Invitatioun op d’CSV Walfest

En Donneschdeg, den 20. Mee 2004 op Christi Himmelfahrt zu Ettelbréck an den Däichwisen

Invitatioun op d’CSV Walfest

En Donneschdeg, den 20. Mee 2004
op Christi Himmelfahrt
zu Ettelbréck an den Däichwisen

De Programm

10.15 Auer: Mass an der Porkierch zu Ettelbréck
D’Mass gëtt gehalen vum Paschtouer Jos Sauber

11.30 Auer: Ufank vum Fest mat engem Concert Apéritif mam “Ensemble Pajot Dixieband”…

12.15 Auer: Offiziellt Begréissungswuert vum Parteipräsident François Biltgen

12.30 Auer: Mëttegiessen

13.30 Auer: Usprooch vum CSV Spëtzekandidat Jean-Claude Juncker

ab 14.00 Auer lëschteg Walspiller mat eise Kandidaten an “zauberhafte Unterhaltung” mam Illusionist Leonardo

Um Menu
Bouchée à la Reine, Riz Créole, Salade, Glace Vanille
oder: Jambon du Pays Chaud, Pommes rôties, asperges vertes sauce hollandaise, Coulis de Fruits Rouges
Kannermenu: Bouchée à la Reine, Riz Créole, Glace Vanille

De Menu gëtt offréiert, dofir musst Dir Iech bis de 15 Mee umellen, no dësem Délai musst Dir 20 euro fir de Menu, resp. 10 Euro fir de Kannermenu bezuelen.
De ganzen Dag iwwer fonktionnéiert eng Kaffistuff

Fir eis Kanner hu mir dëst Joer e ganz besonnege Programm:

De ganze Daag iwwer proposéieren mir Atelieren wou Äer Kanner a verschidden Aktivitéiten deelhuelen kennen, do ginn sie vun Moniteure betreit.
Dës Atelieren sinn: Danzen, Karaté, Molen, Zirkus

Fir déi ganz kléng gëtt et wei gewiennt: Sprangschlass, Gesiichter molen…
D’Plazen sinn limitéiert dofir mëllt Iech esou séier wie méiglech un (Tel: 22 57 31 24), fir datt mir zesumme mam Premier a Spëtzekandidat Jean-Claude Juncker e besonnescht Walfest erliewen.