De Jean-Marie Halsdorf iwer d’Staatsfinanzen an d’Krankekeesen

Ried vum Deputéierte Jean-Marie Halsdorf am Kader vun den Debatten zur Lag vun der Natioun – fir weider stabil Staatsfinanzen an d’Erhale vun der Leeschtungsfähegkeet vun de Krankekeesen
Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

datt Lëtzebuerg nach esou leeft, wéi et leeft, verdanke mer eise Staatsfinanzen. Datt eis Wirtschaft konkurrenzfäheg an ausbaufäheg bliwen ass, obwuel mer eis an enger kräfteger internationaler Konjunkturdällt befannen, ass net zulescht drop zréckzeféieren, datt mer hiert steierlecht Ëmfeld mat Zäit no ënne revidéiert an domat Investissementer zu Lëtzebuerg méi attraktiv gemaach hunn. Datt Secteure wéi d’Baubranche zwar haut keimen, awer nach keen Häerzschlag kréien, an domat all hir Zouliwerbranche mat an der Riicht gehale kënne ginn, läit virun allem un deem onvergläichleche Volume vun den ëffentlechen Investissementer. Dës Constaten zesumme beleeën, datt stabil a gesond Staatsfinanzen d’Grondlag vun all kriseresistenter politescher an ekonomescher Handlungsfähegkeet sinn.

Gesond an zolitt Staatsfinanzen ergi sech net vum selwen. Mat Zoufallstreffer sëchert een se net. Mat ziillose Begléckungsausgaben a gudden Zäite stellt een se a Fro. Fir d’Staatsfinanzen am Lot ze halen, an domat d’Bunn fräi ze behale fir zukunftsorientéiert Politikgestaltung, muss ee grad dann, wann d’Keese voll sinn, Reserven uleeën. Reserven, déi nach laang net ëmmer gutt ukomme bei der Populatioun, well den Androck entsteet, de Staat géif an de Soue schwammen, an aus Expressechkeet op sengem Spuerbuch sëtzen.

Villes huet d’Finanzpolitik vun dëser Regirung sech mussen an hiren éischte Joere gefale loossen. D’Oppositioun ass net midd ginn, ëmmer nei Maximalfuerderungen ze stellen. Fuederungen déi, wa se erfëllt gi wiren, haut Lächer vu beängschtenden Dimensiounen an de Staatsbudget geschloen hätten. Mee si si net erfëllt ginn – op jidde Fall net iwer e verstännegt Mooss eraus. Duerfir kënne mer haut zu Lëtzebuerg politesch zukunftsorientéiert handelen, während an villen aneren europäesche Länner just nach reaktive Krisemanagement bedriwe get.

E puer Fakten an Zuele beleeën androcksvoll deen aussergewéinlechen Zoustand vun eise Staatsfinanzen. Mir hunn zum Beispill am Joer 2003 eng Investitiounsquot vum Bruttoinlandsprodukt, déi méi héich ass, wéi déi vun der gesamter Staatsschold. Dat get et quasi soss néirens. Iwer dräi Prozent vum nationale Räichtum ginn zu ëffentlechen Investissementer ëmfunktionéiert. Parallel derzou ass eis Staatsschold derbäi, op ënner dräi Prozent ze falen. Dat ka sech ënner den Ëmstänn vun der Zäit wuel och eng Kéier änneren, et ass och kee normale Verglach, deen ech hei tëschent denen zwou Zuele maachen. Mee e soll duerstellen, a wat fir Gewässer eist Flooss sech bewegt, wann a ville Länner rondrëm schon de Budgetsdefizit grad esou vill oder méi ausmécht, wéi bei eis d’Staatsschold.

Mir schléissen de Budgetsexercice 2002 entgéint ville Viraussoen, déi och nach laang net ëmmer vëlleg desintresséiert waren, mat engem Iwerschoss vu gutt 6o Milliounen Euro of. D’Previsioune vum Moment loossen drop schléissen, datt mer 2003 esou exekutéiert kréien, wéi mer et gestëmmt hunn. Et entsti keng nei Lächer, eis Flanke si gedeckt, a si ginn duerch d’Erfollecher vun der wirtschaftlecher Unzéiungspolitik weider verstäerkt. Déi Zuelen, déi mer hunn, beweisen de Succès vun der Finanz- a Budgetspolitik vun dene leschte Joeren. Mee mir kënnen eis net op vergaangene Lorbeeren ausrouen. Wann déi wieleg ginn, da leie mer um plakege Buedem.

De Staatsminister huet et scho gesot: fir gesond ze bleiwe musse mer eis weider ustrengen. Mir mussen eis ustrenge fir nei Finanzquelle fir de Staat ze erschléissen, mee mir mussen och de Courage hunn, fir mat eise gängegen Ausgabe méi kritesch an d’Gebiet ze goen. Besëtzstandsdenken a konzeptuellen Immobilismus sinn haut feel un der Plaz.

De Lëtzebuerger Staatsbudget erlaabt et eise Biirger, ouni grouss Bedenke Leeschtungen ze genéissen, déi op Dauer riskéieren, a kee nohaltegt Finanzéirungskonzept méi eranzepassen. Et ass erfuerderlech, datt mer eis iwer Prioritéiten ënnerhalen, wa mer déi gesamt Leeschtungsfähegkeet vum Staat zugonschte vun de nächste Generatiounen net wëllen dem ongehemmte Leeschtungsbedürfnis vun der aktueller Generatioun afferen.

Här President,d’Debatten zur Lag vun der Natioun waren ëmmer als en Exercice geduecht, mat dem d’Parlament der Regirung wollt seng Uregungen a Recommandatiounen zur Budgetspolitik, a méi speziell zur Ausriichtung vun deem nächste Budget, mat op de Wee ginn. An däer Perspektiv wéilt ech elo e puer Iwerleeungen ustellen zu Beräicher, an dene mer d’Budgetsentwécklung mussen am Grëff behalen, wann déi positiv Betruechtung vun de Staatsfinanzen, déi mer haut kënne maachen, soll en Dauerzoustand bleiwen.

Wa mer wëllen als Vollekswirtschaft kompetitiv bleiwen, da musse mer eis Standuertvirdeler erhalten. Dat ass eng Conditio sine qua non vu bleiwendem Standuerterfolleg. Zu dëse Virdeler gehéieren u viischter Front d’Steierlandschaft an d’Lounkäschten. An zu de Lounkäschte gehéieren déi sozial Kotisatiounen.

De Leeschtungsniveau vun de Sozialkeesen zu Lëtzebuerg ass héich, ganz héich. Mee d’Fro muss erlaabt sinn, ob dat, wat dës Héicht ausmëcht, sech och laangfristeg erhale léisst. Ech diskutéieren hei net d’Héicht vun de Prestatiounen u sech – ech diskutéieren d’Konzept hannendrunn.

Wa mer ëm d’Pensioune mol en Tour maachen – hir Evaluatioun ass sou oder sou virgesinn, an d’Reserve vun de Pensiounskeesen dränge keng immediat Zukunftsfähegkeetsiwerleeungen op, woubäi ech awer muss ?immediat? betounen – da bleiwt, datt d’Krankeversécherung sech net op enger Trajectoire befënnt, déi hir dauerhaft Gesondheet géif assuréieren. De Staat kotiséiert, niewt de Leit an de Betriber, iwer 400 Milliounen Euro an dës Versëcherung. Dat si bal siwe Prozent vun de Staatsausgaben am Joer 2003. Et ass och kee Geheimnis, datt sech an dene leschte Joeren an der UCM-Kees blank Biedem gewisen hunn – sou datt eng Iwerleeung iwer d’Aart a Weis, wéi mer mat de Krankekeesen ëmginn, a wat mer en zoumudden, net vu Muttwëll ass.

Wann een zu Lëtzebuerg de Schnapp huet, an et mengt een, et misst ee bei den Dokter goen, fir datt deen engem e Pak Aspro verschreiwt, dann ass dat en total normale Virgank. Och wann dee Betreffende genee weess, datt e just e Schnapp huet – well wahrscheinlech ass et net säin éischten – an och genee weess, datt en an der Apdikt fir fënnef Euro säi Pak Aspro ouni Interventioun vum Dokter oder der Krankekees kritt. Mat e bësse Chance hätt eise Patient hei awer gäer en Antibiotik, well e mengt, da géif de Schnapp nach méi séier verschwannen, a mat e besse Pech verschreiwt den Dokter ëm een. En Antibiotik, an zousätzlech nach e Mëttelche fir de Mo ze berouegen, well deen den Antibiotik net verdréit. Dat alles amplaz an d’Apdikt ze goen, fënnef Euro op den Dësch ze leeën a mat engem Pak Aspro rëm erauszekommen.

Wann awer e Mënsch, dee vu klengem u mat enger signifikanter Aeschwächt geplot ass, an deen e Brëll mat enger Stäerkt vu bal 10 Dyopterie brauch, sech gäere géif enger sougenannter Laser Eye Correction ënnerzéien, déi 3000 bis 3500 Euro kascht, da kritt en duerfir weder eng Verschreiwung, nach en Euro vun der Krankekees erëm. Obwuel dee Patient do bis un d’Enn vu sengem Liewen d’Kees vill méi u Brëller kascht, wéi déi eng an emoleg Laserinterventioun géif u Keesebelaaschtung ausmaachen. Esou eppes kann et net ginn.

Mir sinn ze wéineg selektiv am Ëmgank mat der Gesondheetsvirsuerg. Et get net ganzheetlech iwerluecht, an et get net genuch zilorientéiert iwerluecht. Fir eng hondsgewéinlech Erkältung, déi och no enger Woch mat Téi vum selwen eriwer ass, brauch ee keen Antibiotik. A fir eng zolitt Kuckschwächt ass et méi sënnvoll – an et féiert zu erhiewlech méi Liewensqualitéit – sech laserbehandelen ze loossen, wéi 70 oder 80 Joer laang vu staarke Brëller oder Kontaktlënsen ofzehänken. An d’Moral vun der Geschicht, d’Konsequenz aus denen do Feler ass: d’Krankekeesen sinn iwerbelaascht, obwuel se dat guer net misste sinn, an dës Iwerbelaaschtung hëllt dramatesch zou. Alleng tëschent 2002 an 2003 sinn d’Staatskotisatiounen ëm 25 Milliounen Euro, also eng ronn Milliard al Frang gestigen.

Dës Ausgabe werfen de Staatsbudget net op d’Kopp. Mee si sinn e Symptom vun enger Kränkt, déi an enger Perspektiv vu finanzpolitischer – an hei och gesondheetlecher – Nohaltegkeet muss geheelt ginn.

Sou laang et nämlech gutt geet, kann een all Zort vu Leeschtunge bezuelen, ouni iwer d’Kotisatiounen nozedenken – eng stänneg steigend Lounmass erlaabt et dann, déi niddreg ze halen. Wann et awer bis eng Kéier vill manner geet, dann op emol ginn d’Kotisatiounen en Thema, well denen hir Erhéigung kuerzfristeg dat eenzegt Mëttel ass, fir am Eeschtfall d’Keesefinanzen auszegläichen. D’Kompetitivitéit vun eiser Lounrealitéit géif dann a Fro gestallt – net, well déi adäquat Versuergung mat medizinesche Leeschtunge reell méi deier gi wir, mee well déi néideg Upassungen an der Prestatiounslandschaft in tempore non suspecto verpasst goufen. Dat däerfe mer net zouloossen!

An anere Wieder: d’Erkenntnis vum Noutstand an engem eenzege Beräich an d’Bestriewunge, fir deem Noutstand entgéintzewiirken, kënnen zu enger globaler Verschlechterung vun der wirtschaftlecher an der finanzieller Situatioun féieren.

Un dësem Beispill vun der Krankeversëcherung wëll ech weisen, datt an der Finanzpolitik all Beräicher vun der politescher Aktioun zesummelafen an interagéieren. An alles dat ka méi séier goen, wéi et eis léiw ass. Den aktuelle Kontostand vun der Aarbechterkrankekees weist dat kloer an däitlech aus. An ech wëll iech soen, datt ech der Iwerzegung sinn, datt eng rapid an effikass Sanéirung vun de Krankekeesen, d’Schafe vu laangfristeg drobaren Zukunfts- perspektive fir d’Keesen, en onverzichtbart Element vun enger globaler Konsolidéirungspolitik vun eise Staatsfinanzen a méi drëchenen Zäite sinn.

Sou eng Sanéirung ass net zum politeschen Nulltarif ze kréien. Et geet net duer, just liicht un der Lëscht vun de rembourséierte Medikamenter ze fréckelen. Mir mussen e konzeptuelle Wandel an eiser Gesondheetsversuergung erbäiféieren. Fir datt Leit, déi wiirklech Prestatioune brauchen, déi kënnen ënner allen Ëmstänn an Usproch huelen, ouni mussen ze waarden a sech éiweg transferéieren ze loossen, well iwerzuge Remboursementer vu marginalen Therapien d’Uschafe vu performantem medizinesche Material hypothekéiert hunn!

Vergiesse mer an dësem Kontext net, datt am Moment de Gesondheetssecteur séier onroueg ass. D’Dokteren erhiewen Revendikatiounen, déi mat der Indexéirung vun hiren Honorairen deelweis och erfëllt goufen. D’Spidolspersonal ass net frou iwer seng Aarbechtsbedingungen a seng Entlounung, an ech fäerten, ier mer de nächste Budget hei stëmmen, hu mer e Streik am Gesondheetssecteur erliewt. Mir brauche mat allerleschter Sëcherheet gesond Keesen, fir an Zukunft an enger performanter Prestatiounslandschaft och kënnen op verschidden Erwaardungen anzegoen, déi dat medizinescht Personal zu Recht huet. Nach eng Kéier geet et net, datt mer de statu quo vun enger falscher Leeschtungspolitik vun de Keesen erhalten, an doduerch eng qualitativ Verbesserung souwuel vun de Leeschtungen wéi och vun der Atmosphär an de Spideler verhënneren. An d’Souen, déi de Staat kann an d’Gesondheet insgesamt investéieren, sinn ebe nëmmen ENG KEIER do – un enger couragéierter Emledung vun de verfügbare Mëttele féiert also kee Wee derlaascht.

Här President,ech hu bei de gesonde Staatsfinanzen ugefaangen, fir uschléissend op eent vun de méigleche Risikofelder iwerzeschwenken, déi ee muss ënner Observatioun loossen, fir d’Staatsfinanze bei gudder Gesondheet ze halen. Däer Risikofelder si méi. Sou zum Beispill d’Gehälter, déi déi ëffentlech Hand ze bezuelen huet. Sou wéi et mer elo grad net ëm déi aktuell objektiv Geldbeträg goung, sou ass dat och nach eng Kéier – net d’Käschte vum ëffentlechen Dingscht sinn e Problem, well mir ganz einfach keen ze groussen ëffentlechen Dingscht hunn, mee seng Adäquatioun géigeniwer vun den Ufuerderungen.

Mäi Fraktiounspresident Lucien Weiler huet scho gesot, wa mer all d’Fuerderungen no méi staatlechem a parastaatlechem Personal missten erfëllen, da léiche mer finanziell ganz séier um Réck. Dat geet net, elo net, an och deemnächst net. Also muss eppes anescht goen. Also muss et méiglech sinn, endlech am Kader vun enger wiirklecher Verwaltungsreform ze räsonnéieren, fir eng besser Adäquation tëschent ëffentlech bezueltem Personal an Erwaardungen un de Staat a seng Verwaltungen ze erreechen. (Biergeramt)

Vill Challengen, mat denen eise Staat a seng ugeschlosse Sendeanstalten sech konfrontéiert gesinn, kënnen duerch eng Perspektivännerung begéint sinn – an zwar net nëmme mam selwechte, mee mat engem besseren Effekt an engem méi déifgängegen Impakt, wéi wann een einfach méi Geld ausget. Well wann déi aktuell Situatioun eis eppes virun Ae féiert, op andringlech Manéier, dann ass et, datt mer ëmmer, a gudde wéi a manner gudden Zäiten, bei de gängege Staatsausgabe musse Fouss beim Nol halen.

Deemno si kreativ Usätz an der Politik erfuerdert. Fir déi kënnen ze entwéckelen an dann och nach duerchsetzen, brauche mer déi mental Disponibilitéit fir esou Usätz. Besëtzstandsdenken bréngt eis net weider – ganz besonnesch, well mer kënne weiderkommen, ouni den aktuelle gesellschaftleche Besëtzstand a Fro ze stellen. Et stellt sech insgesamt eng Fro vu Leeschtungsbereetschaft – an op dës Fro ka just eng positiv Äntwert envisagéiert ginn.

Mee geleeëntlech musse mer eis an der Politik trauen, dee richtegen, deen objektiv méi riichte Wee mat Courage ze beschreiden. Och wann et dann alt déi eng oder aner Lamentatioun get. De weideren Erfolleg vun eiser Wirtschaft, déi weider Stabilitéit a Gesondheet vun eise Staatsfinanzen, an déi weider Leeschtungsfähegkeet vun eiser Gesellschaft sinn zu dësem Präis.