Wou bleiwt d’Oppositioun? Fräi Tribün op RTL 92,5 (13-10-2003)

De Fraktiounschef Lucien Weiler gesäit keng kloer Linn bei den Oppositiounsparteien zur Budgets-a Finanzpolitik
Léiw Nolauschterer !

Déi wirtschaftlech an déi finanziell Situatioun vum Land wärten an deenen nächsten Wochen a Méint d’politesch Aktualitéit hei zu Lëtzebuerg dominéieren.

Wéinst der Rezessioun hun all eis Noperen schons längst missen d’Noutbrems zéien an zum Deel brutal Aschnëtter bei den staatlechen Leeschtungen un de Bierger viirhuelen.

Hei zu Lëtzebuerg ass daat bis elo glecklecherweis nët néideg gewiescht.

Dës Regierung, an och déi zwou lescht haaten nämlech viirgesuergt.

Sie hatten an deenen gudden Zäiten Réserven ugeluet, vill Réserven, 120 Mia aal lëtzebuerger Frang, fir en Apel ze hun fir den Duuscht wann et méi schlecht géif goen.

Elo geet et méi schlecht an elo kënnen mer an dësen Apel vun Reserven beissen.

Dofir ass et der Regierung och gelongen ee Budget fir d’Joer 2004 viirzeléen- ouni d’Sozialleeschtungen ze kiirzen- ouni gréisser Verschëldung vum Staat, an – ouni zevill un d’Réserven ze goen.

D’Gewerkschaften an och d’Patronatsorganisatiounen hun de Budget vun der Regierung begréisst an duerch d’Band positiv bewert.

Mä waat seet d’politesch Oppositioun zu dem schwiergesten Budget zanter 15 Joer?

Z.B. d’sozialistesch Partei?

De Parteiprësident haat de Budget schons verurtellt iir hien en iwerhaapt gesin haat.

Den Här Goebbels kritizéiert d’Regierung géif net genug Geld ausginn fir d’öffentlech Infrastrukturen, während deems den Här Krecké d’Faillite vun den Staatsfinanzen elo schons viirausgeseit.

Den Här Castegnaro seet et wir alles an der Rei während deem den fréieren Spëtzenkandidat vun der LSAP seet den Routstëft misst ugesaat gin.

Dovunner wëllen awer erëm de Fraktiounschef an den Generalsekretär neischt wëssen.

Wou de Routstëft soll ugesaat gin, seet och keen.

Fazit:

Bei den Sozialisten gin et esou vill verschidden Meenungen wéi et Führungsleit get.

An dann déi Greng an den ADR.

Vun dësen zwou Parteien huet een bis elo kaum eppes Konkretes héieren.

Déi Greng schwiéwen op enger ?schöne-heile-Weltwollek” an den ADR stellt weider Fuerderungen noom Motto: ?Haaptsaach et kënnt gudd beim Wieler un!”

Dir Dammen an Dir Hären!

Meng Froo war: Wou ass d’Oppositioun?

D’Land, d’Leit an och mir wëllen wessen waat d’Oppositioun seet zum Staatsbudget fir 2004?

Sinn déi grouss Linnen vun dësem Budget an der Rei oder net?

Hätt d’Regierung e gréisseren Défizit sollen a Kaaf huelen?

Hätte mer méi Schold sollen maachen?

Hätt de Budgetsminister méi Réserven sollen an Usproch huelen?

Hätte mer méi spueren missen, a wann jo, wou?

Et sin daat déi grouss Froen op déi d’Leit a mer gären eng Aentwert hätten.

D’Majoritéit CSV-DP huet sech positionnéiert.

D’Gewerkschaften an d’Patronat stëmmen hir zou.

Elo ass et un der Oppositioun fir Faarw ze bekennen.

Merci fir d’Nolauschteren!