Aarbechtsmart a Chômage zu Lëtzebuerg

De Parteipräsident François Biltgen am Moiesjournal op RTL Radio. Trotz de gudden Zeechen ass et dem Aarbechtsminister François Biltgen no nach ze fréi fir Conclusiounen ze zéien!

De Chômage zu Lëtzebuerg ass de leschte Mount nees liicht erofgaangen, vu 4,5 op 4,4 Prozent. Dat huet de Konjunkturkomitee festgehalen. Op den 29. Februar woren am ganzen 8.912 Leit beim Aarbechtsamt ageschriwwen, dat sinn 201 Persounen oder 2,2 Prozent manner wéi de Mount virdrun.

Trotz de gudden Zeechen ass et dem Aarbechtsminister François Biltgen no nach ze fréi fir Conclusiounen ze zéien. Wuel géif et ee positiven Trend um lëtzebuerger Aarbechtsmaart, mä déi Entwécklung wier mat Virsiicht ze genéissen.

François Biltgen: “Mir haten iwwer 200 Offres d’emploi méi wéi nach virun engem Joer an der och méi wéi de leschte Mount. Mir hunn wesentlech manner Kuerzaarbecht ze maachen, dat sinn alles positiv Nouvellen.

Ech wëll allerdings domadder net soen, datt mer kéinten Entwarnung ginn. Et muss een nämlech wëssen, datt de Chômage och eppes Saisongebonnenens ass an datt an der Regel vun Februar bis Juni de Chômage éischter zeréckgeet.

D’lescht Joer allerdings, an ech mengen och dat soll ee soen, d’lescht Joer 2003 ass de Chômage am Februar geklommen. Dës Kéier ass en ëm 2,2 Prozent zréckgaang. Mir sinn also an engem gudden Trend. Wann ech soen Trend, dat ass eppes, dat kann een eréischt no e puer Méint jugéieren, ob elo wierklech déi gutt Zeeche,n déi mer hei gesinn oder déi méi positiv Zeechen, ob déi sech och confirméieren.”

Wéini a wéi laang et schliesslech um lëtzebuerger Aarbechtsmaart nees besser geet, dierft dem François Biltgen no vun der allgemenger Entwécklung vun der Wirtschaft an den nächste Méint ofhänken.

De François Biltgen an engem Reportage vum Pierre Reiland op RTL Radio