CSV-Wahlprogramm- E Commentaire vum Jay Schiltz op Radio 100,7

De séchere Wee wier et, fir bei den nächste Chamberwahlen d’CSV ze wielen
E Commentaire vum Jay Schiltz op Radio 100,7

De séchere Wee wier et, fir bei den nächste Chamberwahlen d’CSV ze wielen, mengen déi Chrëschtlech-Sozial, déi e Samsdesch hire Wahlprogramm presentéiert hunn. Och wann dës programmatesch Opfuerderung un de Wieler geriicht ass, bleift ze kucken, wéi sécher dee Wee fir d’Partei selwer ass, bis den 13. Juni an och doriwwer eraus. Dozou haut de Commentaire vum Jay Schiltz.

De Staatsminister an CSV-Spëtzekandidat Jean-Claude Juncker ass schonn ze laang am Geschäft fir net ze wëssen, wéi fatzeg ee sech ënner Ëmstänn d’Fangeren un der eegener Selbstherrlechkeet kann verbrennen, och wann hee selwer alt heiandsdo mol gär mat deem Feier spillt. A senger Ried um CSV-Kongress de leschte Samschden, huet en op alle Fall d’Partei mol drop opmierksam gemaach, datt et um séchere Wee, wuel déi eng oder aner Bananneschuel ka ginn.

Gewarnt huet de Jean-Claude Juncker virun Sondagen, déi elo schonn soen wee gewënnt. Gewarnt huet hee virun de verluerene Stëmmen, déi un den ADR ginn. Tëscht den Zeilen och gewarnt virun der LSAP, där hir Stëmmen méiglecherweis dem Koalitounspartner feelen kënnen, och wann hee géint dee Partner kee Wahlkampf wëllt féieren.

Wann aller Wahrscheinlechkeet no, och nom 13. Juni, kaum ee Wee wäert laanscht déi Chrëschtlech-Sozial als Regierungspartei féieren, sou dierft grad deen duerchaus méiglechen Embarras du Choix bei der Weil vum Koalitounspartner dem Jean-Claude Juncker Kappzerbrieches maachen. Well wann den Androck net täuscht, géif heen nawell gär mat de Liberalen virunfueren. Wat no de Wahlen `99 als Zweckhochzäit duergestallt gouf, huet sech mëttlerweil zum anstännegen Stot entwéckelt, deen opzeléisen fir de Premier kee Sënn schéngt ze maachen, et pour cause.

Am Hibléck op d’EU-Présidence d’nächst Joer an déi domat verbonnen Erausfuerderungnen, ma och wäit doriwwer eraus, weess ee wat een huet, virun allem wann een net weess, wat ee kritt. Huet de Jean-Claude nach virun 5 Joer d’Gesiicht verzunn, bei der Iddi musse mat der DP ze regéieren, sou schéngen den Ament d’Sozialisten vun dësem selwechte Sympathiebonus ze profitéieren, nämlech guer kengem.

Allerdengs geet et bei de Wahlen wéi et schonn oft bei de Wahlen gaang ass, an de klenge Regierungspartner verléiert, kann de Jean-Claude Juncker ënner Ëmstänn ferm an d’Laberänte kommen, fir d’Berechtegung vu senger aktueller Regierungskoalitoun iwwert de 13. Juni eraus an d’Wahlresultat z’interpretéieren. D’DP muss net vill verléieren, fir datt d’LSAP, déi net vill gewanne muss fir zumindest gläich staark ze sinn, sech als Wahlgewënner, an déi Liberal als Verléierer proklaméiert an eng Regierungsbedeelegung aklot. Fir de Premier ee schlechten Szenario, versteet ee seng Aussoen a Richtung Sozialisten esou wéi hee se mengt.

Nëmmen, soulaang d’CSV keng Wahlkampagn géint d’DP mécht, déi awer Wahlkampagn fir d’CSV dixt Juncker an d’LSAP haaptsächlech Wahlkampagn géint sech selwer, muss sech de Premier eigentlech wéineg Suergen maachen.

Moiesjournal vum 30.03.2004 Radio 100,7