De Jean-Marie Halsdorf zum Budget 2004

De Budgetsrapporteur schwätzt iwwert den Ufank vun enger neier Ära
Här President, dir Dammen an dir Hären

“La reprise de l’économie mondiale devrait enregistrer en 2003 la plus faible performance de toutes les reprises cycliques connues depuis la seconde guerre mondiale.

Les caractéristiques principales en sont une dépendance excessive à l’égard des Etats-Unis, la persistance de capacités de production non utilisées et des pressions déflationnistes.

Le produit intérieur brut (PIB) mondial devrait croître en 2003 de 2,1 % (l’économie mondiale est considérée comme étant en récession si la croissance du PIB est inférieure à 2 %).

Néanmoins, la reprise est amorcée aux Etats-Unis, dans les pays de l’Europe de l’Est et dans les pays asiatiques.”

Des Citatioun aus de Rapport de Gestion vum 3 Trimester vum Groupe Arcelor iwert dat wirtschaftlech Emfelt setzt kloer de generellen Kader vun der Weltkonkunktur an der mer eis bewegen

USA erhule sech lues a lues, an d’Wuestums zuelen déi virun e puer Deeg veröffentlecht goufen weisen Progressiounen wéi scho lang net méi.

Der niewt ass awer gewosst dat seit dem Irak Krich Staatschold vun den USA ganz héich ass, an den Ratio Euro/Dollar huet déi symbolesch Marque 1.20 iwwerschratt, wat d’Exportatioun aus de EU eraus net méi einfach mecht an domat eiser Ekonomie en Dämpfer opsetzt. Derbaï ass eis Wärung net esou staark, mee den Dollar ass esou schwaach.

De chinesche Yuan huet och e schwache Kurs an dréit dodurch secherlech och derzou bei, dat d’Exporter aus China klammen esou dat dest Land sech schnell a gudd entwekelt am asiateschen Raum, an dat ganz zum Leidwesen vu Japan, dat dat schlemmst vun enger Deflatioun iwwerstoen konnt, Japan ee Land dat awer nach Zaït wärt brauchen fir sech ze consolidéiren.

Déi gescheitert Négotiatiounen vun der Welt Handel Organisatioun OMC zu Cancun hun déi wirtschaftlech Lag an der Welt och net besser a méi transparent gemaach.

Zu Cancun konnten keng global Visioun, keng global Regelen fir d’Weltwirschaft opgestallt ginn.

OMC ass paraliséiert.

Fronten härten sech teschend Nord a Sud, teschend arm a reich.

Et kennt ee Bild op wéi wann nemmen kommerziel Intersse am Welthandel spille giffen an Géigner vun der Mondialisatioun zéien an FeldKurz gesoot: Weltekonomie huet de Schnapp, an den Terroristenvirus huet net wéineg Schold drun.

Déi aktuell international Konjuktur charakteriséiert sech och dodurch dat Weltmärt eng grouss generell Onsecherheet ausstraalen

Boursen hu sech zwar generell stabiliséiert, mee Wuestumsprognosen ginn an de leschten Méint nach emmer no ennen ugepasst an den schwaachen Dollar brengt besonnesch Opschwong do, wou de grénge Billjee d’Referenzwährung ass – am EU-Raum ass daat net de Fall.

Sollt et, esou wéi déi kierzlech veröffentlecht Wirtschaftszuelen et undeiten, en nohaltegen Opschwong anden USA ginn, da kréien mir desen irgend eng Kéier och ze spiren – mee mat méi Décalage an der Zäit, wéi daat bis elo ëmmer war, well Däitschland, dee klassesche Relais vun esou enger Opschwonkvermëttlung no Europa, an däer déifster Kris zënter den 30er Joere stécht.

Europa gett ee Bild of mat wéineg Wuestum. Frankreich, Deitschland an Italien maaachen eleng ¾ vum PIB an Europa aus. An derbaï ass gewosst dat eis Nopeschlänner, Deitschland a Frankraich a Rezessioun sinn. Deitschland kritt 0 Wuestum fir 2004 virausgesot, an a Frankreich geet et kaum besser.

Dobaï gett et immens Budgeesdéfiziter an dese Länner an elo ass et gewoost: Frankräich an Deitschland respektéiren Maastrichtkriterien net, sie brengen et net färdeg an dest ass ouni Zweifel en neien Moment, well grad gemeinsam Stabilitéitskritérien dozou sollten dingen, dat an allen Länner vun der EU déi selwecht Budgéspolitik sollt gellen fir eng concertéiert Finanzpolitik an der EU ze garantéiren.

D’Situatioun an der EU ass komplex, well et EU-Länner wéi Irland an Griechenland get, déi nach wirtschaftlech progresséiren an der niewt wärt ab 2004 den Dynamismus vun den neien EU-Beitrettslänner secherlech munch freschen Wand an eis verstepsten Wrtschaft bloossen. Desen Emstand wärt och zu enger besserer Integratioun vun desen Staaten féiren. Si kënnen eng dreiwend Kraaft an der europäescher Ekonomi ginn.

Gewoosst ass dat Letzebuerg am Kielwaasser vun de groussen Ekonomien vun Frankraich an Deitschland leit. Eis Noperen sin eis eischt Handelspartneren, hieren Zoustand conditionnéiert an engem geweesen Emstand, eis wirtschaftlech Entwekelung

Wa mir je eng Kéier eng Insel an Europa waren, haut si mir dat net méi. Eis Souveränitéitsrechter goufen an de leschten Joer anescht configuréiert.

An der letzebuerger Wirtschaft bléist de selwechten Mondialisatiounswand, wéi an den aneren EU Stataen. Mir verzeechnen zënter 2001 e vill méi luese wirtschaftleche Wuesstum, an eis kurzfristech Perspektieven hänke ganz staartk vun dene vun eisen Noperen of. Mir hu glécklecherweis awer haut déi selwecht Wärung an 12 vun den EU-Memberstaaten, waat e wichtege Stabiliséirungsfakteur ass; well hätte mer zum Beispill beim Krich an Afghanistan national Wärungen gehat, dat hätte Spekulatioun a Währungsturbulenzen eng concertéiert Relance an de EU nach méi a Fro gestallt.

Teschend Wirtschaft an Politik spillt den Euro eng wichteg Roll. D’Inflatioun am EU Raum leit em 2 % an schengt am Greff. Den Euro Kurs mecht zwar mettel- bis langfristeg staabel wirtschaltlech Planungen a Viraussoen net einfach.

Virun nëmmen zwee Joer goufen hei an der Chamber an dem Kader vun de Budgesdiskussiounen Previsiounen diskutéiert iwert e mëttleren Euro Kurs vun 0,85 par rapport zum Dollar während dem Joer 2002. Haut leie mer bei 1,20 Dollar fir en Euro, eng Steigerung vun méi wéi 41 %. Et scheng wéi wa mir nach weit vun enger langfristecher Paritéit teschend Euro an Doller ewech wären.

Wie as et mat der lezebuerger Wirtschaft?Eis national Ekonomie ass nemmen lues gewues am Joer 2003.

De Wuesstum hei am Land luch teschend 1995 an 2000 an der Jores moyenne, bei gleichen Praiss, nach bei 7.2 %, Hellt een de Wuestum vun 1985 bis 2001, dann hu mer nach eng Moyenne vun 5.6 %.

Hellt een Joer 2000 woren esou guer quasi 9 % Wuesstum ze verzeechnen, no siwen an engem halwe Prozent am Joer virdrun. A kukt een dann deWuestum vun 2001, dann leien mer nemmen méi bei 1.2 %. 2002 an 2003 situéiere mer eis an dene selwechte Paragen. An de leschten Joren, seit 2001 schreiwe mer also vill méi kleng Wuestumszuelen.

Dat letzebuerger statistescht Amt, de Statec hat an senger Note 2/2003 vum Juni dest Joer nach 2.8% Wuestum fir 2004 tabléiert, mee a senger dretter Note e puer Méint méi spéit woren dat nemmen méi 2.0 % déi fir 2004 virausgesot goufen. D’Europäesch Kommissioun geet vun 1,9 Prozent aus.

Wuestumsprognosen sinn an der lescht meeschtens no ennen ugepasst ginn

Iwwerdriwwene Pessimismus ass awer net ubruecht, mir sinn net an der Rezessioun – duerfir erfëlle mer déi objektiv Kriterien net, duerfir misst een an zwee Trimesteren noeneen Negativwuesstum verzeechnen, an daat ass bei eis net de Fall – et war en net, an et get en och net, wéi et elo ausgesäit.

Mir hunn eng gesond Nationalwirtschaft wat jo och verschidden Berufskummeren ennerstrach hun. Trotzdeem ass Virsecht gebueden well net nemmen a leschter Zaït goufen et falsch Previsiounen.

Ech well elo kurz op déi wirtschaftlech Aktivitéit vun den eenzelnen Sekteuren agoen

An der Industrie, déi nach just gutt 10% vun eisem PIB aus mecht an am besonneschen an der Stolindustrie, wou mer jo hei zu Letzeburg de Grupp ARCELOR hun, ass folgendes ze soen:

An West Europa ass Produktioun vun Bruttostool an den eischten 9 Meint vun desem Joer em 1.4% geklomm, an der EU huet se stagnéiert, de konsolidéierten Chiffre d’affaire vum groupe Arcelor ass och en 1.9 % zereckgaang, och Nettoschold vum Grupp ass zereck gang, den Ratio Nettoschold/Eegenmettel ass vun 0.75 op 0.65 erofgaang.

Doraus kann ee schléissen dat et eiser traditionneller Schwéierindustrie den Emstenn entspriechend net esou schlecht geet, besonnesch och wann Perspektieven déi sinn dat Weltwirtschaft 2004 em 3.2% progresséiren wärt an déi industriell Produktion em 4.3% klamme wärt wou se dest Joer nemmen bei 2.0 % luch.

An der Konstruktioun, leien mer nach relatiev heich an der Aktivitéit, och wann Carnet net méi esou voll sin wéi nach viru Joren. Am Héichbau geet et nach besser wéi am Genie civil; luch Joers- Moyenne bei Ausschreiwungen am Genie Civil an de leschten Joren nach bei 239 mio, esou ass se am Joer 2003 op 174 mio zereckgaang, dat maachen trotzdeem 27 % manner aus. Bei Aarbechten fir Gemengen geet den Optragsvolumen vun 80 op 60 mio erof, bei den Autobunnen vun 30 op 12 mio.

Hei zu Letzebuerg sinn ongeféier 3000 Aarbechter am Genie Civil beschäftegt. Déi 27% manner Opträg géifen also plus ou moins 800 Aarbechter ausmaachen, déi am Fong deemnächst keng Aarbecht méi hätten.

Derbai ass och nach gewosst dat net all öffentlech Investgelder an letzebuerger Betrieber fléissen. Bei groussen Aarbechten wéi zum Beispill am Bau vun der Nordstrooss ginn bei Ausschreiwungen, Gelder an Ausland, well d’Aarbechten ee speziefeschen know-how viraussetzen deen et net hei zu Letzebuerg gett, zum Beispill am Tunnelbau

Giwwen Aarbechten opgedeelt ginn, zum Beipill beim Bau vun Tunellen, kinnten Preparatieven separat ausgeschriwwen ginn, da kinnten Letzebuerger Entreprisen matbidden. Esou hätten zum Beispill bei enger Aussschreiwung am Kader vun der Nordstrooss 40 mio vun 148 mio am Ganzen u letzebuerger Betrieber fléissen kennen.

D’Chiffren am Sekteur Transport a Kommunikatioun stagnéiren.

Am HORECA Beraich do geet et zereck. Zuelen aus dem eischten Semester 2003 weisen e Minus vun 7% fir Hotelen, 8% fir Restauranten, an 10 % fir Caféen.

Den Sekteur Commerce, deen hällt sech.

An d’Servicer, dat heescht den Immobilier, Locatioun, Informatik, R&D an Servicer fir Betrieber, déi progresséiren em 8 % am eischten Semester.

D’Assurancen ginn esou guer em 8.42 % ann den eischten 9 Meint vun desem Joer an Luucht.

Eis Finanzplaatz bleiwt jo laut PriceWaterhouse Barometer attractiev bis ganz attraktiev fir 87 % vun de Gefrooten an se behällt Vertrauen bei 73 % vun de Leit, obschon déi europäesch Spuerdirektiev an d’Amnistien zum Beispill an der Belsch an an Italien, Spueren hannerlooss hunn.

Wéi séier et an déi eng oder aner Richtung goen kann, beweist zum Beispill d’Entwecklung vun der Taxe d’abonnement, wou mer viru Joren phänoménal Plus-valuen geschriwwen hunn an wou mer jo elo iwer een Amendement vun eiser Regierung esou weit ginn dat mer des Taxe vir institutionell Fongen esou guer ofschaafen. D’Abonnementstax huet an dësem Land scho villes finanzéiert – mee mir kënnen hir Recette kaum steieren, well déi am wesentleche vu Boursecouren oofhänken, iwer déi déi Lëtzebuerger Politik net bestëmmt.

E puer Iwerleeungen zum Chômage

Op den 27 November 2003, ass hei zu Letzebuerg eng symbolesch Grenz iwerschratt ginn: 8204 Chomeuren, dat heescht ee Chomage vun 4 % vun dene Leit, déi kéinten a wéilte schaffen.

Op déi eischt 9 Meint vun desem Joer ass de Chomage em 27 % geklomm, an hellt een déi indemniséiert da maachen dat esou guer 45 %.

Et goufen och manner Aarbechtsplaatzen geschaafen; woren et der nach 8000 am Joer 2002, esou sinn et der nach just 6347 vun September 2002 op September 2003.

Et fellt och op dat Aschreiwdauer an Luucht geet

Wat ass dozou ze soen

Üblecherweis ginn als internationale Referenzwert ongeféier 2 Prozent Wirtschaftswuesstum duer, fir datt dëse Wuesstum sech kann op de Chômage positiv auswiirken. Vun do un entstinn am europäeschen Ausland genuch nei Aarbechtsplazen, fir de Chômage ze drécken. Hei zu Letzebuerg ass dat awer net esou. Mir brauchen fir Letzebuerg, laut Berechnungen vum Statec, ee Wuesstum vu bal 5 % fir dat de Chomage kann oofhuelen.

Tatsach ass :Mir hun nemmen ee klengen wirtschaftlechen Raum deen weit no baussen op ass – an daat gëllt natiirlech och fir eisen Aarbechtsmaart, op deem mëttlerweil 40% vun de schaffende Leit Frontaliere sinn, an déi – daat ass eben esou – manner kriddlech an dax méi motivéiert sinn, fir eng Aarbechtsplaz hei zu Lëtzebuerg ze kréien.

Ginn bei eis déi öffentlech Depensen an Luucht fir Consommatioun unzereegen, wat eis Regierung bis dato emmer gemaach huet, kréien mir eng Steigerung vun den Importatiounen wat sech négatiev op de Wuesstum vum PIB auswierkt Déi vun der regierung bedriwwen anticyclesch budgétair Politik greift also hei zu Letzebuerg net esou gudd wéi an engem méi zouene Syteem.

Tatsach ass och dat dat nächst Joer ee Wuestum vu kanpps zwee Prozent erwaard get. Mir kréien domat wuel de Chômage a senger Entwécklung gebremst, mee fir den Taux erofzeféieren, geet et wirtschaftlech einfach net duer. Hei kommen also an den nächsten Joren méi Ausgaben op eis zou – an duerfir féiere mer d’Sozialofgab um Bensin an d’Luucht.

Wat sinn elo Typicitéiten vun eisem Chomage?

Mir hun zu Letzebuerg e strict Aarbechtsrecht esou dat de Prinzip last in, first out eng grouss Uwendung fennt. Konsequenz ass dat also meeschtens Grenzgänger vir d’eischt entlooss ginn, well déi vir d’lescht agestallt goufen..

Gewosst ass awer och, dat haut 75 % vun den neien Aarbechtsplaatzen vun Grenzgänger besat ginn.

Gewosst ass dat de Bankesekteur, also d’Kreditinstituter op den 30 september 2003 nach 22.594 Leit beschäftecht huet.

Dest bedeit e Reckgang vun 264 Leit op 3 Meint vun Juni bis September an e Reckgang vun 997 op 1 Joer vun September op september. Dese Reckgang am Bankesekteur hellt sech an Grenzen well vill Imaginatioun am Bankesekteur un de Dag geluecht guef. Preretraite, Flexibilitéit am Aféiren vun Deelzeitaarbecht, hun hei schlemmeres verhennert.

Ee Reckgang em 4 % op e Joer an desem Sekteur ass jo och nach eng bedeitend besser Performance wéi d’Reckgäng vun 10 % zu New York oder och an der Schweiz.

De Bankesekteur mecht emmerhin nach 9.3 % vun totalen Beschäftigungsmoart aus – säin Undeel um Emploi wäert och an Zukunft héich bleiwen, well den Oofbau an dëse Betriber net wieder unhält.

Eng aner Characteristic vun eisem Chomage ass déi dat Zuel vun de Chomeuren mat BAC + an Luucht geet.

Dest ass secherlech op de Reckgang vum Bankensekteur zereck ze féiren well desen Moart an de leschten Joren ville Leit mat akademescher Ausbildung Aarbecht ginn huet. Dëst si Plazen, déi haut net méi an däer fréierer Zuel geschaf ginn. Een aneren Grond ass awer och deen dat Grenzgänger mat gleicher Qualificatioun zu engem manner héige Loun eng Aarbechtsplaatz unhuelen, zum Leidwesen vun de Residents. Esou kommen des vun baussen op eisen Moart eran an déi Leit déi ageschriwwen sinn bleiwen emol op der Streck.

Déi lescht Tendenzen an der Aarbechtsplaatzen Besetzung sinn jo déi dat 75% vun de nei geschaaften Plaatzen un Grenzgänger ginn.

Wa mer vun Formatiounsniveau schwetzen, da stelle mer fest dat den Undeel vun de Chomeuren ouni Ausbildung vun 53.2 % am August 2000 op 45.4 % zereckgangen ass.

Altersstruktur méisseg ass Zuel vun de Chomeuren ennert 30 Joer vun 30.2 % am August vum Joer 2000 op 33.3 an Luucht gangEng weider Characteristik ass och dat Zuel vun de Chomeuren iwwer 50 an Luucht geet.

Hei stellt sech d’Fro:

Ass et net och esou dat, trotz strengem Aarbechtsrecht, trotzdeem Leit mat méi Anciennetéit entlooss ginn, well sie méi deier sinn?Sinn et net och Leit déi vun der Regel vum Golden Handshake profitéiert hun, déi mer zu engem spéideren Zäitpunkt an de Statistiken eremfannen?Kloer ass, Leit aus deser Alterskategorie si méi schwéier ze réintégréiren.

Eis Regierung huet hei Moossnahmen geholl, durch d’Ennerstetzungen an kompensatoresch Moossnahmen vun de Betrieber. Leider gräifen se nach net mat däer gewënschter Wiirkung – daat läit och dorun, datt se bei de Betriber nach ze wéineg bekannt sinn. Hei kinnte mir eis um finneschen Modell inspiréiren., Finnlänner hun déi selwecht Problematik an deser Altersklass kannt a sie hunn Léisungen fonnt, wou enner anerem Formatioun a Recyclage eng wichteg Roll gespillt hunn. Léisungen, déi ganz ähnlech ugesiddelt sinn iwregens, wéi daat bei eis och ugeduecht ass – mee fir datt Moossnamen optimal gräifen, brauche se eng gewësse Laafzäit. Daat ass net nëmmen zu Lëtzebuerg esou.

Paralell hei zou stellt een och fest, laut Statistiken vun der UCM dat bei Arbeitnehmer iwwer 45 Joer Morbiditéit – also déi Zäit, déi se vu Krankekeeseleeschtunge profitéieren – bedeitend an Luucht geet. Ass et well des Leit vielleicht keng Visioun méi hun an der heiteger Aarbechtswelt, sech net méi mat der rasanter Entwecklung an der Wirtschaft kennen identifizéiren an sech dodurch krank spieren?Schaffen des Leit op eng Invaliedenrent hin, op een Ausscheeden aus den Aarbechtsprozesser? Zuelen schengen dat ze beléenEsou eng Situatioun ass net gesond. Sie belaascht eis Krankekeesen am speziellen an eis Securité sociale am groussen ganzen.

Kuckt een Statistiken vun der Beschäftigung hei ze Letzebuerg stellt een zousätzlech folgendes festAm Joeresavis vum CES fir 2003 beschäftegt dee sech och mat de Groussen Europäesche Wirtschaftsorientéirunge vum Mee dest Joer. Da kann ee noliesen, dat hei zu Letzebuerg Zuel vun deenen déi teschend 55-64 Joer aal sinn an an engem Aaarbechtsprozess sinn bei nemmen 24.4 % leit, wou bei den EU Durchschnett bei 38.85% leit, dat heescht 59% méi heich.

An dobei ass den Objektiev vun Lissabon 50 %, dat heescht all zweeten op Mann oder Frau soll am Aarbechtsprozess sinn; hei brauche mer also eng Verduebelung vun der haudegen Zuelen, wa mer sollen an de groussen wirtschaftlechen Orientatiounslinien an der EU leien.

Ventiléiert een déi Beschäftecht teschend 55-64 Joer nom Sexe dann sinn dat bei de Männer 35.4% geint 48.8 % an der EU, a bei de Fraen sin et 14.5% geint 29.1% an der EU, dat heescht och all 3 Mann hei zu Letzebuerg an all zweeten Mann an der EU iwer 55 Joer sinn am Aarbechtsmaart engagéiert. Bei de Fraen iwwer 55 Joer, do ass all 7 Fra hei zu Letzebuerg an all 3 Fra an der EU déi an der Aabechtswelt aktiv sinn.

Dest sinn Zuelen aus dem Joer 2001, aus enger EU vu 15, mee se weisen eis wou et hin geet. Am europäeschen Osten ass traditionell d’Beschäftegung vun de Fraen nach vill méi héich, wéi an eise Géigenden, waat sech dann och op d’Gesamtstatistike wäert auswiirken. Wann een elo en Projet de Budget fir 2004 als solchen kukt stellt ee fest:

De Geescht mat deem desen Budget opgestellt gouf, ass am Aklank mat deser komplexer Situatioun.

E leit an der Kontinuitéit vun den virechten Budgeen, mee ech giff en als en Transitiounsbudget, e Budget an eng nei Ära qualifizéiren.

Kontinuitéit, well en eng realistesch Appreciatioun vun de probablen Recetten mecht, sech durch eng richteg Aschätzung vun der globaler finanzieller Situatioun vum Staat charaktériséiert an och der Verscheldungskapazitéit Rechnung dréit.

Transitiounsbudget an eng nei Ära well mer an eng wirtschaftlech Normalitéit eran rutschen, wat zu enger Limitatioun vun eisen finanziellen Mettelen féiert.

Desen Budget zeechent sech durch zwou traditionnel letzebuerger budget typesch Axen aus: héigen öffentlechen Invest an Kontinuitéit an der sozial Politik.

Dat ass richteg well dodurch bleiwt Kaafkraaft erhaalen an och d’Attraktivitéit vun eisem letzebuerger Site fir nei wirtschaftlech Aktivitéiten ass garantéiert.

Durch eis letzebuerger Fiskallandschaft an durch déi klassesch Sozialtransfairen behaalen Betrieber iwwer niddrech Lounkäschten Kompétivitéit an soziale Fridden.

Mee kukt een Recetten an Depensen vum Budget 2004, dann drängen sech Iwwerléungen op, datt dese Budget an eng nei Ära féiert.

Déi Courant recetten ginnt fir d’eischt seit dem 2 Weltkrich zereck, an zwar em 1 % vun 6,305 mia am budget voté 2003 op 6.242 am amendéierten Projet vun 2004.

Total recetten ginn em 0.64 % an Luucht, well Recettes en capital vun 149.8 mio dat heescht eng Erheigung vun 337% par rapport zum Budget 2003 zu Buch stinn; sie waren seit 1984 net méi esou heich. Des Kapital recetten staamen aus dem Verkaaf vun Participatiounen un SNCI grad wéi de Verkaf vum Adenauer Building, wat eemoleg Phenomener sinn, déi sech net widderhuelen. Dass manner Recetten do sinn ass durch Konjunktur bedingt, mee Steierreform mat de fiskalesch Moossnahmen fir Betrieber, déi mat 324.7 mio 2002/2001 zu Buch schloen, dem Gehältersteierbareme fir 173.5 mio 2002/200 a mat däer neier Spuerméiglechkeet bei privaten Zousazpensiounen, déi Steierausfäll vun 185.9 mio an de Joeren 2002/2001 bréngt, huet natiirlech och hiren Undeel dodrun. Am Gesamten huet d’Steierreform de Leit an de Betriber am Land jo d’Klengegkeet vu 684 mio an de Joeren 2002/2001 bruecht. Des Moosnahmen hun trotzdeem méi Kaafkraft bruecht, well ouni sie wär den Wuestum vum PIB enner 1 % bliwwen. Alles an allem war dës Steierreform also genau déi richteg: si huet zum richtegen Zäitpunkt dee richtegen Effekt gezeidegt. Daat sollt een dann zwee Joer no hirem Akraafttrieden emol eng Kéier korrekt aktéieren.

Gesamtrecetten maachen 6.392 mia aus par rapport zu Gesamtdepensen vun 6.476 mia, wat en Défizit vun 84.2 mio erget, Défizit deen iwert Reserve budgétaire finanzéiert gett.

Nei ass och dat de Budget fir 2004 mat engem Defizit ofschléisst

Akommesteier geet wieder an Luucht, Kollektivitéitssteier geet erof, an der amendéierter Versioun esou guer op 1.1 mia. Daat ass e massive Réckgank vun dëser Steier, dee virun allem op de Finanzsecteur zréckzeféieren ass – bal dräi Véirel vun dëser Steier gi vum Finanzsecteur erwirtschaft. D’Kollektivitéitssteier ass natiirlech staark konjukturoofhängeg, an d’Avancen ginn pro Trimester bezuelt. Hei sinn bei Konjunkturschwächt natierlech Dispensen meiglech a weider moins valuen kommen natierlech och well den Taux vun 30% op 22 % erofgesat gouf. Dat waren jo am Joer 2002 324.7 mio an esou moins valuen verdeelen sech och op e puer Exercicer

TVA geet weider an Luucht, netto waren et 1.2 mia 2003, dest Joer maachen et 1.37 mio aus.

Steierreform huet hei muenches dynamiséiert en plus maachen AOL an Amazon hei nei Horizonter op. Eise Saz bei der TVA ass ee vun dene wichtegste verbleiwende Standortvirdeler fir eist Land. Daat muss och esou bleiwen. Mir hunn allerdings e Problem mat däer Tva, déi nach ze encaisséiren ass an déi déi nach auszebezuelen ass.

Et bleiwen nach 622 mio un TVA auszebezuelen, mee hei gett et Erklärungen. Seit 1992 ass Zuel vun den Steierflichtegen em 55% an Luucht gang, déi kommerziell Transaktiounen em 130 % , derbei sinn keng Kontrollen méi op de Grenzen mee Zuel vun de Fonktionnairen ass net an Luucht gang.

E Jugement vum Zivilgericht verlangt Äntwerten an engem Delai vun 3 Meint, wat de Moment matériell onméiglech ass. Zueleméisseg goufen vun Juli bis September 11.000 declaratiounen ofgefärtegt – vir emol e Bild vun deser Aufgabestellung ze ginn – an doriwer eraus bleiwen déi entspriechend Operatioune fir baal 400 weider Milliounen Euro nach ze maachen.

Eng ongesond Situatioun, well dodurch Betrieber an Trésorerieschwieregkeeten kommen kennen a a Faillite gesat kenne ginn. De Steierverloscht durch Failliten mecht onhefeir 5 % aus vun den Netto recetten cvun der TVA. Vir Exercicen vun 1997-2002 sinn dat 287 mio Euro.

Taxe d’abonnement geet régelméisseg zereck a leit nach bei 430 mio fir 2003 , an geet op 400 mio erof fir 2004. Och Droits d’enregistrements sinn reckleefech.

Iwwerhaat ginn déi direkt Steieren zereck an déi indirekt ginn an d’Luucht, sie sinn praktesch fifty/fifty.

Schliesslech bleiwt an de Recetten nach eng Kéier déi 7 cents pro Liter erfirzestreichen, déi an de fonds pour l’emploi fléissen.

Zu de Reserves budgétaire,

Déi selwecht sinn nach heich, och wa se récklefeg sinn; Sie luchen, laut jährlechen Compten bis 1997 emmer ennert 200 mio, waren 1993 esou guer nemmen bei 66.4 mio a si vun 1999 bis 2003 stänneg iwer 500mio bliwen. Sie pendelen sech fir 2004 bei 480 mio an esou dat hei nach Spillraum bleiwt fir déi nächst Exercicen, dodurch kann eng anticyclesch Politik bedriwwen ginn.

Diskussiounen goufen et och an der Kommissioun iwert Steierprovisiounen an Solden déi nach ausstinn. Et muss e feststellen dat bei de Finanzinstituten seit 2000 bis 2002 Provisiounen konstituéiert zereck ginn, fir 2003 kann et jo nach keen Ofschloss ginn well Joer nach net eriwwer ass. Dest féiert natierlech der zou dat enges Dags Steierreseven am Bankesekteur opgebraucht sinn. Fir den 2004 Budget gett mat 400 mio aus desen Reserven gerechent. Fir 2005 an doriwwer eraus get Saach méi enk, well jo Kollektiviteitssteier mat 2 bis 3 Joer Decalage agedriwwen gett an do fanne mer dann déi moer Joren gekoppelt mat enger manner heiger Reserve budgetaire. Dees soll e sech haut schon bewosst sinn.

D’Evolutioun vun der Schold

Am Joer 1999 hate mer eng langfristech Schold vun 698 mio Euro, wat 3.8 % vum PIB ausmaachen. Provisiounen op des Schold op haut sin 380mio esou dat Netto Schold 317 mio Euro ass, dat heescht 1.7 % vum PIB.

Am Joer 2004 geet des Schold op 512 mio Euro erop – dat maachen 2.1 % PIB aus. An anere Länner ass de Budgetsdefizit konstant méi héich, wéi bei eis déi gesamte Staatsschold!

Et ginn jo 50 mio an de Schinnefong an 70 mio an de Stroossefong verséiert. Tatsach ass awer och dat am Exercice 2004 d’Bruttoschold duerch bestänneg Réckzuelungen iwer de Fong fir d’Staatsschold em 185 mio wäert zeréckgangen sinn par rapport zum Joer 1999 .

Dat maachen stolz 36% . Am Joer 2005 wärt Schold bei 2.1 %, an am Joer 2006 bei 1.8 % leien. An dëse Prozentsätz sinn déi jährlech Emprunts vun 70 mio fir de Stroossefong an 80 mio fir de Schinnenfong enthalen. Et get weiderhinn méi vun der bestoender Schold zréckbezuelt, wéi neier opgeholl get.

Déi heichsten brutto Staatsschold seit 1990 hate mer am Joer 1998 mat 706 mio an 4.2 % vum PIB, déi heichsten netto Schold no Provisioun hate mer am Joer 1996 mat 439 mio respektiev 3.1 % par rapport zum PIB. Dës Quot war also nach ni besonnesch impressionant, scho guer net am Kontext vun de Maastricht-Kriterien an dem Stabilitéitspakt, déi 60% Staatsschold zouloossen.

Stechwuert Stabilitéitsprogramm, do leit jo Laat fir Budgesdéfizit bei 3 %.

Kukt een den Défizit vum Budget als solchen, da sinn mer mat 84.2 mio Euro weit ewech vun 3 % vum PIB.

Banque Centrale huet jo déi esou genannten SEC95 Norm an Gespriech bruecht, well déi ausschlaggebent wär fir déi réell Neiverscheldung vum Budget ze définéiren.

Rechent een esou bei den Budget Defizit vun 2004, dat sinn 84.2 nach all Depensen a Recetten vum Staat, de Gemengen an der Securité sociale, Fongen inclusiev, eran, da kréien mir hei zu Letzebuerg fir 2004 ee Resultat vun 1.8% par rapport zum PIB. Natiirlech rechne mer d’Ausgabe vun den Investitiounsfongen NET do eran: daat ass jo alles Geld, waat dem Staat gehéiert, waat e gespuert huet, an net Geld, waat e léint!Fir 2005 ginn et virausichtlech 2.3 % Defizit an fir 2006 wärten et 1.5 % sinn

Och hei bleiwt also Spillraum zum Stabilitéitspakt, Spillraum deen awer ze relativéiren ass well d’Evolutioun vun eiser Securité sociale am Allgemengen an déi vun de Krankekeesen am speziellen net einfach virauszesoen ass an déi selwecht hei mat eran gerechent ginn. Ausserdeem wëlle mer jo an enger Logik bleiwen, déi wëllt, datt esou e Budget am prinzip eppes Ekilibréiertes ass.

Tatsach ass schliesslech dat seit 1997-1998, deemols huet de Staat e Prêt vun der CFL iwerholl, keen Emprunt méi getätegt gouf.

Desweideren as et jo esou, laut pluriannuel, dat an den nächsten Joren systematesch Emprunten geplangt sinn fir langfristech Investen am Beraich vun der Strooss(70mio) an der Bunn (80 mio) virzehuelen.

Dat systematescht Zereckgreifen op en Emprunt ass een neit Element par rapport zur Budgetspolitik vun den nonzeger Joeren, eng nei Logik, well et de Moment ouni net geet. Dësen Ëmstand tranchéiert natiirlech géigeniwer eise Méiglechkeeten an de Joeren 1997 bis 2002.

An der vun der Regierung amendéierter Form vum Budget ass och nei, datt Plues valuen an de Recetten aus dene vergaangene Joeren et elo méiglech maachen, den Defizit vum Budget als solchen integral iwer d’Reserve budgétaire ze financéiren, wat am initialen Projet, nach sollt iwer een Deel vum Emprunt geschéien.

Des Demarche fennt secherlech groussen Uklang well a villen Avien vun de Berufskummeren ass bemängelt ginn dat de Budget iwer een Emprunt equilibréiert gett.

Op däer anerer Säit ass et logesch, datt geléint get, fir laangfristeg Investitiounen ze finanzéieren. En Emprunt, dee jo och iwwer Joren zereckbezuelt gett, soll och an Investen getätegt ginn déi iwwer Joren Plus-Valuen an eisen Infrastrukturen brengen, an dat ass jo kloer de Fall an der Erneierung an am Ausbau vum Stroossen an Schinnennetz. Et ass also net onbedéngt noutwenneg, datt just eng se elo aus der Täsch bezillt.

Mee och Gemengenfinanzen sinn zwar stabel, mee trotzdeem zerbriechlech.

Evolution vun den Gemengenfinanzen ass natierlech parallell zu deenen vum Staat.

FCDF an ICC sinn déi Haaptakommesquellen vun eisen Gemengen. Sie maachen nobai 80 % vun den Einnahmen aus.

Um Beispill ICC der Gewerbesteier kann en de Parallelimus zu de Staatsfinanzen novollzéien.

Dest ass jo eng Gemengesteier, mee se gett vum Staat agedriwwen an un Gemengen verdeelt.

Sie ass och conjunkturell bedingt, an sie ass och reckleefeg, gerad esou wéi Kierperschaftsteier déi och iwwer Betrieber agezunn gett. Sie gouf och an den Amendement zum Budget 2004 vun 440 mio op 430 mio zereckgesat, dobai stongen nach 495 mio am Budget 2003.

Hei kommen also manner Einnahmen, déi deelweis durch den FCDF kompenséiert ginn.

Desen gett gréisstensdeels iwert Tva, do fléissen fir 2004 eleng 152 mio an desen Fong, Akommessteier an Taxen op den Autoen gespeisst.

Well Akommessteier an TVA positiev Tendenzen weisen, geet desen Fon an Luucht an kompenséiert deelweis moins valuen aus der Gewerbesteier.

Gemengen kréien ower Engpäss well hier Einnahmen net méi klammen, Gehälterchargen net nemmen durch den Index an Luucht ginn.

Gemengen hunn Méiglechkeet, dest ass ee Steck Gemengenautonomie, den Hebesaz vum ICC an Luucht ze setzen. Dest ass ower a sech, wann et just an eenzele Gemenge geschitt, en net solidareschen an ee wirtschaftlech perversen Mecanismus.

Net solidaresch well 1-Durch eng Erheigung besonnesch déi Gemeng, déi et mecht, sech op Käschten vun denen aneren méi Recette verschaaft. Wirtschaftlech pervers- well en am Géigensatz zu der nationaler Steier- a Budgeespolitik steet, déi versicht d’Attraktivitéit vun letzebuerger Standort iwwer méiglechst déif Niewenkeschten op Betrieber ze garantéiren.

Hei entsteet e Frictiounspunkt deen et gellt ze klären. A wahrscheinlech ass och genee hei ee vun de grousse Knackpunkte bei der kommunaler Finanzautonomie. Wann déi autonom Gestioun vun engem steierlechen Instrument derzou féiert, datt des Gestioun e spiirbaren negativen Impakt op anere Plazen huet, da musse mer iwer Sënn an Zweck vun esou fiskale Méiglechketen nodenken.

Gemengefinanzen mussen gesond, an vorhersehbar sinn.

Et misst eng ligne de conduite opgestallt ginn wéifill Gemengen sech kennen verschelden. Eng Reform vun de Gemengefinanzen drängt sech op. Sie muss esou ausgericht sinn dat se allen Bierger vun eisem Land an hieren Gemengen equivalent Servicer an déi nemmlecht Liewenskwalitéit garantéiert. Esou wéi Kompetenzen teschend Gemengen an Staat komplementar ausreriicht musse ginn, esou muss den finanziellen Volet déi selwecht Komplementaritéit opweisen. Et kinnt een vun Compétences partagés schwetzen

Regional Entwekelung an Restrukturatioun vun de Gmengen sinn hei Stechwierder. An wann aus esou Iwwerléungen Fusiounen sollten stattfannen, da kann dat nemmen vun ennen kommen, déi eenzel Polpulatiounen mussen domatt d’accord sinn.

Dem Innenminister seng Aussoen zur Reorganisation benotzen net déi klassesch Terminologie. Hien schwetzt vun Mindestaufgaben an der Proximitéit fir déi eenzel Gemengen, regionalen Aufgaben fir Gemengen asw. D’Finalitéit ass déi dat Konceptioun and den Aufgabenberaich vun den Gemengen aus dem 18 an 19 Joerhonnert stammen an hei drängt sech eng evident Aktualiséirung op, besonnesch och wann Finanzen méi knapp ginn an Leeschtungen weider ausgebaut musse ginn.

Beispill periscolaire Aktivitéiten, wéi Cantine, Hausaufgabenhellef, Structures d’accueil no den Schoul. Hei kommen grouss an deier mée noutwendeg Aufgaben op eis Gemengen zou. Dest ass eng typesch Aktivitéit déi op Gemengenniveau organiséiert muss ginn. Dest ass eng Aufgabe wou Staat a Gemeng Hand an Hand musse schaffen, hei kinnt een vun Compétences partagées schwetzen

An domat ass et jo nach net gedoen. Mir brauchen zum Beispill an Zukunft reng rechneresch méi Fraen um Aarbechtsmaart, fir eis Sozialleeschtunge bezuelt ze kréien. Ausserdeem schaffe ganz vum selwen ëmmer méi Fraen, a wann et nëmmen ass, well zu Lëtzebuerg kaum nach mat just enger normaler Pai de Logement ka bezuelt ginn. Daat schléit sech och bei de Gemengen néier. Haut steet den taux d’emploi fémini hei Letzebuerg bei 50.4 %, am EU Durchschnett leit en bei 55.00% an Objektiev vun Lissabon leit bei 60 % fir Fraen an engem globalen taux d’emploi vun 70 %. Esou Zuele wäerte mer och hei am Land iwer kuerz oder laang wuel erreechen. Daat bedeit méi Opfangstrukturen, eng besser Organisatioun an Ofstemmung teschend alle Gemengen, eng Verflichtung déi nemmen iwer eng besser Strukturéirung vun eisen Gemengen ze réaliséiren ass. Gemengen hunn och iwer déi lescht 200 Joer verschidden évoluéiert, déi meescht sin jo am Joer 1795 entstaan.

Et gett Landgemengen, Gemengen mat industriellen, résidentiellen, an touristeschen Schwéierpunkten. Hei mussen an der Finanzéirung Kompensatiounsmécanismen spillen, fir dat des verschidden Probleemstellungen an de Leeschtungen an an den Infrastrukturen kenne vun desen Gemengen adequat geléist ginn.

Regional Fongen kenne niewt dem Syndikatswiesen, Pisten sinn fir Finanzéirung an Réaliséirung vun Servicer an der Régioun virzehuelen.

Kloer ass: Gemengen mussen an Zukunft méi zesummen schaffen, fir méi Effizienz a manner Käschten ze kréien, fir déi selwecht Servicer an och nei Aufgaben an engem raisonablen finanziellen Kader ze executéiren, an dat zur Zefriddenheet vun all eise Bierger.

Den A an O vun eiser Budgetpolitik sinn jo déi Heich öffentlechen Investissementer

Des sinn méiglech well eng virsichteg Budgeespolitik gemeet gin ass.

Fir an Zukunft de Budget net ze désequilibréiren, mussen déi ordinär Depensen maitriséiert ginn. Well méi ordinär, courant Ausgaben heescht manner Potential fir öffentlechen Investissment.

Hei spillen Fonktionementskäschten vun eisen Infrastrukturen eng grouss Roll.

Eleng 4 nei Projeen, Coque mat 7.1, den Pei-Musee mat 3 mio, Neumünster mat 2 mio an den Etablissement public vun Belval Ouest mat 1.8 mio bedeiten zesummen 14 mio Euro Fonktionnementskäschten am Budget 2004.

Hei muss fir Zukunft déi neideg Transparenz kommen fir dat mer eis courant an programméiert Ausgaben am Greff behaalen.

Fir d’Investissementer an Zukunft ze garantéiren, musse mer esou genannten Kapital Ausgaben maachen, an an deem Exercice spillen eis Investissementsfongen eng grouss Roll. De Staat investéiert fir 2004 2.9% par rapport zum PIB, fir 2003 waren et 2.7 %. Iwwerhat mecht Bruttokapitalbildung vun allen öffentechen Akteuren hei zu Letzebuerg 5.2 % vum PIB aus, wou et dese Ratio an den aneren Länner vun der EU bei 2.3 % leit.

Kapitalausgaben luchen am Joer 2000 bei 20.9 % vun de Budgetsausgaben. 2004 leien se nemmen méi bei 10.4 %.

Dest ass dodurch bedingt dat Speisunge vun de Fongen zereck ginn; waren 2003 nach 415 mio als budgetair Dotatioun virgesinn, esou sinn fir 2004 nemmen méi 235 mio.

Op däer anerer Säit sinn Ausgaben aus de Fongen eraus seit 2002 méi heich wéi Dotatiounen an Fongen. D’Fonge ginn am nächste Joer bal eng Milliard Euro fir Investissementer aus – 954 Millioune fir präzis ze sinn. Derbäi kënnt ronn eng hallef Milliard Direktinvestissement vum Staat – ouni iwer d’Fongen ze fueren. Well daat hei déi richteg Zuele sinn, a well also d’Investitioune vum Staat d’nächst Joer erop ginn, a net erof, och wann d’Speisung vun de Fonge réckleefeg ass, sollt och net an d’Welt gesaat ginn, de Staat géif bei den Investissementer spueren. Daat ass nämlech ganz einfach net wouer, an da soll een et och net behaapten, suguer wann een an der Oppositioun ass. Et gouf nach ni esouvill investéiert, wéi 2004!

Reserve vun de spezial Fongen vum Staat sinn seit 1997 iwwert der Milliard Euro, am heichsten waren se am Joer 2001 mat 2.6 Milliarden, 2004 wärte se bei 1.18 Milliarde leien.

Laut Pluriannuel iwer 5 Joer leien se am Joer 2007 liicht enner 200mio. bis dohinn wert sech muenches dinn; Nordstrooss, grouss Spidolsinfrastruktuen, muench schoulesch- an socio-familial Infrastrukturen werte bis dohinner färdeg sinn. Trotzdeem get et keen Stillstand an esou wéi den Pluriannuel ass Prioritéiten iwer déi jährlech Dotatioun weist, kenne all virgesinn Projéen fréier oder spéider réaliséiert ginn.

Ausgaben fir Investitiounen sinn seit 2002 iwer der Milliard a ginn vun 2003 op 2004 em 124 mio sprech 7.8 % op 1.456 mia erof.

Et bleiwt och erfirzestreichen dat déi 12 wichtegst Investissementsfongen vun 1.92 mia den 31.12.02 bis den 31.12.04 ëm d’Halschent erofginn

Am Pluriannuel sinn fir déi nächst Joren déi folgend Donnéeë: 2001 hate mer 1.3 mia Recetten an de Spezialfongen, 2004 wärten et der 420 Mio sinn an déi nächst Joren wärten se sech teschen 500 an 700 mio apendelenDotatiounen vun de Fongen ginn am selwechten Zeitraum vun 235 mio am Joer 2004 op 488 mio am Joer 2007 erop.

D’Avoiren vun Investissementsfongen wärten bis 2007 op 192 mio erofgoen.

Wat Analyse comparatieve vun den Beruffskummeren ugeet, verweisen fir Voleen

Finanzsituatioun vum StaatBudgétaire PolitikInvestissementer vum staat an Diversificatioun an Betribspolitikop den schreftlechen Rapport.

Zum Avis vum Staatsrot

De Staatsrot huet sech a sengem intressantem Avis och mat politesche Froe beschäftegt, déi an Zukunft fir eist Land wesentlech sinn. Ech féieren hei just Stéchwierder aus dësem Avis op, deen am schrëftleche Rapport op méi breeder Plaz zu Eire kënnt. Déi Aspekter, déi de Staatsrot opwerft, betreffen eis net nëmmen all, mee ginn als Preokkupatiounen och vun eigentlech jidderengem gedeelt, deen un de budgetären Aarbechten associéiert ass. Domat mengen ech d’Chamberen, d’Organisatiounen, an d’Press, sou datt mer eigentlech feststellen, datt et eng Zort Suerge-Mainstream fir eis gemeinsam Zukunft schingt ze ginn. Een nohaltegen Wuestum assuréiren durch Implicatioun vun allen Akteuren aus dem wirtschafltechen Emfelt

Zouhuelen vum Chomage enner Kontroll brengen

De finanziellen Equilieber vun den öffentlechen Finanzen garantéiren;

Daat sinn déi wesentlech Deler vum Staatsrot sengem Avis.

Kontinuitéit an der SozialpolitikBudget Social, sozial Ausgaben

D’Sozialausgaben beim Staat leien bei geschätzten 42.92 %. Des Ausgaben vum Staat fléissen an Pensiounsversécherung, Krankeversecherung, Flégeversecherung an an prestations familiales. Desen Taux as seit 1995 vun 41.29 em 1.63 % gestiegen.

Schon am Rapport zum Budget 2002 gouf op Gefor vum Ausaarten vun den Depensen an der Sécurité sociale higewisen, dest ass haut emsou méi wouer well Wuestumsperspektieven nach manner encouragant sinn wéi beim Vote vum Budget fir Joer 2002.

Och Berufskummeren Stellen sech d’Fro op de aktuellen Mecanismus vun der Finanzéirung vun der Gesondheet net krank ass.

Handelskummer schwetz vun Rigiditéiten a mengt Finanzéirung vun de Pensiouen wär langfristech net ze maachen. An der Finanzéirung vun der Krankeversecherung wären graves strukturell Défizienzen, déi sozial Transferen missten besser cibléiert ginn.

Aarbechterkummer verweist op Alterung vun eiser Bevölkerung an op Nécessitéit sozial Infrastrukturen ze bauen. Sie fuerdert een Spezial Fong fir Securité sociale déen eventuell iwer Plus valuen aus dem Budget gespeist kinnt ginn an esou Finanzéirung vun de Renten kinnt assuréiren. Sie mengt Tariferheigungen missten zu Charge vum Staat goen, well de Staaat jo des Erheijungen décidéiert huet.

Privatbeamtenkummer weist dorop hin dat déi sozial Cohésioun de Garant ass fir sozialen Fridden an esou den Investisseuren een stabelt wirtschaftlecht Emfelt garantéiert. Sie bedauert dat de Staat ouni sozial Partneren ze concertéiren, seng Participatioun bei der Flegversechgerung vun 45 op 40 % erofgesaat huet.

Chambre des Metiers stellt fest dat den Iwwerschoss an der Securité sociale kräfteg zereckgaangen ass. Eropschnellen vun de Pensiounen verlangt ee starke Wuestum vun der Masse salariale, deen nemmen durch een adequaten wirtschaftlechen Wuesstum garantéiert kann ginn. Sozial Chargen mussen um aktuellen Niveau agefréiert ginn

Securité sociale beweegt vill Akteuren an eis Staat.

Den Enjeu ass grouss, de letzebuerger sozial Modell huet iwwer Joerzingten gudd fonktionnéiert. Mee, wéi ass et fir Zukunft? Kennen d’Ausgaben am Greff gehalen ginn? Kennen d’Leeschtungen nach verbessert ginn?

Ass déi aktuell Situatioun vun der Krankeversecherung, een Vorbote vun enger genereller Verschlechterung vun der finanziellert Stabilitéit vum System vun de Sozial-Versecherungen?

Kloer ass dat wéi Situatioun sech haut weist, de gesamten System vun der sécurité sociale net a Gefor ass .

Dofir sollt een Pensioun Problématik vun der Krankeversecherungsproblematik trennen, och wann een Amendement zum Staatsbudget virgeseit fir eimaleg an kompensatoresch Pensiounsgelder déi am Kader vun der Invalidepensioun gefloss sinn, zu Recht un Krankeversecherung weider ze leeden. Daat ass nämlech kee ?Cross-financing”, mee just eng Réckzuelung vu Geld, waat déi ganzen Zäit der Krankekees gehéiert huet, well si et virgestreckt huet.

A sech ass de Moment jhust Krankeversecherung krank. Dass Krankekeesen mol liicht Defiziter agefuer sin, dat leit am Systeem als solchen.

Dat awer elo UCM de 15 november ee kumuléierten Déficit vun 79 mio Euro an hierer Generalversammlung presentéiert huet, dat ass schon alarmant.

Dofir huet de Rapporter gemengt et wier ubruecht fir ee Bilan ze maachen iwert déi rezent Evolutioun vum Finanzement vun de Krankekeesen an och vun hieren Leeschtungen fir Pisten ze dégagéiren fir den Finanzsysteem ze stabiliséiren.

Dast ganzt ass eng Fro vun sozialer Gerechtegkeet an vun Solidaritéit, awer och eng Affair vun individueller an kollektiever Responsabilitéit

Et get strukturell Probleemer an der Krankeversecherung. Doriwwer get et ee Groussen Konsensus hei zu Letzebuerg.

Nun ass et emol esou dat sozial Versecherungen ee Ganzt sinn a wann Konjunktur kränkelt, d’Aarbechtmaart Erweiterung sech méi lues mecht, dann huet dat een Afloss op Einnahmen an Ausgaben vum System an dodurch sinn all sozial Keesen betraff. Dofir mussen sozial Leeschtung an Wuestum an all Analyse vum Finanzzoustand vun eisen sozial Versecherungen évaluéiert ginn.

Ech widderhuelen et nach eng Kéier, Pensiounskeesen sinn gesond, seit 2001 ginn Reserven an Luucht. Spillreegelen vun der Pensionsversecherung sin kloer an invariabel an der Zait. Eng Pensioun kritt een no laange Joere vu Kotisatioun, wann ee bezuchsberechtegt ass, an si ass da konstant héich. Bei der Krankeversecherung ass dat net esou.

Hei sinn Abuen, durch d’Art a Weis wéi de System fonktionnéiert, relatiev liicht méiglech an ginn och heefeg bedriwen.

Finanzsituatioun vun der Krankeversecherung huet sech besonnesch an de leschten 2 Joer vill verschlechtert. De CEPS/INSTEAD schwetzt vun Finanzflaute a senger Analyse vun derser Versecherung op Basis vun Dokumenten a Rapporen vun der UCM an der IGSS.

Wéi huet a sech Finanz Situatioun vu de Krankeversecherung evoluéiert?Ausgaben vun der Krankeversecherung steigen kontinuierlich. Am Joer 2001 hate mer eng Progressioun vun 12.5 %, am Joer 2002 vun 10.0 %.

Et sinn besonnesch prestation en espèces déi klammen an zwar em 14.6 % am Joer 2002 – Prestations en espèces fir Krankheet hun em 16,9 % progresséiert, déi vun der Maternité em 9.1 % – an och Prestation en nature sinn em 8.7 % an Luucht gangen.

Déi effektiev Ausgaben vun der Krankeversecherung am Joer 2002 maachen emmerhin 5.8 % vum PIB aus, laut SEC 95 Berechnung an dat ass jo net grad neischt, emsou déi selwecht nemmen 4.9 % wor am Joer 2000.

Recetten ginn och an Luucht, mee manner schnell an esou ass Progressioun vun 11.9 % am Joer 2001 op 4.1 % am Joer 2002 gefall.

Cotisatiounen woren 2001 em 12 % geklomm, am Joer 2002 awer nemmen em 3.3 %.

Et get Grenn firwat d’Recetten ofhuelen: De Wuesstum vun der Zuel vun Assuréierten ass net méi esou séier well jo Konjunktur méi lues dréit a manner Aarbechtplaatzen geschaaft ginn (4.3 % 2001 / 2.8 % 2002), de Kotisatiouns tux ass fir prestatons en nature vun 5.2 op 5.1 erofgesat gin geradesou wéi dén fir prestations en espèces deen vun 0.24 op 0.20 erof geschrauwt gouf.

De Solde vum Exercice 2002 luch bei -6.4 mio, deen vun 2003 luch schon bei -18.6 wéi de Budget gestemmt gouf an ass elo laut aktualiséierten Schätzungen schon bei 36.9 mio an last but not least sinn prévisiounen fir 2004 bei 98.7 mio.

Eng fulgurant Steigerung vum Sold.

Tatsächlech sin Krankenindemnitéiten vun de Aarbechter an allen Exercicen vun 2000 un défizitär, wou bei déi vun den EP an Indépendants ereischt am Exercice 2002, am Décompte mat -0.5 mio, am 2003 mat -2.2 mio an -2.4 mio fir 2004. Wan en hei awer resultater kumuléiert kritt een ereischt fir den exercice 2004 négatiev Zuelen mat 1.2 mio. Hei hu mer eng liicht négatiev Tendenz. Berücksichtegt een awer, datt Privatbeamten eréischt nom drëtte Mount vun der Krankekees bezuelt ginn, da kann et ënnerschwelleg gutt sinn, datt d’Krankegeldevolutioun am Fong ganz ähnlech ass, wéi bei den Aarbechter – just datt eben d’Betriber während dräi Méint bezuelen.

Prestation en nature (Spidol, Medikamenter asw,..)

Des presentéiren am Exercice 2003 fir d’eischt een négatieven Solde vun 11.1 mio den op 2004 méi wéi 6x méi heich gett op 69.1 mio. Heirun sinn d’Erheigung vun den Dokteschtariffen, medico technesch Akten an och Käschten vun der Modernisatioun vun de Spidolinfrastructuren net onschellegWéi eng Fakteuren bestemmen all des Evolutiounen?Den duerchschnettlechen Inflatiounstaux an och Zuel vun den Assuréierten ginn net duer fir de staarke Wuestum vun der Krankekees ze erklären

Hei sinn puer Facteuren erauszestreichen:

Altersstruktur vun den Assuréierten; ech widderhuelen mech. Net nemmen dat Morbiditéit vun der Assurées no 45 Joer an Luucht geet, esou ass och nach dat déi déi een Taux vun 10 % a méi esou heefeg sinn dat se eng statistesch Erheigung vun der Morbiditéit an allen Altersklasssen bewierken. Hei get kräfteg op Invalidenpensioun hin geschafft; muencher hate wuel haart Aarbechtskonditiounen, mee op all potentiell Fäll berechtegt sinn, dat wellt de Rapporter de Moment am Raum stoen loossen.

Et get och Variatiounen am ?Kranksinn” en fonction vum Geschlecht an der Residence.

Résident Fraen ginn zu 13.9 % krank, non résident Fraen zu 17.1 %Bei resident Männer leit den Taux bei 13.5 %, , bei den non résident nemmen 13.0 %

Wichteg ass och ze wessen dat Morbiditéit net en fonction vum wirtschaftlechen Sekteur variéiert, mee wuel awer en fonction vun der Gréisst vum Betrieb. Hei spillt secherlech den Aarbechtsklima eng Roll, desen huet jo Incidenzen op Motivatioun an partant op Productivitéit vum eenzelnen. Grad hei gellt et deser Problematik op de Fong ze goen.

De Residenzuert schengt eng Roll ze spillen awer nemmen wann e resident Fraen mat net residenten verglaïcht, an dat am Kader vun der Krankschreiwung. Vergleicht een des Leeschtung mat der Assiette cotisabel, de kritt ee Werter vun 4.36 respektiev 6.12 %.

Tatsach ass dat et emmer méi Koppelen ginn wou déi 2 Partner zu Letzebuerg schaffen. Fällt an esou engem Stoot e Kand krank, bleiwt meeschtens de weiblechen Partner doheem an hellt Krankecongé. Dat selwecht Phénomene vum Krankecongé get et och hei zu Letzebuerg bei Fraen déi manner wéi 35 Joer aal an Alleinerzieher sinn. Obschon et de congé pour raisons familiales get, schengt desen net alles ze brengen. Färten déi Concernéiert hierem Patron des Situatioun ze schilderen? Huet den congé pour raison familial net den néidegen Appréciatiounswert beim Patrona ? Dese Punkt verdingt och Opklärung.

A sech ass de esougenannten Krankegeldindemnitéit op 52 Wochen limitéiert, mee emmer méi Leit profitéiren dovun iwer des Periode raus. An de Perioden teschend 1999-2001 waren dat 12 %, teschend 2000 an 2002 sin et schon 35.6%. Déi vun der Tripartite zréckbehale Begrenzung vun de Krankeperiode sinn hei emol e sënnvollen Usaz – an déi méi séier Iwerféirung an den Invaliderégime, dee vun de Pensiounskeese gedroe get, och.

Perspektieven fir Krankeversecherung sinn net blendend. De Rapport teschend Reserven an Ausgaben misst laut Gesetz bei 10 % leien, ass awer nemmen méi bei 4.85 % fir Joer 2004. Et mussen kurzfristech Moossnahmen geholl ginn, an dat ass jo och iwer Tripartite geschitt. Mee och langfristech strukturell Reformen drängen sech méi wéi op.

Iwwerhat sollt d’Roll vun all Partner an desm Beraïch par rapport zur prise de décisiion iwwerduecht ginn. Ass den aktuellen Modell mat 4 Etappen Quadripartite, Generalversammlung vun der UCM, Tripartite an Regierungsrot nach emmer dee richtegen wou dach meeschtens Tripartite Décisioun hellt. Ass des Prozédur performant an efficace genug fir Décisiounen ze huelen?De Rapporter mengt et sollt een desen typesch letzebuerger Modell objektiev an onvirageholl preiwen, vläicht mat der Feststellung dat desen sozialen Concertatiounsmodell, den bis dato emmer gudd fonctionnéiert huet nach emmer de bescht méiglechen ass, vläicht awer och net. Et ass der Wert des Analyse ze maachen

Tripartite huet jo hier Responsabilitéit geholl.

1)Reckbezuelung vun Gelder déi an der Prozedur fir den Invalidestatus nach vun der Krankeversecherung bezuelt goufen obschon den Aarbechter desen Status kritt huet. Des Fouderung ass richteg, well wann eng Persoun Invalide ass, dat ass se dat vum Ufank un vun der Prozedur.

2)Den Iwwergang an Invaliderent soll accéléréiert ginn, esou soll ee Krankeschein no 2 Meint d’Eventualitéit vun enger Invaliderent beurteelen.

3)Krankecongéen gin och nemmen méi iwwer 52 Wochen bezuelt an enger Refrenzperiod vun 104 Wochen4)Bei Interimskontrakten gett Krankegeld nemmen méi par rapport zu Cotisatiounsperiod bezuelt, Hei goufen et muench Abuen.

5)Schlieeslech sollen Aktivitéitsprofiler vu Medeziner opgestallt ginn fir eraus fannen op ze vill krank geschriwwen gett.

Desweideren gouf eng Etude an Optrag ginn fir de Statut vum Aarbechter a vum Privatbeamten gleich ze stellen. Esou eng démarche därf natierlech net Kompétitivitéit vun de PME a Fro stellen. Tatsach ass awer dat eng 6 Wochen Klausel, wéi se am Raum steet, fir Aarbechter an Privatbeamten beim Ausbezuelen vun Krankegeld, eleng an der Baubranche 4 bis 5 % méi Ausgaben an der Masse salariale bedeit. Et muss ee wessen datt op den 31 Juli 2003 hei zu Letzebuerg 121 546 Aarbechter geschafft hun géint 129 268 Privatbeamten, fir d’Envergure vun desem Prozess richteg ze verstoen.

D’COFIBU begréisst desen Mossnahmenpak vun der Tripartite well vermieden konnt ginn fir sozial Cotisatiounen ze heigen an Abuessungen vun de Leeschtungen net stattfonnt hunn.

D’Komissioun insitéiert dat Kontrollen gemeet musse ginn net nemmen bei de Prestatairen, mee och bei den Assuréen selwer.

Bei de prestation en nature sinn Abuen méi schwiereg wéi bei Krankecongé, sprech prestations en espèce. Hei muss ofschreckend an efficace kontrolléiert ginn. Dest geet leider net iwert Grenzen eraus, obschon méi wéi een Drettel vun den Assuréierten vun der UCM aus dem Grenzgebitt kennt. Hei muss Politik eng Léisung sichen, well déi lokal auslännesch Krankekeesen maachen keng Kontrollen well sie jo bei Krankmeldungen net concernéiert sinn. Den Aarbechtsmaart huet grouss-régional Characteristiquen, déi selwecht wärten mettel- bis langfristech och an der Sécurité sociale optrieden. Hei muss Collaboratioun iwert Grenzen eraus gesicht ginn, pragmatesch Léisungen sollten op den Desch kommen.

Nach ee lescht Wuert iwert Flégeversecherung.

Hei huet de Staat jo seng Kotisatioun fir desen Exercice iwer Amendement vun 45 op 40 % erofgesat, esou konnten 10 mio Euro anescht affectéiert ginn.

De Kontributiounssatz hätt kennen vun 1.0% op 0.83 % erof gesat ginn, esou vill Spillraum ass de Moment nach do, dest hätt am Endeffekt awer net alles an der Peituut bruecht. Flégeversechrung, dat lescht Kand vun eisen sozial Versecherungen ass bei gudder Gesondheet.

Här President,da kommen ech zum Häerzstéck vum Rapport vun dësem Joer, sengem aachte Kapitel, an deem et ëm déi wirtschaftlech Zukunft vum Land an déi geegente Grondlage fir Diversifizéirung an Zougänglechkeet geet.

E groussen Deel vum Rapport befaasst sech mat deem, waat een op Däitsch gemengerhand ” Betriebspolitik ” nennt. Betriebspolitik ass déi, déi sech mam Ëmfeld beschäftegt an et gestalt, bannent deem Betrieber schaffen. Zu Lëtzebuerg ass daat am Fong e Mix aus der Wirtschafts- an der Mëttelstandspolitik, oder besser, en Zesummeleeë vun denen hirem Wiirkungsfeld.

Mir wëssen, datt déi Zäite wahrscheinlech eriwer sinn, an dene Lëtzebuerg wirtschaftlech quasi komplett vun engem grousse Betrib oder engem grousse Secteur oofgehaangen huet. Daat, waat d’Arbed war, ass Vergaangenheet. An eise Finanzsecteur – nach ëmmer deen eigentlech gréissten an wichtegste vun eiser Ekonomi – huet déi Gréisst erreecht, déi e potenziell och huet.

Ech wëll direkt alle Fehlinterpretatiounen hei entgéintwiirken, déi sech kéinten erginn : de Finanzsecteur ass no emmer, an e bleiwt et och, dee wichtegste vun der Lëtzebuerger Wirtschaft. Duerfir muss d’Politik sech weiderhinn aktiv ëm e këmmeren, sou wéi daat jo och permanent gemaach get – an zwar net nëmmen am Kader vun alle Finanzplazgesetzer, déi mer eis zënter 1993, wou d’Rumm vun der Finanzplazpolitik gesetzlech definéiert gouf, ginn hunn. Tatsaach ass, datt de Finanzsecteur awer en Ëmfank erreecht huet, deen e wuel net méi wäert iwerschreiden. Bei engem Secteur, dee méi wéi ee Véirel vun eisem PIB erwirtschaft, ass daat jo och net problematesch u sech – et bedeit just, datt mer eis mussen derfir asetzen, a politesch d’Konditiounen derfir schafen, datt et an anere Secteuren och weidergeet. Ech plädéieren net fir eng Politik, déi d’Finanzplaz emgeet, mee fir eng Politik, déi am Rescht vun der Ekonomi verstäerkt wiirkt, während se eis Finanzplaz konsolidéiert.

Zur Finanzplaz wëll ech mech net am Detail ausloossen, daat ass an dene vergaangene Joeren dacks am Kontext vu Budgetsrappore gemaach ginn, an och haut si méi wéi genuch Publikatiounen um Maart, déi sech mat däer Thematik beschäftegen. Ech wëll just esou vill soen. D’Finanzplaz huet keng Wonnermëtttele méi am Medikamenteschaf, mat denen se kéint direkt hiren Aktiounsspillraum drastesch erweideren, an déi hir Zuele géife vun engem Dag op deen aneren an d’Luucht dreiwen. D’Finanzplaz Lëtzebuerg ass, wéi et och am Rapport formuléiert get, an der Maturitéit geland. An do musse mer se halen. Et ass eng propper Finanzplaz, an et ass eng attraktiv Finanzplaz. Si huet en international gudde Ruff, hire gesetzleche Kader ass elo schon exzellent a get awer nach besser, an si stellt eendeiteg nach emmer d’Réckgrat vun eise Staatsrecetten duer. Mee si ass net méi dee Wuesstumssecteur, deen se nach virun e puer Joer war – daat ass e vëlleg normale Prozess, am Verlaf vun deem sech e Secteur zu senger méiglecher Stäerkt entwéckelt. Entgéint deem, waat alt emol gesot a gefaart get, ass daat awer keen Drama. Et muss eis just derzou uregen, an zwar verstäerkt, fir eis Wirtschaft weider ze diversifizéieren, an zwar mat besonneschem Nodrock an a mam Mëttelstand. D’Wirtschaft vu Lëtzebuerg ass ganz wäitgoend eng mëttelstännesch Wirtschaft. Mir hunn hei 14.000 kleng a mëttel Betriber, déi 130.000 Aarbechtsplaze stellen – an déi däer och weiderhi schafen. De Mëttelstand stellt ongeféier 40% vun eisem Bruttoinlandsprodukt duer. En ass kee Secteur, deen inhaltlech géif zesummenhänken, mee en ass am Fong méi eng Betribsphilosophie. Iwerall do, wou de Patron seng Beschäftegt nach all perséinlech kennt, an ëmgedréit, do ass am Fong de Mëttelstand um Wierk. Daat ass zu Lëtzebuerg op denen allermeeschte Plazen an der Privatwirtschaft esou.

Et ass de Mëttelstand, deen déi meeschten Aarbechtsplaze schaaft. Et ass de Mëttelstand, deen innovéiert an deen ausbild. Et ass de Mëttelstand, dee kriseresistent ass, an deen och a wirtschaftlech schwieregen Zäite stabil ass – dacks zum Präis vun immensen Effore vun dene betraffene Leit, de mëttelstännesche Patronen an hire Mataarbechter. Dës Leeschtung fir eis Wirtschaft an eis Gesellschaft get och net oft genuch gewürdegt – ech wëll daat duerfir op dëser Plaz mol maachen.

Mir bedreiwen zënter laange Joeren eng konsequent Förderungspolitik fir de Mëttelstand. Dëst ass wäigoend dem Mëttelstandsministère seng Aufgab, mee natiirlech fléisse weider Elementer do mat eran. De Wirtschaftsministère liwwert, iwer d’Wirtschaftsrahmegesetz an d’SNCI, déi och nach zur Halschent dem Finanzminister ënnersteet, e wichtege Bäitrag zu der Politik fir déi mëttelstännesch Betriber. D’Resultat vun dëser Politik ass, datt um Niveau vun den offziellen Interventiounen zugonschte vun de mëttelstänneschen Entreprisen kaum nach eppes ze verbesseren ass. Ech mengen daat ganz éierlech, wann ech soen, eng nach méi gënschteg Politik fir Betriber ass an Terme vu finanzieller Ënnerstëtzung a Bäihëllefe kaum nach ze maachen. An daat ass gutt esou.

Natiirlech bleiwt ëmmer eppes ze maachen. Am Bezuch op de Mëttelstand ass daat menger Iwerzeegung no d’Förderung vu bestëmmten Interaktioune mat der Recherche, d’Vereinfachung vun administrativen Oofleef, fir d’Betriber ze ëntlaaschten, an d’Reform vun eiser Faillitegesetzgebung. Fänke mer emol mat deem mëttleren un.

Et geet mer bei der Verwaltungsvereinfachung net drëms, fir eenzel Leit oder eenzel Ministèren ze kritiséieren – daat hätt der jo och wuel vun engem Majoritéitspolitiker net erwaart. De Problem ass och keen, deen een esou einfach mat stramme Fuerderungen no manner Verwaltungsopwand aus der Welt kritt. E läit eigentlech méi déif. Sou hu mer zum Beispill dax Fäll, wou souwuel d’Ëmweltverwaltung wéi och dem Aarbechtsminister seng Servicer concernéiert sinn – notamment an der Comodo-Prozedur. An anere Fäll intervenéiert de Mëttelstands- an den Transportminister – Beispill Stroossentransport mat Camionen. Ech mengen, datt mer déi do Situatiounen einfach sollte versichen, aus der Welt ze schafen. Et get nëmmen ee Staat, a wann e Betrib sech un d’Verwaltung wend, misst en eigentlech kënnen op enger eenzeger Plaz usetzen, a vun do aus géif säin Uleies souzesoe vum selwen duerch déi Bureauë gefouert, déi et muss passéieren, bis de Betrib seng Äntwert huet. Guichets uniques généralisés, kéint een daat nennen. An déi Richtung sollte mer onbedéngt an de Verwaltungen denken – an am Kontext vun esou enger Démarche géif ee wuel och nach dës oder déi Prozedur entdecken, déi kéint oofgeschaaft oder reforméiert ginn.

Eng bestribsfrëndlech Verwaltung passt an eis Zäit. Si ass och noutwenneg, fir dee Prozess ze encadréieren, deen ech als Diversifizéirung iwer de Mëttelstand géif beschreiwen.

Wann een Diversifikatioun seet, da seet een och Innovatioun. Et ass haut cho bemierkenswert, wéivill eis Betriber an d’Innovatioun investéieren, a wéivill Recherche op Plaze gemaach get, wou een se net géif direkt siche goen. Elo hu mer dëst Joer mat der Uni Lëtzebuerg en Daach iwer all akademesch Fuerschungsstätte gestallt, an ënnert deem Daach kann och d’Recherche an Zukunft nach besser koordinéiert ginn. Wa mer et fäerdeg bréngen, eng optimal Interaktioun tëschent der Recherche an dem Betribsliewen hierzestellen, da maache mer vill fir eis Wirtschaft an däer hir Diversifikatioun. Et ass nach Plaz fir innovativ Approchen, net nëmmen an der Informatik, mee beispillsweis och fir konkret Applikatiounen an der Materialfuerschung a bei indstrielle Produktiounsprozesser. Ech hunn am schrëftleche Rapport drop insistéiert, an ech mengen, et kann een daat guer net genuch maachen : mir brauchen nach Industrie zu Lëtzebuerg, mir brauche nees méi Industrie zu Lëtzebuerg, well gutt zeng Prozent vum PIB gi fir de Réckgratsecteur vun enger Ekonomie net duer. Enner méi Industrie soll een sech elo keng nei Héichiewe virstellen, oder immens Landschafte vu Schaachtecher, iwer déi een net gesäit – déi modern Industrie fënnt een duerchaus a propperen Halen, aus denen et net méi vill erausdämpt. Mir sollten also en Effort maachen, fir eis nei Perspektive vu wirtschaftlecher Aktivitéit an der Industrie ze erschléissen. Déi kéinte mer aus zwee Grënn gutt gebrauchen : éischtens kënnen esou Aarbechtsplaze geschaf ginn, déi mer brauchen – souwuel qualifizéierter wéi net qualifizéierter – an zweetens géif Fuerschung mat wirtschaftlecher Aktivitéit vernetzt, waat denen engen e Plus un Unerkennung bréngt, an denen aneren innovativ Betriebsiddien.

Mir hunn ze laang gemengt, mir kéinte just vun der Verwaltung vum Räichtum vun anere gutt liewen. Daat kann awer op Dauer kee wirtschaftspolitescht Glawensbekenntnis sinn : wa mer eis wëllen ekonomesch méi krisefest maachen, da musse mer och selwer produzéieren. E Mentalitéitswandel am Ëmgank mat der Industrie an deem, waat se fir eng Gesellschaft leescht, schéngt mer hei noutwenneg ze sinn.

Den Tour duerch de Mëttelstand a seng Potenzialitéiten – ech gi net weider op d’Mëttelstandspolitik selwer an, well déi op anere Plazen an och am schrëftleche Rapport ausféierlech beschriwen ass – halen ech beim Thema vun de Failliten op. Dëst ass e Problemthema zu Lëtzebuerg, well mer am internationale Verglach iwerproportional vill Failliten hunn. Dax bedeit eng Faillite net nëmmen den Ennergank vun engem Betrib, mee och de Verloscht vun Aarbechtsplazen – et ass e gesellschaftlecht Thema, daat vill beinhalt.