Walresultat

Ee Kommentar vum Francine Closener am Mëttesjournal op RTL Radio

Ee Kommentar vum Francine Closener op RTL-Radio

Fänke mer emol mat dem anere klore Walgewënner un, mat deene Gréngen. Rechneresch géif et jo duer goen, fir Schwarz-Gréng. Mä et wier eng extrem knapp Majoritéit vu grad emol engem eenzege Sëtz. Wann een bedenkt, datt déi nächst Joeren net einfach däerften ginn, an d’Regierung wuel och déi eng oder aner onpopulär Décisioun muss huelen, dann ass esou eng knapp Majoritéit riskant, well keen Députéierten aus der Rei däerf danzen. Ausserdem leien d’CSV an déi Gréng a ville Froen nu wierklech guer net op enger Linn, zumools am gesellschaftspolitischen Beräich. Stéchwierder: Mariage fir Homosexueller oder aktiv Stierwhëllef. Mä och an der Asylpolitik ginn et grouss Divergenzen an eng ganz grouss Kompromëssbereetschaft géif de Gréngen imageméisseg guer net gutt zu Gesiicht stoen.

Zu Kompromësser war d’LSAP – déi foffzéng Joer, wéi se mat der CSV an der Regierung war – dogéint méi dacks bereet. En plus leien déi zwou Parteien op ganz ville Punkten souwisou zimmlech no beieneen. D’accord, d’Trennung vu Kierch a Staat wier theoretisch zwar e Sträitpunkt, mä décisiv wier dat mat Secherheet net.

De Virdeel vun Schwarz-Rout wier natierlech och, datt a méi schwieregen Zäiten, déi zwou grouss Gewerkschaften mat agebonne wieren. Et wier eng stabil Majoritéit, déi sech sozial Aschnëtter wahrscheinlich zweemol géif iwwerleeën. Mä wëll d’CSV iwwerhaapt mat der LSAP, déi sech net als Walverléirer gesäit, dowéinst villäicht allerhand Uspréch stellt, schon alleng wat d’Zuel vun de Ministeschposten ugeet, en plus hun déi sozialistesch Kandidaten, déi dofir a Fro kommen, nach laang net all Regierungserfahrung.

Dat géif dann nees fir d’DP schwätzen, zumols am Virfeld vun der EU Présidence déi fir Lëtzebuerg jo wa méiglech zu engem Succès soll ginn. Ausserdem wier eng DP, déi esou eng Néierlag huet missen asteechen, fir d’CSV méi en bequemen Verhandlungspartner, deen méi einfach ze zëssen wier, an sech wahrscheinlich mat relativ wéinig zefridden gëtt. D’Fro stellt sech awer wéi eng Legitimitéit esou eng Schwarz-Blo-Regierung hätt. Wëll d’CSV et sech wierklech undoen, fir bei all emstriddener Regierungsdécisioun vun der Oppositioun virgeheit ze kréien, den Koalitiounspartner DP géif jo souwisou net dem Wielerwellen entspriechen.

Et ass secher net esou einfach fir d’CSV ze tranchéieren. Anererseits kéint se, wann se well, déi potentiell Junior-Partneren och ganz wonnerbar géinteneen ausspillen. Dat eenzegt wat wierklech kaum bis guer net a Fro kënnt ass eng CSV-Minoritéitsregierung.

RTL Radio, Mëttesjournal vum 15.6.2004