Lëtzebuerg brauch e modernt Pressegesetz

De Laurent Mosar zum Pressegesetz am Cader vun der Emissioun “D’Parteien hun d’Wuert” op 100,7
“Lëtzebuerg brauch e modernt Pressegesetz”

Soziokulturellen Radio 100,7

D’Parteien hun d’Wuert

Laurent Mosar (CSV)14 Januar 2004

Léiw Nolauschterer,

A manner wéi 6 Méint sinn zu Lëtzebuerg Parlamentswahlen. Eis Regiirung huet eng Prioritéitelëscht matt dene Projeten opgestallt, déi bis den 19.Mé nach évacuéiert mussen ginn. Dorënner fällt och d’Reform vum sougenannten Pressegesetz.

Eng grondlégend Reform vun eiser aktueller Presselégislatioun, déi extrem repressiv ausgeluecht ass, an déi sech op en Text vun 1869 baséiert, huet sech quasi opgedrängt. Dobäi kënnt, daat sech de Beruff vum Journalist an den läschten Joerzéngten weiderentwéckelt huet, an daat déi nei Informations- an Kommunikatiounstechnologien Anzuch gehalen hun an ons lëtzebuerger Medienlandschaft. Duervir muss dësen Entwécklungen an engem neien Pressegesetz Rechnung gedroen ginn.

An dëser Reform geet et nët nëmmen drëm fir dem Journalist eng Reih Régelen, Rechter a Flichten opzeerléen. Daat neit Gesetz muss och dem eenzelnen Biirger an sengem Privatliewen e Maximum vun Schutz bidden. Et geet also drëm fir en Drohtseelakt zwëschent dem Prinzip vun der fräier Meenungsäusserung an dem Schutz vum Privatliewen vum eenzelnen hinzekréien.

D’Mediëkommissioun huet sech an méi wéi 15 Réuniounen intensiv matt dem Text befaasst, an doriwwer eraus verschidden Associatiounen héiren, denen hier Observatiounen zu engem groussen Deel an d’Arbechten vun der Medienkommissioun matt agefloss sinn. Den 9.Dezember huet d’Medienkommissioun méi wéi 30 Ännerungsvirschléi un de Staatsrôt weidergeleet. Ennert anerem gouf de sougenannten Kaskadenprinzip, also d’Responsabiliséierung souwuel vum Journalist, wéi och vum Editeur, deen aus dem ursprünglechen Text erausgeholl gouf, erem an den Text intégréiert. Des Weideren gesäit den Text elo och fir, daat d’Journalisten, wéi all Biirger an desem Land weiderhin kënnen op Grond vun den Artikelen 1382 an 1383 aus dem Code civil an hierer Verantwortung belaangt ginn.

Déi betraffen Beruffsverbänn hun awer och kritiséiert, daat d’Kommissioun d’Regiirungsvirlaag duerch déi étlech Ännerungsvirschléi verwässert hätt. Eng Kritik, déi fir mech als Präsident vun der zoustänneger Medienkommissioun schwéier no ze vollzéien ass, well déi allermeescht Dispositiounen aus dem Regiirungstext iwwerholl gi sinn. Nëmmen e puer Artikelen huneis dozou bewegt fir den Text punktuell ze verbesseren, an daat am Interessi vum Journalist.

Eng aner Kritik betrëfft d’Gesetz vum 18.Abrëll 2001 iwwert d’Droits d’auteur, e Punkt wou d’Kommissioun, iwwregens zesummen mam Staatsrôt, befonnt huet, daat d’Fro vun den Droits d’auteur och fir Journalisten am béschten duerch dëst Gesetz gerégelt ass, waat deemno am béschten duerch eng entspriechend Gesetzännerung vollzun gëtt. Daat betreffend Gesetz berout iwwregens op de selwëchten Prémissen wéi daat neit Pressegesetz, an deemno stinn déi zwee Gesetzer a kéngster Weis a Widdersproch.

Den virleienden Text ass e modernen Text, deen a senger Intégralitéit de Bestëmmungen aus der europäescher Menscherechtskonventioun entsprëcht. De fortschrëttlechen Grondgedanken gëtt duerch déi parlamentaresch Arbecht net ennerhielecht, mä villméi ennerstrach, well et déi demokratesch Gewielten sinn, déi sëcher stellen, daat mer eng zäitgemäss an modern Presselégislatioun kréien. n deem Sënn wärt d’Medienkommissioun alles drun setzen fir zu engem schnellen Ôfschloss ze kommen. E modernt Pressegesetz ass am Interessi vun den betraffenen Beruffsstänn an net zu läscht vun all Biirger an eisem Land. Ech soen Iech Merci fir är Opmierksamkeet.

Laurent Mosar

14/1/2004