De Jean-Marie Halsdorf hëllt Stellung zu de Regierungsamendementer fir de Staatsbudget 2004

Här Präsident,

dir Dammen an dir Hären,

Ech soll haut zum Ofschluss vun de Budgeesdebatten den Rapport complémentaire vun de Finanzkomissioun zum Budget 2004 maachen.

Wann ech Diskussiounen esou zereckkuken, hunn ech Gefill dat dese Rapport a muenchen Rein déi néideg Unerkennung fonnt huet, fir dat doraus déi néideg Konsequenzen gezunn kenne ginn.

Den Eescht an Dimensioun vun der Problematik schengt erkant. Schwarzmolerei gehéiren zum politeschen Spill, gerad esou wéi iwwerdriwwer Formuléirungen à la ? après nous le déluge”.

Ech mengen bei esou Spillereien an Appréciatiounen maachen eis Matbierger “la part des choses”

Wichteg ass dat de Message verstane gett, dat mir alleguer esou Politik maachen dat déi grouss zukünfteg Erausfouderungen europaweit, régional an lokal kenne verschafft ginn esou dat mir weider eise Roll, eise Stellewert an der EU, an der Welt, kennen assuréiren.

Ech erwaarde mer dat e Ruck durch eis Gesellschaft geet, an dat net nemmen politeschen Kalkül zielt. Ech kommen zum Rapport complémentaire als solchen. Den ekonomeschen Kontext huet sech an de leschten Deg, zenter der Présentatioun vum Budget 2004 net verännert, wann och d’Festhuelen vum Saddam Hussein dem Terroristen-Virus eng Nidderlag zoufügt, wou awer och gewosst ass dat esou Liewewiesen sech nees ganz schnell replikéiren ouni dat een dat onbedingt mierkt.

Déi courant Recetten vum Budget gin an der amendéierter Versioun net méi 2.28 % zereck mee nemmen 0.99 %. Déi courant Ausgaben ginn vun 5.08 op 5.22% erop par rapport zum gestëmmten Budget 2003.

Kapitalrecetten gin en 414.09 % erop, Kapitalausgaben ginn em 19.42% erof dat alles zum gestemmten Budget 2003. Déi viraussiechtlech Recetten sinn also folgend – se ginn em 2.5 mio erop – IRC Kollektivitéits- 50 Milliounen op 1.1 Milliarden Gehältersteier plus 20 Milliounen Verméigenssteier plus 20 Milliounen Einnahmen vun der UEBL Douane an Acziesen plus 30 Milliounen Taxe d’abonnement minus 25 Milliounen TVA plus 80 Milliounen, hei sinn jo AOL an Amazone net ganz onschelleg.

Global gekuckt, leien des Plus a Moins Valuen an deenen Tendenzen déi och am schreftlechen an mendlechen Rapport opgefouert goufen.

Ech mecht also net vill Senn des Variatiounen haut an hei nach eng Kéier ausféierlech ze kommentéiren.

Aus desem Zuelencocktail huet sech erginn dat den Emprunt em 80 Milliounen erofgesat konnt ginn, wou raus jo dann den Budgesdéfizit nemmen méi bei 84.2 mio géint 87.9 Milliounen virdrun leit an och weider iwwert Reserve budgétaire finanzéiert gett.

Nei ass awer dat Suen vum Emprunt ausschliesslech an langfristeg Investen, dat sinn Bunn a Strooss, erafléissen, wat jo dem Geescht aus den Avien vun villen Berufskummeren an och der Cour des Comptes entsprecht.

Et muss een och nach ervirstreichen dat d’Amendementer vun der Regierung méi déif sinn wéi Provisioun vun 12 Milliounen Euro déi am original Budget virgesinn waren.

De Budgetdéfizit bleiwt nach weit vun den 3 % déi am Stabilitéitspakt stinn ewech. D’Verscheldung vum Staat leit bei 1.8 % vum PIB an COFIBU distanzéiert sech wider zu den Théorien déi behaapten eisen Défizit wär 3.7 % vum PIB.

Klammer op, hei bleiwt och festzestellen dat déi neiesten Zuelen an Tendenzen vun der letzebuerger Zentralbank, och neischt fundamental Neies soen par rapport zu dem wat am schreftlechen Rapport zum Budget steet.

E puer Kommentaren zu eenzelnen Artikelen vum Budgetgesetz. Hei verweisen ech och op de schreftlechen Rapport an och de Rapport complémentaire.

Hei elo e puer Kommentaren zu amendéiert Artikelen, déi déi am meeschten erfirstreichen.

Art 1. Desen hällt elo a wéi all Joer déi définitev Beträg vun Recetten an Ausgaben fest.

Art 2. Iwwer desen ginn Steiergesetzer verlängert

Art 3. Hei ginn Coeffizienten vun der Akommessteier festgeluecht, Dest geschitt all 2 Joer.

Des Koeffizienten spillen och beim Festléen vun Loyeen an beim Invest vu Kapital. Gesetzlech ginn d’Loyeen ower an engem 3 Jores Rhythmus festgeluecht wouduerch Diskordanzen an der Reévaluatoiun vum Loyer par rapport zum Kapital entstinn. Sollt Legislatioun iwert Loyer iwwerkukt ginn, misst den Terme vun der Adaptatioun vun de Loyeen mat der vum der Reevaluatioun vum Kapital iwwer enée gestemmt ginn

Den Art.7 wou et em Akziesen geet huet missen amendéiert ginn. Desen leet verschidde Sätz vum Tubak fest wou den Tabac à fumer fine coupe fir Cigaretten ze rullen vun 36% op 31.5% fixéiert gouf. Desen eischten Taux woar falsch agedroen.

Zu Art.8 an engem neien Artikel 9An gin Tauxen fir Energie festgeluecht.

Am Art.8 geet et em déi Tauxen fir Elektrësch an am Art.9 em geet et em de Verbrauch vun Gaz wou eng nei europäesch Direktiv 2003/96/CE emgesat gett. Des leet minimal Sätz fir Energieträger wéi Gaz, Kuel oderr Elektresch fest. Hei gett et Iwwergangsbëstemmungen, déi mir applizéieren, esou dat de Saatz fir Heizgas op 0 Akziesen fixéiert gëtt, bei LPG Gaz fir den Auto gett den Taux op 5 Euro pro Gigajoule fixéiert.

Art.10 Hei gett Contribution sociale fir an den Aarbechtfong festgeluecht an zwar op 70 Euros op 1000 Liter.

Durch des Eropsetzung gett den Impakt vun der Contribution sociale méi héich wéi deen vun der Solidaritéitssteier am Speisen vum Beschäftigungsfong.

Hei wärft de Staatsrot d’Fro op, op déi verschidden Finanzquellen vum Beschäftigungsfong net d’selwecht misste behandelt ginn am Kontext vum Budgetsrecht.

Solidaritéitssteier get nämlech iwwer den ordinären Budget verrechent, déi esou genannten Sozial Contribution steeet ower am Budget pour ordre.

An den aneren EU Länner gett d’Aarbechtsloosegkeet ower iwwer Cotisatiounen financéiert.

Des Finanzquelle fennt een also an desen Staaten net am ordinären Budget erem, wou bei eis awer Solidaritéitssteier nach emmer am ordinären Budget steet.

Et stellt sech also d’Fro, op net hei zu Letzebuerg, par analogie, well mir jo eis bugétaire Performancen no de selwechten Critèren mussen opstellen wéi déi aner Staaten, net déi selwecht Logik sollt zielen. Daat heescht mir missten d’Solidaritéitssteier och aus dem ordinären Budget eraus huelen. Dest misst natierlech juristesch ofgeklärt ginn.

Zum neien Artikel 12 ass ze soen daat déi institutionnell Geldfongen vun der Abonnementstaxe ausgeschloss ginn. Des belleft sech jo op 0.01%. Des Initiativ schengt logesch well doduerch éventuell verschidden Fongen weider zu Letzebuerg bleiwen. Tatsächlech, huet vun den 10 gréissten europäeschen Investfong Leaderen jhust nach een hei zu Letzebuerg seng Institutionnel Fongen domiciliéiert, derbaï hunn des Gesellschaften ower déi aner Fongen bei eis domiciliéiert.

Des Demarche mecht also Senn well am Kader vun eventuellen ausstehenden Fusiounen an dere Finanzwelt, hei kinnten Restrukturatiounen kommen déi sech négatiev géint Letzebuerg als Fongeplaatz kinnte riichten. D’Chamber schengt des Appréciatioun ze deelen. Hoffentlech huet des Mossnahm déi richteg Signalwierkung an desem Komplexen Beräich.

Am Artikel 16 gëtt de generellen Prinzip keng permanent Aarbechtsplaatz ze schaafen am Joer 2004 ausser wann eng Noutwendegkeet kann beluecht ginn a wann et em Besetzen vun enger besteehender Aarbechtsplaatz geet, festgeluecht. De Staatsrot wollt hei generell Reegelen opstellen fir onbefristet a befristet Aarbechtsverträg. Derbai ginn befristet Verträg iwwert ee fixen Kredit gereegelt an de Ministère muss d’Noutwendegkeet beweisen. De Staatsrot wollt des Klausel ophiewen, woumat COFIBU net d’accord ass.

Hei gouf desweideren esou amendéiert dat niewt Aarbechter an Employeen och Fonctionnären déi Deelzaïtaarbecht maachen éligiebel sinn. Schliessllech ginn iwwer desen Artikel Bëschaarbechter, 290 un der Zuel, vum Staat agestallt, op se an Staats- a Gemengebescher schaffen oder och nach a Bescher déi öffentlechen Anstalten ungehéiren. Des Décissioun geet op en Audit zeréck. Heimatt gett och am Amendement No 12 d’Gesetz vun der administration des eaux et forêts ugepasst.. Den Staatrrot ass d’accord fir den Artikel 12 vum Gesetz vum 4. Juli 1973 iwwert d’Réorganisatioun vun den Waasser- a Forstverwaltung iwer seng Proposition de texte ze änneren an zwar esou dat all Unwendungsmodalitéiten iwert 1 RGD ofgeweckelt kenne ginn, och wann sou Ännerungen iwwert d’Budgeesgesetz net déi bescht Léisung sinn. Am Artikel 17 geet et drem fir auslännesch Mataarbechter beim Staat, bei Bedarf anzestellen, zum Beispill bei der Présidence déi elo usteet. Hei hällt d’Komissioun sech eischter un d’Regierung wéi de Staatsrot. Desen wollt eng generell Léisung bei befristeten Verträg fir EU Bierger am Fall wou keng Letzebuerger Kandidatur do wär.

Wichteg schengt mer am Kader vum neien Artikel 33, och nach ervirzesträichen dat de Staat ee weidert Joer Hellefen am Précoce virgesäit, Hëllefen déi et säit 1999 gëtt an déi sech op 50 % belaafen. De Staatsrot huet hei och keen Kommentar gemeet.

Am Artikel 43 ass et méiglech de Schinnefong iwwert Emprunten ze speisen, wat bis haut net méiglech war.

Am neien Artikel 46 geet et em den nationalen Kulturfong.

Hei mussen déi 3 Héichschoulinstituter wéi se virgesinn sinn, durch eng juristesch Struktur an zwar déi vun eiser Uni Letzebuerg ersat ginn. Des Demarche mecht bei Staatsrot keng Problemer.

Dofir wellt de Staatsrot awer eng Opposition formelle maachen am Fall wou Associatiounen déi eng “activité notable” hun , am Text vum Artikel bestoen bleiwen.

De Staatsrot geseit Problemer well op der enger Säit Gesellschaften éligibel sin fir desen Fong wann d’utilité publique ausgeschwaat ginn ass. Eng Utilité publique gesäit nun emol em prézies Prozedur mat exacten Kritérien fir. Déi aner Gesellschaften déi laut Regierungstext éligibel wären, sinn déi déi eng “activité notable” opweisen. Hei besteet oweree gewëssenen “arbitraire”, well esou eng Terminologie ass net prézies. De Staatsrot verlangt hei eng Prozedur fir een Agrément ze kréien. Dest kinnt duerch ee RGD gereegelt ginn. De Staatsrot berifft sech hei op de Prinzip vum der Glaïchheet virum Steiergesetz. D’COFIBU schléisst sech deser Fouderung un.

Och den neien Artikel 47 huet munch Kommentaren bruecht. Hei geet et drëm fir Kotisatioun vun der AD fir 1 Joer vun 45 op 40 % erof ze setzen. Des Problematik hat ech schon am mëndlechen a schrëftlechen Rapport ugeschwaat. Hei mussen Reserven bleiwen déi bei 20 % vum jährlechen couranten Ausgaben leien. Hei bleiwt genuch Spillraum an déi 11 Milliounen Euro em déi et hei geet, sinn aus finanztechnescher an gesetzlecher Optik net problématesch, well de Saatz par rapport zu den ordinären Ausgaben wärt fir 2004 bei 47 % leien.

De Staatsrot ass d’accord insoufern dat desen Mecanismus eemoleg ass. Dest huet jo d’Regierung och esou libelléiert an déi meescht Parteien kenne mat der Mossnahm an esou enger Approch liewen.

Am neien Artikel 48 geet et jo drem 130 Milliounen vun der Pensiounsversecherung op Krankeversecherung emzebuchen fir esou den Défizit auszegläichen. De Staaatsrot ass net averstaan mat deser Léisung. D’Regierung konnt sech hei op ee Konsensus vun der Tripartite baséiren. De Staatsrot hofft staark dat des Operatioun eng eenzegaarteg bleiwt. Hei gouf jo net nemmen vum Staatsrot Fouderung no Léisungen an der Krankeversecherung, opgestallt.

Ech mengen, mir sin eis all eens, also unanim, dat an desem Beraich een akuten Handlungsbedarf besteet.

Schliesslech nach den Artikel 42 no de aaler Versioun. Well de Staatsrot den 28 november 2003 mat engem PL deen Regierung autoriséiert fir 2004 Emprunten ze maachen, befaasst gouf, get desen Artikel iwwerflësseg. Dese PL 5255 gouf och den 3.12.03 an der Chamber déposéiert, a schon den 9 Dézember vum Staatsrot aviséiert an den 11.12.03 gouf de Rapport ugeholl. Stellt sech glecklecherweiss net d’Fro, wat geschitt wär wann de Staatsrot net esou schnell aviséiert hätt a wann Budgeesgesetz ouni desen PL hätt misse gestemmt ginn.

Als Rapporter vun desem PL 5255 och nach kurz op dest Gesetz agoen dat mat desem Budgesgesetz gestemmt gett. D’COFIBU hat jo am schreftlechen Rapport verlangt, ee spezial Gesetz virzeléen, well een spezial Artikel am Budgeesgesetz, der Verfassungsoplag laut Artikel 99 net gerecht gett. Hei steet nämlech geschriwwen: “Aucune charge grévant le budget pour plus d’un exercice ne peut être établie que par une loi spéciale”. De Staaatsrot stellt fest dat Demarche fir Emprunten opzehuelen an der Logik leit vun der Budgetspolitik vun der Regierung, hien wellt a sengem Avis net weider op des Problématik, déi d’Finanzkomissioun opwerft, agoen.

Ze oft gouf an de leschten Joren op Basis vun desem Artikel 99 kontrovers diskutéiert esou dat et giff Senn maachen hei définitiv, kloer an ausféierlech ze légiféréiren, am PL 5255 ginn jo 70 Milliounen fir an de Stroossefong an 50 Milliounen fir an de Schinnefong geléint, déi 80 Milliounen déi jo laut original Budget zousätzlech géléint sollte ginn fir de Budget ze équilibréiren, ginn also net méi gebraucht. Des lescht Démarche wor jo kritiséiert ginnDéi Empruntpolitik wéi se hei vir leit, fennt der géint e groussen Konsensus an esou huet och de Staatsrot wéineg zu desem PL ze soen. Suen déi iwwer méi Generatiouen geléint ginmn kennen och iwwer méi Generatiounen zereckbezuelt ginn. Desen Prinzip kann a soll laut verschiddenee Wirtschaftsthéorien systématesch a konsequent applizéiert ginn fir esou nach méi Spillraum an der Recettepolitik ze kréien an déi no ennen unzepassen fir de Moart nach weider ze dynamiséiren. Des Theorie fennt ower keen Uklang bei de letzebuerger Regierungen an dat seit dem Här Werner als Staatsminister. De principe de précaution soll spillen an et soll nemmen esou mann e wéi méiglech geléint ginn.

A grad desen generellen Principe de précaution an der Budges- a Finanzpolitik bezuelt sech haut aus. Gerad dofir behale mir Spillraum fir anti zyklesch Finanzpolitik.

Ech giff iech also bieden desen PL ze stemmen, well e jo kloer an der Logik vun der COFIBU leit.

Ech soen iech Merci