Wéi eng ëffentlech Dingschtleeschtungen zu Lëtzebuerg?

Ried vum Deputéierte Fred Sünnen am Kader vun der Interpellatioun iwer déi ëffentlech Dingschtleeschtungen
Här President,Dir Dammen an dir Hären,

de Lëtzebuerger Wohlfahrtsstaat ass een, dee senge Biirger vill bitt. Dat, wat en en esou bitt, gratis oder géint Entgelt, kann een als de service public bezeechnen. Dëse Begrëff ëmschreiwt den Ensembel vun denen Dingschter an Dingschtleeschtungen, déi de Staat, direkt oder indirekt, senge Biirger ubitt, fir déi en also net muss op privat Entreprisen zréckgräifen, déi sech contrairement zum Staat viirdrenglech ëm hiren egene Benefiss këmmeren.

Konzeptioune vu service public get et vill. Et existéiere Staaten, an dene liberal Gesellschafts- a Wirtschaftskonzeptiounen derzou gefouert hunn, datt de Staat sech selwer nach just ëm seng eigentlech Urfunktioune këmmert, also ëm Police, Geldpolitik, Verteidegung a Grenzsëcherung, an de ganze Rescht der privater Initiativ iwerléisst. De Géigemodell war dee sozialisteschen, wou am Fong alles, wat d’Versuergung vum Biirger ubelaangt, vun der Gesondheetsversuergung an der Schoul bis zur Ernährung, a staatlecher Hand läit an zentral organiséiert ass – meeschtens gratis.

Do dertëschent leien eng Abberzuel vu Gradatioune vu service public, déi am Fong net nëmme mat ideologescher Ausriichtung vun engem Staat ze dinn hunn, mee och an zu engem wesentlechen Deel mat de finanzielle Méiglechkeeten, déi eng zentral Administratioun huet, fir selwer Servicer ze organiséieren an ze assuréieren. Zu Lëtzebuerg hu mer en ëmfaassende service public mat engem ganz héige Leeschtungsniveau, wat souwuel enger politescher Grondausriichtung an eisem Land wéi och enger séier favorabler materieller Ausgangslag vun der Administratioun ze verdanken ass. An eppes wëll ech direkt am Ufank vu menger Interventioun am Numm vun der CSV-Fraktioun kloer soen: un dem ëmfaassenden, qualitativ héichwäertegen a performante Service public hale mer och an Zukunft fest.

Den Interpellant huet eng ganz Panopli vu Problemer am Zesummenhank mat de staatlechen Dingschtleeschtungen hei opgeworf, an dat ass am Fong gutt gemaach, well et ass schliesslech eng Thematik, déi ganz vill verschidden Ausfächerungen a Voleten huet. Allerdings, an dat weess den Här Krecké och selwer, huet e kaum Léisunge fir déi vun him ugeschwate Problemstellunge geliwert – a suguer dat kann ee verstoen, well mer d’Aart a Weis, wéi de Staat seng Dingschter ubitt, organiséiert a geréiert, weder kënnen an engem neien Text eenheetlech an uniform faassen, nach Verwaltungspraktiken an Organisatiounsforme vun haut kuerzfristeg kënnen der Geschicht iweräntwerten.

Wann dës Debatt eriwer ass, wäerte mer eis alleguer eens sinn, och d’Kollege vun der LSAP an den Interpellant, datt villes ze maache bleiwt, obwuel och schon haut jo laang net alles schlecht ass – wéi och dee Sondage beluecht huet, an deem d’Lëtzebuerger iwer hir Zefriddenheet mat de Verwaltungen an de staatleche Leeschtunge befrot goufen, an deem säi Resultat global ganz positiv ausgefall ass.

Ech wëll a mengem Bäitrag zu dëser Debatt e puer grouss Sujeten behandelen, déi am Kontext vun de services publics wichteg sinn. Dat sinn d’Vehikelen vun dëse Leeschtungen, also d’Verwaltung selwer oder ausgelagert Träger, wéi Etablissements publics, et ass d’Liberaliséirung an d’Privatiséirung vu staatleche Leeschtungen, an et ass d’Réforme administrative.

De Staat huet en Aktiounsperimeter, bannent deem hie selwer agéiert, an zwar duerch seng Verwaltungen. Wann zum Beispill Mataarbechter vu bestëmmte Ministerien eng Berodungsfunktioun géigeniwer vu bestëmmten Usagers hunn, dann assuméiert eng Verwaltung selwer e bestëmmte service public. Verschidde Funktiounen, déi de Staat ausübt, sou zum Beispill den Enseignement – eng Kompetenz, déi e mat de Gemengen deelt – assuréiert en direkt, ouni juristesch Tëschestufen. Si befannen sech am immediaten Aktiounsperimeter vum Staat. Aner Funktiounen, wéi zum Beispill d’Gesondheetsversuergung, huet de Staat un Entitéiten delegéiert, déi eng ege Rechtsperséinlechkeet hunn, an déi sech also net mat Staat u sech identifizéieren. Da befanne mer eis am ergänzte Staatsperimeter, do wou hien net selwer direkt handelt, mee am Fong handele léisst.

Un dëser Plaz kéint ech e puer Wuert iwer d’Gemenge soen, déi jo och e bestëmmte service public ubidden. Mir féieren am Hierscht déi Debatt iwer déi zukünfteg Kompetenzverdelung tëschent Staat a Gemengen, oder sollt ech net besser soen, iwer d’Kompetenzvernetzung tëschent denen zwee Niveauen. Tatsaach ass, datt mer fir déi Debatt e grondsätzleche Problem hunn, an dat ass dee vun der fundamentaler Ongläichheet vun de Gemengen. Et kann ee net soen, d’Kompetenzkategori X fällt de Gemengen, allen 118 Gemengen zou, well et do gutt ka sinn, datt 35 Gemengen mat däer Kompetenz eens ginn, an all déi aner net. Si gi net dermat eens, well se ze kleng sinn, a well se deementspriechend keng ausreechend Strukturen a Mëttelen hunn. Dës Ongläichheet féiert och zu enger prinzipieller Ongerechtegkeet a Saache service public: de Biirger vun der grousser a räicher Gemeng X kritt nämlech am Lëtzebuerg vum Joer 2003 eng vill méi intressant an uspriechend Offer u service public gebueden, wéi de Biirger vun der klenger an aarmer Gemeng Y.

Well deen do Basisproblem existéiert, ass déi Debatt am Hierscht jo esou schwéier ze féieren. Eng Gemeng ass net gläich eng Gemeng. Déi Gemeng, déi ech féieren, ass net déi Gemeng, déi den Här Strotz oder den Här Loes féiert. An déi, déi den Här di Bartolomeo féiert, ass net vergläichbar mat däer, déi den Här Gira féiert.

Grad wéint der Ongläicheet vun de Gemengen hu mer och déi Inflatioun vu Gemengesyndikater. Well op verschiddene Plaze méi gebuede get, schléisse sech Gemengen, wou manner gebuede get, a Syndikater zesummen an organiséiere gemeinsam e bestëmmte Service. Ausserhalb vun de Stied zu Lëtzebuerg kann een haut bal behaapten, datt ganz Kategorie vu Servicer net méi vun de Gemenge selwer, mee vu Syndikater ugebuede ginn – deelweis gëllt dat suguer fir d’Stied mat.

Mir hunn et also mat enger Froestellung ze dinn, wa mer am Hierscht debattéieren, déi méi Niveau beréiert, wéi de Staat an d’Gemengen. Am Fong misst d’Fro heeschen: wéi verdele mer an Zukunft d’Kompetenzen tëschent der Zentralverwaltung vum Staat, den Emanatioune vum Staat, de Gemengesyndikater an de Gemenge selwer. An da get et natiirlech spannend. Well spéitstens dann hu mer noutgedrongen eng ganz Rëtsch vun Interferenzen tëschent dene verschiddenen Organisatiounsniveauen. Sou oder sou: ech klameren de service public vun de Gemengen haut aus, mam Zousaz allerdings, datt ech nach eng Kéier soen, datt mer e Problem vun Ongläichheet hunn, dee mer virdringlech musse léisen. Soulaang mer deen net geléist kréien, kënne mer nämlech net emol vun DEM service public vun DE Gemenge schwätzen, mee ëmmer nëmme vun eenzelne Servicer, déi eng bestëmmte Gemeng ubitt, an eng aner vläicht net. Also schwätze mer elo mol vun deem vum Staat.

Ech hu virdru versicht, de Staatsperimeter, deen direkten an deen indirekten, ze erfaassen. Dat geet am Fong just opgrond vun empirescher Erfarung. Mir wëssen nämlech, datt eng keng verbindlech Definitioun vun all deem get, wat de Staat direkt a selwer, iwer seng Verwaltungen, op sech hëllt, a vun deem, wat en un aner rechtlech Persounen ofget. Mir wësse just an der Praxis, wat de Staat selwer mëcht, a wat net. An anere Wierder: et steet néirens, wat de Staat genee an am Detail vu Missiounen iwerhëllt, a wat en delegéiert. Woumat mer direkt bei der rëm séier aktueller Debatt iwer d’Etablissements publics wiren.

Et ass dacks en Organisatiounsgesetz, eng loi-cadre iwer d’Etablissements publics gefuerdert ginn, fir déi Instrumenter also, déi am gängegste vum Staat als säi verlängerten Aarm op Terrainen benotzt ginn, déi en als Staat net selwer bewirtschaft. Mee esou e Gesetz, loosst mech et direkt lass ginn, dann ass et gesot, hëlleft eis net weider, et léist eise Problem net. Eischtens ass et onrealistesch, esou en Text sënnvoll a verbindlech ze formuléieren. Dat läit virun allem un der Verschiddenaartegkeet vun all denen Etablissements publics, déi mer hunn, an un den Differenzen an hirem Funktionnement, hirer Missioun, an hire Gestiounsmethoden. Zwetens géif esou eng loi-cadre den eigentleche Problem net léisen, deen dora besteet, datt mer dann nach ëmmer net wéissten, wou den direkte Staatsperimeter ophält. Dat ass iwregens och schwéier ze bestëmmen, well et bestänneg ännert.

Et bleiwt, datt d’Etablissements publics de Modellträger fir services publics zu Lëtzebuerg sinn, déi net vun de Verwaltungen direkt geleescht ginn. Vill, ganz vill services publics gi vun établissements publics ugebueden. Vum Kannergeld iwer d’Pensiounen an d’Krankegeld bis hin zu kulturellen a sozialen Ariichtungen get déi grouss Majoritéit vun de sozialstaatlechen Dingschtleeschtunge vun établissements publics gedroen. Deemno ass et derwäert, eis méi genee mat hinnen ze beschäftegen.

D’Staatsverwaltung u sech ass eng rigid Geschicht. An eiser Konzeptioun vum ëffentlechen Dingscht a mam Staatsbeamtestatut, dee mer kennen, ass et dacks schwiereg, bestëmmten Ziler rapid ze erreechen, déi Mataarbechter ze fannen, déi ee grad brauch, an Infrastrukturen opzeriichten. Dat wësse mer – a well mer et wëssen, gräife mer ganz dacks op déi vill méi flexibel Formel vum Etablissement public zréck. Doraus erget sech eng steigend Zuel vun esou Etablissementer an all Beräicher. Zu denen alen a klasseschen Etablissements publics, wéi d’Pensiounskeesen, d’Krankekeesen an d’Beruffschamberen, hu sech der am Verlaf vun der Zäit Dosenden an alle méiglechen aneren Aktivitéitsberäicher derbäigesellt. Haut fënnt een der am Domaine vun der Kultur, am Enseignement supérieur, an der Familiepolitik, an doriwer eraus. Mir stelle ganz einfach fest – an ech beleeën dat net mat engem Wertuurteel – datt mer eis an enger Inflatioun vun Etablissements publics erëmfannen, déi sech als géigeniwer der Verwaltung selwer als déi méi attraktiv Organisatiounsstruktur fir staatlech Dingschleeschtungen duerchsetzen.

Datt dat esou ass, huet vill mat der Onflexibilitéit vun der Verwaltung ze dinn, ech hunn et scho gesot. Keng vun dene Parteien, déi zu Lëtzebuerg bis elo scho regéiert hunn, och d’LSAP net, huet et bis elo fäerdeg bruecht, dësen Ëmstand déifgräifend ze änneren. Dat ass awer kee spezifesch Lëtzebuerger Phänomen: d’Etude vum EIPA iwer d’Etablissements publics seet eis jo, datt och beispillsweis an Däitschland, Frankräich a Groussbritannien niewent der eigentlecher Verwaltung eng Welt vun Entitéiten existéiert, déi däer vun eisen Etablissements publics gläicht, an déi entstanen ass, well d’Verwaltung selwer net ausgedehnt gouf, während de Staat sech trotzdem stänneg nei Missioune ginn huet. Dat gëllt iwregens och fir Regiounen a Gemengen, et ass net nëmmen den Zentralstaat selwer, deen eng Verwaltung huet, an Dingschtleeschtungen offréiert. D’Ratio hannert der inflationärer Schafung vun ëmmer neien Etablissements publics, hei am Land a soss entzwousch, ass déi, datt mer déi ëffentlech Verwaltung selwer net wëllen ausdehnen.

Dëst ass am Fong eng sënnvoll Approche, well d’Verwaltung vum Staat selwer eigentlech derfir do ass, sech ëm hoheitlech Aufgaben ze këmmeren. Déi modern wohlfahrtsstaatlech Dingschter, déi de Staat ubitt, sinn awer nun emol net hoheitlecher Natur, an duerfir ass et och richteg, se aus dem immediaten Aktiounsperimeter vum Staat erauszehalen, an se vu separaten Entitéiten offréieren ze loossen.

An dëser Konzeptioun läit schon en Deel vun der Äntwert op d’Fro nom direkte Staatsperimeter. Dee soll am Fong relativ enk rondrëm dem Staat seng hoheitlech Aufgabe gezu sinn, an déi Zousazleeschtungen, déi de Staat wëllt senge Biirger ubidden, sollen a separaten Trägerstrukture geréiert ginn. Ob dat mussen Etablissements publics sinn, ass nach eng aner Fro – do kommen ech nach derzou.

Lo ass et esou, datt d’Etablissements publics ganz verschiddenaarteg Missiounen hunn, an ech hu gesot, dowéinst mëcht e Kadergesetz relativ wéineg Sënn. Do kéint nämlech, opgrond vun der Verschiddenaartegkeet vun den Etablissementer, bal näischt spezifesches a contraignantes drastoen. Wat méi Sënn géif maachen, an ech halen dat och fir eng Noutwennegkeet, dat wir eng legistesch Leitlinn beim Ausschaffe vun denen eenzelne Gesetzer, mat dene mer d’Etbalissements publics schafen. Déi sollten an Zukunft am Detail virgesinn, wuerfir en Etablissement do ass, a wat et däerf a net däerf, se sollte spezifizéieren, wéi seng intern Organisatioun auszegesinn huet, wéi eng Gestiounskriterien ugewandt ginn, a schliesslech wéi enger Kontroll den Etablissement ënnerläit.

E gudden Deel vun dene Problemer, déi sech de Moment rondrëm e puer Kontrollrappore vun der Cour des Comptes stellen, hätte mer net, wann Organisatiounsgesetzer vun Etablissements publics plazeweis méi kloer a méi ëmfangräich wiren. D’Fro zum Beispill, ob en Etablissement irgendwellech Participatiounen huelen kann, déi seng Handlungsbasis verbrederen, oder ob de President vun engem Etablissement sech eng kleng exekutiv zur Säit stellen kann, fir Dossiere virzebereden an am Detail ze suivéieren, sollt vum Organisatiounsgesetz vun deem Etablissement eendeiteg beäntwert ginn. Hei sollte mer also an Zukunft drop oppassen, datt mer eis mat esou vill Kloerheet an Däitlechkeet ausdrécken, wa mer e neit Etablissement schafen, datt et duerno och eendeiteg ass, wéi dat genee ze funktionéieren huet, a wat et däerf niewent sengem formellen Objet maachen. Dës zousätzlech Prezisiounen an den eenzelnen Organisatiounsgesetzer si vill méi nëtzlech, wéi e Kadergesetz, an deem per definitionem net vill Verpflichtendes Steet.

Natiirlech muss sech och, a wahrscheinlech mat méi Déifgank wéi bis elo, virun der Schafung vun engem neien Etablissement public d’Fro gestallt ginn, ob dës Organisatiounsstruktur wiirklech déi ass, déi sech fir déi Leeschtung, em déi et konkret geet, am beschten egent. A Frankräich get et jo, wéi den EIPA-Rapport eis seet, eng Trennung tëschent administrativen an industriellen a kommerziellen Etablissements publics. Elo ass et awer net vëlleg abwegeg, sech emol d’Fro ze stellen, ob eng industriell an/oder kommerziell Tätegkeet iwerhaapt soll an den ëffentlechen Handlungsperimeter falen, oder ob heifir net grondsätzlech de private Secteur besser outilléiert ass. Wa meng Fraktioun also der Opspléckung vun der Landschaft vun den Etablissements publics an déi zwou franséisch Kategorien skeptesch géigeniwer steet, dann aus dësem Grond: mir si prinzipiell der Menung, datt eng reng kommerziell Tätegkeet wéineg mam Staat ze dinn huet, an datt dësen sech deemno och, direkt an indirekt, aus esou Aktivitéite soll eraushalen.

De Staat ass keen Händler, an en ass keng Fabrik. Näischt hält en dervun of, fir bestëmmten Aktivitéiten de Privatsecteur ze sollicitéieren, sou datt méi rationell an am Endeffekt och méi bëlleg a méi effikass ka geschafft ginn, wéi wann en Etablissement public industriel ou commercial an d’Liewe geruff get, wat da fir d’alleréischt emol d’Rad nei erfënnt.

D’Fro, déi sech an Zukunft all Kéier muss gestallt ginn, ass also: iwerhëllt d’Verwaltung selwer d’Gestioun vun engem service public, iwergi mer deen engem établissement public, oder iwerloosse mer en der, ech soen emol, encadréierter Privatinitiativ? Dat sinn dräi Optiounen, déi musse gepréift ginn, ier sech zukünfteg un d’Grënnung vun neien Etablissements publics gemaach get. Wann zum Beispill eng Infrastruktur soll fir d’éischt opgeriicht, an dann exploitéiert ginn, da kann ech mer virstellen, datt d’Verwaltung selwer baue léisst, an et duerno duerch eng privat Struktur exploitéiere léisst – sou wäit se natiirlech rentabel ass. Esou eng Démarche ass am Fong am Sënn vum Client, an si ass am Sënn vum Staat, well en sech iwerflëssege Verwaltungsopwand spueren kann.

Lo get et allerdings jo nach en Ënnerscheed, a keen onwiesentlechen, tëschent privat am eigentleche Sënn vum Wuert, a privatrechtlech. Wann zum Beispill de Staat, oder Emanatioune vum Staat, wéi établissements publics, oder Gemengen, an enger Aktiegesellschaft bei wäitem majoritär sinn, oder suguer dat ganzt Kapital sech an ëffentlecher Hand befënnt, dann hu mer glat näischt privatiséiert. Mir hu just der ëffentlëcher Hand déi Flexibilitéit an déi Handlungsgrondlage ginn, déi a privatrechtleche Gesellschafte gëllen, an zwar am Sënn vun der Effizienz an dem Dingscht um Biirger.

Ech hunn duerfir iwerhaapt kee Verständnis fir dem Här Krecké seng Problemer mat der privatrechtlecher Gestioun vun enger Parti Aktivitéiten um Findel, oder der Erneierung vun de Führerschäiner. Wéisou missten esou Aktivitéiten da formell ënner ëffentlechem Recht stattfannen? Wat ass ëffentlech, wat ass hoheitlech un der Verlängerung vun engem Führerschäin? Dat selwecht gëllt fir de Firmeregester: wat ass ëffentlech, hoheitlech, staatlech do drunn, wann e Mënsch eng Gesellschaft oder eng Associatioun umellt? Wie verlaangt, do kéint nëmmen de Staat selwer an direkter Responsabilitéit e puer Zeile Statuten ophuelen an do e Stempel drop drécken, fir datt dat ganzt méi offiziell a méi amtlech ausgesäit, deen huet awer eng gelungen Opfaassung vun den eigentleche Missioune vum Staat.

Dat huet am Iwregen och näischt mat engem schlanke Staat oder engem méi korpulente Staat ze doen. Loosse mer eis dach net am Feindbild täuschen: mir baue keng staatlech Sëcherheet fir déi manner Déck am Land of, wa mer hire Führerschäin vun enger SA verlängere loossen! Ech weess am Fong guer net, wat e schlanke Staat ass, mee ech mengen awer ze wëssen, datt de Kierperëmfank vum Staat sech net doduerch definéiert, ob e Beamten oder en employé privé e Gesellschaftsstatut enregistréiert. An dat hei beweist genee de Problem vun der LSAP: si weess iwerhaapt net, wuer se soll en hallefwegs iwerzegend Beispill siche goen, mat deem se déi schläichend Verliberaliséirung vun eiser Gesellschaft kéint beleeën.

Wien de Führerschäin an den Handelsregester muss ausgruewe goen, fir de Leit ze erzielen, déi aktuell Koalitioun géif hire Staat demanteléieren, dee befënnt sech am akuten Argumentemangel! Dat do ass, wéi wann der wéilt de Leit zielen, et géif näischt fir den Zuch hei am Land gemaach, an der beleet dat dermat, datt zweemol bannent dräi Wochen den Express vu Léck Verspéidung hat! Wann der wëllt beweisen, zu Lëtzebuerg géif lues a lues de Staat privatiséiert ginn, dann hätt der besser, endlech mol een, a wann och nëmmen een, signifikante konkrete Fall ze benennen.

Ech sinn op jidde Fall der Iwerzegung, datt et plazeweis a momenterweis séier sënnvoll ass, privatrechtlech Strukturen ze notzen, fir e bestëmmten Dingscht unzebidden, deen awer och nu glat net muss un d’Verwaltung gebonne sinn. Et ass méi rationell, et ass méi bëlleg, an et ass fir de Benotzer vum Service méi praktesch, mat enger Gesellschaft ze dinn ze hunn, wéi mat der Verwaltung oder engem Etablissement public. A wann ech eng dringend Aufgab fir de Ministère vun der Fonction publique an der administrativer Reform gesinn, dann ass et déi, emol e Screening vum Ensembel vun all denen Aktivitéiten ze maachen, déi haut nach vun der Verwaltung selwer a vun Etablissements publics geréiert ginn, an déi ze identifizéieren, déi ouni Problem kéinten aus den ëffentlech-rechtleche Sphären erausgeholl an a privat Hänn geluecht ginn.

Dësen Exercice huet nämlech nach e Virdeel: et get kee Problem vu Statut. Mir wësse jo alleguer, wéivill semi-, para-, a peri-Staatsbeamtestatute mer an deem ganze Konglomerat vun Etablissements publics an dem konventionéierte Secteur schon an d’Liewe geruff hunn, a wéivill Misère dat um Niveau vun de Revendicatioune vun dene Betraffene mëcht. Dee Problem hu mer a privatrechtleche Gesellschaften, wou d’Leit ganz einfach Privatbeamte sinn, an ni eppes anescht, net.

Wa mer vu privaten oder privatrechtleche Strukture schwätzen, dann hänkt do hannendrun d’Fro vun der Liberaliséirung vun e puer Secteuren, déi de Moment nach a staatlech monopolistescher Hand sinn. Ech hale mech net schrecklech laang op deem Terrain op, mee ech maachen duerfir awer zwou kloer Aussoen.

Déi éischt ass, datt mer zu Lëtzebuerg jo nu wiirklech keng Viirreider a Saache Liberaliséirung sinn a waren. Mir hunn esou laang blockéiert, wéi et alt goung, an hunn eis duerno gefügt, sou wéi een dat nun emol an der Europäescher Unioun mëcht, wa majoritär Entschedunge geholl ginn. Elo hu mer se, an et wäerte Secteure ginn, an denen de Staatsmonopol a Fro gestallt get.

De Staatsmonopol get a Fro gestallt, net de Service universel! Meng zweet Ausso ass nämlech déi, datt kee Mënsch hei am Land wëlles huet, zum Beispill d’Waasserversuergung ze privatiséieren, an d’Leit am Land vum gudde Wëlle vu privaten Ubidder ofhängeg ze maachen, wa se sech wëllen duschen! Dat kënnt iwerhaapt net a Fro – et ass par ailleurs och nach ni vun irgend engem gefuerdert ginn. Wat allerdings stattfanne wäert, ass, datt d’Konsumenten irgend eng Kéier kënnen tëschent e puer Ubidder wielen.

Wann de Staatsmonopol, an ech betounen, just de Staatsmonopol, beim Ubidde vun Elektresch, Gas a Waasser entfällt, wann op eise Schinne fréier oder spéider och aner Entitéite wéi d’CFL Frachtverkéier ubidden – abee, wéi e Reflex hu mer dann? Ëmmer nëmmen deen, fir Zeter und Mordio ze jäizen, an ze fannen, elo géing et un den Acquis, an den Opbau vun eiser Gesellschaft wir a Gefor. Firwat kënnt net emol een op d’Iddi, fir ze fannen, d’Konkurrenz kéint och emol positiv Effekter fir d’Konsumenten hunn an d’Geschäft beliewen? Waat ass da falsch drunn, wann de Staat – an dat get et jo haut schon – zwar d’Versuergung mat engem bestëmmte Gutt sëcherstellt, déi konkret Behandlung an d’Liwerung dervun awer enger privater Gesellschaft iwerléisst? Dobäi kéint emol rauskommen, datt dee ganze Service duerch déi privat Interventioun méi effikass a méi gënschteg get. Wien dogéint eppes huet, dee soll dat dann och kloer an däitlech soen!

Am Kontext vun der Liberaliséirung stellt sech am Fong just d’Fro, op doduerch de service public a Gefor ass. D’Äntwert op déi Fro heescht: neen, well mer deen net zur Dispositioun stellen. Dat verlaangt kee vun eis, an dat maache mer och net!

Natiirlech geet et och an dësem Zesummenhank nees eng Kéier ëm d’Aufgabe vum Staat. Wann ënner staatlecher Opsiicht e bestëmmte Service, eng bestëmmte Fourniture, och privat ka garantéiert ginn, an zwar esou, datt d’Offer un de Konsument och nach eventuell méi gënschteg ausfällt, wéi wann de Staat selwer sech misst ëm déi Fourniture këmmeren, da get et net schrecklech vill gutt Argumenter, fir dee Wee net ze beschreiden. Wéi gesot, a wéi och scho widderholl, ënner der Viraussetzung, datt d’Fourniture garantéiert ass – an dat muss se och bleiwen.

Schliesslech wéilt ech dann nach e puer Wuert iwer d’Réforme administrative soen, déi jo eng Noutwennegkeet an eng praktesch Onméiglechkeet zugläich schéngt ze sinn. Mir hunn och eng Parti Fortschrëtter gemaach, déi ee kann ernimmen, ouni rout ze ginn. Sou zum Beispill geet et eendeiteg mam E-Government virun. Lues zwar, mee et geet virun. Mir hunn eis hei Zäit gelooss, méi Zäit wéi aner Länner, wat eis Plaz an dene Statistiken erklärt, déi den Här Krecké sou gäer zitéiert. Mee wat en natiirlech net seet, daat ass, datt déi, déi ganz vir bäi waren, entre-temps schon erëm Deler vun hirer E-Government Infrastruktur ofrappen, well se net funktionéiert. Dat geschitt beispillsweis an dësem oder deem nordeuropäesche Memberstaat vun der Unioun. Mir wollte par contre Feler a Kuerzschlëss vermeiden, an dowéinst gouf vu méi laanger Hand geplangt. Dat ännert näischt drunn, datt méi a méi Verwaltungen online sinn a ginn, an zwar mat funktionéirende Siten. Doru schaffe mer weider.

Och a Saache guichets a procédures uniques geet et virun. Et setzt sech d’Opfaassung duerch, datt een dem Biirger net kann ofverlaangen, sech selwer duerch dräi Verwaltungen ze kämpfen, wann en nëmmen een Uleies huet, a net ka wëssen, datt domat awer dräi Verwaltungsstelle befaasst sinn. Also muss d’Administratioun selwer sech drëm këmmeren, datt dat Uleies säi Wee geet, vun enger bestëmmter Plaz aus an nees op déi selwecht Plaz zréck. An dat ass amgaang ze geschéien.

Dës zwee Beräicher si selbstverständlech Deel, an zwar e wichtegen, vun der Réforme administrative. Si ginn awer nach net duer. Doriwer eraus musse Prozeduren intern reforméiert a beschleunegt, zentral Ulafstelle geschafen, a bürokratesch Hürden ofgebaut ginn. Dat geet am beschten, wann een och weess, wourëms de Staat sech mat der Verwaltung soll këmmeren, a wourëm net – an duerfir ass et och gutt, datt mer all déi Etuden um Dësch leien hunn, déi de Ministère commanditéiert hat, well déi e Bäitrag zur politescher Debatt iwer d’Anzochsgebitt vun der staatlecher Verwaltung liweren.

D’Biirger verlaange vum Staat – zu Recht, iwregens – rapid Prozeduren, Accessibilitéit, a Verlässlechkeet. Wann dat garantéiert ass, da funktionéiert eng Verwaltung am Dingscht vum Biirger, an duerfir ass se do. Mee, an domat halen ech dann op, mir mussen eis natiirlech eens sinn, wat Prioritéit huet.

Emmer nei an ëmmer weider Oplagen, am Beräich vun der Ëmwelt, der Sëcherheet an esou weider, droen näischt zur Beschleunegung vu Verwaltungsofleef bäi, am Géigendeel. Mir hätten de Moment gäer schnell Prozeduren, an déi gréisstméiglech Kontroll zugläich. Béides zesumme geet awer net. Dat betrëfft elo d’Betriber méi, wéi den eenzelne Biirger, mee et gehéiert zum Service, deen d’Verwaltung ze garantéieren huet. An hei musse mer eis och irgend eng Kéier eng Relioun maachen, well mer eis soss a stänneger Kontradiktioun bewegen. Wa mer gäeren zousätzlech Kontrolletappen hätten, aus gudde Grënn, da musse mer wëssen, datt dann eng prozedur méi laang dauert. Wa mer gäer virun allem séier Prozeduren hätten, dann ass et kloer, datt mer op eenzel Kontrollaspekter musse verzichten. Ech hu kee Patentrezept matbruecht, fir dëse Problem ze léisen, en ass mat Sëcherheet och net einfach ze léisen – mee mir kommen net derlaascht, en unzegoen, wa mer wëllen Effikassitéit a Rapiditéit vun administrativen Ofleef mat héige Kontrollstandarden ënnert een Hutt kréien.

Voilà, Här President, dat ware meng Iwerleeungen zu eisem service public, a sengem Zoustand am Juli 2003. Net alles ass elo schon optimal, mee villes ass besser, wéi leider allze dacks behaapt get. Eise service public befënnt sech an enger stänneger Evolutioun. Loosse mer also déi eenzel Verbesserungsméiglechketen, déi mer kennen, notzen, a suerge mer derfir, datt d’Zefriddenheet mat der Verwaltung an dene Servicer, déi se direkt an indirekt ubitt, weider zouhëllt.