CSV: de séchere Wee

Aus enger Radioemissioun “d’Parteien hunn d’Wuert” mat dem Generalsekretär Jean-Louis Schiltz op Radio 100,7

Et ass kee Geheimnis. D’politisch Debatte ennersträiche et. Lëtzebuerg fänkt un an d’ Wahlkampfféiwer ze kommen.

Bei der CSV sinn mer zwar nach nët am Walkampf mä d’Virbereedungen fir de Stëchdatum vum 13. Juni laafen op vollen Touren. Besonnesch gëllt dat fir déi intern Aarbechten an Aktivitéiten. Den organisatoresch-technesche Volet vun eiser Kampagne steet. Et gëtt och intensiv um Walprogramm geschafft. Op de Bezierkskongresser ginn d’Lëschten votéiert. Och de Motto vun eiser Kampagne ass fixéiert: d’CSV – de séchere Wee.

Och wann eis Virbereedungsaarbechten ugelaf sinn, esou wëlle mir awer keen Dauerwalkampf. D’Regiirungs- an d’Parlamentsaarbecht muss Prioritéiet bleiwen.
An dësen Zäiten wäer et falsch wichteg Decisiounen auszesetzen a noutwendeg Refornen an Entscheedungen “en suspens” ze haalen.

Stëchwuert Reformen: De Reformprogramm ass bis zum Schluss vun der Legislaturperiode nach gutt gefëllt. Ech erënneren hei beispillsweis un d’Regelung iwwer d’Partenariat oder de Referendumen.

All dës Diskussiounen däerfen nët duerch Wahlkampfpolemik zerappt ginn. Am Mëttelpunkt steet fir es d’Verbesserung vun der Liewenssituatioun vun de Mënschen an d’Organisatioun vun méi Matsproocherecht bei deenen Themen déi ech elo grad ugeschwaat hunn.

Et ass schlecht fir eist Land, wann an de nexte fënnef Méint Politik nach jhust mam Bleck op de Waldag gemaach géif ginn. Et geet schliesslech ëm d’Zukunft vun eisem Land.
Et ass dofir wichteg, déi Aarbechten, déi am Koalitiounsprogramm festgehaale sinn zu Enn ze féieren.

De Bilan, vun der Regierung léist sech iwwregens elo schons weise. Villes ass geleescht ginn. Lëtzebuerg steet besser do ewéi viru fënnef Joer:

  • Sozial Schieflaage sinn ausgeglaach ginn,
  • d’Matsproocherechte an d’Partizipatioun si méi grouss ginn,
  • d’Emfeld an de Kader fir eis Ekonomie sinn däitlech verbessert ginn e.a. duerch d’Steierreformen an de Joeren 2001/2002.
  • Eis Infrastrukturen sinn ausgebaut a moderniséiert ginn.
  • An Europa huet Lëtzebuerg seng fest Plaz.

Dat alles ass d’Basis fir d’Zukunft vun eisem Land.

Mat dëser Wäitsicht an alle politische Beräicher wëlle mir eis Politik weider féieren. Dat ass de séchere Wee, wéi d’CSV sech e virstellt.

D’CSV – de séchere Wee.
Wirtschaftlech Kompetenz mat sozialer Responsabilitéit.
Dofir sti mir.

(Aus enger Radioemissioun “d’Parteien hunn d’Wuert” mat dem Generalsekretär Jean-Louis Schiltz op Radio 100,7)