004