Deklaratioun iwwert d’Lag vun der Natioun

E Commentaire vum Jay Schiltz op Radio 100,7 zu der Deklaratioun iwwert d’Lag vun der Natioun vum Jean-Claude Juncker

E Commentaire vum Jay Schiltz op Radio 100,7

Natierlech, et war déi lescht Deklaratioun zur Lag vun der Natioun fir dës Regierung, am Juni wiele mer jo eng nei. Et war deemno och net domat ze rechnen, datt de Jean-Claude Juncker haut grouss politesch Weichestellungen géif maachen.

Nëmmen, de Premier huet d’Tribün och net genoss fir fir sech a seng Regierung Walkampf ze maachen, mä, wann ee wëllt, d’Themefeld ofgestach, wouriwwer senger Meenung no an den nächste Wochen déi politesch Ausernanersetzungen ze féiere wier: Wirtschaft, Finanzen an Aarbechtsmaart.

Sujete mat Béierdëschpotential huet de Jean-Claude Juncker guer net ugeschwat. Asyl- a Flüchtlingsploitik beispillsweis. Domatt setzt hien seng Regierung net an Erkläerungszwang a gëtt no baussen ze verstoen, datt et am kommende Walkampf fir d’Land méi wichteg Sujete gëtt.

Allerdéngs, ee klenge Appel un de Bon sens vum Wieler konnt sech de Staatsminister ganz am Ufank vu senger Ried net verquëssen. D’Vollek jugéiert, sot heen, an dofir muss et wëssen, daat d’Land net vum Zoufall regéiert gëtt, mä vun deenen, déi et wielt. Am Kloertext: Et ass net den Ament fir Experimenter; iwwertleet Iech dräimol wouhinn Dir Äert Kräiz maacht, well et geet ëm eis Saach an déi steet eben den 13. Juni zur Debatt.

Keng groussgestrache Schmeecheleenheeten, wéi nach lescht Joer, gouf et fir de Koalitiounspartner. Dofir diskrete Luef. Tëscht den Zeilen de Message, datt wann et him no géif goen, de Jean-Claude Juncker net ofgeneigt wier, ënner Ëmstänn mat deene Liberale weiderfueren.

Op der anerer Säit awer dann och keng Ofrechnung mat der Oppositoun. Ernimmt huet de Jean-Claude Juncker just zwee Leit aus vergaangenen Zäiten: de Jacques Poos, deen als fréiere Ausseminister een dacks ënnerschaten Undeel um Succès vum europäesche Gesamtprozess hätt an de fréiere Wirtschaftsminister Robert Goebbels, dee scho viru Joren beléiert huet, datt eis Sidérurgie misst manner personalintensiv Zukunftstechnologien notzen, fir kompetitiv ze bleiwen. E klenge clin d’oeil also och un d’Sozialisten, sécherlech de Message “Ech hunn och Äer Mériter net vergiess, ma se leie scho laang zréck”.

Summa summarum eng bedächtegt Bestandsopnahm zum Enn vun dëser Legislatioun, keng oder wéineg Schönfärberei, allerdéngs och keng Schwaarzmolerei – natierlech net: “Mir hunn dat alles am Grëff, mir pakken dat, well mer et musse pakken a wann Dir alleguer den 13. Juni wëllt, da fuere mer do wieder, wou mer elo ophalen”.

SIP 28.04.2004
Radio 100, 7