D’Saar-Lor-Lux Zesummenaarbecht

Den Innenminister Michel Wolter hëllt Positioun an engen Reportage vum Nico Graf op RTL Radio am Moiesjournal vum 26. Mäerz 2004.

Umoderatioun

Fir ze verhënneren, datt et zu Stau a Chaos op de Stroossen, besonnesch an der Géigend vun de Grenze kënnt, hun Lëtzebuerg, den Département Moselle an d’Saarland gëschter een Ofkommes ënnerschriwwen, dat virgesäit, datt déi 3 Partner sech an Zukunft besser a méi séier informéieren, wann et Kniet am Trafik ginn, respektiv domadder ze rechnen ass. Den Nico Graf huet Detailler iwwert deen Accord.

De Reportage vum Nico Graf

Deen een oder aaneren Automobilist erënnert sech mat gruggelen drun, wéi d’Fransousen einfach am Wanter hir Grenze fir d’Camionen zougemat haten, well et béiss sollt schneien. Ee Monsterstau gouf et dunn op der diddlénger Autobunn. An Zukunft kann esou eppes wuel nach eng Kéier virkommen, mä op manst wëssen d’Lëtzebuerger an d’Saarlänner dann méi laang virdrun Bescheed doriwwer. An och, wann et stënterlech een Akzident gëtt, seet den Inneminister Michel Wolter, dann ass dofir gesuergt, datt déi dräi Partner séier telefonéieren.

Michel Wolter (O-Toun): “Dat ka sinn, wann kuerzfristeg Grenzen zougemaach ginn, wann de Camionsverkéier gespaart gëtt, wann op Grond vu meteologeschen Evenementer Schwieregkeeten an deem engen oder an deem aanere Land sinn, fir déi aaner Parteien drop opmierksam ze maachen, datt do am gaangen ass eppes ze geschéien oder eppes geschitt, fir datt si och hir Dispositiounen dann esou séier wéi méiglech kënnen huelen.”

Nico Graf: “D’Rheinlandpfälzer an déi Belsch sollen geschwënn och matmaachen. A wou déi 3 Responsabel gëscht schonn zesummen waren, sinn se och an den neie Büro gaangen, wou zanter 9 Méint d’Policen aus der Groussregioun zesummeschaffen, ee Büro dee seng Prouf nawell bestan huet.”

Michel Wolter (O-Toun): “Dee Büro huet sech enorm gutt bewährt. Mir haten tëscht dem 1. März, wou en opgaangen ass, an dem 31. Dezember vum leschte Joer, 26.000 Ufroen aus deene 4 Länner a ganz ënnerschiddlechen Beräicher. De Gros ass am motoriséierte Verkéier, also Nofroen vun geklauten Autoen, Nofroen wann Delikter oder Contraventiounen am Stroosseverkéier gemaach gi sinn, d’Recherche vun Propriétairën vun Autoen.”

Nico Graf: “Mä et sinn net nëmmen Autosgeschichten, déi an deem Büro opgeklärt ginn.”

Michel Wolter (O-Toun): “An Däitschland war am Laf vum leschte Joer eng relativ grouss Abrochsserie am Raum vun der Our a vun der Sauer, déi iwwert déi doten Büroen gelaf sinn, wéi och déi 2 Morden, déi mer elo an deene leschte Méint haten, déi op däitscher Säit begaange si ginn a wou am fong d’Koordinatioun tëscht deenen eenzelne Parteien, wou déi dann iwwert dee Büro do gesteiert gëtt.”

Nico Graf: “An d’Policë vun deene véier Länner, Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich an d’Belsch sinn och nach op méi schlëmm Saache virbereet. D’Attentater vun Madrid féieren dozou, datt d’Policen och an eisen Géigenden ganz opmierksam sinn.”