Déi Chrëschtlech-sozial maache Campagne op engem Thema: „de séchere Wee’

Kommentar vum Sam Tanson, RTL Radio Lëtzebuerg

Kommentar vum Sam Tanson, RTL Radio Lëtzebuerg :

An dee séchere Wee, dee leeft bei der CSV iwwert ee Mann: de Retter vun der Natioun, dee mat sengem Schwäert, ganz a schwaarz gewéckelt Ongerechtegkeeten aus der Welt schaaft…

De lëtzebuerger ‘Don Diego de
la Vega’ ass allerdéngs net den Namens-Vetter Xorro, deen an de Kinos-Spotten vun der CSV mat plompem Humor a Plastiks-Degen arméiert de rout, blo a grénge Loft-Ballonen de Gar aus mécht…

Dee Xorro, deen am Kino soll de jonke Public uspriechen, während schwaarz-wäiss Tëlee-Spotten sollen, am Styl vun enger Doppel-Herz Reklamm, den eeleren, méi traditionellen CSV-Wieler motivéieren.

Nee, de lëtzebuerger Zorro, aus der Siicht vun der CSV, dat ass de Jean-Claude Juncker!

Dann natierlech brauch ee keng däitsch Pubs-Agence, keng 4 Spëtzekandidaten a keng subversiv Spotten, wann een dee Mann huet dee scheinbar jidderee wëll.

Wann een deen dann och nach an ästhetescher Héich-Form, also gekämmt a raséiert, op d’Plakater uechtert d’ganzt Land hänkt, dann däerf dat roueg schwaarz wäiss sinn.

Et geet och duer wann ee just e puer Schlagwierder rondrëm schreift an ofwiesselnd nach symbolträchteg Billercher am Plaz vum Premier moolt, dozou nach e bëssen orange Faarf.

Eng Orange Faarf, déi och nach als Erkennungs-Zeeche benotzt gëtt… Vu datt d’Kandidate sech net all zu engem Jean-Claude Juncker klone kënnen, kréie se fir hir offiziell Optrëtt, fir d’Hären eng orange Cravatte, fir d’Dammen eng Blouse, e Foulard oder souguer de ganze Costume an Orange ugedoen.

Eng Campagne wier jo awer och keng Campagne, wann ee keng Gadgeten hätt. D’CSV huet natierlech traditionell hier Landkaart erausginn, e puer Bicken, allerdéngs ouni dem Premier seng Foto drop a waart 2 Wochen iert et de Bierg eropgoe soll, nach ëmmer op d’Karabinerhaken déi genee wéi op de Plakaten de Wee séchere sollen.

Imitatioune vum Jean-Claude Juncker am Barbie-Poppe-Format ginn et allerdéngs keng… Sou wäit ass déi Iddi net hiergeholl, schliisslech organiséiert d’Partei eng regelrecht Tour vum Polit-Popstar wou ee bestëmmt och kann Autogramme fänken.

Well de Premier fëllt d’Säll! Op dat elo ass, wéi d’Konkurrenz et behaapt, wëll all eenzelne vun den 10.000 Memberen op d’Tourdaten bei sech rondrëm convoquéiert gëtt, oder einfach wëll de Juncker d’Massen unzitt… Soit, sou laang de Wieler sech alt e Minimum un der Politik intresséiert…

Do wäert awer deen een oder aneren Net-Minetter enttäuscht sinn den 13. Juni, wann en am Wal-Büro entdeckt, datt hie guer net ka fir eisen nationalen Zorro, de Jean-Claude Juncker wielen…

Aus: RTL.lu