De Premierminister Jean-Claude Juncker iwwer d’Finanz- a Budgestpolitik
De Premierminister Jean-Claude Juncker iwwer d’Finanz- a Budgestpolitik:
Eis Gesamtopféierung, vun däer ech elo d’Deelstécker Wirtschaft an Aarbecht beliicht hunn, besteet och aus der Finanzpolitik. Si stung am Dezember 2002 beim Vote vum Budget an am Mee 2003 bei der Aussprooch iwwer d’Lag vum Land am Mëttelpunkt vun enger hefteger Debatte. Am Oktober/November 2002 huet et geheescht, d’Land wier a Rezessioun, de Budget géif d’Rad schloen, t’Finanze géifen entgleisen, mir wieren um Wee an den Defizit-Staat, den europäesche Musterschüler misst de Fanger gemaach kréien, de Klasseprimus géif um Enn vum Joer 2003 sëtze bleiwen.
Da loosse mer elo emol kucken, Enn Abrëll 2004, wou e souz, de Schüler, Enn 2003.
Ech kann iech soen: e souz gutt. En huet säin Examen gepackt. En huet en direkt gepackt. En huet net brauche beim Noper ofzeschreiwen an en huet och net brauchen op d’Geriicht ze goen: dat huet en net brauchen ze maachen, dat hätt en och net maache kënnen an et wier gutt wann och an der Schoul keen dat géif maachen.
Méi wéi mer wëlles haten
Mir hunn am Joer 2003 sechs Milliarden 480 Milliounen Euro ausginn. Dat waren 136 Millioune méi wéi mer wëlles haten. Mir hunn 10 Millioune méi ausginn fir d’Formation continue, 10 Millioune méi fir de Congé parental, 16 Millioune méi fir d’Flegeversëcherung, 8 Millioune méi fir den Agrarfong – well d’Bauere hunn 2002/2003 vill investéiert -, 11 Millioune méi fir de Fonds du Rail a 50 Millioune méi fir de Beschäftegungsfonds, an esou virun.
Déi 136 Millioune konnte mer méi ausginn – fir Soziales a fir Wirtschaftleches – well mer sechs Milliarden 562 Milliounen Euro erakritt hunn, 212 Millioune méi wéi mer am Dezember 2002 virsiichteg errechent haten.
Ënner dem Strich schléisst domat de Budget 2003 mat engem Iwwerschoss vu 76 Milliounen Euro of, ronn 3 Milliarde lëtzebuerger Frang.
D’Ausgaben am Grëff
De Budget 2003 ass opgaange well de Budgetsminister d’Ausgaben am Grëff hat. En ass opgaange well grosso modo d’Steieren insgesamt richteg a virsiichteg ageschätzt gi waren. Mir hunn zwar manner Kierperschaftssteier a manner Taxe d’abonnement ageholl, mee dat war vun Ufank un net ganz auszeschléissen. Awer mir hunn trotz Steierreform – déi déi net géigefinanzéiert war wéi en anere gesot huet – méi Lounsteier, méi Verméigenssteier a méi TVA erakritt. Méi TVA wéinst dem unhalend staarke Konsum hei zu Lëtzebuerg, bedingt duerch d’Steierreform, bedingt duerch d’Lounofschlëss am Privatsekteur an déi kontinuierlech Lounpolitik am öffentleche Sekteur, bedingt duerch d’Rentenopbesserungen, bedingt och duerch AOL an anerer. Gutt Arrangementer a gutt Verhandlunge mat der Belsch hunn och eng zolidd Méi-Recette bei de gemeinsamen UEBL-Recette bruecht.
An anere Wierder: trotz der Wirtschaftskriis an Europa an dem Konjunkturofschwong zu Lëtzebuerg, trotz a grad wéinst den héijen Investissementer, trotz a grad wéinst der Steierreform – déi natiirlech net däerf zréckgeholl ginn -, trotz der Rentereform – déi natiirlech muss, grad ewéi d’Pensiounen och, laangfristeg wasserdicht gemaach ginn -, trotz a grad wéinst der Lounpolitik, trotz a grad wéinst de Verbesserunge beim Kannergeld an anere Sozialleeschtunge sinn all d’Budgetën opgaang déi dës Regierung abruecht an ausgefouert huet. Och a grad dee vum Joer 2003 dee mat deem fir d’Joer 2004 dee schwieregste war.
D’Problemer bleiwe grouss
Doriwwer freeë mer eis. Well mir hunn eis finanziell net vertrëppelt. Mee mir triumphéieren net. Well d’Zäite bleiwe schwiereg. D’Finanzsituatioun bleiwt ugespaant. D’Problemer bleiwe grouss. Mir sinn net um Enn vun eiser Péng ukomm. Mir si matzendran. Mir hu kee Spillraum fir Extravagancen a Cadeauen. Net elo. Och net d’nächst an d’iwwernächst Joer. De Budget fir 2004 wiisst mat manner wéi 0,6 Prozent realer Progressioun ganz lues. Dee fir 2005 kann net vill méi séier wuessen. Dat wëll ech däitlech gesot hunn, wéi mäi Virgänger gesot hätt. Well Risike bleiwen an op déi musse mer kënne reagéieren.
Op déi Risike si mer gutt virbereed.
Déi lescht Regierung huet dëser Regierung 1,7 Milliarden Euro Finanzreserven hannerlooss. Dës Regierung hannerléisst däer nächster Regierung 3 Milliarden Euros Finanzreserven, 120 Milliarde lëtzebuerger Frang. Et ass gesot ginn, mir géifen d’Reserve plëmmen. Tatsaach ass: mir hu s’erhéicht.
Um Enn vun der leschter Legislaturperiod hate mer 700 Milliounen Euro Schold. Um Enn vun dëser Legislaturperiod hu mer der nëmme 400, dat heescht eng Schold vun 1,7 Prozent vun eisem Bruttoinland-Produkt. Déi aner EU-Länner hunn am Schnëtt 70 Prozent Schold.
Mir hunn d’Steiere reforméiert, vill Souen investéiert, d’Reserven augmentéiert an d’Scholde reduzéiert. Dat ass net alles. Mee ‘t ass alt dat.
(Auszuch aus der Deklaratioun zur Lag vun Natioun)