De CSV-Députéierten Lucien Clement zum Déireschutz

Den Députéierten aus dem Réimecher Kanton plädéiert fir eng Verankerung vum Déireschutz an eis Verfassung.
Här President,Dir Dammen an dir Hären,

D’Mënschheet lieft zesumme mat den Déieren, zënter datt et se get. Déi gemeinsam Geschicht vu Mënsch an Déier ass eng Geschicht vun Hëllef, vu Notzen, vun der zesumme verriichtener Aarbecht, vun der Ernährung och, a vun der Begledung. D’Relatioun tëschent Mënsch an Déier ass eng, déi am Verlaf vun der Zäit evoluéiert huet, an trotzdeem vill Konstanten opweist. Zu kengem Zäitpunkt vun der mënschlecher Geschicht waren d’Mënsche vum Déier getrennt, oder konnten ouni d’Déieren auskommen. Net an eise Géigenden, an och soss néirens op der Welt.

Esou laang ewéi een d’Geschicht zereckverfolge kann, sinn d’Mënschen op d’Juegd gaangen, fir sech vum Déier a sengem Fleesch ze ernähren. Doriwer schwätze mer allerdings haut net, d’Juegt als Thema wäerte mer deemnächst eng Kéier heibannen séparat débattéieren.. Déi aal Räicher si vun Arméien op Päerd esou ze soen zesummegekricht ginn, an och beienee gehale ginn. An anere Regioune vum Globus hu fir deen Zweck aner Zorten vun Déieren mussen untrieden: Elefanten hunn als Reitdéiere gedingt, Kaméilen hunn d’Wüstevolleker transportéiert. D’Déierenzuucht an d’Déierennotzung duerch d’Baueren ass ee vun denen eelste Beruffer, déi et get. An haut, no enger laanger Evolutioun, si fir ongezielte Leit hir Hausdéieren, op daat Hënn, Kazen oder Goldfësch sinn, wichteg Begleder an hirem Liewen, an trei Frënn am Alldag.

Ech hu mat dëse Feststellungen ugefaangen, well mer dru geleeën ass, datt mer d’Relatioun tëschent dem Mënsch an dem Déier vun Ufang un als eppes Positives solle gesinn. Deemno musse mer d’Thematik vum Déiereschutz och als eppes ugesinn, waat noutwenneg ass, well haut a verschiddene Fäll an a verschiddenen Situatiounen dës Relatioun net méi richteg interprétéiert gett. Déiere gin, méi oder manner oft vu Menschenhand mësshalndelt, si gi gequält, si ginn ouni Grond doud gemaach. Dëst ass d’Resultat vun enger Stéigerung vun eiser natiirlecher Relatioun mat den Déieren. Esou Praktiken, esou Machenschaften kënnen an däerfen net toleréiert ginn.

Déiere si lieweg Wiese wéi mir och. Si si keng Saachen, keng Objekter déi een einfach esou, mir neischt dir neischt ka eweg geheien oder nach Lust und Laune quälen kann. Dowéinst ass den Déiereschutz e wichtegt Uleies vun enger ziviliséierter Gesellschaft, déi de Respekt virum Liewen, an zwar vun allem Liewen, op hirem Fändele well stoen hun.

Här President,Déiereschutz ass net nëmmen eng Fro vum Prinzip. Et ass och eng Fro vun den Instrumenter, vun de Moyenën, déi ee sech get, fir en och ze garantéieren. An et ass eng Fro vun der Bewertung, déi den Déiereschutz an eisem Normesystem, an eiser Hierarchie vun de Regelen, anhëllt.

Haut ass den Déiereschutz an eiser nationaler Gesetzgebung op zwee Niveaue geregelt. Ee Mol am Code Pénal selwer, an eemol am Déiereschutzgesetz vun 1983. Doriwer eraus huet Lëtzebuerg eng Rei vun internationale Konventiounen ënnerschriwen a ratifizéiert, virun allem am Kader vum Europarot, déi eenzel Aspekter vum Déiereschutz oder den Ëmgang mam Déier betreffen.

Et kéint een unhuelen, daat géing am Fong geholl jo duer. Effektiv beinhalten déi national Dispositiounen, déi mer kennen, alles, waat se musse beinhalten: de Schutz vum Déier als Liewewiesen, den Ëmgank mat dem Déier, Detailregelungen a bestëmmte Situatioune wéi Déiereversich, déi zu Lëtzebuerg esou wäit ech weess kaum bis guer net bedriwe ginn, a Stroofbestëmmungen am Fall vun Zewiderhandlung. De Problem scheint awer virun allem deen ze sinn, datt en Déier selwer jo keng Plainte viru Geriicht ka maachen, wann et net esou behandelt get, wéi d’Gesetz daat virgeseit.

CSV Fraktioun an och CSV als Partei sinn der Menung, datt en effektiven an effikassen Déiereschutz an éischter Linn eng Affär vun deem Seriö ass, deen all eenzelnen him och zougesteet. Mir wëssen, datt d’Police sech haut ganz dacks schwéier deet, fir anzegräifen, wa se Fäll vun Déierequälerei gemellt kritt. Tatsächlech muss een jhust an disem Domaine awer och ënnerscheden kënnen tëschent Mengen a Wëssen. Well awer vill gemengt get, ouni datt gewousst ass, ginn Denonciatioune vu Verstéiss géint Déiereschutzgesetzgebung dann oft net mat däer néideger Prioritéit a Konsequenz behandelt. Domat kann natiirlech keen Déier sech eppes kafen. An ech soen direkt: déi beschten, déi vollstännegsten, déi ëmfaassendst gesetzlech Regelungen an dësem Beräich setze viraus, datt se och ugewandt ginn, an zwar ëmmer an an all Fall. Wann daat net gesechert ass, da sinn och déi beschten Texter näischt wert.

Tatsächlech huet sech an dene leschte Joaren a Joarzéinten de gesellschaftleche Wäert vum Déireschutz stänneg weiderentwéckelt. D’Bewosstsinn ëm d’Wichtegkeet an d’Néidegkeet vum Déiereschutz huet sech generaliséiert – kaum nach ee stellt d’Noutwennegkeet vum Déiereschutz haut nach a Frô. Dës Evolutioun huet sech zu Lëtzebuerg allerdengs nach net um Niveau vun der Formaliséirung vum Déiereschutz op héchstem législativem Niveau néiergeschloen.

Eng Ännerung vum Stellewäert vum Déiereschutz an eiser Normelandschaft ass vläicht ee Wee, fir méi an dësem Beräich no ze denken. Eng effikass Poursuite vun de Verstéiss géint den Déireschutz setzt jo viraus, datt e Bewosstsinn besteet, datt d’Mësshandlung vun Déieren eppes Graves ass, waat net ongestrooft bleiwen däerf. Duerfir sollte mer den Déiereschutz an de Rang vun engem Verfassungsprinzip, vun engem Staatsziel, wéi daat am däitsche Verfassungsrecht heescht, erhiewen.

E Konstitutiounsartikel zum Déireschutz géif dëst Uleies an deem wichtegste Gesetz, waat mer hunn – daat ass d’Verfassung – festschreiwen. Den Déireschutz wir duerno e verfassungsméisseg verbréiftent Recht, daat all Déier bei eis hätt. Natiirlech ass d’Wahrscheinlechkeet kleng, datt en Déier ewéi schons gesoot, säi Recht do selwer aklot, mee et geet hei drëms, datt mer um Niveau vun de Prinzipien en Zeeche setzen. Duerch d’Aschreiwen vum Déiereschutz an d’Verfassung geet et och nach kengem eenzelen Déier besser. D’Aschreiwe vun dësem Usproch an der Verfassung, esou en Artikel fir sech selwer betruecht, bewiirkt konkret nach näischt. Mee et ass eng wichteg symbolesch Démarche, d’Verfassung ëm esou eng Dispositioun ze erweideren, well mer domat den Déiereschutz zu engem konstitutionellen Ziel vun eiser moderner, demokratescher an ziviliséierter Gesellschaft maachen. Nach net ganz vill Länner hunn iwregens dëse Wee beschratt. Wa Lëtzebuerg daat elo als eent vun denen éischte Länner mecht, da setze mer domat och international en Zeechen, datt mer Déiereschutz eescht huelen an dru glewen, datt en och effikass garantéiert ka ginn, an datt virun allem déi, déi Déiere quälen, bestrooft ginn.

Domat wire mer da bei de Strofen. Souwuel de Code Pénal wéi och d’Déiereschutzgesetz gesi Geldboussen a Prisongsstrofe fir Leit fir, déi sech net un dës Dispositiounen halen. Doriwer eraus besteet nach eng Sonnerstrof bei esou Vergoen, an zwar d’Verbot, während enger bestëmmter Zäit een Déier ze halen. Dis Strofe si vun hirer Mooss hier, deliktuell Strofen. Vergoen géint d’Déiereschutzgesetzgebung sinn schlëmmer wéi falsch Parken oder ze séier mam Auto fueren, waat wuel och Kontraventioune sinn, mee manner schlëmm wéi Verbriechen, virun allem Gewaltverbrieche géint de Mënsch.

D’Klassifizéirung als Delikt an der stroofrechtlecher Betruechtung vum Déiereschutz ass also haut schons korrekt a richteg. Daat soll och esou bleiwen. Allerdings sollte mer um Niveau vun den Héchststrofen nach e bëssen an d’Luucht goen.Déi deliktuell Maximalstrof am allgemenge Stroofrecht si fënnef Joer Prisong. De Moment gesinn eis Déiereschutzdispositiounen Héchststrofe vu sechs Mäint bis zwee Joer vir – am Widderhuelungsfall kéinten se verduebelt ginn. D’CSV geséich et gäer, wa mer d’Héchststrofen, déi dës Gesetzgebung virgesäit, géifen op fënnef Joer unhiewen. Wann op enger einfacher Escroquerie, wéi z.Bsp. Bedruch, fënnef Joer kënne stoen, da besteet nu wiirklech kee Grond, en notoreschen Déierequäler je no der Gravitéit vu seinen Dooten, net och kënne mat fënnef Joer ze bestrofen. Et geet jo hei ëm eng Héchststrof. De Riichter kann an all Fall appréciéieren, op en iwerhaapt eng Prisongsstrof aussprécht, oder sech op e Protekoll beschränkt, an natiirlech kann en d’Prisongsstrof individuell zouschneiden. Duerfir mengen ech, datt et ubruecht wir, eng eenheetlech méiglech Héchststrof vu fënnef Joer Prisong an alle Konstellatioune vu Vergoe géint d’Déiereschutzgesetzgebung virzegesinn. Domat brénge mer zum Ausdrock, datt d’Quälen an d’Mësshandele vun Déiere kee Kavaléiersdelikt ass, wou am Regelfall héchstens eng symbolesch Prisongsstrof gesprach get, déi dann esou kuerz ass, datt se net emol muss ugetruede ginn.

Leit, déi mengen, si missten hir Roserei an hir Schlechtegkeet un engem Déier ausloossen, well daat sech jo – ausser et wir en Tiger, – net ka wieren, déi musse wëssen, datt se an Zukunft richteg bestrooft ginn. Déierquälerei, dat muttwëllegt Doudmaache vun Déieren, d’Mësshandele vun Déieren, daat sinn eeschthaft Delikter, déi och mussen esou behandelt ginn. Wie sech un engem Déier vergeet, vergeet sech un engem liewege Wiesen mat Geféiler, waat Angscht huet a waat sei Wéi genau esou spiirt ewéi e Mensch. Daat ass net, ewéi wann een eng Kéier an der Roserei mat engem Telefonsbuch geheit. A wann ee mengt, et misst een an der Roserei mat Telefonsbicher oder soss welche Gegestänn no Déiere geheien, da gehéiert daat bestrooft.

D’Déiere sinn an deene meeschte Fäll ze schwaach, fir sech selwer ze wieren – daat mussen d’Mënsche fir si maachen.

Wa mer scho beim Strofrecht sinn: de Code Pénal huet nach eng Parti Artikelen, déi aus däer Zäit stamen, wou d’Déiere virun allem landwirtschaftlech Notzdéiere waren. Do geet riets vun Duerchbrieche vu Clôturen, vun anere Leit hiren Déieren, zu denen ee sech an der Nuecht um Feld Zougank verschaaft huet, ouni duerfir eng Erlabnis ze hunn, an ähnleche Verhalen. Ech géif mengen, mir sollte kucken, déi ganz veralten Dispositiounen, déi et do nach am Code Pénal get, ze sträichen – déi erfëllen haut keen Zweck méi, an et ass am Fong net méi ubruecht, am Joer 2004 nach Texter ze hunn, déi zu revolutionärer Zäit, an zu Zeiten vum Napoleon Sënn nach haten. Wa mer also a Saachen Déiereschutz de Code Pénal an Ugrëff huelen, da sollte mer och hei en Toilettage maachen, deen enger moderner Gesetzgebung gutt zu Gesiicht steet.

Erlaabt mer och, dëse Volet ofzeschléissen mat enger ganz positiver Bewäertung vun eisem Déiereschutzgesetz an deem ganzen Ensembel vu Reglementer, déi am Verlaf vun dene leschten 20 Joer, während denen et dëst Gesetz elo scho get. D’Gesetz ass als Kader vum Déiereschutz vollstänneg genuch, fir kënnen effikass genotzt ze ginn, an déi Reglementer, déi op senger Grondlag geholl goufen, stellen e Netzwierk vun Detailregelungen duer, déi den Ëmgank mat Déieren an alle méigleche Situatiounen definéieren.

Här President,Déiereschutz huet och mat aartgerechter Haltung vun Déieren ze dinn. Daat ass wichteg doheem an an der Landwirtschaft, daat ass wichteg am Zoo, an daat ass wichteg, dorop kommen ech nach, beim Transport. Ier ech awer dee Volet beréieren, wollt ech eng Klammer maachen. Déiereschutz ass néideg, richteg a gutt, mee et däerf een en och net falsch verstoen, a virun allem net falsch interprétéieren.

Et get Aktivitéiten – ech haat esou eng a mengem Beruff als Metzler -do kann ee net just mam Déier zesummen daat maachen, waat d’Déier grad wëllt. Domat mengen ech elo net emol d’Schluechten – daat ass einfach noutwenneg an enger Gesellschaft, an däer et akzeptéiert ass a vun dene meeschte Leit gewënscht ass, datt Fleesch giess get. Nee, ech mengen zum Beispill, datt een enger Kou net kann esou laang fléiwen, bis déi vum selwen an en Unhänger klëmmt. Et gett nun emol ees Momenter, wou een dann nohëllefen muss. Nohëllefen, awer esou, wéi e Berouf oder eng Situatioun et verlaangt, net iwert d’Mooss vun deem Noutwendegen eraus. Dës Approche hu mer och am neie Landwirtschaftsgesetz verankert, andeems mer d’Konditionalitéit vu verschiddene Primen agefouert hunn. Ënnert de Konditiounen, déi fir d’Bezéie vu bestëmmte Bäihëllefe mussen erfëllt ginn, ass och den Déiereschutz an den adäquaten Ëmgank mat den Notzdéieren. Esou gett den Déiereschutz och iwert dise Wee gefördert. Ech schwetzen hei vum ? bien-être des animaux”.

Am Kontext vun der produktiver Landwirtschaft och e Wuert zu de Legebatterien fir Héiner. Lëtzebuerg huet hei eng Viirreiderroll ageholl, andeems et als eenzege Memberstaat vun der EU dës Batterien ab 2007 ganz verbitt. An dene meeschten anere Länner gëllt nach eng Iwergangsfrist bis 2012. Och op dës Manéier huet d’Regirung däitlech gemaach, ënnert dem Impuls vum Landwirtschaftsminister Fernand Boden, datt se Eescht mécht mam Ofschafe vun onwürdegen Praktiken, déi kengem liewege Wiesen, kengem Déier, kënnen an dierfen zougemutt ginn.

Ech kéim dann zum Déierentransport, um Enn vu menger Interventioun hei. Den Déierentransport ass e sensibelt Thema, well grad am Ubléck vun total iwerfëllte Camionën mat Schwäin oder Gefligel däitlech get, wéi onwierdeg mer am Fong Déiere behandelen. Mee daat ass en europäeschen, en internationale Problem, net esou séier e lëtzebuergeschen. Mir hunn hei am Land streng Regelen, déi sech op den Déierentransport applizéieren. Mee mir hu virun allem och keen Transportproblem, well mir hei zu Letzeborg u sech nemme kleng Distanzen ze fueren hun. Och an Europa hu sech am Verlaf vun der Zäit d’Regele verschäerft, déi op den Déierentransport zoutreffen.

Lëtzebuerg huet sech an der Unioun ëmmer derfir agesaat – an daat och heiheem esou praktizéiert – datt Déieren esou no wéi méiglech bei däer Plaz solle geschluecht ginn, wou se hierkommen, an datt domat d’Zeit vum Transport vu Schluechtvéih op e néidege Minimum géif reduzéiert ginn. Daat ass eis bis haut nach net ganz gelongen, mee d’Europäesch Unioun ass, och a speziell ënner eisem Drock, op deem richtege Wee. Mir hunn och ëmmer d’Iwerzegung gehaat, datt d’Fuerzäite beim Déierentransport aacht Stonnen net dierften iwerschreiden – an Europa verhandele mer de Moment e Maximum vu 9 Stonnen, deen à la rigueur och ze acceptéiere wier, wann contre-partie dovunner, d’Garantie vum ?bien-être des animaux” während dem Transport wier.

Op däer ganz kuerzer Transitstreck duerch Lëtzebuerg maache mer ganz streng Kontrolle vun Déierentransporter. Daat huet derzou gefouert, datt an dene leschte Joeren déi kontrolléiert Camio’en méi a méi och d’Regelen anhalen – waat ouni d’Kontrolle wuel kaum an deem Mooss de Fall gewiescht wir. Kontrolle sinn eben nun emol noutwenneg an enger Branche, déi dacks, och wéinst dem finanziellen Drock, deen op deem ganzen Fleeschsecteur leit, mat ganz hoarde Bandage schafft. Mee daat, Här President, waat mer hei am Land kënne maachen, gett och gemaach, fir datt den Déierentransport, souwäit en iwert Lëtzebuerg geet, op propper an anstänneg Manéier iwert d’Bühn geet.

Här President,daat war mäin Tour duerch d’Thematik vum Déiereschutz, ouni d’Juegt, wéi scho gesot, well mer déi gesonnert an enger spezifescher Debatt wäerten diskutéieren, an et elo kee Sënn mécht, d’Saache mateneen ze vermëschen. Ech mengen, datt mer zu Lëtzebuerg en anstännegt Regelwierk hunn, daat an deem Sënn, wéi ech et explizéiert hunn, nach ausbaufäheg ass, an datt mer eis a besonnesch sensible Beräicher, wéi de Legebatterien an dem Transport vu Schluechtvéih, an Europa als Pionnéier auszeechnen.

Et bleiwt als Konklusioun, waat ech och scho gesoot hunn, an zwar datt déi beschten Texter nëmmen dann effikass sinn, wa Kontrollen bestinn, a wa sech dru gehale get. Duerfir loosse mer den Déiereschutz zu engem permanenten Uleies maachen, an derfir suergen, datt d’Humanitéit vun eiser Gesellschaft sech och doduerch auszeechent, datt d’Mënschen zu Lëtzebuerg déi schützen, déi net kënne schwätzen a sech net kënne bekloen: d’Déieren, mat deene mer zënter dem Ufank vun den Zäiten zesummeliewen, an déi eist Liewen op vill Manéiere beräichert hunn, a nach beräichere wäerten!

Ech soen Merci fir d’Nolauschteren.

Lucien Clement

28/1/2004