„EU-Sommet zu Bréissel“

E Reportage vum Christian Welter an dem André Dubbers. Am Gespröich de Premierminister Jean-Claude Juncker an de Minister Luc Frieden op 100,7 am Moiesjournal.

Umoderatioun:

Zu Bréissel sinn déi europäesch Staats- a Regierungschefen sech gëschter am spéiden Owend eens ginn, datt ee bis Mëtt Juni, bis den nächsten EU-Conseil een Text fir eng europäesch Verfassung huet. Ma aanert grousst Thema um Programm gëschter, d’Bekämpfung vum Terrorismus.

Mat allen Mëttelen wëllt déi Europäesch Unioun géint den Terrorismus ugoen. Den Aktiounsplang, dee gëschter zu Bréissel ugeholl gouf, setzt souwuel op Präventioun wéi och op Répressioun. Mat dësem Moossnahmekatalog wéilt een den Terroristen net just Angscht maachen, et wéilt ee se terroriséieren, sou de Premier Jean-Claude Juncker.
Gëschter gouf dann och décidéiert, datt vun elo un den 11. Mäerz den europäeschen Dag vun den Affer ass. Vun Bréissel de Christian Welter an den André Dubbers.

Reportage vum Christian Welter an André Dubbers :

Christian Welter: “Mat dësem europäeschen Dag wëll een een Zeeche setzen, well d’Affer vun engem Attentat wiere ganz séier nees aus der Mémoire verschwonn, esou de Jean-Claude Juncker. De Premier sot awer och, datt Europa net just un europäesch Victimen dierft denken, mä un all d’Affer, egal wou op der Welt.”

De Justizminister Luc Frieden fir säin Deel wor méi wéi zefridden, datt d’Staats- a Regierungschefen zu Bréissel all déi Mesuren ugeholl hunn, déi d’Woch virdrun vun den EU Innen- a Justizminister virbereet goufen. Dem Luc Frieden war et wichteg ze soen, datt dëse Pak vun Mesuren nët jhust op d’Répressioun, mä zu engem groussen Deel och op Préventioun setzt. All dës Moossnahmen géifen awer zu kengem Ament d’Grondfräiheete vun de Bierger aschränken, esou de Justizminister Luc Frieden. Ee Beispill vun villen, wier hei d’Biometrie an de Päss.

Luc Frieden (O-Toun): “Et huet d’Leit jo och ni gestéiert, datt zanter laanger Zäit an de Päss d’Faarw vun den Aan steet an datt an de Päss eng Foto dran ass. Just de Fakt ass deen, datt et haut ganz vill Leit ginn, déi et fäerdeg bréngen esou Päss ze fälschen. Et geet also just drëm fir dat nämlecht, wat mer haut dran hunn, op eng méi sophistikéiert Aart a Weis an d’Päss ze schreiwen an do sinn eben digital Fotoën vun de Gesiichter oder Fangerofdréck oder d’Iris vum Aan op eng méi sophstikéiert computergerecht Aart a Weis dranzeschreiwen, ass an eisen Aan keng Aschränkung vun der Grondfräiheet, mä eng besser Préventioun vum Crime.”

“d’Informatiounen vun de Sécherheetsservicer
op enger Plaz an Europa sammelen”

Christian Welter: “Den Terrorismus ass ee Phänomen, deen net op enger Grenz stoe bleift, dowéinst muss en och mat Moyenen bekämpft ginn, déi iwwert déi national Grenzen erausginn, sou de Credo vun de Staats- a Regierungchefen zu Bréissel. Dat Wichtegst wier et, datt d’Informatiounen vun de Sécherheetsservicer op enger Plaz an Europa gesammelt ginn. Dowéinst gouf och décidéiert e Sécherheetscoordinateur anzesetzen, dee fir d’Collecte an d’Analysen vun dësen Donnéën responsabel ass. Bis den nächsten EU-Conseil am Juni soll an engem Text festgehal ginn, wat d’Kompetenze vun däer Persoun sinn. Säin Numm ass scho gewosst, et ass den Hollänner Gijs de Vries, fréiere Staatssekretär am Inneministère.

De Jean-Claude Juncker sot, datt et awer hypokrit wier ze mengen, d’Geheimdingschter géife gären Informatiounen austauschen, net mat aanere Servicer um nationalen Territoire an och net op internationalem Plang. De Premier Jean-Claude Juncker iwwert d’Finalitéit vun de Mesuren am Kampf géint den Terrorismus.”

Jean-Claude Juncker (O-Toun): «L’objet n’est pas d’impressionner les terroristes, l’objet est de terroriser les terroristes. On ne peut pas le faire en récitant des poèmes. Il faut le faire, en mettant ensemble tous les moyens dont l’Union Européenne peut disposer pour rendre plus efficace la lutte contre le terrorisme. Il ne faut pas verser dans tous les travers généralement quelconques. Je l’ai dit en réunion, la difficulté qui est la nôtre, est exactement celle qu’il est très difficile d’ameubler l’intersection qu’il doit y avoir entre sécurité collective et liberté individuelle.»

Christian Welter: “De Gros vun de Proposen, déi elo zu Bréissel ugeholl goufen, sinn net nei. Et geet méi drëms, datt verschidde Procéduren accéleréiert ginn.”
Zu Bréissel gouf awer net just iwwert de Kampf géint den Terrorismus geschwat, André Dubbers.

Déi nei europäesch Constitutioun

André Dubbers: “Zweeten Thema war gëschter Owend chronologesch gesinn, de Relancement vun der Diskussioun iwwert déi nei europäesch Constitutioun an esou war dat offizielt Nuetsiessen vun de Regierungschefen och de kruziale Moment vum éischten Dag vum EU-Conseil. Am Kontext hunn d’Attentater vun Madrid een duebleen Impakt op de Verfassungsprozess.

Eischtens heescht et elo fir d’Unioun ze weisen, datt ee sech eens ass. Zweetens spillt hei d’Victoire vum spueneschen Sozialist Zapatero bei de Legislativwahlen. Elo wëllt een nach am beschte Fall virun den Europawahlen, den 13. Juni, zu engem Konsens kommen. Dofir soll dann och een extraordinaire Sommet den 1. Juni zu Dublin organiséiert ginn. Sträitpunkt war jo déi duebel Majoritéit.

D’Spuenier an d’Polen waren dogéint, well si gefaart hunn vis à vis vun Nice Afloss am Ministerrot ze verléieren. No der Victoire vum José Luis Zapatero läit Spuenien op der Linn vun der Europäescher Unioun an och d’Polen hunn elo fir déi éischte Kéier signaliséiert, de Prinzip vun der duebler Majoritéit matzedroen. Gëschter Owend si sech Staats- a Regierungschefen eens ginn ee Kontrakt ofzeschléissen, wéi de Premier Jean-Claude Juncker gemengt huet.”

Jean-Claude Juncker (O-Toun): “Dee Kontrakt ass, datt mer nodeem d’Virzeechen, déi sech entwéckelt hunn, gutt sinn, probéieren spéitstens de 17. Juni beim Europäesche Rot vun dann, zu engem Accord iwwert d’europäesch Verfaassung ze kommen. Dat setzt viraus, datt fir déi Sitzung vun den europäesche Regierungschefen, déi spéitstens de 17. Juni soll stattfannen, een eng méiglechst grouss Zuel vun méi klengen awer ganz wichtegen Décisiounen vun den Ausseministeren evaquéiert konnte ginn, sou datt op der Dagesuerdnung vun de Regierungschefen nach just 3 oder 4 Froe stinn, d’Aart a Weis wéi am Ministerrot ofgestëmmt gëtt, d’Aaart a Weis wéi D’Kommissioun zesummegesat gëtt, Froe vun deem Typ.”

André Dubbers: “De Jean-Claude Juncker war dunn och gëschter Owend méi optimistesch wéi nach vrun 2 Méint. A Saachen Pondératioun vun de Stëmmen erkläert déi spuenesch Positioun sech duerch déi nei aktuell politesch Situatioun am Land. Mä wéi erkläert de Jean-Claude Juncker sech dann den Ëmschwong bei de Polen?”

D’Iddi vun der sougenannter duebler Majoritéit

Jean-Claude Juncker (O-Toun): “Meng Erfahrung an Europa ass net, datt d’Polen jeemols iergendeppes explizéieren. Si soen wat hir Positioun ass an ech mengen, datt d’Polen zur Kenntnis geholl hunn, datt et gutt wier, wann se sech op den europäesche Mainstream hin géifen zoubewegen an et ass ganz evident, datt een Accord an där ëmstriddener Fro vun der Ofstëmmung am Ministerrot vun der Europäescher Unioun sech ronderëm d’Iddi vun der sougenannter duebler Majoritéit muss maachen.
Et brauch een eng Majoritéit vun Länner an et brauch een eng Majoritéit vun der Populatioun. Wourops et elo ukënnt, ass fir erauszefannen, wéivill Länner datt ee brauch, et muss mindestens d’Halschent sinn, wéivill Prozentsätz vun der Populatioun datt ee brauch fir kënnen positiv ofzeschléissen, fir eng Décisioun ze huelen a wéivill Länner datt ee brauch fir eng blokéirend Minoritéit hirzestellen. Et ass dorëms wou sech d’Debatten de Moment dréinen.”

André Dubbers: “Lëtzebuerg géif deem, sou de Jean-Claude Juncker mat gefaasster Rou entgéintgesinn an domat gi mir vu Bréissel zréck an de Panorama.”