„Matbauen un der Gesellschaft vu muer!“

Invitatioun op eng Konferenz vun der Commission diocésaine DIACONIE ET CARITAS zu den Themen Aarbecht, Logement, Globalisatioun.

Dat ass den Thema vun der nächster Journée sociale 2003. Matbauen, wat heescht dat konkret? Eis Gesellschaft ass e bësse wéi e grousst, faarwegt a villfältegt Gebai, an dem déi ënnerschiddlechst Mënschen zesummeliewen. An un dësem Gebai gëtt ëmmer nei gebaut, geännert, ofgerappt, nei entworf an drugebaut. An d’Leit, déi an dësem Gebai wunnen, droen hiert duerzou bäi, datt et méi oder manner wunnlech ass. Leider huet awer nët jiddereen d’Chance, an der Bel Etage oder am Penthouse ze wunnen. Et sinn der, déi mol guer nët richteg an d’Haus eragelooss ginn.

Grad d’Chrëschte si vun hirem Glawen hir opgeruff, no deene Leit ze kucken. Dofir sinn d’engagéiert an intresséiert Chrëschten invitéiert, sech een Dag zesummenzesetzen, fir iwwert déi aktuell Problemer vun der Aarbecht, vum Logement a vun der Globalisatioun an eisem Land nozedenken: wéi kënnen d’Chrëschten, d’chrëschtlech Gemeinschaften, d’Porverbänn konkret eppes u Mëssstänn änneren? Wat fir valabel Virschléi kënne si der Gesellschaft offréieren? A wat hu si hirersäits fir Erwaardungen un d’Gesellschaft, un d’Politik, grad och mam Bléck op d’Walen am Joer 2004? D’Chrëschten hunn hir Wäerter, hir Iddien an hir Virstellungen, déi sech un der gudder Noriicht vum Jesus orientéieren. Op dëser Basis ginn eis aktuell Problemer bei der Journée gekuckt. D’Prinzipie vun der chrëschtlecher Sozialléier, wéi z.B. d’Solidaritéit oder de Bien commun, hëllefe beim Entwéckele vu konkrete Schrëtt, an den Témoignage vu ville chrëschtlechen Initiativen an eiser Gesellschaft wäerten d’Participanten encouragéieren, sech weider fir méi eng gerecht Gesellschaft anzesetzen.

D’Journée sociale gëtt organiséiert vun der Commission diocésaine DIACONIE ET CARITAS. Si ass e Samschdeg, den 18. Oktober 2003 vun 9 bis 17 Auer um Fieldgen (Lëtzebuerg-Gare). All weider Informatiounen kritt Dir beim Service diocésain de diaconie (Mme Mireille Sigal), 29, rue Michel Welter, L-2730 Lëtzebuerg, Tel: 40 21 31 280, e-mail: [email protected]

Journée sociale : “Matbauen un der Gesellschaft vu muer”
Samstag, den 18. Oktober 2003, 9 bis 17 Uhr
Ecole privée Fieldgen, Luxemburg
Programm:
Beginn: 9 Uhr
Vortrag Dr. Theol. Hartmut Koess (Sozialethiker, Deutsche Bischofskonferenz): Die Prinzipien der christlichen Sozialverkündigung im gesellschaftlichen Kontext von heute
Gruppenarbeiten der Teilnehmer zusammen mit Fachleuten zu den gesellschaftspolitischen Themenbereichen Arbeit, Wohnungswesen und Globalisation
12.30 Uhr Mittagessen
Gruppenarbeiten der Teilnehmer zusammen mit Fachleuten : Ideen, Vorschläge, Forderungen, Perspektiven
Abschlussgottesdienst
Ende: 17 Uhr