D’Zäit markéieren

Extraitën aus dem Generalsekretär Jean-Louis Schiltz senger Interventioun um CSV-Nationalkongress
Extraitën aus dem Generalsekretär Jean-Louis Schiltz senger Interventioun um CSV-Nationalkongress

” … Den CSV-Wahlprogramm baut op den CSV-Grondsaatzprogramm op. Aus ville Grënn. Ech wëll der zwee ervirheewen.

Eeschte Grond: D’CSV ass mat hire Grondsätz am rengen. Et ass eis gelongen, am Grondsaatzprogramm, d’Wurzelen vun der Partei ze festigen. Bei der Redaktioun vum Wahlprogramm ass eis datt ze gutt komm.

An der Mëtt vum Lëtzebuerger Vollek

Mir wollte gëschter net a mir wëllen haut net dem Zäitgeescht verfalen. Mir wollte gëschter a mir wëllen haut, de Geescht vun der Zäit markéieren. Mir wëlle mat eiser Politik d’Bild vun der Gesellschaft gestalten an datt ass och d’Grondausso vun eisem Wahlprogramm, deen op d’Suerge vun de Menschen am Land ageet.

Zweete Grond firwat den CSV-Wahlprogramm an den CSV-Grondsaatzprogramm eent sinn: Mir si mat der selwechter Aarbechtsmethode firgaang. Mir hunn op Expertën zréckgegraff a virun allem hu mir eng ur-basisdemokratisch Methode applizéiert. An zeng Aarbechtsgroupen, déi zanter dem Fréijoer 2003 300 Seiten Rapportën verfaasst hunn an an Nationalréit, déi an de leschten zwee Meint intensiv iwwert de Wahlprogramm diskutéiert hunn. Eis Methode ënnermauert, daat d’CSV an der Mëtt vum Lëtzebuerger Vollek steet.

Wirtschaftlich Kompetenz a sozial Verantwortung

Den CSV-Wahlprogramm baut op den CSV-Grondsaatzprogramm op. Dat gëllt virun allem fir den Inhalt. Wirtschaftlich Kompetenz a sozial Verantwortung sinn de Leedfuedem vum Wahlprogramm.

Am Grondsaatzprogramm bekenne mir eis zu enger ernéierter sozialer Maartwirtschaft. Am Wahlprogramm déklinéiere mir dat Bekenntnis. Mir soen am Grondsaatzprogramm, datt d’sozial Maartwirtschaft am beschten déi frei Initiativ mam gesechertem soziale Fortschrëtt verbënnt. Mir soen am CSV-Grondsaatzprogramm, datt an dësem Zesummenhang Leeschtung a sozialen Ausgläich efficass zesumme ginn.

Am CSV-Wahlprogramm déklinéiere mir dës Aussoën. Mir wëllen en attraktive Standuert fir eng dynamisch Wirtschaft. Fuerschung ass fir eis de Motor vun der wirtschaftlecher Entwecklung. Mir wëllen d’Finanzplaz langfristig sëcheren. Mir wëllen e kompetitive Mëttelstand ënnerstëtzen. Mir wëllen d’Lëtzebuerger Wirtschaft weider differenzéieren och am Bereich vun der Industrie …”