Kandidatelëscht vun der CSV Bezierk Osten fir d’Wahle vum 13 Juni 2004

De Minister Fernand Boden als Spëtzenkandidat nominéiert

  • Fernand Boden, 60 Joer, Iechternoach
    Mathematiksprofessor
    Minister
  • Gaston Bohnenberger, 41 Joer, Bech
    Ingenieur vun der Telekommunikatioun
    CSV-Bezierkssekretär
    Member vum CSV Nationalkomitee
  • Lucien Clement, 56 Joer, Réimech
    Metzlermeeschter
    Deputéierte
    1. Schäffe
    CSV-Vizepresident
  • Marie-Josée Frank, 52 Joer, Ouljen
    Infirmière diplômée en soins palliatifs
    Deputéiert
    Buergermeeschtesch vun der Gemeng Betzder
    Bezierkspresidentin
  • Françoise Hetto-Gaasch 44 Joer, Jonglënster
    Educatrice graduée
    Gemengerot
    Animatrice bei RTL
  • Aly Leonardy, 53 Joer, Mäertert
    Bauer a Wënzer
    1. Schäffe vun der Gemeng Mäertert Wasserbëlleg
    Vizepresident vun der “Chambre d’agriculture”
    a vum Wënzerverband
    President vum Fonds de Solidarité Viticole
  • Octavie Modert, 37 Joer, Greiweldeng
    Juristin, Masters in European Studies
    Generalsekretärin vun der Regierung, 1. Regierungsrot
    Vizepresidentin vun der CSF Osten
    fréier Presidentin vun der CSJ Osten