De Fraktiounschef Lucien Weiler zur Lag vun der Natioun

Ried vum Fraktiounschef Lucien Weiler zum Optakt vun de Chamberdebatten zur Lag vun der Natioun
Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

d’Analys vun der Lag vun der Natioun bedéngt och a vläicht fir d’éischt eng Betruechtung vun der Situatioun vun eisem Land a sengem europäesche Kontext, am Kontext vun enger Europäescher Unioun déi versicht sech ze reforméieren an där et geléngt sech ze erweideren.

D’Lag vun der Europäescher Unioun ass haut net esou roueg wéi déi vun eisem Land et nach ëmmer ass. Et sinn opreegent Zäiten op eisem Kontinent. Déi gréissten an déi ambitiéisten Erweiderung vun der Unioun vollzitt sech an engem Kontext vun allgemenger wirtschaftlecher Morositéit. Déi aktuell Unioun, déi vun de 15, kennt an der Moyenne kaum nach Wirtschaftswuesstum. Bei déi wirtschaftlech Onsécherheet, déi virun allem a Relatioun mat der Aarbechtslosegkeet ze gesinn ass, kënnt d’Onsécherheet derbäi déi duerch Krich an Terrorismus ervirgeruff gëtt.

Eppes fält besonnesch op an Europa, dat ass d’Diskrepanz tëschent den Zuele vun der Wirtschaftsentwécklung innerhalb vun der Unioun an deenen zentral- an osteuropäesche Bäitrëttsstaten. Während an der Unioun am Moment kaum nach e Land ass, wou et Wuesstum gëtt, bei ganz wéinegen ass dat, ass dat awer net de Fall an enger Rei vun deenen neie Länner, déi bei eis wëlle kommen, wou den Duerchschnëttwuesstum de Moment bei ëm déi 5% läit. Dat huet sécher seng Grënn, huet net onbedéngt awer eppes dermat ze doen, dass déi méi eng raffinéiert Wirtschaftspolitik wéi mir bedreiwen, mä déi Länner komme vu wäit hier.

Nom Zesummebroch vum Kommunismus hate vill vun hinnen, op d’mannst während enger Rei vu Joren, iwwerhaapt kee Wuesstum. Hir Vollekswirtschafte si geschrumpft an et huet vill Ustrengung an Entbehrunge kascht, fir den Trend opzefänken an ëmzedréinen. D’Litauer, d’Polen an d’Slowake wësse wat et heescht op d’Zänn ze bäissen, d’Äerm eropzestrëppen a sech bäizeschaffen. A si bréngen et fäerdeg.

Dir Dammen an Dir Hären, léif Kolleegen, Millioune vu Leit an Osteuropa schaffen haut nach fir 300, 400 a 500 Euro de Mount haart a schwéier un enger besserer Zukunft. A mir mat eiser Wuesstums- a Wuelstands- heiansdo Phobië sinn dëse Länner Unerkennung schëlleg fir déi Moderniséierungsleeschtung, déi zu Riga, zu Prag an zu Budapest realiséiert gëtt.

Europa wiisst zesummen, mä d’Ënnerscheeder tëschent den Europäer verschwannen net. Beim Irakkrich hate mer eng duebel Trennungslinn gesinn iwwer eise Kontinent. Dat beweist, dass mer eis bei wäitem nach net an allem eens ginn, an dofir denken ech ass et och gutt, dass et heiansdo nei Ambitioune gëtt. Den 29. Abrëll war Lëtzebuerg ee vun de véier Memberstate vun der Unioun, déi der verdeedegungspolitescher Dimensioun an Europa endlech wollten e konkreten Ustrach ginn. De Statsminister huet gëschter gesot, wann e wichtegt Stéck neit Europa entsteet, da soll Lëtzebuerg nees eng Kéier méi bei de Grënnungsmembere sinn.

Ech muss soen, Här President, wann een dat do verfollegt huet an deene leschte Wochen, dann huet ee gesinn dass et net iwwerall Zoustëmmung zu där Approche ginn ass. An et ass virun allem och opgefall, dass hei am Haus Leit waren, déi sech plutôt kritesch geäussert hu par rapport zu där Initiativ, déi vun deene véier ënnerholl ginn ass. An et huet mech virun allem gewonnert, dass grad just déi, déi während dem Irakkrich der Regierung virgeworf hunn, dass se sech net no genuch un déi Länner, wat eis direkt Nopere sinn, Däitschland, d’Belsch, Frankräich, erugetaascht hätt, elo virgeworf kréien, dass déi Initiativ net onbedéngt vu Lëtzebuerg hätt missen am éischte Moment matgedroe ginn. Dofir war ech appaart frou ze liese vun enger Journalistin an enger Wochenzeitung, déi net bekannt ass fir extrem Sympathië permanent ze entwéckele fir de Statsminister: ?En choisissant de rallier la France, l’Allemange et la Belgique auprès du club des fondateurs de la plateforme Pesc, il – an dat ass de Statsminister – met ses pas dans ceux des hommes qui ont dit présent au moment de la création du BENELUX, de la CECA, de la Communauté européenne.” An d’Madame Fonck, fir se ze nennen, fiert fort a seet: ?Jean-Claude Juncker a anticipé sur l’avenir, que cela plaise ou non, force est de le reconnaître que l’on soit de droite, du centre ou de gauche.”

Här Krecké, reegt Iech elo emol net op ier Der geschloe sidd. Ech hu virdru mäin Erstaunen hei zum Ausdrock bruecht, dass grad just vun Ärer Säit kritesch Stëmmen an deem dote Kontext komm waren, an dofir wollt ech soen dass et och Leit ginn, déi éischter Iech no stinn an net esou séier eis no stinn, déi dat doten appréciéiert hunn an déi dat an där do Form unerkannt hunn.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären, an der Wirtschafts- a Finanzpolitik stinn d’Zeeche queesch uechtert d’Unioun vun deene 15 op Stuerm. An Däitschland hu geschwë fënnef Millioune Leit keng Aarbecht, an hir Zuel steigt weider. Eise groussen Noper verzeechent de Moment e Minuswuesstum. Rezessioun ass ugesot. Eng Rei vun de Länner vun der Unioun kënnen d’Maastrichter Defizitkritäre bei der Budgetsexécutioun net anhalen. An England hu mer an deene leschten Deeg héieren, dass déi reng öffentlech Gesondheetsversuergung praktesch zesumme gebrach ass. An Éisträich, an net nëmmen do, an enger Rei vun anere Länner och ass de Pensiounssystem um Enn vu senge Méiglechkeeten ukomm. D’éisträichesch Regierung probéiert mat aschneidende Moossnamen d’Keese sanéiert ze kréien ier et zu enger Katastroph kënnt. An anere Länner ass dat net anescht, wat d’Sozialversuergung ubelaangt.

Wien d’Televisioun kuckt an d’Press liest, dee gesäit dass an Europa e raue Wand bléist. An dat Stéchwuert bréngt mech och zréck op Lëtzebuerg fir ze froen: Wéi steet dann eist Land do an deem Europa, wou Rezessioun ëmmer méi dacks ugesot ass, wou de Chomâge streckeweis dramatesch Ausmoossen ugeholl huet, wou d’öffentlech Haushalter net méi opginn an d’Sozialsystemer plazeweis virum Kollaps stinn?

De Statsminister sot gëschter, et gëtt keng Kris hei am Land, mä et kriselt. An de Wirtschaftsminister huet bei der Eröffnungsried vun der Foire sech ähnlech ausgedréckt, wéi e gesot huet dass mer et net mat enger wirtschaftlecher Kris ze doen hätten, mä mat enger Rei vu Rupturen. Et géif gebrach ginn, esou sot en, mat der Continuitéit vun ongewéinlech héije Wuesstumszuelen, gebrach mat der Gewunnecht, dass mer hei zu Lëtzebuerg ëmmer zwee- oder dräimol méi en héije Wuesstum hu wéi dat an eisen Nopeschlänner de Fall ass. An et gëtt och gebrach, esou wéi et ausgesäit, mat der Konstanz vun enger Aarbechtsmaartexpansioun vu 4, 5 oder souguer 6%.

Dës Rupturen, Här President, eenzel geholl, eenzel gesinn an och zesumme geholl, si keng wirtschaftlech Kris. Si bréngen allerdéngs eis alleguerten dozou fir eist Bewosstsinn nei ze orientéieren, all déi och, déi sech gemittlech drop agestallt haten, an eigentlech op eng relativ passiv Aart a Weis, dass mir grondsätzlech an zu all Zäitpunkt besser wäre wéi déi aner.

Déi Rupturen, déi mer erliewen, féieren eis op de Buedem vun der Realitéit vun den ekonomeschen Tatsaachen zréck. Op de Buedem vun der Realitéit vu konjunkturelle Cyclen, vum Afloss op Lëtzebuerg vun Europa a weltwäit wirtschaftlechen Entwécklungen, a vun der Fragilitéit vun enger Vollekswirtschaft, déi zu engem groussen Deel vun engem bestëmmte Secteur dominéiert gëtt. Mir kréie ganz däitlech hei gewisen, dass och zu Lëtzebuerg d’Beem net an den Himmel wuessen.

An da stellt sech d’Fro: Wéi gi mer ëm mat dëser neier, fir eis ongewinnte Situatioun? Mir, dat heescht heibannen, d’Parteien, d’Fraktiounen, mä och dobaussen d’Gewerkschaften, d’Patronatsorganisatiounen, an net zu Lescht d’Bierger selwer. Ech mengen, wa mer éierlech zesumme sinn, dann hate mer eis alleguerten zesummen e bëssen drop agestallt, oder wéinegstens insgeheim gehofft, dass trotz geleeëntleche Warnruffer dat grousst Wuesstum, wat mer an deene leschte Jorzéngten haten, sech kéint fortsetzen. A wien de Versuch wëllt starten, dat ze contestéieren, dee brauch een nëmme mat sengen Iddien, senge Propositiounen, senge Fuerderunge vun deene leschte Joren ze konfrontéieren. Déi wären net méiglech gewiescht, wann en net geduecht hätt, dass mer kënnte wirtschaftlech, an domat och finanziell a budgetär eis dat leeschten.

D’Fro, wéi mer ëmgi mat där neier Situatioun, ass natierlech an éischter Linn eng Fro un d’Regierung. Wéi e Kurs steiert d’Regierung un, fir aus där konjunktureller Dällt, esou wäit wéi dat iwwerhaapt an engem klenge Land wéi Lëtzebuerg méiglech ass, eraus ze kommen, fir eis Wirtschaft ze stabiliséieren a Wuesstum ze förderen?

Et ass jo an deene leschte Méint, a virun allem um Enn vum leschte Joer, wéi déi nei Situatioun bekannt ginn ass – déi nei wirtschaftlech Zuel ass jo vill monéiert ginn -, gesot ginn, d’Regierung wär heibäi kal erwëscht ginn. Ech wëll net méi op dës Polemik zréckkommen, déi grad esou steril wéi topesch ass. An der Tëschenzäit héiert ee jo net méi vill dovun. Et sinn nach ganz vereenzelt Stëmmen déi der Regierung e Reproche maachen, si hätt schonn 2001 misse gesi wat am Joer 2002 kéim.

All europäesch Regierungen hunn Instrumenter opgrond vun deene se d’Wirtschaftsentwécklung moosse loossen. Dat ass hei zu Lëtzebuerg net anescht. Keng Regierung huet en Zauberstaf mat deem se ka wëssen zu all Moment, wéi elo, an deenen nächste Méint an an deenen nächste Joren d’Wirtschaft sech wäert entwéckelen. Dat beschte Beispill, a wat mir alleguerte gutt kenne well mer déi däitsch Televisioun jo vill kucken, ass Däitschland. Wann ee gesäit wat d’lescht Joer an Däitschland virun de Wahlen u Chiffren an d’Welt gesat ginn ass, mat wat fir enge Chiffren d’Regierung raisonnéiert huet, zwee Méint no de Wahle gouf et eng aner Welt.

Entweder war et esou wéi gesot ginn ass, entweder wosst déi däitsch Regierung virun de Wahle wat lass war, dann huet se d’Leit op d’A gedréckt, oder si wosst et net, an dovunner ginn ech emol aus, a si konnt eréischt nodeem datt se d’Zuele vun deenen zoustännegen Instituter krut wësse wat lass ass.

Et ass onerhieflech gewiescht, ob mer dräi Méint éischter oder dräi Méint méi spéit mat deenen Zuelen do konfrontéiert gi sinn, an ech soen Iech firwat datt et an eisen Aen onerhieflech war.

Et gëtt nämlech, Här President, keng 20 oder 25 verschidde Méiglechkeete wéi e klengt Land enger wirtschaftlecher Réckbildung kann entgéint wierken, respektiv eng Konjunktur, esou wäit wéi dat a senge Méiglechkeete besteet, erëm kann ukuerbelen. Et gëtt der am wesentlechen nëmmen dräi. Et gëtt éischtens d’Senkung vun de Steiere vun de Bierger fir de Konsum unzereegen, et gëtt dann d’Erofsetze vun de Steiere fir d’Betriber, fir d’Investitiounen ze förderen an d’Konkurrenezfäegkeeet ze erhalen an drëttens gëtt et déi öffentlech Investissementer, fir déi op engem méiglechst héijen Niveau ze halen.

Här President, an deenen doten dräi wesentlechen Domäner, déi eng Regierung traditionell, an net nëmmen hei am Land, mä och a ganz Europa, op der ganzer Welt, zur Verfügung huet. Et sinn dat déi wesentlech Pisten, déi ee ka goen, wann ee mat engem wirtschafleche Réckgang ze doen huet. Déi ware schonn am Virfeld, ier d’Zuelen, ier déi nei Situatioun bekannt war, vun der Regierung ergraff ginn. Mat der Steierreform, déi mer Enn 2001 gestëmmt hunn, kruten d’Haushalter an d’Betriber alles an allem eng Milliard Euro un zousätzleche Mëttele fir de Konsum héich ze halen a fir kënnen ze investéieren. Schonn Enn 2001 war dës Moossnam hei an der Chamber gestëmmt ginn, an dat war laang ier de Statec an aner Instanzen hir Previsiounen drastesch zréckgeholl hunn. Dat war, Här President, eng Konjunkturpolitik, déi zum richtegen Zäitpunkt gräift.

An datselwecht ass wouer fir de Budgetsvolumen, deen déi staatlech Investitiounspolitik ausmécht. Am Budget 2002, dem Budget vun dem Joer vun den neien Zuelen, hu mer 12% vun de Staatsausgaben an Investitiounen drainéiert. An am Budget fir dëst Joer sinn dat esouguer 13%, wat 3% vun der Wirtschaftsleeschtung vum PIB vun eisem Land ausmécht. Keen anert Land, Här President, a ganz Europa kann dat dote maachen, konnt dat maachen. Mir konnten et maachen opgrond vun där Politik, déi mer an deene Jore virdru gemaach hunn.

A wann ech dann d’lescht am Kader vun der Debatt iwwert de Chômage hei héieren hunn, wou gesot ginn ass, d’Regierung hätt am Budget vum leschte Joer missten drastesch Aschnëtter maachen, fir esou genuch Sputt ze kréie fir Investissementer, da froen ech mech awer, Här President, a wéi enger Welt liewen d’Leit déi dat dote soen. Éischtens emol gouf net gesot wou dann déi drastesch Aschnëtter am Budget fir d’Joer 2003 hätte sollen, kënnen oder misste gemaach ginn an zweetens ass et jo awer esou a bleift et esou, ni huet de Lëtzebuerger Stat méi investéiert, esouwuel a Prozentvolumen, wéi och an absoluten Zuelen, ni war d’Investiounsquot vum Stat esou héich, wéi elo 3% vum ganze PIB, dat si bal 900 Milliounen Euro, ronn 35 Milliarden al Lëtzebuerger Frang fir d’Budgetsjoer 2003.

Dat si Fakten, dorunner kann een net rüttelen, dat ass d’Realitéit, a wann een da seet de Stat hätt keng Méiglechkeeten a kee Sputt a sengem Budget fir Investitiounspolitik ze maachen, dann ass dat einfach falsch an entsprécht net den Tatsaachen.

An da gouf och hei monéiert, d’Regierung wär schonn amgaang fir Projeten ze strecken, et géif net méi ausgeschriwwe ginn an da géif alles op d’Käschten an zu Laaschte vun de Betriber goen.

Ech wëll nach eng Kéier soen, Här President, och dat doten ass falsch. Am Joer 2003 ass d’Enveloppe fir den Héich- an Déifbau ëm 2% vum Joer virdrun an d’Luucht gesat ginn, an déi Mëttele ginn och genotzt. Et gi keng Projete gestreckt an dësem Moment an och net an absehbarer Zäit, esouwäit wéi dat vun der Volontéit vun der Regierung ofhänkt. Et sinn natierlech Projeten, déi an der Praxis Schwieregkeete begéinen, mä déi hunn awer näischt mam Wëlle vun der Regierung ze doen, fir net Gelder ze investéieren. Déi hu mat Prozeduren a mat anere Schwieregkeeten ze doen. Dofir hätt ech gär, dass mer hei géife bei den Tatsaache bleiwen.

Keen anert Land, Här President, ka sech op eng Finanzsituatioun beruffen an zréckkucke wéi eist Land dat ka maachen, an dat och nach bei enger Statsschold, déi praktesch inexistent ass. A wann dat esou ass, Här President, ech wëll dat hei ënnersträichen, dann ass dat op d’Finanz-, op d’Steier- an op d’Budgetspolitik, déi vun deene leschte Regierungen, vun där virdrun, vun där leschter Koalitioun mat de Sozialisten a vun dëser Koalitioun ënnert der Federführung vum Finanz- a vum Budgetsminister bedriwwe ginn ass. Et war dat eng zolidd, et war eng seriös an et war eng responsabel Finanzpolitik déi gemaach ginn ass, wat beweist, mir als Lëtzebuerg sinn dat eenzegt Land an Europa dat op esou eng Situatioun kann zréckgräifen. Keen anert kann dat maachen.

A wann am leschten Hierscht hei monéiert ginn ass a gesot ginn ass par rapport zu der Finanzsituatioun vum Stat, de Lack ass erof, den Uewen ass aus, d’Regierung steet plakeg do, da wëll ech Iech soen, Här President, och dat war falsch. Et stellt sech haut eraus, dass och déi Aussoen, déi par rapport zu de Budgeten 2002, 2003 an esou weider gemaach gi sinn, falsch sinn. De Budget 2002, krute mer gëschter gesot, ass am Equiliber. Dee schléisst net of mat engem Defizit an esou wäert, wann d’Chiffere vun deenen éischte véier Méint vun dësem Joer sech weider entwéckelen am Laf vum Joer, och de Budget vum Joer 2003 net mat engem Defizit ofschléissen.

An ech denken, dass de Budgetsminister alles dru setze wäert fir d’Joer 2004 och e Budget virzeleeën, deen am Equiliber ass, an op d’Fro vun der Manéier wéi en en an den Equiliber bréngt, kommen ech méi spéit zréck.

Här President, déi Finanz- a Budgets- a Steierpolitik, déi ech hei skizzéiert hunn an där déi ech ervi gestrach hunn, well ech se fir fundamental richteg fannen an et weist sech haut, datt dat wat mer iwwer laang Joren ëmmer erëm prônéiert hunn, dass mer haut d’Friichte kréie vun där Politik. Haut hu mer d’Méiglechkeete fir där Situatioun, déi mer um wirtschaftleche Plang hunn, entgéint ze wierken. Dat ass zréckzeféieren, an ech wëll dat hei ënnersträichen, op déi lescht Koalitioun an et ass zréckzeféieren op dës Koalitioun, op déi Politik, déi an deene Beräicher gemaach ginn ass vun deene responsable Ministeren. An ech muss Iech soen, d’europäesch Kommissioun an aner Instituter gesinn dat genau d’selwecht. Wéi d’europäesch Kommissioun eisen aktualiséierte Stabilitéitsprogramm aviséiert huet, huet se vun enger séier stabiler Ausganksbasis fir déi weider Entwécklung vun de Lëtzebuerger Finanzen an den öffentleche Finanze geschwat a si huet eis Fortschrëtter bescheinegt an deene vun hir ëmmer ugemahnte Strukturreformen. A ganz besonnesch war se voll des Luefs iwwert d’Steierpolitik, notamment d’Steierreformen, déi mer gemaach hunn, well se déi antizyklesch Iwwerleeungen, déi d’Lëtzebuerger Regierung hat, gedeelt huet.

Ech wëll nach, wann ech scho bei där do Politik sinn, als Zeien uruffe vun der Richtegkeet dovun, d’Avisen, déi bei de leschte Budgetë vun all deenen Instanzen, déi Avisen zu engem Statsbudget ofginn, d’Chambres professionnelles notamment, mä och d’Gewerkschaften an hire Wuertmeldungen, déi déi Politik als richteg ëmfonnt hunn, wou d’Regierung vill Ënnerstëtzung fonnt huet fir déi Politik, déi se an deenen dote Beräicher gemaach huet, dat ass de beschten Témoin, deen een dofir kann zitéieren.

Wann ech dat alles soen, Här President, wann ech schwätze vun där richteger, där zolitter an där responsabler Finanzpolitik, déi an deene leschte Joren hei gemaach ginn ass, dann ass et net well ech déi aktuell wirtschaftlech Situatioun hei wëll beschéinegen. Dat huet näischt domadder ze dinn. Ech hunn dat just gemaach fir ze weisen, datt mer duerch déi Finanzpolitik e formidablen Atout hu fir där schwiereger wirtschaftlecher Situatioun, an där mer eis de Moment befannen, entgéint ze wierken. D’Situatioun ass schwiereg, dat ass gëschter hei beschriwwe ginn, um wirtschaftleche Plang. Mä well mer den Atout hunn, dee resultéiert aus der Finanz- Steier- a Budgetspolitik, déi mer gemaach hunn, gëtt et keng Ursaach fir Panik, fir Hektik. Mir hunn eng Situatioun déi mer maîtriséieren, déi mer packe mat deene Finanzen, déi mer hunn, a mat deenen aneren Atouten, op déi ech gläich zréckkommen.

An de Statsminister huet dat gëschter u sech schéi beschriwwen, wéi e gesot huet, wann d’europäesch Wirtschaftperspektiven esou gro sinn, dann ass et well d’State méi Sue brauche fir d’Scholden aus der Vergaangenheet ze reduzéieren, wéi fir an d’Zukunft ze investéieren. An et ass grad just dat wat mir hei zu Lëtzebuerg kënne maachen an et ass do d’Differenz vun der Lëtzebuerger Finanz-, Steier- a Wirtschaftspolitik par rapport zu de Politiken, déi an eisen Nopeschlänner a deene leschte Jore gemaach gi sinn. Mir hunn an Zäite wou et gutt gaangen ass dat gemaach, wat mer ëmmer gesot hunn, mir si räsonnabel, mir ginn net alles aus, mir ginn net alles an de Konsum, mir hätte vill Saache kënne maachen, mir hunn eis Fonge gefëllt fir déi Zäite wou et schwiereg ginn ass. Dat kënnt eis haut zegutt.

Här President, an deem ganze Feld vu Mesuren, déi ee kann huele fir enger schwiereger Wirtschaftssituatioun ze begéinen, do kënnt dann d’ganz Fro vun der Diversificatioun derbäi. D’wirtschaftlech Diversificatioun berout op där enger Säit, deen e Pilier ass, déi Betriber, déi een huet, ze ënnerstëtzen, fir ze kucken, datt ee virukënnt, geléngt eis iwwregens ganz gutt a séier erfollegräich duerch eng Politik Recherche-Développement, déi sech ganz gutt entwéckelt, an op där anerer Säit hu mer déi nei Secteuren an déi mer sollen eragoen, wat och als Nischepolitik bekannt ass.

Fir d’éischt wat deen traditionelle Volet ubelaangt. Do wëll ech wierklech eng Lanz brieche fir de Wirtschaftsminister. Ech hu keng extra Ursaach fir dat elo direkt ze maachen, mä esou gutt wéi ech an der leschter Koalitioun den deemolege Wirtschaftsminister, den Här Goebbels, a senger Qualitéit als Bauteminister ëmmer erëm géint ongerechtfertegt Ufeindungen a Schutz geholl hunn, fannen ech och, dass et hei iwwerdriwwe gëtt, déi Polemik, déi géint den Henri Grethen lassgetrëppelt ginn ass, en hätt net genuch gemaach a puncto wirtschaftlecher Diversificatioun. D’Chifferen, an et kann een net soen, d’Chifferen déi sinn alleguerten truquéiert an dofir kënne mer dat alles net gleewen. Kuckt Iech den Tableau vun de Chifferen un, vun den Investitiounen, dat wat gemaach ginn ass am absolute Volume wat d’Chifferen ubelaangt, an op där anerer Säit wat d’Aarbechtszuelen ubelaangt, do steet d’Politik vum Henri Grethen där vum Robert Goebels an näischt hannendran, an ech denke mir sollten dat unerkennen a mir sollten einfach gesi wat d’Realitéite sinn.

An da wat déi nei Créneauen ubelaangt. D’Steckepäerd vum Fraktiounschef vun de Sozialisten, e-Commerce, mëttelstännege Raum, ëmweltschounend Betriber, vläicht och Bio-Technologie. Näischt gouf gemaach. Et ass alles verschlof ginn. Ech wëll soen, Här President, dat mat deenen neie Créneauen ass net grad esou einfach. Et geet net duer fir ze soen, mir mussen eng aggressiv Diversificatiounspolitik maachen. Et muss een dann och nach gesi wat ee mécht a wéi datt een et mécht. An da gi mer emol eng Kéier zréck op d’Créneauen, déi mer an der Vergaangenheet entwéckelt hunn. Wéi eng Créneauen hu mer entwéckelt? Mir hunn d’Finanzplaz entwéckelt, mir hunn d’Satellitewiesen entwéckelt. Dat waren zwee grouss Créneauen, wat wierklech zolidd Créneauë waren, un deenen eist Land haut ziert an un deene mer scho vill Freed haten.

Ech wëll soe fir déi, déi ëmmer hei vun de Créneauë schwätzen, datt et net d’Sozialiste waren déi Dafpätter oder Giedel waren, wéi déi dote Créneauen an d’Welt gesat gi sinn. Mir erënneren eis all un déi kritesch Téin, déi déi Zäit vun där Säit koumen, esou gutt géint d’Finanzplaz wéi och géint d’Satelittewiesen.

An da komme mer zu de 15 Joer vum Här Goebbels, Créneauen déi en entwéckelt huet. Wou si se dann? Et waren déi vun dem Transport maritime an et waren déi vum Pavillon maritime, an enger Rei eenzelne Betriber, déi en hei op Lëtzebuerg bruecht huet. A mir wësse wéi e Misär mer mat dem Transport routier haten an haut, wann een d’Nouvellen an der Zeitung liest mam Pavillon maritime, wou et och net zum Beschten ausgesäit.

Ech maachen, Här President, dem Här Goebbels kee Reproche dorauser, mä wann et esou einfach wär déi nei Créneauen ze entwéckelen an d’Aktivitéiten heihinner ze kréien a wann an deene Beräicher, déi hei ëmmer zitéiert gi sinn, dat alles esou einfach gewiescht wär, mä dann hätt den Här Goebbels 15 Joer laang Zäit gehat fir dat ze maachen. Wann et him net ëmmer gegléckt ass, dann ass dat en Zeechen, dass d’Saachen e bësse méi komplizéiert si wéi se ëmmer hei dohinner gestallt gi vu Säite vun de Kolleege vun der sozialistescher Säit.

Et ass eis elo gegléckt an der Nisch vum e-Commerce zwou grouss elektronesch Handelsfirmaen op Lëtzebuerg ze kréien. Mir freeën eis. Ech wëll dat hei soen: Mir freeën eis. Eis Fraktioun freet sech an ech weess och, dass anerer heibanne sech freeën an der Regierung félicitéiere fir deen Effort, dee se gemaach huet, a fir dat wat hir hei mat deenen doten zwou Firmae gegléckt ass.

Dat ass eng ganz grouss Affär an ech muss soen, ech fannen et wierklech traureg dass d’Sozialisten, amplaz sech fir eng Kéier – si brauchen d’Regierung jo hei net permanent ze luewen – ze freeë wann eppes gléckt, wa mer eppes Zoliddes hei op Lëtzebuerg kréien, da gëtt lamentéiert wéi e bockegt Kand an ech zitéieren den Här Asselborn, deen haut am Wort à propos vun AMAZON an AOL gesot huet: ?Das ist reine Nischenpolitik mit dem Ziel den Staatssäckel zu füllen, ohne dass neue Arbeitsplätze geschaffen werden.” Et ass also näischt. Bei esou enger Nischepolitik kréie mer e puer Frang, mä et gi keng Aarbechtsplaze geschaf.

Wat ass dat da fir eng Approche par rapport zu engem, wann ech et esou däerf nennen, Fang, deen der Lëtzebuerger Regierung gegléckt ass, deen eis awer wäert massiv Geld an de Statsbudget bréngen? Ass dat dann näischt, wa mer Geld an de Statsbudget kréien?

An op där anerer Säit ?ohne dass Arbeitsplätze geschaffen werden”, mä ech héieren dach awer nach d’Sozialisten hei soen déi lescht Joren ëmmer erëm mir musse Betriber heihinner kréien, Hightechbetriber mat grousser Plus-value an déi net esou aarbechtsintensiv sinn. Just dat geschitt hei. Dat war awer d’Kritik, déi ëmmer erëm komm ass. An elo ass dat erëm net gutt, wa Geld an de Statsbudget kënnt, dann ass dat Nischepolitik, déi dann awer net vill bréngt a se bréngt keng Aarbechtsplazen.

Ech muss Iech soen, Här President, et mengt ee bal d’Sozialiste wären hei jalous oder se wäre bockeg, datt se dat doten einfach net unerkenne kënnen, wat jo awer emol eng Kéier eng gutt Nouvelle ass fir déi d’Land frou an dankbar ass.

An dann déi ganz Kritik ëm den e-Commerce: Et geschitt näischt. Et gëtt verschleeft. Et ass näischt an deem dote Kader gemaach ginn. Wann dat sollt esou sinn, an ech sinn net de Spezialist dovun, ech kann et net am leschten Detail appréciéieren, mä da liesen ech awer wat de Statsminister gëschter gesot huet wat AMAZON seet: AMAZON hätt sech entscheet fir op Lëtzebuerg ze kommen, well et hei e favorabelt Klima fir den elektroneschen Handel gëtt an eng Regierung, déi all Entwécklung am e-Beräich positiv begleet.

Wann dat esou gesot gëtt, dann denken ech jo, dass AMAZON dat dote gesot huet. An da muss een ënnerscheeden tëschent der absoluter Kritik vum Här Krecké, dee seet: Et geschitt näischt, Dir schlooft, et ass iwwerhaapt näischt dran, an dofir kréie mer näischt, an AMAZON, dee seet: E favorabelt Klima fanne mir zu Lëtzebuerg a mir fannen do eng Regierung, déi all Entwécklung am e-Beräich positiv begleet.

Ech muss Iech soen, wann ech do de Choix da maachen, tëschent där enger Appréciatioun an där anerer Appréciatioun, da schloen ech mech awer op d’Säit vun deenen, déi hei praktesch um Terrain jo d’Erfahrung maachen a gesinn a wëssen, firwat dass se sech fir de Standpunkt Lëtzebuerg décidéieren.

Biotechnologie, et ass vill hei monéiert a beklot ginn, dass mer kee biotechnologesche Standuert géifen hei bedreiwen. Dat ass éischtens net ganz richteg an zweetens ass et e bësselche méi komplex wéi dat. Esou laang wéi mer eis schwéier doen, an ech mengen déi meescht heibannen di sech schwéier domat, mat der Presenz vun OGMen op eisem Territoire a mat der Ëmsetzung vun der Biopatentdirektiv, hu mer kee rechtleche Kader an deem ee wierklech déi doten Aktivitéit ka promouvéieren an déi d’Acteuren an dësem Beräich géif unzéien. Esou laang wéi mer selwer net richteg wëssen a wéi eng Richtung dass mer hei marschéieren, mengen ech, misste mer eise Bioäifer e bësse bremsen.

D’Notzung vun den Nischen, Här President, ass net esou einfach an erfuerdert grouss Efforten an dacks genuch och entspriechend Finanzmëttel. Mir wäerten an deenen nächste Jore ganz sécher wirtschaftlech Applicatiounen a Resultater vun der Recherche gesinn, déi hei zu Lëtzebuerg amgaangen ass sech ze entwéckelen. Dräi Milliarde fléisse praktesch all Joer an d’Fuerschung an dëse budgetären Effort wäert och an Zäite vu méi enke Statsfinanze fortgesat ginn, well eng permanent a performant Recherche eng Grondlag fir d’Erschléissung vun neie Secteuren ass.

Här President, vu dass d’Presidentekonferenz décidéiert hat fir hei d’Zäit vun de Presidenten ze begrenzen, aus Grënn déi mer akzeptéiert hunn, ginn et eng Rei vu Punkten iwwert déi ech muss ewechgoen. Ech wollt hei eppes soen zum Chômage. Mir hu jo nach genuch Riedner.

Här President, mäi Fraktiounskolleeg, de Marcel Glesener, wäert der Suerg vum Här Asselborn hei Rechnung droen an des Laangen an des Breeden op d’Problematik vum Chômage agoen, well ech net alles hei ka maachen, esou wéi de Fraktiounschef vun de Sozialisten och net hei am Detail de Chômage développéiere wäert, well hie soss Sträit kritt mam Här Lux, well dat eng Chasse gardée vum deem ass. Dat versti mer alles.

Ech wollt iwwert d’Sécherheet schwätzen. Ech iwwersprangen dat och, Här President. De Kolleeg Mosar wäert fir eis Fraktioun dat maachen. Ech kommen dann zréck, Här President, op d’Debatt, déi mer haut hei féieren.

D’Oppositioun wäert dann elo, a mir hu jo gëschter an haut de Moie schonn e Virgeschmaach dorop kritt, versichen d’Politik vun der Regierung hei ze attackéieren. Dat fannen ech och nëmme richteg. Fir eng Oppositioun ass dat normal, also gerechtfäerdegt, well et ass net alles perfekt a villes muss ëmmer erëm a Fro gestallt ginn. Nei Entwécklungen erfuerderen och nei Iddien an nei Propositiounen, a well keen onfeelbar ass, weder dës Regierung nach d’Oppositioun, déi an dësem Parlament ass, a well keen e Monopol huet op déi beschten Iddien an op déi beschte Virschléi, ass et normal dass mer hei kontrovers mateneen diskutéieren.

Ech wollt emol de Virschlag maachen, Här President, dass mer géifen den Etat de la Nation, esou wéi en nämlech geduecht war, net nëmmen op där enger Säit als eng Ofrechnung mat der Politik vun der Regierung, mä op där anerer Säit awer och als eng Orientatioun fir dee Budget, deen de Budgetsminister amgaangen ass opzestellen, eng Orientatioun dofir dass mer och vläicht géifen e puer Wuert doriwwer schwätzen, well ech denken dass mer eis eescht genuch sollten huele fir eis net nëmmen a pauschalen a rhetoresche Floskelen hei ze ergoen. Déi eng, déi der Regierung zoujubelen, an déi aner, déi alles verdäiwelen. Domat ass kengem gedéngt. D’Leit dobaussen erwaarden, Här President, dass mer net ronderëm de Bräi schwätzen, dass mer Faarf bekennen, dass mer Prioritéite setzen, an dass mer dat benennen, wat machbar ass a wat d’Leit och vun eis erwaarde kënnen.

Här President, wann een den Avis vum Wirtschafts- a Sozialrot liest a wann een d’Debatten esou kuckt, déi mer an deene leschte Wochen hei am Parlament haten, da ginn et jo eng Hällewull vu berechtegte Fuerderungen: méi Schoulmeeschteren a méi Proffe fir dee reguläre Schoulbetrib, fir Hausaufgabenhëllef an esou weider, zousätzlech méi Educateuren a Chargés de cours fir d’Ganzdagsschoul, méi Betreier fir Jonker an Opfangstrukture fir dës, Foyeren a Jugendhaiser, méi Educatricen an de Crèchen, well déi flächendeckend solle ginn, e Betreier fir Obdachloser an Drogenofhängeger, méi Riichteren, méi Untersuchungsriichteren a méi Membere fir de Parquet, méi Spidolsinfrastrukturen, méi fir d’Palliativmedezin, d’ADEM muss weider Placeure kréien, Betreiungsstrukture fir d’Ganzdagsschoul, méi Leit fir d’Gewerbeinspektioun, méi Steier- an Enregistrementsbeamten, méi Leit fir d’Betreiung vun Asylbewerber a besser Infrastrukture fir dës.

Här President, d’Zuel an d’Lëscht vu gudden Iddien an och vu berechtegten Iddien a Fuerderunge kéint ee roueg weiderféieren, mä et muss een awer bei all dëse Mesurë gesinn, wou ech denken dass mer alleguerten heibannen d’accord sinn dass se gutt wären an dass se noutwendeg wären, wat machbar ass. Mir sinn am Joer 2003 a mir maachen de Budget fir d’Joer 2004 a mir musse wësse wéi eis Finanzen ausgesinn.

Mir gesinn dat plus ou moins. Mir wäerte gesinn, dass de Budget fir d’Joer 2004 wuesse wäert. E wäert eng Progressioun kréien, schonn eleng opgrond vun der Inflatioun, an e wäert dann och eng liicht Progressioun kréien opgrond vum Wuesstum mat deem mer eventuell rechne kënnen. Mä dat gëtt eng ganz kleng Progressioun an déi Progressioun gëtt zu engem groussen Deel opgefriess duerch d’Evolutioun vun all deenen Dépensen, déi am Budget sinn, déi gebonne sinn un den Index, esou dass e ganz minimale Sputt wäert iwwreg bleiwe fir Akzenter ze setze fir dat nächst Joer.

An da wëll ech soen, Här President, dass eis Fraktioun der Regierung hei e puer Recommandatioune wëllt mat op de Wee gi bei der Opstellung vun dësem Budget. Mir denken, well et muss ee jo kucke wat d’Recettë sinn, wat d’Problematik vum Emprunt ubelaangt, dass een zwar kann an déi Richtung goen, déi gëschter ugedeit ginn ass, bäi Infrastrukturen um Kierchbierg fir d’europäesch Institutiounen oder bäi groussen Zukunftsinfrastrukturen, dass een do iergendwinni kann, wann dat noutwendeg ass, op den Emprunt zréckgräifen, mä mir sinn dogéint, Här President, fir elo eis grouss an eis kleng Besoinen, virun allem och déi grouss, déi ech virdru genannt hunn, dass mer déi iwwert de Wee vu Empruntë géifen oder deelweis géife versichen ze finanzéieren. Mir sollen d’Verschëldungscapacitéit vum Stat esou laang wéi dat nëmme méiglech ass héich halen, well kee weess op wéi eng Zäiten datt mer duer ginn.

Bei deem minimale Sputt, deen eis wahrscheinlech beim Budget iwwreg bleiwe wäert, Här President, denken ech net dass mer weider sollte prioritär d’Dotatioun vun de Fonge weiderdreiwen. Ech mengen dass dat net soll d’Prioritéit sinn, well wa scho ganz wéineg Spillraum do ass, a mir denke jo net dass dee wéinege Spillraum sech iwwer laang Joren hinzitt, mä dëst Joer an d’nächst Joer wahrscheinlech de Fall wäert si fir de Budget 2004 an 2005, denke mer, dass ee muss Prioritéite setzen. Vun all deene Projeten a berechtegte Fuerderungen, déi ech virdrun hei genannt hunn, do kann een der nëmmen e puer eraushuelen, all déi aner déi musse waarden.

Ech wollt am Numm vun eiser Fraktioun soen, dass et fir eis dräi Beräicher gëtt an deene mer denken, dass Regierung net sollt an net däerft, esouguer bei enke Finanzen, spueren. Dat ass de Beräich vun der Sécherheet, vun der Justiz an et ass de Beräich vun der Paliativmedezin.

Här Asselborn, Dir wësst dass mer ëmmer musse kucken no de Prioritéiten. Den Här Bodry huet d’lescht Joer beim Budget geschwat vun den Arbitragen déi musse gemaach ginn, an Arbitragen, déi sinn nun emol schwiereg. Et ass net esou einfach. Ech hu vill Projeten opgezielt an ech hätt gären, dass se alleguer géife gemaach ginn, mä mir kënne se awer net alleguer maachen. Et mussen Arbitragë gemaach ginn. Et musse Prioritéite gesat ginn. An dëst Joer gëtt de Sputt extrem enk. Selbstverständlech, wa Geld iwwregbleift kommen och all déi aner drun. Mir mussen hei awer wëssen, wat mer maachen.

An ech hätt haut och gären, well mer jo iwwer Budget schwätzen an den Här Frieden ass amgaang un deem Budget ze schaffen, dass d’Oppositioun him seet bei deem enke Spillraum, wat si dat géif als Orientatioun gesinn. Dat ass eis Aufgab, dat ass d’Iddi vun dem Etat de la Nation fir der Regierung Orientatiounen ze ginn. Ech hunn der hei e puer opgezeechent fir eis, ech denken dass och emol kënnten aner Fraktioune versichen dat ze maachen, well dat zu eiser Aufgab gehéiert.

Här President, de Statsminister huet gëschter 32 Projeten an der Chamber deponéiert an huet nogewisen, wat eleng am leschte Joer u legislativer Aarbecht gemaach ginn ass. En hätt dat kéinte maachen iwwert déi ganz Zäit vun dëser Koalitioun, en huet et nëmmen iwwert dat lescht Joer gemaach. D’Oppositioun huet dat als e Rechtfertigungsversuch dohinner gestallt. Ech wëll Iech soen, dat war kee Rechtfertigungsversuch, mä et war en Dementi vun där permanenter Kritik déi zënter zwee, dräi Joer ëmmer erëm hei virbruecht gëtt, et géif e Reformstau ginn.

De Statsminister huet gëschter bewisen an huet de Beweis ugetrueden duerch Faiten, duerch Chiffren a Pièces à l’appui, dass et kee Reformstau gouf. Et gouf keen an deene leschte Joren an et gëtt och elo kee fir dat lescht Joer wou dës Koalitioun um Rudder ass. An ech wëll Iech soen, dass déi ganz Presentatioun d’Oppositioun awer schéngt getraff gehat ze hunn, well se zimlech duerchernee gelaf ass, notamment eis sozialistesch Kolleegen. Wann ech héieren hu wéi den Här Krecké gesot huet: Geheimdéngscht a Referendum, dat interesséiert dach kee Mënsch am Land.

Dir hutt dat esou dohinner gestallt: Firwat komme se elo mat Geheimdéngscht, firwat komme se elo mat Referendum?

Ech wëll Iech soen, d’Sozialisten, déi froen zënter Joren d’participativ Demokratie, si plädéieren derfir a si hu se an hire Programmer stoen. Elo kënnt e Projet iwwert de Referendum, an da gëtt gesot, wat ass dat dann elo.

De Geheimdéngscht, Här President. Den Här Bodry mahnt de Statsminister zënter Joren, dass dee Projet?

Wësst Der, Här Bodry, mam Projet iwwert d’Reform vum Geheimdéngscht, do ass et e bëssen esou wéi mam Projet iwwert d’Fusioun vu Police a Gendarmerie. Et hat och ganz laang gedauert. Et war am leschte Moment vun der leschter Koalitioun. Am Fréijoer, just virun de Wahlen, hu mer de Projet diskutéiert.

Beim Aménagement du territoire, do hutt Der vill méi wéi fënnef Joer gebraucht bis dass Der e Projet fäerdeg hat. Also kommt elo net a maacht der Regierung hei, wa se an engem komplizéierten Dossier e bësse méi laang Zäit brauch, wéi ee sech dat gewënscht hätt, e grousse Reproche. Ech hu just festgestallt, dass den Här Krecké hei net vill Wäert op déi Saachen do leet, obschonn et op där anerer Säit Saache sinn, déi vu senger Partei a vu senger Fraktioun permanent ugemahnt ginn.

Här President, dës Koalitioun ass à même déi Défien unzegoen, déi sech eis stellen. Wann Der d’Avisë kuckt vu villen Organisatiounen, notamment de Chambres professionnelles, och d’Stellungnahme vun de Gewerkschaften an de leschte Joren zu der Politik vun dëser Regierung, do hunn ech an deene leschte 15 Joer ni während enger Legislaturperiod esou vill positiv Avisen, esou vill Ënnerstëtzung fir d’Politik vun enger Regierung vun deene verschiddenste Säite gesinn.

An, Här President, déi éischt Reaktioune vun de Gewerkschaften an de Patronatsorganisatiounen, déi mer haut de Mueren an den Zeitunge konnte liesen: D’Gewerkschaft OGB-L, mat Ausnahm vun der Lex Greenpeace, dee Projet mat deem se net frou sinn, gëtt d’Ënnerstëtzung fir d’Politik déi gëschter vum Statsminister dohinner geluecht ginn ass. Datselwecht gëllt fir déi aner grouss Gewerkschaft, den LCGB. D’Patronatsorganisatioun, d’FEDIL, déi huet bedauert, dass an der Fro vun der Indexéierung d’Regierung net wëllt an hir Richtung marschéieren, mais pour le reste war et dach op der ganzer Linn Zoustëmmung zu där Politik, déi gëschter op dëser Tribün vum Statsminister am Numm vun der Regierung definéiert ginn ass.

An ech muss Iech soen, och wann d’Oppositioun hei alles wëllt schlecht rieden, dann ass dat hiert gutt Recht. Et stéiert mech net vill. Et stéiert mech an deem Sënn net vill, well ech an der Gesellschaft, bei de Leit dobaussen a bei deenen Organisatiounen, déi se vertrieden an déi hei am Land d’Soen hunn, ganz vill Zoustëmmung fir d’Politik an d’Marschroute, déi dës Regierung ageschloen huet, fir aus där Situatioun an där mer dra sinn erauszekommen, fir déi ze steieren, fir déi ze leeden, fir se ze begleeden, virfannnen.

Här President, Lëtzebuerg am Mee 2003 ass net méi Lëtzebuerg wéi virun zwee Joer. Mir hu wirtschaftlech Schwieregkeeten. Dat wëllt kee Mënsch ofstreiden a mir musse ganz gutt oppassen, dass mer keng Dommheete maachen, dass mer eraus kommen aus där Situatioun. Mir wëssen dass d’Beem hei zu Lëtzebuerg net méi an den Himmel wuessen. Mir hate vläicht mat där Iddi geflirt, mä mir kënnen déi ad acta leeën. D’Wëssen an d’Bereetschaft fir déi Iddi ad acta ze leeën, dat ass scho ganz vill.