Deklaratioun iwwert d’Lag vun der Natioun

E Commentaire vum Chefredakter Marc Linster op RTL RADIO
E Commentaire vum Chefredakter Marc Linster op RTL RADIO

Am Géigesaz zum leschte Joer huet de Jean-Claude Juncker sech dës Kéier als rouegen, besonnene Staatsmann profiléiert, dee mat roueger Hand regéiert. Seng Deklaratioun iwwert d’Lag vun der Natioun war allerdéngs ouni grouss Iwwerraschungen.

Ween déi politesch an ekonomesch Situatioun an d’Diskussioune vun de leschte Méint suivéiert huet, hat sech och näischt aneschters erwaart. D’Économie, den Aarbechtsmaart an d’Finanzpolitk waren déi 3 grouss Kapitelen, déi d’Ried vum Staatsminister dominéiert hunn. De Jean-Claude Juncker huet sech an deem Kontext als dee Politiker dohinnergestalt, deen de Leit an dem Land d’Wourecht seet. Et geet méi lues a mir hu Problemer, sou de Staatsminister.

Heen huet awer och des laangen an des breeden versicht ze beweisen, daat d’CSV-DP-Regierung an de leschte Joeren a Méint ganz villes ënnerholl huet, fir d’Situatioun net aus dem Rudder lafen ze loossen. “Mir hunn d’Situatioun am Grëff”, esou säi Message.

Mat de Beräicher Économie, Emploi a Finanzpolitik huet de Premier gëscht déi 3 grouss Themen skizzéiert, déi de Walkampf dominéiere wäerten. Et ass also elo ganz kloer un der Oppositioun an dësen Domäner hir Alternativen ze formuléieren.

Wat sinn awer elo déi Sujeten, déi an der Deklaratioun iwwert d’Lag vun der Natioun net oder net genuch zur Geltung komm sinn? Fir mech sinn dat, nieft der Schoul, de gesellschaftspoliteschen Themen an der Flüchtlingsproblematik, virun allem den IVL, dat integréiert Verkéiers- a Landesplanungskonzept, dat dem Inneminister Michel Wolter jo esou un d’Häerz gewuess ass. De Premier sot zwar an dësem Kontext, eng grouss Moderniséierungsdebatt wier noutwenneg, si kéim awer och éischter ze spéit als wéi ze fréi. Do muss een natierlech drunn erënneren wéi eng Partei zanter 20 Joer non-stop an der Regierung ass. D’CSV huet hei sécher eng grouss Responsabilitéit an et gesäit een och elo kaum ee Politiker, weder an der CSV nach an anere politesche Parteien, deen den IVL wierklech als eng Prioritéit ugesäit an dem Land e puer onbequem Wourecht virun de Wale soe wëllt.

Ee positive Punkt nach aus dem Jean-Claude Juncker senger Deklaratioun: Heen huet net probéiert d’Tatsaach ze verstoppen, datt d’EU-Erwiderung eppes kascht; mä heen huet awer och kloer ënnerstrach, daat si eis op där anerer Säit vill bréngt.

Opgefall ass mer zu gudder Lescht, datt de Premier säi Fridde mat der DP gemaach huet an heen vermëttelt d’Impressioun, an der nächster Legislaturperiod mat de Leit ronderëm d’Lydie Polfer wëlle virun ze regéieren. “Komm, mir maache wieder, um séchere Wee”, dat hunn ech als politesche Message am Hibléck op den 13. Juni aus dem Premier senger Ried zréckbehalen.

SIP 28.04.2004
RTL RADIO