Zukunft vun der Finanzplaatz Lëtzebuerg – Eng fräi Tribün vum CSV-Députéierten Norbert Haupert op RTL Radio

Den CSV-Süddéputéierten Norbert Haupert fuerdert eng intelligent Nichenpolitik am Beräich vun der Finanzplaz
Zukunft vun der Finanzplaatz Lëtzebuerg

De Succès vun enger Finanzplaatz hängt vu ville Facteuren oof. Un éischter Stell vun der Stärkt vu senger Offer, d.h. vun der Zuel an der Competenz vu sénge Banken. Un zweeter Stell awer och vun dem Volume vu sénger Nofroo d.h. vun der Zuel an der Finanzkraaft vun de Clientën, déi sëch op deër Finanzplaatz bedinge loossen.

D’Decisioun fir eng Bank sëch op enger Plaatz ze établéieren gët op Grond vun enger Rei vu Kritäre geholl zu denen ënner anerem dat politescht, economescht an sozialt Ëmfeld, dee juristesch a steierleche Kader, d’Disponibilitéit vu qualifizéierten Aarbechter,esou wéi éischtklassesch Infrastrukture an de Beräicher Transport a Communicatiounen, zielen

E Spuerer décidéiert säi Geld do ze placéieren wou hien déi bescht Offer fënd, wou hien déi rentabelst Produkter vierfënd, wou en déi gënstegst steierlëch Optiméierung vu séngem Invest erwaard.

Den Succès vun eiser Finanzplaatz ass gréissten Deel op d’Wäitsichtvun eise successive Regierungen zeréckzeféieren, déi ët verstaan hun de juristeschen a steierleche Kader fir eis Banken esou ze gestalten, datt ëmmer erëm nei an interessant Produkter bei eis gebündelt konnte gin déi dem Client déi bescht steierlëch Optiméierung vu sengen Erspuernisser assuréiert hun.

Och an dëser Legislatur hun de Finanzminister Jean-Claude JUNCKER an de Minister vum Trésor Luc FRIEDEN eng Rei vu Gesetzesprojetën op den Instanzewee bruet déi de Kader vun eiser Finanzplaatz u nei Produkter a nei Aktivitéiten upassen. D’Steierreformen vun 2001 an 2002 hun och zur Verbesserung vun eisem Standuertvierdeel fir ausländesch Banke bäigedroen. Och hun eis Ministeren mat enormen Verhandlungsgeschéck zu Bréissel ee fir d’Zukunft vun eiser Finanzplaatz wichtege Kompromiss iwwer d’Quellesteier ausgehandelt. Doduerch hu se mol provisoresch d’Bankgeheimnis gerett wat zu enger wesentlëcher Berouegung op der Plaatz gefouert huet. Nei Gesetzesprojetën wéi déi vun der Titrisatioun, de Sociétés d’Investissement en Capital à Risque, an der Oofschafung vun der Duebelbesteierung op den Zënsen a Redevancen sin nach an der Maar.

Totz all dene Beméiungen sin d’Zäiten wou d’Clientën Schlaang stunge fir hiert Geld bei eis am Land ze placéieren eriwwer. Déi Produkter déi Lëtzebuerg an den 80er a 90er Joeren esou attraktiv gemeet hun gin haut och op anere Finanzplaatzen ugebued. D’Konkurrenz huet sëch wesentlëch verschärft. Dofir musse mär ëmdenken. Mär mussen an Zukunft eis Finanzplaatz dobausse besser verkafen a méi visibel machen, an eis Produkter besser commercialiséieren. Dofir musse mer eis ëmstellen. Nët méi am Guichet op de Client warden mais proaktiv op hien zougoen. D’Dingschtleeschtungen um Client méi personaliséieren an him méi globaliséiert Servicer ubidden. Dat bedingt natierlëch och eng Verbesserung vun de Kompetenzen vun de Beschäftegten op eiser Finanzplaatz an dat an de Beräicher vun der Fiscalitéit, dem Droit an de Sproochen.

Nët méi d’Souveränitéitsnischen mais éischter d’Kompetenznischen wärten d’Zukunft vun eiser Finanzplaatz bestëmmen.