Walresultat

Ee Kommentar vum Jay Schiltz op Radio 100,7

Ee Kommentar vum Jay Schiltz op Radio 100,7

D’Walresultat ass eng Iwwerraschung, ouni Zweifel. Mä am Fong confirméiert et, wat d’Sondagen viru Méint virausgesot haten. Massiv Verloschter fir d’DP, d’Stärkung vun deene Gréngen an d’Stabilisatioun vun der LSAP. An eppes anescht huet sech confirméiert, datt no der Wal een d’Qual vun der Wal huet. Dem Jean-Claude Juncker stinn dräi potentiell Koalitounspartner zur Verfügung. Allerdéngs stinn se ënner méi oder manner gudden Viirzeechen.

Et dierft schwéier sinn, dobaussen eng weider Koaltioun mat der DP ze verkafen. Minus fënnef Sëtz fir déi Liberal, plus fënnef fir d’CSV, dat geet net esou einfach wéi gëschter Owend d’Mme Polfer an den Här Grethen versicht hunn, déi sécherléch villäicht ze stramm Sanktioun vum Wieler domat ze erklären, datt d’Regierung awer net verluer huet, well d’CSV der DP hier Sëtz gewonnen huet.

De Wieler wëll d’DP net méi an der Regierung, soss hätt en säi Verdikt opgedeelt oder manner däitlech gemaach. Wëllt de Wieler déi Gréng? Eng aner gudd Fro. Déi Gréng goufen fir hir gudd Aarbecht am Parlament belount, kruten déi Sëtz, déi hinnen eigentlich zoustinn. Mä geet et duer, fir doraus Regierungsbedeelegung anzekloen?

D’LSAP huet duebel esou vill Sëtz wéi déi Gréng. Si hunn net verluer, mä si stabiliséiert an een Sëtz gewonn. Dat ass net d’Welt, mä et hätt schlëmmer kënne kommen. Als eng Partei, déi 1999, no foffzéng Joer Regierung eng béis gewéitscht krut, sech duerno schwéier an der Oppositioun zurecht fond huet, an um Enn de Schued limitéiert krut, ass no dësen Walen déi zweetstärkst Partei, a misst eigentlech als deen logeschten Koaltiounspartner ugesinn ginn, virun allem och well arithmetesch eng CSV-LSAP-Koalitioun déi Stärksten wier.

An engem Commentaire virun e puer Deeg hate mir gesot, et kéint sech als en kapitale Feeler fir d’DP erausstellen, eenzeg an eleng versicht ze hunn, am Kielwaasser vum Jean-Claude Juncker a senger CSV wellen mat an en neien Regierunshafen gezunn ze ginn. Am Laf vum Walkampf huet d’DP vill u Vitesse verluer, well si et verpasst hat, sech selwer duerzestellen mat hiren Avantagen an hiren Atouten, mä et virgezunn huet d’CSV fir si d’Walkampagne vun der Regierung maachen ze loossen. Datt déi Spekulatioun sech esou hart géif fir déi demokratisch Partei confirméieren, hate mir wierklech net erwaart.

A fir bei de Vergläicher mat de Schëffer ze bleiwen: An de leschten 14 Deeg huet et d’LSAP a säin Spëtzekandidat Jean Asselborn fäerdeg bruecht, sech irgendwéi un dat grousst a staarkt CSV-Schëff unzehänken, wann och an engem klenge Schlauchboot. Mä de Jean Asselborn huet et fäerdeg bruecht, sech niewt dem Jean-Claude Juncker als deen Challenger ze profiléieren, iwwerdems d’DP-Spëtzekandidatin Lydie Polfer irgendwou ënnergangen ass.

D’Walresultat ass dat, wat eigentlech viru Méint scho virausgesot gouf: E grousse schwaarze Schoklaskuch mat enger rouder Kiischt drop.


Radio 100,7, Moiesjournal vum 14.6.2004