Parteipräsident François Biltgen zum überragenden Wahlsieg der CSV …

“… als Parteipresident sin ech ganz frou. Et ass ëmmer gesoot ginn, d’CSV géif de Kriibsgang goen an d’CSV, déi wär do, fir ze verschwannen.

Mir hunn vill geschafft, och meng Virgängerin d’Erna Hennicot-Schoepges, fir d’Partei ze ernéieren an ze verjéngen.

Wann ech dann den Owend d’Resultater gucken, dann huet et vill domat ze dinn, waat mir als Partei geleescht hunn an der Vergangenheet. Et huet och mat eiser Campagne ze dinn, wou mir de Leit gesoot hunn, mir schwätzen nët iwwert de Géigner, mais mir schwätzen iwwert d’Problemer vun de Leit an déi Solutiounen, déi mir hunn. (…)

Wann ech elo kucken, bei eis an de Reihen, datt niewt eise Leit, déi elo schon’s gudd geschafft hunn, iwwerall nei Leit no vir kommen, daat weist mir als Parteipresident, dës Partei liewt a mir hunn eng breed Basis. (…)” (RTL-Owesjournal, 13. Juni)

“… daat, waat mir elo hunn, daat ass e Resultat, souwuel vun Deputéierten wéi vu Prozentsätz, daat op datt erauskënnt, wat mir 1979 a 1984 haaten. (…)

Mir hunn 36%, daat gëtt am Ausland als e gudd Resultat fir eng Vollékspartei unerkannt, awer nët als eppes wat eng Iwwermuecht géif duerstellen, wou en aaneren géif écraséiert ginn. Et ass also e Resultat, wou mir et fäerdeg bruecht hunn, erëm op daat zrëckzekommen, wat eigentlech eis Stärkt war …

Dës Kéier hu mir et fäerdeg bruecht erëm op dës Stärkt zrëckzekommen.

(RTL-Moiesjournal, 14. Juni 2004)