Invitatioun fir op den CSV Walowend

Léif Parteifrënn,

Fir d’Evenement vun de Chamber- an Europawalen « life » ze erliewen, invitéiert den CSV-Nationalcomité Iech häerzlech op säi

Walowend

e Sonndeg, den 13. Juni 2004 vun 17.00 Auer un am Hôtel Parc Belle-Vue (5, av. Marie-Thérèse zu Lëtzebuerg).

Mir verfollegen a kommentéieren zesummen d’Resultater vun de Chamber- an Europawalen: grouss Ecranën, Internetposten a Radioën sinn installéiert. D’Retransmissioun vun de Walemmissiounen op der Telé ass assuréiert an den aktuelle Stand vun de Resultater gëtt permanent präsentéiert.

Fir Iessen an Drënken ass och gesuergt.

Eis Walparty soll de flotten an agréablen Ofschloss vun eiser Campagne sinn. Brengt Är Famill an Är Frënn mat.

Dir sidd alleguer häerzlech wëllkomm, zesumme mat eis e flotten Owend ze verbréngen.