Etat de la Nation 2004 – De Fraktiounspräsident Lucien Weiler hëllt Stellung (28.Abrëll 2004)

M. Lucien Weiler (CSV).- Här President, Dir Dammen an Dir Hären, wéi mer viru fënnef Joer, am Abrëll 1999, och kuerz virun de Wahlen, hei an der Chamber den État de la nation diskutéiert hunn, du stoung d’Debatt deemools ënnert dem Androck vun deem fierchterleche Krich um Balkan. An haut, fënnef Joer méi spéit, steet déiselwecht Debatt nees ënnert dem Stär vun engem aussepoliteschen Evenement, nämlech der Erweiderung vun der Europäescher Unioun.

E Samschdeg trieden offiziell zéng nei Länner der Europäescher Unioun bäi. Déi Unioun, an där mer e Samstegmoie waakreg ginn, huet gemeinsam Grenze mat Wäissrussland, der Ukraine, Rumänien a Kroatien. Eng Unioun, an där fir d’éischt an hirer Geschicht slawesch Sproochen offiziell gebraucht ginn, an eng Unioun, an där den historesche Rëss duerch eise Kontinent ka lues a lues nees zougeschweesst ginn.

Déi Unioun, där déi zéng nei Membere bäitrieden, huet eist Land a wichtege Momenter vun hirer Entwécklung matgeprägt. Den Acquis communautaire, deen déi nei Memberen hu missen ëmsetzen, ass vu Lëtzebuerg mat konstituéiert ginn, am Laf vu laange Joren a Jorzéngte vun Engagement, vun europäeschem Engagement vun eisem Land. Et ass wichteg, dass ee sech e puer Deeg virun der Erweiderung u Momenter erënnert, déi fir Lëtzebuerg an d’Unioun vu besonnescher Bedeitung waren, zum Beispill d’Aushandlung vum eenheetlechen europäeschen Akt an de Maastrichter Vertrag, deen zu engem gudden Deel ënnert Lëtzebuerger Présidence ausgehandelt gouf.

Da muss ee sech u Momenter erënneren, an deene fir Lëtzebuerg vill um Spill stoung a wou eis Vertrieder an Europa mat vill Geschéck dofir gesuergt hunn, dass d’Kniet konnte gesprengt ginn, déi eis an anere Konstellatiounen d’Loft hätte kënnen ofschneiden. Dat war zum Beispill de Fall ronderëm de ganzen Accord ëm d’Zënsbesteierung. De Statsminister huet gëschter hei gesot, dass d’Lëtzebuerger Finanzdiplomatie, wéi e sech ausgedréckt huet, hei e feint Stéck gesponnen hätt. Or et muss ee wëssen, dass d’Lëtzebuerger Finanzdiplomatie am Lëtzebuerger Finanzminister an am Lëtzebuerger Budgetsminister bestanen huet. Et war hei eng zimlech roueg a keng opdränglech Beschreiwung vun deem wat gemaach ginn ass, mä mir musse wëssen, a keen hätt virun enger Rei vu Jore geduecht, dass mer haut an enger Situatioun sinn, wat d’Zënsbesteierung ubelaangt, déi en Accord fir eist Land duerstellt, deen d’Strooss hält an dee gutt fir Lëtzebuerg ass, dee gutt fir Europa ass an deen eisem Numm an Europa nëmme ka virunhëllefen.

Dëse Moment e puer Deeg virun der Erweiderung ass och dee wou mer eis musse bewosst ginn, dass Lëtzebuerg a gutt aacht Méint nees d’Présidence an der Unioun iwwerhëlt. Et ass fir d’lescht wou mir déi Présidence kréien, well duerch déi europäesch Verfassung déi rotéierend Présidencen ofgeschaaft solle ginn. Eng Verfassung iwweregens fir déi Lëtzebuerg a seng Vertrieder am europäesche Konvent ëmmer agetruede sinn, an eng Verfassung déi, obwuel se ganz sécher net perfekt ass, villes an Europa méi kloer a méi gräifbar mécht.

Mir stinn also virun där leschter Lëtzebuerger Gesamtprésidence vun der Europäescher Unioun. Dat ass een Défi, deen net vu Kaffi a Kuch ass. Vum selwe geet dat net, déi Sujeten, déi ënnert Lëtzebuerger Présidence mussen traitéiert ginn, zum Beispill d’Finanzperspektive vun der Unioun vun 2007 bis 2013, an dann dee wahrscheinleche Réaménagement vum Stabilitéitsplang, gegebenenfalls den Ulaf vun de Verhandlunge mat der Türkei, alles dat sinn enorm Erausfuerderungen, déi op déi nächst, op eis Présidence zoukomme wäerten.

Déi Unioun zu deem Zäitpunkt ze steieren, an zwar mat Erfolleg ze steieren, ass – mengen ech – eng vun deene gréissten Erausfuerderunge vun der nächster Legislatur. Mir kënnen duerch dës Présidence dauerhaft Spuren an der europäescher Integratiounsgeschicht hannerloossen. Wann eis Présidence allerdéngs nëmmen duerchschnëttlech gëtt, sou wéi se vill ze vill dacks och vu grousse Länner nëmmen duerchschnëttlech war, da ginn d’Spuren dovu ganz séier am Sand vun der Geschicht verwëscht. Ech wëll där nächster Regierung dofir fir d’Meeschtere vun dësen Erausfuerderungen eng gutt Hand wënschen, esou eng gutt Hand wéi déi aktuell Regierung eng hat, wann et ëm d’Vertriede vun eisen Interessen an der Welt an och an Europa gaangen ass.

Déi lescht fënnef Jore ware fir Lëtzebuerg an der Aussepolitik an an der Europapolitik gutt Joren. Et ware gutt Joren, well d’Usehe vun eisem Land, de Respekt, deen eisem Land entgéintbruecht gouf, och d’Aart a Weis wéi eisem Land nogelauschtert gëtt, nach ni esou grouss waren. An dat huet net zulescht eppes mat deene Performancen ze di vun deenen, déi responsabel ware fir Lëtzebuerg an der Unioun an an der Welt ze vertrieden.

Heiansdo muss ech e bësselche schmunzelen, wann hei zu Lëtzebuerg – an Europa souwisou, mä och hei zu Lëtzebuerg – eng Rei Politiker mengen, de Statsminister géif sech awer ganz gutt als Chef zu Bréissel maachen, en hätt d’Kompetenze fir dat ze maachen, mä zur selwechter Zäit ëm awer ënnerstellen, hei zu Lëtzebuerg do géif en awer net ganz villes fäerdeg bréngen. Et muss ee mat där Kontradiktioun fäerdeg ginn.

(Interruptions diverses)

Jo, jo, jo, et gëtt ëmmer esou vun Iech duergestallt, an ech muss Iech emol soen, wann een engem zoutraut, mat Kompetenz Europa ze féieren, da wäert ee jo net ënnerstellen, dass en hei zu Lëtzebuerg näischt vun de Saache kennt. Ech soen Iech op jidde Fall, dass mir ganz houfreg sinn op dat wat de Statsminister an Europa, an net nëmmen an Europa, fäerdeg bruecht huet, an ech kommen hei net mam Weihrauchsdëppchen, mä mir entschëllegen eis awer och net dofir, dass de Statsminister?

(Interruptions diverses)

Une voix.- Dat huet och kee gefrot!

M. Jeannot Krecké (LSAP).- Et huet kee Mënsch en ugegraff!

M. Lucien Weiler (CSV).- Also, Här President, ech froe mech wat dat gëtt am Laf vu menger Interventioun, wann d’Sozialisten elo scho bei esou engem harmlosen Aussproch wéi deem doten hei esou nervös reagéieren!

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP).- Dobäi hunn ech dach iwwerhaapt näischt gesot, Här Weiler!

(Brouhaha général, hilarité et coups de cloche de la Présidence)

M. le Président.- Jo, jo, da fuert esou weider, dann haalt Der schéin de Mond an da lauschtert Der schéin no!

(Hilarité)

Ee soll deem anere nolauschteren. Herno huet jiddfereen d’Geleeënheet, d’Wuert ze ergräifen, da seet e seng Meenung.

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP).- Den Här Weiler provozéiert eis, Här President!

M. le Président.- Jo, et soll keen deen anere provozéieren, egal wien et ass.

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP).- Ah, voilà, Här Weiler, dann haalt Iech elo zréck! Awer wierklech!

M. le Président.- Déi Saach ass vill ze vill wichteg fir dass een ëmmer erëm dertëschent de Geck domat mécht!

Une voix.- Très bien!

M. le Président.- Also, Här Weiler, fuert virun, an déi aner solle nolauschteren!

M. Lucien Weiler (CSV).- Här President, et huet kee Wäert, dem Här Di Bartolomeo ze äntwerten. Mir kennen e jo alleguerten heibannen, hie muss opfalen, an duerch säin Opfale mengt en dann dobausse bei de Leit, andeems dass en ëmmer erëm sech hei an d’Gespréich erabréngt, an d’Televisioun kënnt, en dréckt jo och ëmmer de Knäppchen, dass alles gutt haart geet, mengt en da géif en dobausse punkten. Dat geléngt ëm vläicht heiansdo, mä nach laang net ëmmer. D’Troublemakeren, déi ginn net onbedéngt vun de Leit ëmmer dobaussen?

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP).- War dat do eng Drohung?

M. Lucien Weiler (CSV).- Neen, neen, neen, ech wëll Iech soen, ech hunn déi Impressioun, dass d’Troublemakeren net ëmmer vun de Leit dobaussen esou gutt appréciéiert ginn.

(Interruptions diverses)

M. le Président.- Här Weiler, fuert virun!

M. Lucien Weiler (CSV).- Ech wëll Iech soen, Här President, ech hu vun de Performancë geschwat, déi Lëtzebuerg an Europa gemaach huet, ech hu vun deene vum Statsminister geschwat. Datselwecht gëllt fir d’Madame Ausseminister, déi op villen Terrainë present war an hir Propositioune gemaach huet. Net zulescht och d’Prestatioun vun der Madame Polfer während eiser Présidence am Europarot, während där d’Stëmm vu Lëtzebuerg an d’Presenz vu Lëtzebuerg a 45 europäesche Staten appréciéiert gouf, an eis konziliant a konstruktiv Haltung a villen Dossiere si gelueft ginn.

A wa virun enger gewëssener Zäit hei gemengt ginn ass, notamment am Kontext vum Irak-Krich, dass Lëtzebuerg sech elo definitiv isoléiert hätt, dass d’Belsch, d’Fransousen an déi Däitsch net méi wéilte mat eis schwätzen, dass déi hir Distanze vun eis géifen huelen, Lëtzebuerg wär isoléiert, mir hätten zu eise groussen Handelspartner, zu eisen direkten Noperen de Kontakt an de gudden Drot verluer, da muss ee gesinn a wëssen, dass d’Realitéit eng ganz aner ass, nämlech déi: All auslännesch Regierungen, déi ech genannt hunn, déi däitsch, déi belsch, déi franséisch, waren op Besuch hei zu Lëtzebuerg. Eis Regierungsvertrieder si bei hinnen empfaange ginn. D’Entente tëschent Lëtzebuerg an deenen dräi Regierungen ass esou gutt wéi se nëmme kënnt sinn, an deementspriechend, wann ee sech an dëser Appréciatioun?

(Coups de cloche de la Présidence)

Här President, den Här Gibéryen schwätzt esou haart, et kann ee bal säin eegent Wuert hei net verstoen. Ech wär awer frou wann dee sech emol kënnt ee Moment?

M. Gast Gibéryen (ADR).- Ech entschëllege mech formell!

M. Lucien Weiler (CSV).- Här President, ech wëll soen, dass, wann eis Relatioune mat eisen Nopeschlänner déi sinn, déi et sinn, an esou gutt sinn, wéi se sinn, da muss een dat festhalen. Et muss een awer och wëssen, dass d’Appréciatiounen hei nach nëmme viru Méint ganz aneschters waren, an net d’Regierung huet sech hei vertrëppelt, mä déi, déi déi Appréciatiounen ofginn hunn, déi ech virdru genannt hunn.

Här President, de Statsminister huet a senger Ried gëschter, nodeems dass en Europa an d’Aussepolitik beliicht hat, och vun den Influenze geschwat vun der Erweiderung op Lëtzebuerg. Op d’Geforen, d’Risiken an d’Chancen, déi d’Erweiderung mat sech bréngt, huet en de Zoom op Lëtzebuerg geriicht, fir sech op d’Realitéit vun eisem Land ze focaliséieren. Déi Realitéit huet e mat eeschte Wierder beschriwwen, well mer mat eeschte Froe konfrontéiert sinn, Froen, deenen een op eng eeschthaft Manéier muss begéinen.

Hien huet d’Situatioun vum Land esou beschriwwe wéi se ass, an ech hunn haut de Moie gelies, dass de Chef vun der gréisster Gewerkschaft hei am Land, den Här Castegnaro, gesot huet, en hätt eng sachlech Ried gehalen. Hien huet dat appréciéiert, d’Aart a Weis wéi gëschter hei d’Problemer an den Zoustand vun der Natioun ugaange gi sinn.

Déi Beräicher, déi an der Deklaratioun beréiert gi sinn, selbstverständlech diskutéiere mer déi, mir diskutéieren och anerer, well zum État vun enger Natioun, vun engem Land do gehéieren net nëmme seng Ekonomie, net nëmme seng Finanzen, säi sozialen Zoustand, mä och seng sozial Kohäsioun, d’Jugend an hir Problemer, d’Bildung, de Chômage, och d’Flüchtlingen an alles dat gehéiert, wéi gesot, sechs Woche viru Wahlen an esou eng Debatt wéi déi heiten.

D’Oppositioun wäert selbstverständlech hei versichen, d’Schwaachstellen ervirzesträichen. Dat ass normal, dat ass legitim, et ass iwwregens och hir Aufgab an esou enger Debatt. D’Majoritéit versicht selbstverständlech d’Aarbecht ze rechtfertegen, wat och hir Aufgab ass. Obschonn dës Approche normal ass, wäert ech awer versichen, eis Aarbecht, eis Resultater an d’Problemer, mat deene mer konfrontéiert sinn, net nëmmen aus engem parteipolitesche Bléckwénkel ze gesinn, net nëmmen dat Positiivt ze gesinn, mä och e Bléck ze werfen op dat wat eis net esou gutt gegléckt ass an deene leschte Joren, well ech fannen dass et zur politescher Glafwierdegkeet nëmme ka bäidroen, dass een och zougëtt, wann eng Kéier eppes schif gaangen ass, dass een agesteet, wann een an engem Dossier net esou virukomm ass wéi ee sech dat virgeholl hat oder wéi ee sech dat gewënscht hätt, a wann een net ëmmer déi Léisunge fäerdeg bruecht huet, déi noutwendeg waren.

Keen huet d’Wourecht gepacht, weder dës Majoritéit nach déi lescht Majoritéit, weder déi eng Partei heibannen nach déi aner Partei heibannen. Ech ginn emol dovunner aus, dass jiddferee versicht säi Bescht ze maache fir seng Propositiounen.

Mir sinn 1999 mat der Demokratescher Partei e Koalitiounsprogramm agaangen a mir hu versicht deen ëmzesetzen elo während fënnef Joer, an ech muss soen dass ech, bei allen Hicken, déi et an all Koalitioun emol eng Kéier gëtt, keng Ursaach hu fir mech ze bekloen iwwert d’Zesummenaarbecht mat der Demokratescher Partei. Dat war fair, dat war korrekt, dat war anstänneg, an ech hunn all Ursaach och mengem Kolleeg vun der demokratescher Fraktioun, dem Jean-Paul Rippinger, merci ze soe fir eng propper an eng anstänneg Zesummenaarbecht.

Mir hunn eng Rei Saache realiséiert kritt. Mir hu villes realiséiert kritt. Mir hunn och eng Rei Saache gemaach, déi net an eisem Koalitiounsprogramm vun 1999 drastoungen, well eben am Laf vun der Zäit sech Froe presentéiert hunn, déi mer hu missen ugoen.

(Coups de cloche de la Présidence)

Mä et ginn och eng Rei vu Punkten – a wéi gesot, dat war bei där leschter Regierung esou, et ass bei dëser esou an et wäert och bei där nächster esou sinn -, wou net alles ëmmer esou gaangen ass wéi ee sech dat virgestallt hätt a wéi ee sech dat gewënscht hätt.

A bei alle Kritiken iwwert d’Performancen oder d’Netperformancë vun dëser CSV-DP-Koalitioun, Kritiken, déi mer jo am Laf vun der Debatt héieren hunn, déi gëschter fir d’éischt ugeklonge sinn, wëll ech Iech soen, Här President, dass ech mer d’Méi ginn hunn, déi dräi Debatte vun deenen dräi leschten États de la nation nozeliesen. A wann Der dat noliest a kuckt wat deemools vun de Majoritéite gesot ginn ass, mäi Gott, dat war d’Verteidigung vun deem wat gemaach ginn ass.

Mä wann ech mer d’Kritiken an deene leschte Joren unhéieren, déi massiv Kritiken, déi komm si vu Säite vun der Oppositioun, dat Schwaarzmole vun all deem wat déi eenzel Regierunge gemaach hunn, muss ech Iech soen, da géife mer haut net hei sëtzen, well da wär d’Land längstens Faillite! Déi Kritiken, esou berechtegt wéi se an eenzelne Punkten och emol dann und wann waren, hunn am Gros – am Gros! – net der Realitéit entsprach, well soss wär eist Land net op deem Niveau an op där Strooss wou mer eis haut befannen.

An dobäi wëll ech soen, dass een haut am Joer 2004 trotz alle wirtschaftleche Schwieregkeete muss feststellen, dass mer et fäerdeg bruecht hunn, an den direkte Steiere mëttlerweil wäit a breet déi niddregst Belaaschtung ze hunn. Mir hunn et fäerdeg bruecht, net nëmmen déi niddregst Direktsteierlaascht ze hunn, mä och déi niddregst TVA. Mir hunn déi niddregst Accisen, mir hunn déi niddregst Sozialbeiträg, an ech ka vun eis behaapten, dass mer am Schnëtt déi héchste Léin hunn, op alle Fall méi héijer wéi an eisen Nopeschregiounen, an dat si jo och net just Entwécklungslänner. Mir hu méi héich Pensioune wéi an de Länner niewendrun, an d’Leit alleguer verfügen iwwert e wesentlecht méi héicht Akommes wéi an eisen Nopeschlänner.

Här President, dat wat ech elo gesot hunn, dat ass en Zitat! Et staamt net vu mir, et staamt vun deem honorabelen Här Krecké, aus dem État de la nation 1999?

M. Jeannot Krecké (LSAP).- 1999, jo.

M. Lucien Weiler (CSV).-?wou en d’Situatioun beschriwwen huet a wollt resüméieren, wéi dann den Zoustand vu Land a Leit wär. An ech muss Iech soen, dat wat en deemools gesot huet?

M. Jeannot Krecké (LSAP).- Dat stëmmt leider haut net méi ganz.

(Interruptions diverses et hilarité)

M. Lucien Weiler (CSV).- Här President, ech géif den Här Krecké bieden, well ech kommen elo eréischt zu hinnen. Wann en elo schonn ufänkt nervös ze ginn, da fäerten ech da gëtt et…

(Interruptions diverses)

Ech wëll him just soen, dass dat, wat en hei geschriwwen huet, déi Punkten, déi hei beschriwwe sinn, haut eemol wéi d’anert Mol hoergenau d’selwecht si wéi se?

M. Jeannot Krecké (LSAP).- Neen, d’Betribsbesteierung?

M. Lucien Weiler (CSV).- Ma Här Krecké, ech kommen zur Betribsbesteierung! Waart emol ee Moment of! Ech weess, dass Dir haut net zu Wuert heibanne kommt. Äre Spëtzekandidat hutt Der dës Kéier jo emol virgelooss, ee vun de Spëtzekandidaten, an ech verstinn elo, dass Dir natierlech nervös sidd, well Der jo gäre selwer hei géift dreeme vun enger Rei vu Saachen. Dofir packt Iech, Dir kënnt jo, wann ech fäerdeg sinn, Iech d’Wuert froen an heihinner kommen.

(Interruptions diverses)

Här President, ech wollt soen, dass dat wat hei gesot ginn ass vum Här Krecké haut nach eemol wéi d’anert Mol stëmmt. An zënter dem Regierungswiessel vun 1999 hu mer konsequent weidergeschafft un der Liewensqualitéit an um Liewensstandard vun de Lëtzebuerger, am Akommesberäich, am Beräich vun der Gesondheet, am Beräich vun der sozialer Sécherheet, am Transportwiesen, an der Kultur an an der Fräizäitpolitik. Mir hu versicht ze verbessere wou et méiglech war an et ass eis gelongen. Et ass eis gelongen op villen Niveauen trotz wirtschaftlechem Réckgank an ouni dass mer hu missen, wéi dat bei eisen Noperen de Fall war, zu déifsten an zu schmäerzlechsten Aschnëtter an d’Sozialleeschtunge kommen.

Mir hunn et fäerdeg bruecht fir fréizäiteg, zu engem Moment wou mer eis et konnte leeschten, massiv Steiererliichterungen ze maache fir d’Privatleit a fir d’Betriber, an ouni dass mer dat 2001 respektiv 2002 konnten alles prezis virausgesinn, huet sech dës Steierpolitik als déi eenzeg richteg erwise fir déi Zäit an där mer elo dra sinn, nämlech an enger Zäit vu wirtschaftleche Schwieregkeeten.

All international Observateure soen eis, dass ouni dës Steierreformen, dës Steierreduktiounen, mer manner Wirtschaftswuesstum gehat hätten, dass mer e Konsumabroch kritt hätten, deen de Wuesstum weider ofgebremst hätt, an net méi spéit wéi virun e puer Deeg huet den Direkter vun der Chambre de Commerce gesot, ech zitéieren hei aus der Zeitung, wou en erkläert huet: ?dass mit dem Umstand, dass dem Handwerk die konsumstützende Auswirkung der Steuerreform profitierte und es dies auch in neue Arbeitsplätze ummünzen konnte.” 1.800 un der Zuel an 2003!

Et war also, Här President, eng Steierpolitik zum richtegen Zäitpunkt an et war eng Steierpolitik an deem richtegen Ausmooss an et war eng richteg Politik. An trotz dëser Steierpolitik an deene massiven Ausfäll, déi se mat sech bruecht huet u Steierrecetten, oder vläicht grad just wéinst dëse Steierreduktioune sinn eis Statsfinanzen net aus dem Rudder gelaf. D’Resultater vun 2003 beweisen et.

An dann hu mer et fäerdeg bruecht, Här President, op enger ganzer Rei vun aneren Niveauen, zum Beispill gemeinsam um Rentendësch, d’Renten am Privatsecteur substanziell opzebesseren. Dat war gutt esou. Dat war richteg esou. Dat gesi mir esou an dat gesäit jiddfere bei eis esou. Besonnesch gefreet huet eis, dass mer un deene klenge Rente konnte wesentlech opbesseren, notamment d’Grondrent ëm 12%, d’Gläichstellung vun der Mindestrent mam Betrag vum Mindestloun.

Bei aller Begeeschterung ëm dës Resultater vum Rentendësch wësse mer awer, oder wosste mer net wéi mer um Rentendësch souzen, dass deemools schonn d’Wirtschaftswuesstum net méi déi Héicht hat, vun där mir ausgaange sinn a vun där de BIT ausgaangen ass, dass mer missten hunn, fir eis Rente laangfristeg finanziell ofzesécheren. Dofir sinn ech frou, dass mer um Rentendësch konnten als Konklusioun festhalen, dass, wann d’Situatioun sech géif ëmdréinen a mir net méi déi gutt Situatioun hätten, déi mir an der Vergaangenheet haten, mer dann ofgesi vun deene klenge Renten d’accord wären alleguerte gemeinsam fir ze kucken, wéi mir hei zu Léisunge kéinte kommen.

Mir hunn den Ausbau vum drëtte Pilier an der Renteversécherung duerch privat Zousazversécherungen, déi op Grond vun de Steierdécisiounen ee formidabele Succès kannt hunn. Ech wëll dobäi soen, dass de legale Régime fir eis déi zentral Fro bleiwe wäert an dass mir dorunner festhale wäerte coûte que coûte, mä dass mir nawell complétéieren duerch déi Zousazpensioun. Ech denken, dass dat schonn e Succès wär.

An d’lescht Woch, Här President, wéi mir hei an der Chamber diskutéiert hunn iwwert dee bessere System fir d’Rentereserven unzeleeën, hunn ech ganz euphoresch Téin heibannen héieren. Et ass geschwat gi vun deene formidabele Plus-Valueën, deenen onwahrscheinleche Reserven. Et hat een d’Impressioun, dass schonn erëm verschidden Appetiter dorëmmer géife waakreg ginn, fir weiderzegoen. Ech wëll soen, dass mir net wëllen ongedeckte Chèquen op d’Zukunft ausstellen. Mir hunn eis Renten am Privatsecteur op e proppren an anstännegen Niveau bruecht. Et ass elo net, fir do weider dru réckelen ze goen.

Ech wëll och e Wuert soen iwwert d’Mammerent, Här President. Dat war eng Noutwendegkeet an eng richteg Décisioun, déi geholl ginn ass. D’Mammerent hu mer versicht ze léisen an der Optik vun objektiver Gerechtegkeet. An et ass dat. Et ass objektiv Gerechtegkeet, mä déi subjektiv gefillte Gerechtegkeet, déi een och kéint als eng méi sozial Gerechtegkeet verstoen, déi, Här President, fannt Dir net erëm an deem Gesetz hei.

Ech wëll Iech soen, an ech huelen dat Beispill. Meng Mamm huet fënnef Kanner a kritt keng Mammerent. Si kritt keng Mammerent. Ech fannen dat richteg esou a si fënnt et och richteg, well?

(Interruption)

Jo, well d’Situatioun déi ass, Här Asselborn, Dir gleeft dat net.

(Interruption)

Mä déi Fra huet niewen hirer Witwerent eng perséinlech Rent. Hir perséinlech Rent wär op Grond vun de Cotisatiounen 12.000 Frang, en fait kritt se der awer 30.000. Déi 18.000 Frang, déi se fir hir Kanner supplémentaire elo schonn zënter laange Jore kritt, dat ass déi Unerkennung vun der Erzéiung vun de Kanner, déi mir bei deene Fraen?

(Interruptions diverses et coups de cloche de la Présidence)

Dir braucht d’Philosophie nëmmen noliesen ze goen, vun deem, wat mir gemaach hunn, wéi mir d’Unerkennung vun der Erzéiung bei de Baueren?

(Interruptions)

Neen, et ass jo net richteg! Doniewent hutt Dir déi aner Fra, déi fënnef Kanner huet, an déi ni eppes kritt huet, déi elo hir Dénge kritt huet?

(Interruptions diverses)

D’Situatioun vun där enger?

(Interruptions diverses et coups de cloche de la Présidence)

Här President!

M. le Président.- Dir sidd dach alleguerten agedroen! Lauschtert no an dann huelt Dir herno, wann Dir d’Wuert kritt, Stellung dozou! Woufir ënnerbriecht Dir dann elo dauernd?

Une voix.- Wat krit Är Mamm bäi, wa se keng Kanner hätt?

M. Lucien Weiler (CSV).- Meng Mamm huet eng Rent op Grond vun hire Cotisatioune vun 12.000 Frang, a si kritt op Grond vun hire Kanner haut 30.000 Frang.

Här President, dofir mengen ech, mir si ganz gären d’accord fir driwwer ze diskutéieren. Wa mer niewent der Fro vun der objektiver Gerechtegkeet d’Fro vun der subjektiv gefillter Gerechtegkeet wëllen analyséieren, da solle mer dat maachen, mir mussen eis eens ginn iwwert d’Finanzéierung an da kënne mir op deem Niveau virgoen.

Här President, ech wëll e Wuert soen zur Gesellschaftspolitik, well déi jo och vill an der Diskussioun war. Mir ginn am Partenariat, dee mir elo maachen, an dee jo net heibannen iwwerall op Zoustëmmung stéisst, ganz wäit. Ech sinn net d’accord mat deenen, déi soen, dass mat deene Rechter, déi mir deene Leit zougestinn, déi d’Partenariat aginn, mer do par rapport zum Ausland am Hannertreffe wären. Dat si mer net! Mir ginn am Zivilrecht, am soziale Beräich, am Ierfschaftsberäich zum Deel méi wäit wéi eis auslännesch Noperen, zum Deel méi wäit wéi d’Belsch, wéi Däitschland a wéi Frankräich.

Dofir soll keen eis soen, dat heite wär e réckgängeg Gesetz. Et ass e Gesetz, wat esou vill Rechter abaut, wéi praktesch bei kengem vun eisen Noperen dat de Fall ass.

Dann hu mer de Projet iwwert d’Palliativmedezin an den Testament de vie, vun deem ech hoffen, dass mer deen nach virum Enn vun der Legislaturperiod gestëmmt kréien.

Wou mir net fäerdeg gi sinn, an et ass schued, dass mir net fäerdeg gi sinn, dat ass dat neit Scheedungsrecht, dat de Luc Frieden proposéiert huet. Eng formidabel Reform am Fong, wat e proposéiert: D’Frae kréie Rechter, déi se ni haten, an et gi Méiglechkeete de Geriichter ageraumt fir endlech emol kënnen op méi eng gerecht Aart a Weis mat de Fraen, an notamment mat der Fro vun den Alimenter, ëmzegoen.

Et bleift awer, dass am Detail hei nach eng Partie vu Froe sinn. Et ass och déi eng oder déi aner Fro, déi ech nach gäre mam Justizminister géif diskutéieren. Et ass normal, dass dobaussen d’Organisatioun sech zu Wuert melden, d’Fraenorganisatiounen, ONGen, Riichteren, Affekoten, déi wëllen heiriwwer diskutéieren, well se eppes kennen. Mir wäerten am Dialog versichen hei dee Projet an der nächster Legislaturperiod, an där nächster Regierung, wa mir dobäi sinn, ze maachen, well et eng gutt, eng grouss Reform ass, och wa mir se net méi virun Enn vun dëser Legislaturperiod gestëmmt kréien.

Här President, den IVL ass e grousse landesplaneschere Worf, an och wa Verschiddener versichen e méi kleng ze rieden, wéi en ass. Et si virdrun och gutt Initiative gewiescht an der leschter Legislaturperiod vum Här Bodry, wat d’Landesplanung ubelaangt, mä dat heiten ass zesumme mat deem, wat scho bestanen huet, eng visionär Grondlag fir eng méi rationell, eng méi nohalteg, eng méi zukunftsfäeg Gestaltung vun eisem Land. Et ass de Kader, deen, wa mer e mat Courage ëmsetzen, eis erlaabt fir besser ze wunnen, fir besser ze schaffen, a fir eis méi kamoud ze beweegen.

Ech hoffen a wënsche mir, dass déi nächst Regierung – egal wéi se ausgesäi – den IVL, dat Dokument, wat mir virleien hunn, als e wesentlecht Element mat an d’Koalitiounsverhandlungen eranhëlt, well et een eminent wichtegt Element ass fir eng besser Organisatioun vun deem Land hei.

Ech si frou, dass et dem Här Innenminister, dem Här Wolter, gegléckt ass, fir d’Fro vum IVL ze thematiséieren. Et gëtt am Land dobaussen iwwert den IVL geschwat, e geet an d’Conscience vun de Leit eran. D’Leit gesinn, spieren, och déi Responsabel an de Gemengen, dass sech eppes muss beweegen. Dat ass eng gutt Saach. Mir mussen dat gemeinsam diskutéieren a gemeinsam Solutioune proposéieren.

Uni Lëtzebuerg hieft eis op déi héichschoulpolitesch Landkaart an Europa. Mir kréien den Uschloss un déi akademesch Welt vun eisem Kontinent, déi sech stänneg verännert. Dëst ass och eng grouss Zukunftssaach fir eist Land, un där mir mussen intensiv weiderschaffen.

Ech kéint, Här President, d’Lëscht beliebeg fortsetze vu Politiken, déi eis weiderbruecht hunn an deene leschte Joren: D’Politik op de Frichen, d’Politik am Wunnengsbau, d’Infrastrukturen, déi zügeg virugaange sinn.

Mä eppes wëll ech Iech soen, Här President. Ech si besonnesch, wierklech besonnesch houfreg, dass et eis gléckt véier Reformen an dëser Legislaturperiod iwwert d’Bühn ze kréien. Eng hu mer virun zwee Joer an déi dräi aner – onglécklecherweis fale se elo zesumme ganz zum Schluss vun der Period, mä et si Reformen, un deene mir Jore wann net Jorzéngte geschafft hunn. An dëser Legislatur endlech konnte se iwwert d’Ronne goen. Dat ass dem François Biltgen säi Projet am Horesca-Secteur, iwwert dee mer d’Aarbechtszäit hei geregelt hunn, eppes, wat laang gedauert huet a wou vill Courage a vill Feingefill noutwendeg war, fir eng Solutioun ze fannen.

Et ass d’Pressegesetz, wat mir elo deemnächst kréien; et ass d’Kollektivvertragsgesetz, ebefalls vum François Biltgen; an et ass d’Reform vum Geheimdéngscht. Véier Reformen, mat deene mir eis schwéier gedoen hunn iwwer ganz ganz laang Joren. Jo, a wou och mir an déi responsabel Ministere vu menger Partei sech dacks schwéier domat gedoen hunn, wou ech muss soen, dass ech houfreg a frou sinn, dass déi Reformen um Enn vun dëser Legislaturperiod stinn. Et si grouss Reformen. Et ass a sensiblen, a kontroverséierten a kriddelechen Domäner, an deenen déi Reforme stattfannen, wou vill Intérêten openee prallen. Mir brénge se ronn, an dat ass eng gutt Saach, dass mer déi Froen aus der Welt kréien.

Ech wëll dann, Här President, op dräi Problemfelder e bësselche méi an Detail goen, Problemfelder, déi an der Aktualitéit sinn, déi dominéieren, fir och emol Propositiounen do vun deenen engen an deenen aneren e bësse mateneen ze vergläichen. Et ass dat d’Wirtschaftspolitik, et ass dat d’Problematik vum Chômage, an et ass d’Situatioun an eise Krankekeesen.

D’Wirtschaftspolitik vun der Regierung gëtt jo haart diskutéiert, net nëmme well mir Problemer an eenzelnene Betriber hunn, der Arcelor an der Luxair, bei Dupont, am Cepalgrupp. Mä d’Schwieregkeete vun dëse Betriber wäerfe jo och Froen op, wéi wäit, a wéi engem Mooss d’Interventioun vum Stat soll goen, muss goen. Doniewent stelle sech d’Froe vun der Diversificatioun, der Nischepolitik, d’Fro, wéi eng Betriber mir wëllen, d’Konkurrenzfäegkeet vun eise Betriber an dat steierlecht Ëmfeld.

Här President, hei zu Lëtzebuerg war Wirtschaftspolitik schonn ëmmer a virun allem och Sozialpolitik, an et ass jo grad just dat de Lëtzebuerger Modell. An dofir ass et wichteg a gutt, dass d’Regierung a schwierege Fäll, sief et am Kader vun der Tripartite, sief et am Kader vu Verhandlungen tësche Betribsleedungen a Gewerkschaften, agräift. Wéi kéint et och aneschters sinn, wéi bei Arcelor, wann d’Schicksal awer vun 900 Leit vu villen Aarbechtsplazen, wann déi diskutéiert gëtt.

Ech verweisen hei op dat, wat de Statsminister gëschter gesot huet, a Bezuch op d’Sensibilitéit, d’Sensibilitéit vun där leschter Regierung an d’Sensibilitéit vun dëser Regierung fir an esou Dossiere virzegoen, fir sozialverträglech Léisungen ze fannen an en huet d’lescht Woch oder viru véierzéng Deeg hei gesot: “Mir wäerte millimetergenee de Lëtzebuerger Modell an der Problematik vun der Arcelor verfollegen.” Dat ass gutt, dat ass richteg esou an et kann net aneschters sinn a wann en nationalen Effort hei muss gemaach ginn, da muss e gemaach ginn an da musse mer dozou stoen, aneschters ass dat guer net ze gesinn.

Här President, ech wéilt dann e Wuert soe wat d’Diversifikatioun ubelaangt. Do gi jo schwéierst Reprochen un d’Adress vun der Regierung gemaach. Politik op der Chaise longue, hunn ech héieren, géif gemaach ginn. D’Regierung hätt keng Efforte gemaach fir aarbechtsintensiv Betriber, si hätt d’Nischepolitik vernoléissegt. Ech wëll dozou eng Rei vu Saache soen.

Éischtens, wa mer alleguerten éierlech mateneen heibanne sinn, da wësse mer a mussen eis agestoen, dass mer all zesumme virun dräi a véier Joer, wéi d’Boomjoren amgaange waren, d’Gefill haten, déi Gesamtentwécklung géife mer net packen. An et sinn der jo heibannen déi gesot hunn – et ass nach net laang hier: “Sérieux coup de frein à l’économie”. Keen hätt sech deemools virgestallt, datt ënnert dem Drock vun der Weltwirtschaft eist Wirtschaftswuesstum op 1% géing eroffalen a jiddereen huet vu kapitalintensive Betriber a manner aarbechtsintensive Betriber geschwat.

An hei wëllt ech awer, Här President, d’Aueren mol rëm eng Kéier e bësse riicht stellen vun all deenen, déi esou lautstaark der Regierung virwerfen, d’Situatiuon falsch ageschat ze hunn, si hätt net rechtzäiteg an net fréizäiteg genuch reagéiert, a si hätt zënter – dat hunn ech elo virgëschter héieren – 1999 de Problem vum Chômage ënnerschätzt.

M. Mars Di Bartolomeo (LSAP).- Jo, dat ass ganz richteg.

Jo, ech kommen direkt dozou.

(Interruptions)

Mä, Här President, ech verzichte gären op dem Här Di Bartolomeo seng Appréciatiounen déi en hei mécht, op ech eppes richteg soen oder eppes falsch soen, hie soll mol nolauschteren a wann e bis nogelauschtert huet, huet seng Fraktioun ganz vill Zäit an da kënnt en op déi Tribün hei an dann appréciéiert hien hei vun där Tribün aus dat, wat ech gesot hunn.

M. Lucien Weiler (CSV).- Neen, mä applizéiert Äert Reglement, haalt Iech un d’Reglement, dann hutt Der keng Schwieregkeeten. A loosst déi aner Leit a Rou hir Iddien développéieren. Dir kënnt dat fir Iech maachen, loosst eis et hei ënnert anstännege Konditioune maachen.

(Interruptions)

Här President, ech wëll hei d’Iddie konfrontéieren, d’Reprochë vun där enger Säit mat deem, wat op där anerer Säit gesot gëtt. Wien huet nach hei am Summer 2002, dat sinn nach keng zwee Joer hier, wéi mer alleguerten zesummen nach ënnert dem Androck vum Wirtschaftsboom gestan hunn, vun engem “sérieux coup de frein à l’économie” geschwat. Et gouf gesot, d’Wirtschaft misst seriös gebremst ginn. Dat sinn eréischt zwee Joer hier. Dat waren net mir. Dat war net d’Regierung. Ech kommen op dat, wat d’Regierung gesot huet. Dat dote gouf hei gefrot, dat ware wéi gesot net mir, dat waren aner Leit hei am Parlament. An dann, wann d’Sozialistesch Partei eis virwerft, d’Regierung hätt de Chômage zënter 1999 – an den Här Di Bartolomeo huet virdrun hei gesot, dat wär richteg gewiescht – ënnerschat a falsch ageschat.

Ech muss Iech awer soen, Här President, wann dat stëmmt, da wëll ech emol hei am Kader vum Budget 2000 zitéieren – dat war jo annerhalleft Joer méi spéit – wat vum Vertrieder vun der Sozialistescher Partei hei op dëser Tribün gesot ginn ass.

Une voix.-1999!

M. Lucien Weiler (CSV).- Neen, 2000.

M. Alex Bodry (LSAP).- De Budget 2000 ass normalerweis 1999.

M. Jeannot Krecké (LSAP).- De Budget 2000 kann nëmmen diskutéiert ginn 1999.

M. Lucien Weiler (CSV).- Jo, et ass am Dezember 2000 gesot gi fir de Budget 2001.

Also zu engem Zäitpunkt, dee vill méi spéit läit, wéi dee wou d’Regierung jo anscheinend falsch ageschat huet, huet den Här Krecké hei op der Tribün gesot: “Wat Dir awer maacht, dat ass zum Beispill Dir loosst eng Entwécklung zou, wéi beim Cargozenter.” Wat heescht dat? Dat heescht erëm nei Aarbechtsplazen. Probéieren d’Situatiounen esou gënschteg wéi méiglech ze maachen, datt méiglechst vill Leit heihinner kommen. Dir dekretéiert, datt d’Betribssteier vu 37 op 30 erofgesat gëtt, da brauche mer eis awer net ze wonneren an et ass evident, dass mer dann a Richtung vu 700.000 ginn.

(Interruption)

Jo, lauschtert emol, et ass hei gesot ginn a monéiert ginn, datt d’Regierung zevill gënschteg Konditioune géif setzen, Lëtzebuerg zevill fit an zevill attraktiv géif maache fir nei Aarbechtsplazen an nei Betriber; dat war am Dezember 2000. Or, elo gëtt eis virgeworf, mir hätten 1999 alles falsch ageschat an esou weider, mir hätten d’Problematik vum Chômage net gesinn, wou déiselwecht Leit, déi dat behaapten, eis annerhalleft Joer méi spéit virwerfen, mir hätten zevill gënschteg Konditiounen hei gesat fir Betriber, fir Aarbechtsplazen hei zu Lëtzebuerg.

M. Jeannot Krecké (LSAP).- Do lei Der awer ganz bestëmmt aus dem Kontext.

M. Lucien Weiler (CSV).- Neen, dat ass net aus dem Kontext.

M. Jeannot Krecké (LSAP).- ?d’Diskussioun vun ?

M. Lucien Weiler (CSV).- Neen, neen, dat ass net aus dem Kontext

Dir hutt nämlech och bei der Betribssteier – Här President, well den Här Krecké mech just dorobber opmierksam mécht -, wéi mer d’Steierreform 2002 gemaach hunn, wou d’Sozialisten jo haut soen, mir musse méi am steierlechen Ëmfeld fir d’Betriber maachen, a wou den Här Krecké hei gesot huet: Hu mer da misse bei de Betriber elo ënner 30% goen? Hu mer missen deen zweetbeschte Schüler an Europa ginn?

(Interruptions diverses)

Hätten net och 32% et gemaach?

M. Jeannot Krecké (LSAP).- Da fuert weider, zitéiert weider.

M. Lucien Weiler (CSV).- Da sot Der, et géife keng wëssentschaftlech Erkenntnisser ginn, fir wat deen een a wat deen anere proposéiert.

M. Jeannot Krecké (LSAP).- Neen, den zweeten Taux. Da kënnt den zweeten Taux. Bei Invest an net ?

M. Lucien Weiler (CSV).- Ma jo.

M. Jeannot Krecké (LSAP).- Ah ma dann zitéiert dat och! Da gëtt et ee Sënn. Awer net wann een ee Saz eraushëlt. Dat do ass onfair. Dann zitéiert dat Ganzt.

M. Lucien Weiler (CSV).- Dir hutt natierlech aner Propose fir d’Steiere gemaach.

M. Jeannot Krecké (LSAP).- Ah voilà!

M. Lucien Weiler (CSV).- Dat ginn ech gären zou. Mä Är Betribsbesteierung wär net esou déif erofgaange wéi déi, déi?

M. Jeannot Krecké (LSAP).- Ma jo, da wären nach anerer déi zougemaach hätten. Här President, hie gräift mech awer elo hei un. Ech wëll dem Här Weiler awer soen, doniewent hunn ech proposéiert, dass d’Bonification fir Invest misst vun 10 op 12% eropgesat ginn. Doniewent hunn ech proposéiert, dass de Gewënn, deen net ausgeschott gëtt, mat engem besseren, méi en niddregen Taux géing besteiert ginn. Wann ech dat also fuerderen, kann ech net och nach mat deem Gewënn, deen ausgeschott gëtt, d’accord si mat 30. Da sinn ech also verstänneg an da soen ech, do hätt een net brauchen esou wäit ze goen an op anere Punkten do wier ee méi wäit gaangen. Dat gëtt e Sënn.

M. Lucien Weiler (CSV).- Här President, ech froen dann den Här Krecké. Déi Propositiounen, déi hie bei der Betribsbesteierung gemaach huet, hätten déi zu méi oder zu manner Entlaaschtung vun de Betriber gefouert wéi dat, wat mir proposéiert hunn?

M. Jeannot Krecké (LSAP).- Wann Dir mech frot, dann äntweren ech Iech. Zu deem Zäitpunkt hate mir en Invest vun 10%. Deen ass gefall op -1,4%. Wat mécht een dann dee Moment? Da probéiert een eng steierlech Entlaaschtung zu hunn, déi geziilt ass op den Investissement. Dat war meng Propositioun. An ech huelen u wann den Investissement e Problem ass?

M. Lucien Weiler (CSV).- ?ech hunn Iech gefrot méi oder manner?

M. Jeannot Krecké (LSAP).- Här Weiler, Dir hutt mir eng Fro gestalt, da loosst mech ausschwätzen.

M. Lucien Weiler (CSV).- Mat Äre Propositiounen, hätten déi da méi oder manner??

M. Jeannot Krecké (LSAP).- Also ech sinn awer hei net an enger Prüfung bei Iech.

M. Lucien Weiler (CSV).- Jo, ma jo lauschtert emol.

(Coups de cloche de la Présidence)

(Hilarité)

Da loosst mech och ausrieden. Ech soen Iech, mat Äre Propositiounen hätte mir net esouvill Steierentlaaschtung fir d’Betriber gehat, wéi dat mat eise Propositiounen de Fall war. D’selwecht wéi Dir bei de Privatpersoune vill méi wäit gaang sidd, wéi mir gaang sinn. Ech wëll nach eng Kéier soen, datt eis hei reprochéiert ginn ass, mir hätten 2000 ze vill e gënschtegt Ëmfeld geschafen, et kéimen alt méi Leit mat där Politik, déi mer géife maachen, heihinner a mat där Betribsbesteierung, déi mer géife maachen, géife mer massiv an déi Richtung goen, déi deemools diskutéiert ginn ass, nämlech déi vun de 700.000. An dat hutt Der eis deemools reprochéiert an haut reprochéiert Der eis de Contraire, datt mer net virausgesinn hätten, wat op deem Maart lass gewiescht wär. Ech muss Iech soen, ganz glafwierdeg ass dat doten net. Wann een haut eppes reprochéiere geet wat ee selwer deemools net wollt maachen.

Här President, de Reproche: net genuch Diversifizéierung. Ofgesinn, dass d’Diversifizéierung e permanent Zil ass, wat all Regierung huet an och dës Regierung hat, weess ech och, dass an deem Punkt d’Sozialisten net mat mer d’accord sinn, mä d’Chiffere schwätze fir sech. Wann Der ënnert dem Strech kuckt, wat hei zu Lëtzebuerg an der leschter Legislaturperiod investéiert ginn ass an d’Aarbechtsplazen déi duerch dëst Kapital investéiert gi sinn, déi sinn equivalent mat deem, wat an där Legislaturperiod virdru geschitt ass an et muss ee bedenken, dass dat an engem wirtschaftlech vill méi schwieregen Ëmfeld, wéinstens zu engem Deel vun der Legislaturperiod, huet misse stattfannen, wéi dat an der Period vun 1994 bis 1999 de Fall war.

Dofir sinn ech net d’accord mat deenen Attacken, déi hei ëmmer erëm op de Wirtschaftsminister gemaach ginn, dass en hei am Beräich vun der Diversifikatioun net genuch gemaach hätt, virun allem wann ee sech esou onnuancéiert a pauschal Kritiken iwwert d’Diversifizéierungspolitik erlaabt, wéi d’Sozialisten dat gemaach hunn, wat AOL an Amazon ubelaangen. De Schreck ass engem nach haut an de Glidder wann een héiert wéi de Spëtzekandidat gesot huet: Wat ass dat dann AOL an Amazon? Dat si jo nëmmen e puer Aarbechtsplazen an déi puer Frang déi dat an d’Statskeess bréngt.

Här President, an der Zwëschenzäit schaffe 25 oder 30 Leit bei AOL.

(Interruption)

De Finanzminister ass heibannen.

(Interruption)

Ech weess, dass een 32 net kann a Relatioun brénge mat deenen, déi op anere Plazen a Gefor sinn. Mä ëmmerhin, Här President, et sinn 32 Plazen. A wann de Spëtzekandidat vun de Sozialiste seet, wat ass dat schon, déi puer Plazen do? Ech soen Iech, déi 32 Plazen, dat si fir déi 32 Leit, déi eng Aarbecht fonnt hunn, eng méi wéi seriö Saach an déi gesinn dat net esou wéi den Här Asselborn.

An da soen ech, déi puer Frang, déi an d’Statskeess kommen, Här President, et sinn net e puer Frang. Et sinn déi Milliarden, déi eis an dësen Zäite feele fir eis Statsfinanzen an den Equiliber ze bréngen an all Budgetsminister, egal wien deen nächsten ass, wäert héich erfreet sinn déi Milliarden an der Statskeess erëmzefannen, déi AOL eis hei erabréngt, fir de Budget boucléiert ze kréien. Wann ech esou onnunancéiert a pauschal Kriticken ofginn iwwer eng Diversifizéierungspolitik, déi ënnert dem Stréch dat do bruecht huet, wat ech beschriwwen hunn, esouvill Aarbechtsplazen an esouvill Geld a schwieregen Zäiten erabréngt, Här President, dat wollt ech hei kloer ervirgestrach hunn, dass wann een esou Kriticke mécht, dass ee gesäit, datt dat net glafwierdeg ass.

Dann, Här President, wëll ech emol e puer Propositioune vergläiche vun dëser Regierung a vun deem wat eis sozialistesch Frënn da gemaach hunn. Ech wëll dat emol mat hinne maachen, well d’Sozialisten hate jo e Wirtschaftsminister iwwer laang Joren hei zu Lëtzebuerg, deen zum Deel och ganz erfollegräich seng Aarbecht gemaach huet, mä elo wëll ech emol kucke wat mir dann hei maachen, respektiv mat deem wat den Här Asselborn eis seet.

Ech hunn hien de 17. Abrëll um Radio héieren am Background mam Här Linster a wat en do proposéiert huet a puncto Wirtschaftspolitik, Här President, ?mais on est resté sur sa faim”, well wat do kënnt un Neiimpulser. Neiimpulser wat ass dat? Den Internetklick, de Guichet unique a Fréierkennungsmechanismen fir Failliten. An da schwätzt en nach vun der SNCI an der Steierpolitik.

Ech wëll Iech emol soen, also all Respekt fir den Internetklick, mä d’Betriber klicken net esou séier a kommen dann heihinner, well mir um Internet eis ganz gutt presentéieren. Et ass wichteg, ech wëll dat net ënnerschätzen, mä et ass awer net dat de groussen Impuls, grad wéi de Guichet unique, dee mer amgaange sinn opzebauen, ganz sécher hëllefe wäert an de Betriber villes ze vereinfachen. Mä et ass net doduerch wou mer Betriber kréien. Do si ganz aner Investment, notamment och mënschlech Investment gefrot, andeems datt ee Promotioun mécht, wat dës Regierung intensiv an deene leschte fënnef Joer gemaach huet op ville Plazen, vun Asien ugefaangen iwwer Latäinamerika, iwwer all Kontinenter an op villen Niveauen, wou déi viru gedriwwe ginn ass. A wann dann d’SNCI ugesprach gëtt, ech sinn d’accord domadder, dass d’SNCI nach ka méi maachen an datt mer déi solle weider entwéckelen. Mä kuckt Iech awer emol déi aggressiv Politik un, déi d’SNCI an deene leschte Jore gemaach huet, wat déi jonk Entrepreneuren ubelaangt, wat d’Risikokapital ubelaangt, wat d’Erofsetzung vun den Tauxen ubelaangt. Dat ass awer net näischt wat do geschitt ass. Ech sinn d’accord, et kann een op deem Niveau selbstverständlech nach ëmmer noleeën, mä vu vill Neiem wat den Här Asselborn eis proposéiert huet, dat ass bekannt, et ass näischt Neies, et kann een et verstäerken, a mir hätte keng Schwieregkeeten eis mat him op engem Terrain d’entente erëm ze fannen an där doter Fro.

Wou et awer méi schwiereg ass fir en Terrain d’entente ze fannen, dat ass, wësst der, mir si jo elo am Wahlkampf an do fënnt emol séier ee Wuert dat anert an et léisst een och emol am Eifer des Gefechts e Saz oder eng Behaaptung, déi net onbedéngt richteg ass, déi iwwerspëtzt, polemesch formuléiert ass oder inhaltlech net ëmmer korrekt, so geschehen mengem Parteipresident an der Fro vun der 35-Stonnewoch mat de Sozialisten.,

M. Jeannot Krecké (LSAP).- Iech och !

M. Lucien Weiler (CSV).- Här Krecké, sot mer wou ech dat gesot hunn. Ech hunn ëmmer Är Positioun an der 35-Stonnewoch?

M. Jeannot Krecké (LSAP).- Dir hutt ëmmer esou e klengen Zweifel gelooss.

M. Lucien Weiler (CSV).- Waart emol bis ech fäerdeg sinn, da kritt der vläicht nach Zweifelen. Also e Saz ass schnell gesot a wann een da seet, dat dote war net esou, et deet mer Leed, et stellt een et öffentlich riicht, dann ass dat an der Rei. Mä wann een awer wëssentlech an do komme mer zu den Zitater, déi aus dem Kontext gerappt ginn, Här Krecké, wann een awer wëssentlech, geziilt an aus enger Intentioun eraus e Saz aus sengem Kontext rappt, fir dann definitiv eng Bewäisféierung géint een unzeféieren, da muss ech soen, dann komme mer awer un d’Grenze vun der intellektueller Éierlechkeet.

Den Här Asselborn huet um Radio gesot an en huet de Statsminister zitéiert, wou e gesot huet,beim État de la nation 2002: ?Haut brauche mer net méi an all Nisch stëppelen ze goen. Haut brauche mer net méi all Aarbechtsplaz nozelafen, well mir sinn eis eens, mir mussen net zu all Präis séier wuessen” Aus deem Zitat, wat jo an engem ganz klore Kontext gesot gi war an et muss een de Kontext,

(Interruption)

jo, et war am Kontext Kralowetz wou dat dote gesot ginn ass, wou mer déi ganz Diskussioun iwwer Kralowetz haten, wou mer gesot hunn, déi doten Zort vun Nischepolitik wëlle mer net méi. Et ass déi, déi net zu eis passt. Wou de Statsminister e fervente Plädoyer hei an der Chamber gemaach huet fir Nischepolitik. Do gräift Dir dee Saz, wou hie gesot huet, mir brauchen net an all Nisch stëppelen ze goen. Dat war jo just d’Kralowetz-Affär an en huet dat zitéiert. Ech kann Iech den Text ginn, an Här President, ech iwwerreechen Iech och déi Interventioun vum Statsminister deemools, fir datt dat kann nogelies ginn.

Or, den Här Asselborn mécht eng ganz schaarf Attack hei op d’Regierung a seet: Do gesäit ee jo, si wollten net méi an all Nisch stëppele goen, si hu gesot si wëllten net méi all Aarbechtsplaz nolafen, fir doraus ze schléissen, hei ass d’Politik vun den Aarbechtsplazen op der Chaise longue gemaach ginn, huet den Här Asselborn gesot, an et wiere keng Efforte gemaach ginn. Or, ce n’est pas correct. Esou soll een dat net maachen. Well mir wollte keng Nischepolitik méi à la Kralowetz. Et war den Här Castegnaro, dee virun allem géint d’Nischepolitik sech massiv ausgedréckt huet, a wou de Statsminister deemools beim État de la nation hei gesot huet, Nischepolitik wëlle mir maachen, musse mir maachen, brauche mir als klengt Land. En huet déi Nischen opgezielt, déi mer gemaach hunn, mä e sot, mir wëlle keng méi wéi déi doten. Wann dat haut nach gewëllt ass, datt mer all Aarbechtsplazen an esou enger Nischepolitik wéi där vu Kralowetz an anere wëllen nolafen, da muss een dat soen. Mir op jidde Fall wëllen déi net méi.

An dann, Här President, huet an deemselwechten Interview de Spëtzekandidat vun de Sozialisten eng Ënnerstellung gemaach, déi ech och relativ grave fannen. En huet gesot an der Regierung ënnerstallt, dass an engem kruziale Moment 2002 d’Aarbechtsplazen erhalen e Luxus war fir d’Regierung. Aarbechtsplazen erhale war 2002 e Luxus fir dës Regierung. Här President, ech iwwerloosse jidderengem et déi do Ausso ze qualifizéieren. Ech wëll se selwer net qualifizéieren. Ech ka mer nëmme virstellen, dass esou wéi ech dat virdru gesot hunn a wéi dat an enger Wahlcampagne jo emol engem ka geschéien, dass et en zolidden Ausrutscher war. A wann et en zolidden Ausrutscher war, da soll de Spëtzekandidat vun de Sozialiste soen, dat do ass mer net esou gemengt gewiescht. Dat war en Ausrutscher, oder awer, et ass keen Ausrutscher an et ass wierklech esou gemengt gewiescht, dass Aarbechtsplazen erhale fir dës Regierung e Luxus war, da muss ech soen, wa mer an der Wahlcampagne op esou en Niveau falen, dass mer enger Regierung, vun där een hält wat ee wëllt, virun allem d’Oppositioun, mä datt een där ënnerstellt, si géif net all Méi sech gi fir Aarbechtsplazen ze erhalen an dat wär e Luxus fir si, wann dat sollt eescht gemengt gewiescht sinn, da fannen ech dat ganz grave an ech fannen dat net würdeg fir de Spëtzekandidat vun enger grousser Partei, enger Partei vun där ech iwwregens, an dat hunn ech dacks vun dëser Tribün aus gesot, ganz vill Respekt hu fir dat wat se an deene leschte Jorzéngten hei am Land geleescht huet. Ech hunn iwwerhaapt kee Problemer domadder, mä ech hunn awer e Problem domadder wann d’Représentantë vun esou enger grousser Partei, mat esou grousse Mériten, hei higinn an enger Regierung, déi vum Grand-Duc assermentéiert ass an hei am Parlament

(Interruptions diverses)

eng Majoritéit huet a vun de Lëtzebuerger dohinner gesat ginn ass, ënnerstellt Aarbechtsplazen erhale wär fir si e Luxus. Ech muss Iech soen, da gi mer ganz wäit.

An dann, Här President, wat de Chômage ubelaangt, gi ganz vill Saachen duerchernee gehäit an et muss ee sech awer emol eng Kéier d’Grënn virhalen, an ech mengen, dat wier gëschter och an der Ried vum Premier erauskomm, firwat datt d’Aarbechtsloosegkeet bei eis déi ass déi se ass.

Ech hunn héiere wéi den Här Asselborn gesot huet, zwee Drëttel Auslänner hei op den Aarbechtsplazen, nëmmen een Drëttel, 72%, 28%, d’Auslänner si besser qualifizéiert, do ass d’Ursaach, well déi besser qualifizéiert sinn an dofir e grousse Reproche un d’Lëtzebuerger Regierung. D’Lëtzebuerger Regierung huet d’Qualifikatioun um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart net am Grëff.

Do muss ech soen, Här President, wann d’Saach esou einfach wier, esou einfach wéi déi do Duerstellung, déi esou gemaach ginn ass, well aner Argumenter sinn net ugefouert ginn, da wären d’Saache wierklech einfach an dann hätt den Aarbechtsminister missten eng ganz aner Approche zu där Problematik hu wéi e se huet. Well esou einfach, Här President, ass et net.

(Interruptions diverses)

Jo, gutt, mä lauschtert emol. Ech wëll meng Saachen, ech zielen einfach wann hei gesot gëtt, et wär eng Fro well d’Auslänner qualifizéiert wären an eis Leit net qualifizéiert wären.

M. Lucien Lux (LSAP).- Eng vun de wichtege Froen!

M. Lucien Weiler (CSV).- Jo, mä, Här Lux, kuckt emol. Här President, ech wëll dem Här Lux soen, dass hie mir dat net brauch ze soen, mä hie sollt dat sengem Spëtzekandidat soen!

M. Lucien Lux (LSAP).- Hien huet et gesot.

M. Lucien Weiler (CSV).- Huet en et gesot?

M. Lucien Lux (LSAP).- Jo!

M. Lucien Weiler (CSV).- Ech iwwerreechen Iech d’Ried, ech hunn de Verbatim vun deem wat den Här Asselborn um Radio beim Här Linster gesot huet. Hie sot, déi dote Pourcentagen, 72, 28%, sinn eng Fro vu Qualifikatioun. D’Auslänner si besser qualifizéiert wéi d’Lëtzebuerger, an dofir huet d’Lëtzebuerger Regierung gefeelt, well se d’Qualifikatioun net… Un point c’est tout. Dat war d’Analys vun där dote Fro vum Spëtzekandidat vun de Sozialisten!

M. Jean Asselborn (LSAP).- Ass dat da falsch? An de Wirtschafts- a Sozialrot seet datselwecht.

M. Lucien Weiler (CSV).- Also, Här President, Här Asselborn, Dir kommt jo elo gläich drun. Da kënnt Der jo hei Är Explikatioun ofginn. Ech soen Iech?

(Interruptions diverses et coups de cloche de la Présidence)

Also, Här President, wéini dass ech d’Plaz hei fräimaachen, dat décidéieren ech selwer an dat décidéiert net den?

M. Jean Asselborn (LSAP).- An d’Reglement vun der Chamber, wéi ass et domadder? Oder de Wieler?

(Brouhaha général)

M. le Président.- Da musst Dir net dauernd ënnerbriechen! Wat Dir méi ënnerbriecht, wat et méi laang dauert, an herno iergert Der Iech!

M. Lucien Weiler (CSV).- Also, Här President, wat d’Qualifikatioun ubelaangt wëll ech Iech soen, dass, wann e Betrib hei zu Lëtzebuerg e qualifizéierten Aarbechter, Mann oder Fra, sicht an e kann déi Qualifikatioun an engem Pool hei zu Lëtzebuerg vun 10.000 Leit fannen oder e ka se an engem Pool vun 100.000 Leit an der Grenzregioun fannen, wou selbstverständlech net nëmme Qualifizéierter sinn, mä och vill Qualifizéierter, da geet en duer siche wou en dee Beschte fënnt. An dat ass net onbedéngt um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart, dat kann och an der Grenzregioun sinn.

Eng vun den Ursaachen! Esou ginn et der vill an de Statsminister huet der gëschter vill hei analyséiert. D’Fro vu Qualifikatioun ass selbstverständlech eng Fro, mä et ass awer nëmmen eng Fro ënnert villen, a fir d’Situatioun esou dohinner ze stelle wéi dat gemaach ginn ass, dat kënne mer net an dat wëll ech net akzeptéieren.

Ech gesinn, Här President, d’Zäit leeft mer fort, mä dat huet awer och ze doe mat deem ville Gespréich wat sech hei ronderëmmer deet. Ech wëll awer emol nach soen, Här President, och wann den Här Asselborn seet, ech zitéieren: Hei zu Lëtzebuerg wär virun 1999 den Terrain déblayéiert ginn, dass déi Leit, déi am Chômage sinn, e personaliséierte Suivi gemaach kréien, dass déi ëmgeschoult ginn. A fënnef Joer laang ass do näischt geschitt! Ech wëll Iech soen, Här President, dat do ass total falsch, an ech fannen och, dass et eng Beleidegung ass fir déi vill Leit, déi um Arbeitsamt schaffen, sief et am Kader vum Placement, sief et am Kader vum Service d’accompagnement personnalisé, déi onwahrscheinlech vill Aarbecht maachen an – et stëmmt- déi vill ze vill Leit als Eenzelnen ze betreien hunn. Et stëmmt, dass mer do personalméisseg mussen opstocken.

Mä dass do fënnef Joer näischt geschitt ass! Huelt Iech d’Chifferen! Gitt emol bei déi Leit! Et war dach d’Aarbechtskommissioun vun der Chamber, déi an d’Administration de l’Emploi gaangen ass, déi gesinn huet wat do leeft, déi gesot krut wat do un Aarbecht gemaach ginn ass. An ech denken, dass de Generalsekretär vun der Sozialistescher Partei deemools do derbäi war an dass e sengem Parteipresident bericht huet wéi d’Aarbecht vun der Administration de l’Emploi am Detail ass, wat de personaliséierte Suivi ubelaangt, wéi vill Leit dass do engagéiert ginn, fir hei ze behaapten et wär fënnef Joer näischt geschitt! Här President, ech fannen et net ganz seriö fir einfach esou grobschlächteg iwwert ganz subtil a ganz problematesch Politikfelder ewechzegoen an einfach Saachen ze behaapten, déi net der Realitéit entspriechen.

Ech soen e Wuert iwwert d’Solidarwirtschaft. Mir wëlle Solidarwirtschaft well mer wëssen, dass et e ganze Koup Leit gëtt, déi ouni d’Solidarwirtschaft net erauskommen, déi um éischten Aarbechtsmaart keng Aarbechtsplaz fannen. Dofir huet den Aarbechtsminister e Projet de loi virgeluecht, dee soll déi ganz Problematik emol a méi geuerdnet Bunnen, gesetzlech Bunnen erabréngen an deen och e bëssen Egalitéit, équité des chances, tëschent de Betriber an den Aarbechtsinitiative soll hierstellen. D’Sozialisten elo soen, mir sollen dee Projet zréckzéien. An den Här Asselborn seet, amplaz d’Solidarwirtschaft ze förderen, géife mir higoen a mir géife se bürokratiséieren.

M. Jean Asselborn (LSAP).- Dat soen all Associatiounen! All!

M. Lucien Weiler (CSV).- Ma natierlech! Also et wär awer och de Combel wann d’Beschäftegungsinitiativen, d’Gewerkschaften an d’Patronatsorganisatiounen direkt géifen Applaus bei deem Projet do spenden! Ech soen Iech just eent: Wann d’Sozialisten ëmmer heihinner sech bretze komme mat deem gudden Drot, dee si zum Lëtzebuerger Partronat hunn, froen ech mech emol ob se och do déi Froen hei vun Aarbechtsinitiative förderen esou am Detail mat hinne beschwat hunn.

A wann et ëm Bürokratiséierung geet, Här President, ech wëll just, hei gëtt de Lëtzebuerger Stat all Joer iwwert eng Milliard an d’Beschäftegungsinitiativen eran. Dat ass ganz vill Geld, an et gëtt de Moment keng seriö a keng anstänneg Kontroll iwwert déi Gelder, an ech wonnere mech, dass just de President vun der Budgetskontrollkommissioun, deen hei am Land dofir suergt, dass all Frang muss dräimol kontrolléiert ginn ier en iergendwou higeet! Ech iwwerdreiwen, mä den Här Krecké mécht dat iwweregens net schlecht, soen ech.

(Hilarité)

Mä ëmmerhin. Wann ech wëll d’Ambitioun vum Här Krecké hunn, fir esou eng riguréis Finanzkontroll hei am Land ze hunn, da kann een awer net higoen a soen, elo wou mer emol hei wëlle bei esou héije Beträg, wéi se hei am Spill sinn, wou un Transparence financière null do ass, dass si dann?

(Interruption)

Wann den Här Krecké dat net esou mengt, mä ëmmerhi seng Partei awer seet?

(Interruption)

Neen, neen, neen! Här President, ech bieden Iech. Den Här Krecké kann heihinner kommen an erklären.

Dat wat de François Biltgen proposéiert ass, dass mer hei Transparenz erakréien, dass mer emol wësse wat mat deene Gelder geschitt, wéi déi Gelder ugeluecht ginn. Et ass keng Méfiance à l’égard vu kengem, mä mir hätte gären dass dat géif anstänneg kontrolléiert ginn, esou wéi dat sech an engem demokratesche Stat gehéiert, a wann den Här Asselborn mengt, dat wär Bürokratiséierung, da soen ech Iech, dat kann net sinn! Mä dee Projet, deen den Här François Biltgen virgeluecht huet, kann ee verbesseren op Punkten, an de Fait, dass se alleguerten e wéineg dergéint sinn, ass en Zeechen, dass dee Projet sech an der Mëtt befënnt. E stellt en Equiliber hier tëschent den Intérête vun deenen engen an deenen aneren. E versicht et wéinstens.

An dann, Här President, wëll ech Iech just soen, wat de leschte Problem ubelaangt, deen ech awer wollt uschneiden, dat ass dee vun der Situatioun vun de Krankekeesen. Déi Situatioun war schwiereg. Si ass schwiereg. Si bleift schwiereg, bis mer eis op definitiv Léisunge festgeluecht hunn. Mä et ass eng Fro, déi d’Leit dobaussen interesséiert. Si interesséiert se och virun allem elo am Wahlkampf. An do muss jiddferee Faarf bekennnen. Jiddferee muss seng Responsabilitéit iwwerhuelen. Mä ech wëll just e puer Bemierkunge maachen.

Den Defizit hu mer d’lescht Joer op déi Aart a Weis gedeckt wéi mer e gedeckt hunn. Mir wëssen alleguerte wéi mer dat gemaach hunn. Déi eng heibanne ware strikt dergéint fir aus de Pensiounskeesen deen Transfert ze maachen an d’Krankekeesen, déi hunn dat och gesot. D’Sozialisten haten eng mitigéiert Haltung, déi eng hu jo gesot, déi aner hunn nee gesot. Herno koum eng Abstentioun beim Amendement vum Här Gibéryen eraus. D’Tripartite huet sech intensiv mat der Fro ofginn. Et leien eng Rei vun Iddien um Dësch: d’Lounfortzahlung, d’Modulatioun vum Krankegeld bei Zäitaarbechter, mä awer och d’Propositioune vu Verschiddenen: keng Cotisatiounserhéijungen, keng weider staatlech Partizipatioun vum Budget.

An da kënnt zousätzlech d’Propositioun vun eiser Säit fir eng Franchise anzeféieren. An der Zeitung konnt Der liesen, dass et eng Propositioun ass, déi de Statsminister oder Finanzminister op eisem Kongress gemaach huet an eng Propositioun zu där mir stinn. Mir stinn zu där Propositioun vun der Franchise. Et si jo Leit, déi elo do dergéint Stuerm lafen a soen, dat géif de Solidaritéitsprinzip ënnerlafen. Ech wëll Iech just soen, dass esou eng Franchise nëmme ka komplementar d’Finanzéierungsquell zu deem System sinn, dee mer am Prinzip hunn.

Mir wëllen um Prinzip festhalen, dass bei gläiche Cotisatiounen de Revenu zu gläiche Cotisatioune bezuelt ginn. Mä et ass eng Propositioun vu sozialer Gerechtegkeet. Wann ee kuckt, dass d’Krankekeessversécherung an hirem urspréngleche Gedanken de Risiko, d’Krankheet an esou weider soll solidaresch vun en all ofdecken, dann denken ech, dass een haut de Solidaritéitsgedanken och aus der Perspektiv vun enger moderner Gesellschaft vläicht muss nei definéieren an e bësselche méi breet ugoen. A mir denken, dass an deenen Zäite wou mer sinn et deene Leit mat de breede Schëlleren an deene Leit mat de breede Brëtellen net schwéier fält. Deene kann et net schwéier fale fir eng Contributioun ze maachen.

Déi Leit mat den enke Rimmer, wësst Der, do ass et souwisou schonn enk. Mir denke schonn, dass dat heiten ee Wee wär, a mir wonneren eis, dass bei de Sozialisten déi Propositioun op keng Géigeléift stéisst. Ech fannen, dass et eng Propositioun vun der sozialer, eminent sozialer Gerechtegkeet ass, wann een déi Leit, déi et besser kënnen an déi et gutt kënnen, méi erunzitt wéi een dat bei deenen anere mécht.

An ech wëll soen, Här President, dass ech awer wierklech erstaunt sinn iwwert d’Rou mat där déi gréissten Oppositiounspartei, déi jo mat all Méi wëllt de Wieler iwwerzeegt kréie fir den 13. Juni, dass d’Sozialistesch Partei hei keng Faarf bekennt. Mir hunn esou vill Pressekonferenzen a leschter Zäit zu all méigleche Sujeten

Mir hunn awer kaum eppes héieren zu de Propositiounen, wat d’Krankekeesen ubelaangt. Mir hu Faarf bekannt.

(Interruptions)

Mir hätten och gären, datt d’Sozialisten hei géife Faarf bekennen.

Ech hu beim Budget, Här President, den Här Di Bartolomeo hei interpelléiert a gefrot: Wéi ass Är Haltung? Do huet e mech verwisen op de Wahlprogramm, an do sot ech, ech wéilt net waarde bis de Wahlprogramm kéim, ech géif et gär direkt héieren, do sot e mer, mä ech hätt dem Virriedner, dem mandatéierte Spriecher, net nogelauschtert.

Här President, ech hu gekuckt wat d’Virriedner, d’mandatéiert Spriecher, gesot haten, notamment den Här Krecké. Ech kann Iech dat soen oder ginn.

(Interruption)

Den Här Krecké huet kee Wuert vun der Finanzéierung vun dem Krankekeesendefizit gesot. Hien huet just monéiert iwwert dat, wat mer mat de Pensiounskeese gemaach hunn, mä iwwert de Problem selwer ass näischt gesot ginn. An elo seet den Här Asselborn, nom 13. Juni muss e Kassensturz gemaach ginn, e Kassensturz an da maache mer eng grouss Diskussiounsronn.

Mä, Här President, bei de Krankekeese gëtt all Joer e Kassensturz gemaach. Den Här Castegnaro weess ganz genee, wéi d’Situatioun bei de Krankekeesen ass. Ech denken, datt dee mat sengem Kolleeg op senger Lëscht, mam Hä