Invitatioun Walowend

CSV-Nationalcomité Iech häerzlech op säi Walowend e Sonndeg, den 13. Juni 2004
Léif Parteifrënn,
Fir d’Evenement vun de Chamber- an Europawalen « live » ze erliewen, invitéiert den CSV-Nationalcomité Iech häerzlech op säi

Walowend

e Sonndeg, den 13. Juni 2004 vu 17.00 Auer un am Hôtel Parc Belle-Vue (5, av. Marie-Thérèse zu Lëtzebuerg).

Mir verfollegen a kommentéieren zesummen d’Resultater vun de Chamber- an Europawalen: grouss Ecranën, Internetposten a Radioe sinn installéiert. D’Retransmissioun vun de Walemmissiounen op der Telé ass assuréiert an den aktuelle Stand vun de Resultater gëtt permanent präsentéiert.

Fir Iessen an Drënken ass och gesuergt.

Eis Walparty soll de flotten an agréablen Ofschloss vun eiser Campagne sinn. Brengt Är Famill an Är Frënn mat. Dir sidd alleguer häerzlech wëllkomm, zesumme mat eis e flotten Owend ze verbréngen.

Och besteet d’Méiglechkeet de Formel 1 a den Football ze kucken.