“Dat sozialt Europa däerf net vergiess ginn”

E Reportage vum Marco Goetz iwwer Sommet zu Bréissel op RTL Radio, mat Kommentären an Aussoë vum Statsminister Jean-Claude Juncker.

Umoderatioun

Bis spéidstens de 17. Juni, also fir de Schlusssommet vun der irescher EU-Présidence, wëllen d’Staats- a Regierungschefen zu engem Ofschloss iwwert d’europäesch Verfassung kommen, dat gouf gëschter Owend zu Bréissel während dem Owendiessen décidéiert. D’Virzeechen, datt dat méiglech ass, si gutt, sou de lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker.

Et ass awer nach néideg, datt d’Ausseministeren eng Rei Viraarbechte maachen, fir datt am Juni zu Bréissel nëmme méi op den dräi oder véier Haaptpunkten Décisiounen ze huele sinn. D’europäesch Verfassung war awer nëmmen ee klengen Deel gëschter um éischten Dag vum europäesche Sommet an der belscher Haaptstad. D’Diskussioune waren näämlech dominéiert vun der Lutte géint den Terrorismus.

Reportage vum Marco Goetz

Virop ass et d’Décisioun, datt den 11. Mäerz, den Dag also vun de märdereschen Attentater zu Madrid, den europäeschen Dag vun den Affer gëtt. Beschäftegt gouf sech da mam neien Antiterroraktiounsplang. Do ass et jo ënnert aanerem d’Fuerderung vun enger méi enker Zesummenaarbecht tëscht den europäeschen Geheimdéngschter. Dat ass an der Theorie einfach gesot, mä vu d’Natur vun esou Geheimdéngschter, ass et net einfach dat an d’Praxis ëmzesetzen. Trotzdeem, sou de lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker, ass et wichteg datt Informatiounen europawäit zirkuléieren.

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Parce qu’à chaque fois que des évènements graves arrivent, nous constatons que d’une certaine façon, quelqu’un connaissait déjà celui qui a fauté, pour le dire d’une façon qui ne traduit pas la qualité de ce que normalement est reproché à ceux qui le font. Par conséquent sur ces sujets-là, il faudra travailler.

Marco Goetz: A fir datt déi Informatiounen net an d’Blannt eran zirkuléieren, gouf gëschter décidéiert fir den Hollänner a fréiere Staatssekretär am Inneministère de Gijs de Vries zum Antiterrorkoordinator ze maachen. Seng genee Kompetenze mussen nach festgeluecht ginn.

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Déi Pouvoire vun deem Antiterrorkoordinator oder seng Kompetenzen ginn fixéiert anlässlech vum Europäeschen Conseil vum Juni. Mir hunn haut décidéiert een ze hunn an déi besser Zesummenaarbecht tëscht Geheimdingschter a Polizeiautoritéiten, déi ginn op Grond vun enger Propositioun vum Här Solana, appuyéiert vun Elementer, déi aus dem Beräich vun der Kommissioun kommen, fir de Mount Juni virbereet.

Marco Goetz: Dee Koordinator an d’Mesuren, déi am Kampf géint den Terrorismus geholl goufen, sinn net do fir d’Terroristen ze beandrocken, sou de Premier Jean-Claude Juncker.

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Je crois que l’objet n’est pas d’impressionner les terroristes, l’objet est de terroriser les terroristes. On ne peut pas le faire en récitant des poèmes. Il faut le faire en mettant ensemble tous les moyens, dont l’Union Européenne peut disposer, pour rendre plus efficace la lutte contre le terrorisme.

Marco Goetz: Décidéiert gouf gëschter och, datt de Spuenier José Manuel Paramo Gonzalez neie Vizepresident vun der Europäescher Zentralbank gëtt. Biswell sëtzt heen an der spuenescher Zentralbank.

Am Kontext vun enger Entrevue gëschter Mëtteg tëscht Politiker a Gewerkschaftler, gouf nach ënnerstrach, datt dat sozialt Europa net vergiess duerf ginn. Wann Reformen am Kader vun der Lissabonner Strategie kommen, da mussen se deem Rechnung droen. Am Joer 2000 gouf déi Strategie jo décidéiert, fir aus der Unioun bis 2010 dee kompetitivste Wirtschaftsraum op der Welt ze maachen. Ënner lëtzebuerger EU-Présidence, am éischte Semester 2005, soll op halwem Wee ee Bilan gemaach ginn. Désignéiert gouf do de Wim Kok an domadder vu Bréissel zréck op Lëtzebuerg.