De Jean-Claude Juncker, Superstar

E Commentaire vum Yolande Kieffer op RTL Radio

E Commentaire vum Yolande Kieffer op RTL Radio:

Sondagë kommen een nom aneren a gläichen sech, op d’mannst wat déi grouss Linnen am Hibléck op d’Wale vum 13. Juni ugeet. Ech soen an de grousse Lignen, well d’Interpretatioun vum Resultat vun engem Sondage individuell ass, also tendentiös.

Well Zuele kann ee soe loosse wat ee wëll, et ass d’Geschicht vum Glas dat hallef voll oder hallef eidel ass. Dofir sinn déi verschidden Extrapolatioune mat Virsiicht ze genéissen.

Just eng aussergewéinlech an eendäiteg Konstant gëtt et, an dat ass d’Resultat wat eise Premier betrëfft. Mat 77, 80 oder nach méi Prozent Zoustëmmung kann een eigentlech nëmmen nach vun engem Phänomen Juncker schwätzen.

E Politiker, deen anscheinend hors catégorie évoluéiert an dee sech enger Popularitéit erfreet, wéi een dat bei eis kriddleche Lëtzebuerger bis elo nach net gesinn huet.

Mä wat ass dann dee Phänomen Juncker? Sengerzäit huet de Jean-Claude Juncker politesch Verantwortung iwwerholl, mat der Bemierkung, e wëllt net “Everybody’s darling” sinn, mä just respektéiert ginn. Dat huet en erreecht. Haut stellt ee fest, datt de Juncker souwuel pikkechen Drot ass, wéi awer och Darling.

Pikkechen Drot, well en eckt un, en ass onbequem an en nervt. Darling wéint sengem Charme, sengem Versteesdemech, senger mënschlecher Wäermt an däer onerwarten Schollenromantik. Hee mécht näischt op vornehm, de Béier schmaacht ëm nach ëmmer besser wéi de Schampes. E gëtt richteg rosen an e weist et. E ka sech zolitt opreegen a rutsch dobäi och mol aus, wat ëm dann duerno leed deet.

Et gëtt Leit, déi empfannen en als arrogant, iwwerhiewlech an net zougänglech, well en ni Zäit huet oder si verdroe seng spatz Ironie net. No baussen ass en Duerchschnëtt. En ass net am Verdacht sech, wéi säi Kolleeg Gerhard Schröder, beim italienesche Couturier Brioni ze kleeden. Vun Zäit zu Zäit steet en op Krichsfouss mat sengem Coiffeur an en huet ee ganz eegewëllegen an net alldeegleche Sënn fir Krawatten. Mä och dat gehéiert zum authenteschen Touch vum Personnage.

Als jonke Minister sot en an engem Interview: “Ech loosse mech net verbéien. Och dorunn hält e sech. A well en esou ass, gëtt e fir d’Leit berechenbar. Si vertrauen him an halen e capabel d’Land no beschtem Wëssen a Kënnen ze féieren, e bëssen nom Motto, mam Juncker weess ee wat een huet.

Niewt sengen intellektuelle Fakultéiten an enger aussergewéinlecher Aarbechtskapazitéit huet de Jean-Claude Juncker awer och een ausgesprachent Talent fir komplizéiert Virgäng a relativ einfache Wierder ze erklären, fir eng Sprooch ze schwätzen, déi och den Net-Ageweiten versteet. Dobäi ass en ee begnodete Riedner, deen esouwuel national wéi international déi verschiddenaartegst Auditoirë weess ze faszinéieren an dee gudde Ruff, deen de Premier am Ausland huet an deen automatesch op eist Land, also och op eis alleguer zréckfällt, gehéiert genausou zum Phänomen Juncker wéi seng Weltoffenheet a säi Sënn fir Gerechtegkeet.

D’Leit soen, an dat wäit iwwert d’Grenzen vun der CSV eraus: De Juncker ass gutt. Dat schéngt eent vun de gréisste Komplimenter ze sinn, wat hei e Politiker ka gemach kréien.

Fir seng politesch Géigner ass et deprimant, sech mat sou engem populären Zäitgenosse mussen ze moossen. Vill Géigemëttel hu se och keng, well se wëssen, datt si net méi grouss ginn, andeem se probéieren de Grousse kleng ze kréien, och dat gehéiert zum Phänomen Juncker.

RTL Radio vum 26.04.2004