En Zentrum fir Industriekultur op Belval

De Fred Sunnen ass Rapporter vum Gesetz iwwert d’Schafung vun engem Zentrum fir Industriekultur op Belval. Hien erënnert an senger Ried un d’Bedeitung vun der Stolindustrie fir eist Land.
Här Präsident, Dir Dammen an dir Hären,

De franséische Komponist Maurice Ravel, Auteur vum weltberühmten “Boléro” huet ufanks vum 20. Jorhonnert d’Ruhrgebidd bei Duisburg besicht, a woar dovunner esou impressionnéiert, dat e folgendes geschriwwen huet (ech zitéiren):

“Wie soll ich Ihnen den Eindruck dieser Schlösser aus flüssigem Metall, dieser glühenden Kathedralen, der wunderbaren Symphonie von Pfiffen, von furchtbaren Hammerschlägen schildern, der uns umhüllt?.”

Deejéinegen, dee materlieft huet, wéi en Héichuewen ugestach gouf, kann dem Musiker séng Impressioun gudd verstoën.

An de Proportiounen vläicht e besse méi bescheiden, mä an der Bedeitung fir eist Land gläichwärteg, sinn déi Produktiounsbetriiber fir Stol an Eisen am Süden vu Lëtzebuerg haut historesch Bauwierker, déi ouni Zweifel zu eisem nationale Patrimoine gehéiren. Si erzielen d’Geschicht vun enger gëllener Ära vun der lëtzebuerger Ekonomie, an däer d’Fondament fir de Räichtum vum Land geluegt gouf; si erzielen vun de Stolarbechter, déi den Haptundeel an dëser Erfollegstory hun. Mä si erzielen awer och d’Geschicht vun de méi däischteren Säiten vun der Siderurgie. Dat Ganzt si Meilesteng an der lëtzebuerger Geschicht, déi mer nët vergiessen därfen an dofir ass et eis Pflicht a Schëllegkeet, d’Zeien vun deemols, an domat mengen ech d’Héichiewen, em déi et haut am Projet de loi geet, a Stand ze setzen a se ze protegéieren.

Déi Generatiounen, déi no eis kommen, solle Bescheed wëssen iwwert d’Arbecht vum Mineur a vum Schmelzoarbechter, déi Sozialgeschicht geschriwwen, an de Kapp duergehal hun, fir dat et eis haut gudd geet.

Den Objet vun deem Gesetz, dir Dammen an dir Hären, waat mer haut évacuéiren, erlaabt zum engen eng Partie préliminaire Etuden iwwert de Site anzeleeden, an zum aneren, Arbechten emzesetzen en vue vum zukünftegen Centre National de la Culture Industrielle, kuerz hei den CNCI genannt. D’Oarbechten, déi ech ugeschwat hun, hun haptsächlech d’Sëcherung an d’Stabiliséirung als Objet. D’Entwécklung, souwéi och d’Konzept vum CNCI, gin an engem spéideren Gesetzestext niddergeschriwwen a verankert. De Centre wärt d’Zesummenarbecht mat aneren Industriemonumenter bei eis zu Lëtzebuerg, mä och am noen Ausland vu Loutréngen a vum Saarland sichen. No der Rockhaal ass den nationale Centre fir d’Industriekultur dat zweet grousst Element an de neigestalten Industriebrochen op Belval. Hie wärt sech an e ganzen Ensembel vun industrielle Bauten intégréieren, wou natiirlech déi zwee Héichiewen am meeschten ervirstiechen.

Här Präsident,

Et war d’Kulturministesch, d’Madame Erna Hennicot- Schoepges, déi dëse Projet de 17. Februar 2003 an der Châmber déponéiert huet. An der Kommissiounssëtzung vum 20. Mé ass de Projet a sénger Intégralitéit ënnert d’Lupp geholl ginn an ech sin als Rapporter désignéiert gin. De Staatsroot huet säin Avis den 3. Juni 2003 gin, deen an der Kommissiounssëtzung vum 24. Juni analyséiert gouf. De schrëftleche Rapport as an der Sëtzung vum 8. Juli virgeluegt an ugeholl gin. Op dëser Plaaz wëll ech all deenen, déi un dësem Projet an um Rapport mattgeschafft hun, e grousse Merci soën.

Ech wéilt an menger mëndlecher Interventioun nach eng Kéier op d’Geschicht vum Site vu Belval-Ouest zréckkommen, dee wéi keen aneren am Mëttelpunkt vun der Neiorientéierung an der lëtzebuerger Landesplanungspolitik steet. An de Joeren 1909 bis 1912 ass d’Belvaler Schmelz gebaut gin, an daat zu enger Zäit wou d’ARBED sech gegrënnt huet an wou Lëtzebuerg sech als 6.gréissten Stolproduzent op Weltniveau gefestegt hat. Zu dëser Zait stong op Belval-Ouest eng vun den modernste Schmelzen op der Welt, déi Modellcharakter hat. Matt net manner wéi 6 Héichiewen, matt enger Produktiounscapacitéit vun 240 bis 250 Tonnen Goss pro Daag, huet se op engem Areal vun 200 Hektar zu Spëtzenzäiten ronn 2000 Leit eng Arbecht ginn.

Nom zweeten Weltkrich huet Belval misse moderniséiert ginn, déi 6 Héichiewen si verbreedert gin an et gouf en neit Walzwierk installéiert. Trotzdem ass et Enn der 60ger Joren zu massiven Produktiounsabrëch komm. Et war virun allem d’Stolkris an den 70ger Joeren, déi eng Partie vu weideren Transformatiounen matt sech bruecht hat; ennert anerem sinn déi 6 Héichiewen duerch dräi neier ersat gin, déi méi performant woaren. Si woare mat A, B an C bezeechent. De gréissten Héichuewen, den C gouf a China verkaft, d’Héichiewen A an B si gottseidank erhalen a gin eng impressionnant Coulisse ôf. Mat de Joren hun d’Produktiounssiten am Süden vun eisem Land generell misse moderniséiert gin, an d’Héichiewen sin, wéi d’Minette ëmmer méi rar gouf, progressiv duerch Elektroiewen ersat gin. Verschidde Schmelzen hun an de 70ger Joren hir Diire ganz zougemaach.

Domat steet de Site vu Belval fir zwou wichteg Phasen an der lëtzebuerger Sidérurgie. Déi Phas virum éischten Weltkrich, wou eist Land 6. gréissten Stolproduzent war. Déi aner Phas steet fir de läschten Héichpunkt an der Ära vun der Stolindustrie.

Dat wat elo nach um Site ze gesinn ass, geet bis op d’]oër 1912 zréck, an illustréiert zu engem groussen Deel de Modellcharakter vu Belval, well dee ganzen Produktiounsprozess retracéiert gët. Ervirzehiewen sin also déi zwee Iewen, déi sech nach an engem exemplareschen Zoustand befannen, an déi, sou wéi se erhale sin, op de meeschte vergläichbare Siten am Ausland feelen. Déi zwee Héichiewen, déi an de Joëren 1965 a 1970 gebaut goufen an 1996 definitif opgehal hun ze produzéieren, sinn den 18. Juli 2000 an den ”inventaire supplémentaire” vu “Sites et Monuments” opgeholl gin, fir se als “Patrimoine national culturel” ze préservéiren. Et ass an dësem Kontext évident, dass duerch d’Schafung vum engem Centre, deen sech mat der Geschicht vun der Stolindustrie zu Lëtzebuerg auserneesetze soll, d’Erënnerung un dës Zäit erem lieweg gëtt an en adequaten infrastrukturelle Cader kritt.

Dir Dammen an dir Hären,

Ech wëll net méi wäit an den Détail vun den noutwendegen Arbechten um Site agoen, well mäi schrëftleche Rapport, wéi och den Exposé des motifs, dëst schon am Fong gemaach huet. Ech wéilt jhust a geraffter Form op dëst Kapitel zréckkommen.

Et ass kloer, daat en ausféierlechen Inventaire vum Site gemaach muss ginn, fir zum engen erauszefannen, wat fir Elementer ze erhale sin, a wat fir Methoden fir d’Erhalung vum Site zreckbehale solle gin. Doriwwer eraus muss dësen “Etat des lieux” oplëschten, wat fir eng Stabiliséirungs- a Sëcherungsarbechten an d’Wéer geleed musse ginn, fir mat den eigentlechen Arbechten fir den neien Centre national de la Culture Industrielle unzekommen. Duerch deen zum groussen Deel raschtegen Zoustand vu verschidden Elementer um Site, an doduerch, dass Stëcker vun den Héichiewen eroffalen, kënnt een nët derlanscht fir schon am Virfeld vun den Arbechten déi noutwendeg Mesuren ze treffen fir eventuell Risiken auszeschléissen. Och op reng technescher Basis mussen Expertisen ugestallt gin fir den aktuellen Zoustand festzestellen an déi noutwendeg spezifesch Konservéirungsarbechten virzegesin.

Aus de verschiddenen Etuden ergin sech eng Partie Szenarien, wéi een de Site elo am béschten conservéiren kann, an wat fir eng Entwécklung een him ka gin. Fir all eenzelnen Szenario kann dann den Inventaire gemaach gin, wat fir Elementer ze erhale sinn, an dat nom Critère vun hiirem jeweilegen didakteschen an pädagogeschem Wert. No dësen Etuden gët de Chantier installéiert an de Site gët “entrëmpelt” a gesëchert. Duerno kënnen déi Deeler ofgerappt an ofgedroë gin, déi net fir d’Konservéirung néideg sin. Um Site selwer mussen Ateliers’en a Reim fir de Stockage geschafe gin. Déi genannten Infrastrukturen sin néideg fir en optimalen Oflâf vun den Arbechten ze garantéieren. Dëst ass virun allem um Niveau vun den Démontéierungsarbechten wichteg fir déi Elementer an d’Rei ze setzen, déi herno erem mussen installéiert ginn.

Den zukünftegen CNCI wärt eng Fläch vun 3.5 Hektar hun, an den Ensembel vun den Elementer um Site vu Belval stellt de Cader duer an deem sech den CNCI eremfënnt. Wéi de Centre herno ?en fin de compte” ausgesäit, bleiwt nach ze définéieren. Fest steet op alle Fall, dat dëse Projet sech a verschidde Phasen vollzéie wärt. Fir d’éischt gëtt duerch e pluridisziplinäre Grupp e Gesamtkonzept fir den CNCI ausgeschafft. Dëse Grupp setzt sech aus Vertrieder aus dem kulturellen, wirtschaftlechen a soziale Liewen zesummen. Et ass hien, deen d’Objektiver, d’Missiounen an d’Activitéiten vum Centre définéiert. Zousätzlech ass en internationale Concours an d’Wéer geleed gin, deen Architekten, Ingénieuren an Artisten matt abezitt.

Fir de Projet am Kontext vun der Reconversioun vun den Industriebrochen virzestellen, an iwwert d’Missioun vum CNCI ze informéiren, gëtt e modulablen Informationszentrum gebaut, deen ënnert anerem en Ausstellungsraum, en Dokumentatiounszentrum an e Konferenzraum souwéi verschidde Seminairesreim enthale wärt. Dësen Informatiouns- an Dokumentatiounscenter ass eng éischt Etapp vun enger vaster Opklärungscampagne iwwert den Ursprong vun engem neien urbane Quartier am Süden vu Lëtzebuerg.

Dëse Projet, dir Dammen an dir Hären, huet säi Präis, e kascht ronn 13.93 Milliounen EURO a begräift déi zitéiert Sëcherungs- an Stabiliséirungsarbechten, d’Entwécklung vum CNCI selwer, souwéi d’Etüden an d’Gestioun vum Projet. De Staatsroot huet ënnert anerem kritizéiert, dat bis elo nach keen definitift Konzept virläit, an dat fir d’éischt d’Conclusiounen aus verschidden Etüden ofzewoarde sin, fir iwwert en définitivt Konzept ze befannen. Dat heescht, dat verschidden Elementer um Site, duerch Instandsetzung, schon déi spéider Configuratioun vum CNCI virzeechnen, ouni dat e globalt Konzept virläit.

Wat d’Arbecht an der Kommissioun ubelangt, sou hun d’Memberen drop gehal, dat déi beschtméiglech Techniken zum Asaz kommen, fir d’Héichiewen ze konservéiren. Et ass virun allem de Rascht, deen déi gréissten Erausfuerderung duerstellt fir d’Erhalen vun den Iewen an hiirer ursprünglecher Form am bäschten ze garantéiren. Wat d’Implikatiounen fir den Tourismus ubelaangt, sou hat de Ministère ervirgestrach, dat sech den Centre National de la Culture Industrielle als kulturelle Projet versteet, an dat et net virstellbar ass, fir aus de Frichen en Tourismus- a Fraizäitpark ze machen. Lédeglech gewësse Retombéen um Niveau vum Kulturtourismus wiiren ze erwarden. Déi Responsabel vum Fonds Belval hun doriwwer eraus préziséiert, dat den ”inventaire archéologique” vu Spezialisten aus Däitschland gemach, an dat déi téchnesch Ausféirung vum Projet duerch e Bureau d’Etudes garantéiert gët. De Service “Sites et Monuments” as selbstverständlech och mat agebonnen. Last but not least huet eis de Kulturministère wësse gelooss, dat am Ablack en Arbechtsgrupp, zesummegesat aus Spezialisten vun der ARCELOR a vun Historiker, am gaangen ass fir e Globalkonzept fir eis Industriedenkmeeler hei am Land auszeschaffen.

Har Präsident,Dir Dammen an dir Hären,

Ech hoffen, ech konnt iech mat méngen Ausféierungen dëse Projet méi no bréngen.

Fir eng Schlussfolgerung ze zéien, hun ech mech e bëssen am Internet iwwert den Terme ?Industriekultur” emgekuckt an ech hun do folgend Zitat fonnt, wat ménger Meenung no den Objet vun dësem Projet gudd erëmgët:

“Nicht nur Orte der Erinnerungen sind die häufig nutzlos gewordenen Hüllen einer kurzen und stürmischen Vergangenheit von 200 Jahren Geschichte der Industrialisierung. Fabrikhallen und Verwaltungsgebäude überzeugen oft mit einer anspruchsvollen Architektur. Gelegentlich dient sie weiter den alten Zwecken. ln ihr kann man aber auch anderes produzieren: museale Erinnerungen, Kreativität, Kunst und Kultur. Neue Nutzungen auch mit ökonomischer Zukunft. Und die Umnutzung als neue Produktionsstätte ist gefragt und das Erbe des Industriezeitalters wird zunehmend auch als identitätsbildender Standortfaktor begriffen – so wie dies auch für andere historische Epochen und deren Stadtquartiere gilt.”

Matt dëse Wieder wëll ech schléissen an ech invitéieren Iech, dëse Projet esou ze stëmmen, wéi en elo hei virläit.

Ech soen Iech Merci fir är Opmierksamkeet.

Fred Sunnen