Walen vum 13. Juni 2004 fir d’Europaparlament zu Lëtzebuerg

Ee Kommentar vum Jean-Claude Wolff op Radio 100,7

Ee Kommentar vum Jean-Claude Wolff op Radio 100,7

Zanter genee engem Véirelsjoerhonnert hunn déi europäesch Bierger d’Recht hir Vertrieder am Stroossbuerger Europaparlament direkt ze wielen. Virdrunn sinn se vum nationalen Parlament dohinner déléguéiert ginn. 1979 gouf et als eng grouss Victoire vun der europäischer Integratioun an als e Meilesteen a Sachen Europa vum Bierger gefeiert. Mä wéi esou oft goung et awer finalement esou, datt ee laang fir eppes streit, a wann een dat dann huet, dann interesséiert et een net méi.

Emol net all zweeten EU-Bierger ass um laange Week-End säin Ziedel fir d’Europawalen an d’Urn geheien gaangen. An 10 neie Memberlänner wor et knapps all drëtten Bierger, deen gewielt huet. Dobäi woren et dach grad déi meeschten vun deene Länner, déi joerzéngtelang hanner dem sougenannten “eiserne Rideau” geklot hunn, datt si keng Demokratie a keng fräi Walen haten.

An an den alen EU-Länner – esou vun den Observateuren richteg bemierkt – woren d’Walen bal iwwerall eng Sanktioun fir d’Regierungsparteien, mat Ausnahm vu Griechenland, Spuenien a Lëtzebuerg. An an deenen zwee Éischten vun deenen Länner gouf et dobäi nach eng Sanktioun fir d’Regierungen, déi eréischt virunn e puer Wochen beim nationalen Parlament ofgewielt goufen.

Europa huet et nach ëmmer schwéier sech politisch sichtbar ze maachen. Nach ëmmer schéngt de komplizéierten a komplexen Décisiounsprozess bei villen Bierger net verstan ze ginn. Nach ëmmer gëtt wéi et schéngt net verstan, datt haut eng grouss Majoritéit vun de politischen Décisiounen op europäischem an net méi op nationalem Niveau geholl gëtt, an datt an de nationalen Parlamenter just nach ratifizéiert gëtt, ganz oft mam Argument, et kéint een jo souwisou net aus der europäischer Rei danzen.

De Bierger huet ganz oft den Androck, datt d’Bréisseler Décisiounen, och wann se nach zu Stroossbuerg ofgeseent ginn, eben eng Fatalitéit sinn. Bei Lëtzebuerg kënnt nach dobäi, datt séch de Bierger d’Fro stellt, wat dann elo sechs Leit vun 674, also just eppes klenges méi ewéi 0,8 pro mille vun de Stëmmen, kënnen bewierken. Hei gëtt dann léiwer op déi national Kart gesat, wou een hofft, datt déi national Regierung an engem Veto eng eventuell noutwendig eestëmmeg Décisioun blockéiert.

Mat der Reform vun den EU-Institutiounen, déi am Stocken ass, wäert dat de Moment kaum besser ginn. Esou laang wéi an wichtege Froen de Ministerrot dat leschtent Wuert huet, esou laang wäert d’Europaparlament fir vill Bierger net dee Stellewert hunn, deen et eigentlech verdéngt. Esou lang wäert deen dach awer immens villsäitegen intellektuellen an multikulturellen Potential vum Stroossbuerger Parlament net erkannt a net vum Bierger genotzt ginn. Esou laang bleiwen d’Europawalen fir déi meeschten Wieler an Europa nach just eng lästeg Pflichtübung.

Radio 100,7, Moiesjournal vum 15.6.2004