Den CSV-Députéierten Norbert Haupert um RTL Radio iwwert de Logement (22.März 2004)

D’LSAP huet an der vergaangener Woch hier Konzepter zum Wunnéngsbau virgestallt. Vill Neies ass net ze verzeechnen. Des Regiirung huet op alle Fall hier Hausaufgaben an desem Dossier gemaacht. Daat méngt den Norbert Haupert an enger Fräier Tribün op RTL Radio
Déi gréisst Oppositiounspartei schéngt schon sérieus vum Wahlféiwer gepaakt ze sin. An enger Stellungnahm zum Wunningsbau bei eis am Land hun hier Vertrieder sëch d’lescht Woch esou geäussert wéi wa Lëtzebuerg zu den Hinterwäldner ging gehéieren wat d’Wunningsbaupolitik ubelaangt, wéi wann an de leschte Joren op deem Plang bei eis näischt gemeet gi wir.

Fir hiert Gediechnëss ze erfrëschen an de Nolauschterer d’Méiglechkeet ze gin sëch eng Idee ze machen wéi déi reell Situatioun op eisem Wunningsmoart ausgesäit, wéilt ëch mat e Puer Zuelen dingen. Bei eis am Land verfüge nobäi 70% vun de Stéit iwwer hir eege Wunning. 60% vun de Stéit hun eng Wunning déi méi grouss ass wéi 100 m2. All d’Wunningen hun eng Toilette, 97,5% hun e Buedzëmmer a 90% eng Zentralheizung. Aleng an de 90er Joren si nobäi 1 Milliard € u Staatshëllefen u Privatläit am Beräich vum Wunningsbau gefloss. Iwwer 28.000 nei Wunningen goufen an deem Zäitraum färdeggestallt. Esou ze soen all drëtte Stoot bei eis am Land ass am Genoss vun enger staatlëcher Ënnerstëtzung fir d’Uschafung vu séngem Eegenheem. De Fonds du Logement verfügt iwwer 1.400 Wunningen déi hie verlount. An am Plan pluriannuel vum Wunningsbau huet d’Regierung de leschte Freideg décidéiert fir 10.822 Wunningen ze bauen dat sin der 250% méi wéi am leschte Plang. Wann een da behaapt d’Regierung hätt d’Ëntwécklung um Wunningsmoart verschloof, da verkennt een entweder d’Realitéit oder et wëll een bëlleg Wahlpropaganda machen. Ech gin zou, datt et trotz dene villen Efforten ëmmer nach Leit gët déi nët iwwer eng uerdentlëch Wunning verfügen, an dat bedauere mär grad esou wéi eis Kollege vun der Oppositioun.

Wann déi gréisst Oppositiounspartei dann ënner anerem als Mëttel zur Behiewung vun der Wunningsproblematik vierschléit d’Mindestakommes bis zu deem een an de Genoss vun enger staatlëcher Hëllef ka kommen, ëm 50% ze erhéigen, oder e Loyerszouschoss fir déi Leit déi eng Wunning um private Marché lounen anzeféieren, da muss een sëch awer Gedanken iwwer de Sérieus vun hierer Wunningsbaupolitik machen.

Well haut kënnt eng bestuete Koppel ouni Kand mat engem monatlëchen besteierbaren Akommes vun 4.300 € nach an de Genoss vun enger staatlëcher Hëllef. Eng Erhéigung vu 50% géifen 6.450 € oder 260.000 aler Frang de Mount ausmachen. Bei esou enger Fuerderung muss ee sëch serieus froen ob d’Kollegen vun der Oppositioun wierklëch wëssen wat bei eis am Beräich vun der Wunningsbauënnerstëtzung besteet oder ob se de Sënn fir sozial Ëmverdeelung komplett verluer hun.

Wat de Loyerszouschoss ubelaangt, esou gouf deen am Kader vun der Wunningsbaudebatt déi mer an der Chamber virun engem klénge Joer gefouert hun diskutéiert. Deemols gouf festgehal, datt ët eng Mesür wier déi ee kéint envisagéieren, déi awer d’Gefor ging lafen éischter d’Loyerën ze verdeieren wéi dem Locatär ze hëllefen an déi schons guer kéng nei Wunninge ging schafen wat jo den Haaptproblem um Wunningsmoart duerstellt.

D’Opositioun gëtt an der Vierwahlzäit nët mid ëmmer erëm Fuerderungen ze stellen déi nët onbedingt nei sin, déi awer kéng Léisungsvierschléi fir hier Finanzéierung enthalen. E wéineg méi Objektivitéit hätte mer eis vun der Opositioun erwaart och wann d’Wahle vrun der Dier stin.

Norbert Haupert

CSV-Süddéputéierten