Ausschnëtt aus der Deklaratioun zur wirtschaftlecher, sozialer a finanzieller Situatioun vu Lëtzebuerg vum Premierminister Jean-Claude Juncker.
“Vum Mee 2002 op Mee 2003 huet är Chamber iwwer honnert Gesetzer gestëmmt. Sëcher: Net all Gesetzer ware gläichméisseg wichteg. Mee richteg ass: Och manner wichteg Gesetzer brauche bei der administrativer Virbereedung a bei der parlamentarescher Nobereedung vill Zäit. An d’Chamber huet am leschte Joer keng Zäit verluer.
Datselwecht zielt fir d’Regirung. Si huet zanter Mee 2002 iwwer honnertdrësseg Gesetzesprojeten an der Chamber abruecht. Sëcher: Net all Projet rappt d’Leit vum Stull. Mee richteg ass, datt d’Leit hei am Land besser sëtze wäerte wann aus deene Projeteë Gesetzer gi sinn.
Politesch a sozial virubruecht
Déi Gesetzer, déi d’Chamber an deene läschten 48 Woche votéiert huet, hunn eis politesch a sozial virubruecht.
Nodeem den 1. Januar 2002 d’Kannergeld ëm 1000 Frang pro Kand eropgesat ginn ass goufe Mindestloun, Mindestakommes, d’Renten an d’Pensiounen ëm 3,5 Prozent erhéicht.
Nodeem déi strukturell Verbesserunge vun de Renten am Privatsekteur eng decidéiert Saach waren gouf de “forfait d’éducation” – déi sou genannt Erzéiungspauschal – vun 3000 Frang de Mount agefouert. Déi Mammen déi bis haut fir hir Erzéiungsaarbecht keng staatlech Unerkennung kritt hunn, kréien d’Pauschal réckwierkend op den 1. Juli 2002 ausbezuelt. D’Ausbezuelung leeft etappeweis un, well et hu sech 37.500 Mamme gemellt.
D’Neiregelung vun der Invaliderent huet d’Ausscheeden aus dem Berufsliewe gekläert a gëtt, falls noutwendeg, no Bilan iwwerkuckt.
Zolidd steierlech Ënnerstëtzungsmoossname
Zolidd steierlech Ënnerstëtzungsmoossname fir de Wunnengsbau a verbessert Hëllefe ronderëm dësen erëm sinn a Kraaft gesat ginn.
D’Gesetzgebung iwwert d’Mindestakommes ass positiv revidéiert, den Détachement vun den Arbeitnehmer nei gestaltet, d’Aarbechtszäit am Hôtellerie- a Restauratiounssekteur geregelt an d’Sëcherheetsbedingunge bei de Geldtransporter verschäerft ginn.
D’Gehälter vun de Staatsbeamte goufen ugepasst an hire Statut ass moderniséiert ginn. D’Zouloossungsbestëmmunge fir d’Transportfirme goufe méi restriktiv konditionéiert.
Déi staatlech Ënnerstëtzung fir d’Weiderbildungskäschte vun de Betriber ass op 14,5 Prozent vun den Investitiounsauslage geklommen, d’Kanner hunn Ombudsfraen an Ombudsmänner kritt, d’Situatioun vun de Chargés de Coursen am “primaire” an am “préscolaire” ass stabiliséiert ginn. Zwee Gesetzer hunn de Sekundar- an den technesche Sekundarunterricht esou wéi d’Inspektorat an der Primärschoul frësch ugestrach, d’Privatschoulgesetz gouf ugepasst, een zweet Gebäi fir den technesche Sekundarunterricht zu Esch an eng Annexe vum Lycée technique du Centre zu Dummeldeng si parlamentaresch decidéiert, deen neie Fënnefjoresprogramm fir de Sport ass votéiert ginn.
Net nëmme geréiert mee konsequent regéiert
Infrastrukturell a strukturell am breede Sënn vum Wuert hu muenech Gesetzer eis e Stéck weiderbruecht: Zanter dem Summer hu mer e Gesetz iwwert déi véiert Extensioun vum Europäesche Geriichtshaff, iwwert eng nei Aérogare um Findel, iwwert den Etablissement public Belval-Ouest an iwwert de grousse Concertssall. Mir hu Gesetzer iwwert d’Rockhal op Belval an iwwert d’Restauratioun vun den dräi Eechelen an der Festung. D’Gesetzer iwwert d’Finanzéierung vum integréierten Zenter fir eeler Leit zu Iechternach, zu Mamer an zu Heeschdref an iwwert d’Flegeheim zu Dikrech an zu Fréiseng sinn an de Memorial erakomm.
Zanter Mäerz 2003 leeft de siwente Fënnefjoresprogramm am Tourismus, déi komparativ Publizitéit ass geregelt ginn, de Punkteführerschäin ass do, Handelsregëster, Kadaster an Arméiverwaltung si reforméiert ginn, de Konsumenteschutz gouf amelioréiert, an esou virun an esou weider.
Ech fügen derbäi – net fir komplett ze sinn mee als Rappel – datt mer am Februar een neit Wahlgesetz kritt hunn, datt mer de Schutz vun den Date méi sëcher gemaach an d’Reperéiere vun den Telekommunikatiounen erschwéiert hunn. D’Gesetz iwwert “marchés publics” gëtt dës Woch gestëmmt.
Dësen onkompletten awer impressionnante Reformkalenner vun deene läschten zwielef Méint weist: Dës Regirung huet am läschte Joer net nëmme geréiert mee konsequent regéiert. D’Majoritéit, déi dës Regirung stäipt, ass net entnäipt mee ass hellwakreg.”