D’CSV: Et bleiwt nach vill ze schaffen

Eng fräi Tribün vum CSV-Generalsekretär Jean-Louis Schiltz op RTL Radio.

D’Nervositéit a verschiddenen politischen Quartéierën gëtt lues a lues méi grouss acht Méint virun de Walen.

Déi Gréng hunn hire Walprogramm schon verabschiedt, soen awer am selwechten Otemzuch, et géiw sie eigentlech guer nët esou riichtig interesséieren, an d’Regierung ze kommen. D’LSAP ass zanter spéidstens September am permanenten Walkampf. An och d’DP schéngt – wann ee rezenten Zeitungsannoncen kann Glaawe schenken – wëlles ze hunn, elo schon eng definitiv Bilanz vun hiirer Regierungsbedelegung vun de leschten puer Joerën ze zéien.

Et schéngt also, esou ze sinn, wéi wann déi Parteien, déi ech elo genannt hunn der Meenung wären, et wären muer oder iwwermuer Walen. Dobäi gëtt da vergiess, datt et nach acht Méint bis zu de Walen sinn, an datt bis dohinner nach vill ze schaffe bleiwt.

Mir vun der CSV sinn op jidde Fall nach nët am Walkampf.

Wat sinn dann elo déi Projetën, déi nach ustinn an deene nexte Méint.

Do wäer fir d’escht emol de Budgetsprojet vum Joer 2004. Och wann d’Zäiten méi schwiereg sinn, esou erlaabt dach déi wäitsichteg a virsichteg Finanzpolitik vun der CSV aus deene leschte Joeren och fir d’Joer 2004 en zolidden an zukunftsorientéierten Budget ze präsentéieren.Ee Budget, den sech duerch Wäitsicht, Kontinuitéit a sozial Gerechtegkeet kennzechent.

Een annert Gesetz, waat och nach ze stëmmen ass virum Enn vun der Legislaturperiod, ass dat vum Referendum. De Referendum kënnt: D’Bierger aus eisem Land sollen méi oft direkt ëm hiir Meenung gefroot ginn bei wichtige Projetën a sie sollen och mat décidéieren kënnen.

Ënner CSV-Impuls ass och d’Gesetz iwwert de Partenariat op den Instanzewee gescheckt ginn. Dëst Gesetz setzt den Kader fir déi Koppelen, déi zesummeliewen ouni bestued ze sinn. Do, wou haut bal näischt jurisitisch geregelt ass, gëtt ee gesetzleche Kader geschaaf, den déi juristisch, steierlech a sozialrechtlich Situatioun vun den onbestuedenen Koppelen entscheedend verbessert.

Weiderhinn soll den Divorce pour faute oofgeschafft ginn. Och dat ass eng wichtig Reform, nët zulescht am Intérêt vun de Kanner, déi haut bei der Scheedung oft hinn an hir gerappt ginn. Den Divorce pour faute gëtt duerch eng méi mënschlech Prozedur ersaat.

Och den Ausbau vun der Palliativmedizin wäert eng vun de Prioritéiten vun der Regierung an de nexte Méint sinn. Déi néideg finanziell Mëttelen sinn am Budget virgesinn. Et geet elo drëm, dat Palliativkonzept vun der Regierung ëmzesetzen. D’Doktoren an d’Pflegepersonal mussen forméiert oder weiderausgebildt ginn. D’Infrastrukturen mussen op Vordermann bruecht ginn.

Dir gesidd un dëse puer Beispiller, déi ech elo genannt hunn, datt nach vill ze schaffe bleiwt. An duefir wäerte mir vun der CSV eis och nët vum Aktionismus vun anere Parteien, déi mengen de Walkampf hätt schons ugefank, beirre loossen.

Mir wäerten resolut weider schaffen. Fir deenen Erausfuerderungen, déi sech stellen, weiderhin ze begéinen.

Nee, fir d’CSV ass de Walkampf nach nët un.

Well, wéi gesoot, et bleiwt nach vill ze schaffen.

Aus enger fräier Tribün vum Jean-Louis Schiltz, CSV-Generalsekretär, op RTL Radio.