Prominent Kandidaten: Ego-Trip oder Engagement?

Kommentar vum Marco Goetz, op RTL Radio Lëtzebuerg
Kommentar vum Marco Goetz, op RTL Radio Lëtzebuerg

Wann d’Beem net méi bis an den Himmel wuessen, da brauch een an der Politik Leit, déi wäit gesinn, well se vill gesinn an erlieft hunn.

Do wou anerer gären hikommen, do ware se schonns, se si mat alle Waasser gewäsch an et brauch een hinne keng Kaart ze molen, aus Angscht se kéinte sech verléieren.
Wann esou Leit sech da politesch outen, soll een dat net ofwäerten als Ego-Trip bezeechnen, dee vu Profileuros motivéiert, nëmmen zum Zil huet, een Ënnerdach um Krautmaart ze kréien.

Et soll een hinnen och net hiren Alter reprochéieren, well Experienz kennt net iwwer Nuecht ma ass d’Resultat vu laange Joeren op Wanderschaft duerch eng Géigend, déi mer d’Liewe nennen.

Et soll ee ganz einfach frou sinn, datt se nach eppes anescht ewéi e Golfball bewege wëllen. An iwwerhaapt, ween wann net d’Politik selwer muss der Fuerderung vun EU an OECD nokommen, fir Leit net an de neoliberale Räisswollef ze geheien, wa se méi wei 5 Jorzéngten um Bockel hunn… ma fir vun hirer Kompetenz ze profitéieren, soulaang déi Concernéiert selwer wëllen.

Wann engem net gefält, datt e Lucien Thiel, e John Castegnaro, e Paul Hammelmann oder een Erny Lamborelle, fir just déi ze nennen, op Lëschten ze fanne sinn, wat hätt een da gären?

Et kräischt een iwwer e Manktem u politeschem Engagement, iwwer muenchmol net grad vu grousser Kompetenz geprägten Débaten an der Chamber an da wéilt een déi, déi duerch hier Virgeschicht natierlech Selektioun aus der Course huelen, opstempelen an ofkanzelen a wa méiglech mat der Marie Astrid d’Mousel erop an erof joe bis se dronke sinn.

Duerf dann nëmmen deen an d’Chamber, dee sech am rayon vum Bas de Gamme als notoreschen Humpejhang ervirgedoen huet oder deen als politeschen Eunuch der Politik net déi Erotik ofgewanne kann déi ee brauch wann ee mat Passioun un eppes erugoe well?

Déi, déi elo de Kapp wait aus der Fënster strecke, weisen dat wat d’politesch Szen hei am Land net genug kann hunn : näämlech Leidenschaft.

Do stécht dann och d’Wuert Leiden dran. E Spazéiergang ass de Wee duerch de Wahlkampf beileiwen net an dat och, well dachs aus den eegene Reien op de Parvenu geschoss get, jee no Partei mol méi mol manner.

Nodenke soll een dann och mool iwwer dat wat déi Leit op d’Spill setzen, wa se den 13. Juni an d’Arena ginn. Wann den Daum vum Wieler no uewe weist, da fänkt no engem Moment vun Glécksgefill déi eigentlech Aarbecht un, un där se dann och gemooss gin. Mat Club-Med huet dat näischt ze dunn.

Ma wat wann den Daum no ënne gestreckt gëtt? Da gëtt de Kandidat e Vull fir d’Kaz, et gëtt de Geck gemat a vläit huet et Konsequenzen, déi méi wäit ginn. Et geschitt, wat geschitt an enger Gesellschaft, déi Verléierer leider nëmmen als Verloscht gesäit, als Faillite, net als Gewënn.

Vläit erkläert dat och, firwat d’Beem bei eis net méi bis an den Himmel wuessen: se traue sech einfach net méi de Kapp iwwert d’Mëttelméissegkeet erauszestrecken!

RTL Radio Lëtzebuerg vum 27.5.2004