De Lucien Clement zur Lag vun der Natioun

D’Ried vum Lucien Clement am Kader vun den Debatten zur Lag vun der Natioun – en dynamesche Mëttelstand als Motor vun der wirtschaftlecher Relance
Här Präsident,Dir Dammen an dir Hären,

Genee virun engem Joar hun ech op diser Tribün folgendes gesoot (an ech zitéiren):

Am Moment profitéieren déi letzebuerger Betriber nach emmer vun engem relativ gudden wirtschaftlechen Emfeld. Och wann den Wirtschaftswuesstum am Joar 2002 héichstwahrscheinlich zolid méi niddrech ausfällt wéi an de Joaren virdrun, ass en bei eis zu Letzebuerg nach emmer méi héich wéi an denen meeschten Länner vun der Europäischer Unioun.

Op der anerer Séit hun mir awer keng Garantie datt et eis wirtschaftlech emmer esou gudd geet wéi bis elo. Dofir as et néideg a wichteg schons haut d’Zukunft fir muer an iwermuer vierzebereeden.

Ech denken, datt ech mat diser Analys net esou falsch luuch. Mir befannen eis haut an engem ékonomeschen Kontext, deen eis, wa mir iis als politesch Mandatéiert eescht huelen, zum Handelen opfuerdert. Och den Mëttelstand, an an der Haaptsaach och déi handwierklech Betriber sinn vun diser moroser Wirtschaftslaag betraff. Et as awer allerdengs esou datt deen een Secteur oder Betrieb villeicht méi dervu betraff as, ewéi deen aaneren. Virun allem am Kontext vun der ékonomescher Diversifikatiounspolitik spillt d’Handwierk, matt 140 verschiddenen Beruffssparten, nach emmer eng wichteg a virun allem eng gewiichteg Roll.

Dofir as et immens wichteg datt niewent dem klasseschen Handwierk am Secteur vun der Constructioun oder der Liewensmëttelbranche, haut och an aneren Sparten verséicht muss ginn, d’Activitéit auszebauen. Ech denken do beispillsweis un den Medien-an Kommunikatiounsstanduert Lëtzebuerg, un d’Fuerschung an un d’Informatiounstechnologien, wou sech mat Secherheet nei Nischen fir eist Land opdoen.

Ouni elo hei mat statisteschen Zuelen wellen ze operéieren, denken ech awer datt de Konjunkturreckgang, besonnesch awer de Bausecteur getraff huet.

Dofir ass et wichteg datt déi grouss Investitiounsprojeten déi am pluriannuellen Investitiounsprogramm enthalen sinn, oprecht erhaale gin. Et wier ee schlecht Signal a virun allem ee falscht Signal an disen Zäiten vun diser Politik ôfzeréckelen, well sech daat virun allem am Secteur vun der Constructioun an dem Handwierk negativ nidderschloen géif.

Verschidden Beruffschâmberen haaten schons beim Budget fir 2003 d’Orientatioun vun der Regiirung ervirgehuewen, fir déi antizyklesch Ausriichtung vun den Investitiounen bäizebehalen.

Doriwwer eraus musse mir awer och déi législativ Projeten emsetzen, déi den Bausecteur an d’Handwierk onmëttelbar betreffen. Ech denken do un éischter Stell un d’Marchés Publics-Gesetz, wou ech frou sinn, datt dise wichtegen Text, trotz dem Här Henckes senger Verzögerungstaktik des Woch konnt evakuéirt gin.

Als zweet législativ Prioritéit well ech d’Reform vum Droit d’Etablissement uféiren. Déi läscht grouss Reform geet op d’Gesetz vum 28.Dezember 1988 zeréck. Am Laf vun 2002, huet d’Chambre des Métiers, zesummen mam Ministère des Classes Moyennes eng ganz Reih vun Propositiounen op den Dësch geluecht, déi sech op zwou grouss Axen konzentréiren.

– zum engen geet et drem fir datt déi handwierklech Betriber sech méi flexibel organiséiren kënnen. Och an d’Zukunft muss den Niveau vun der Qualifikatioun vun den Chefs d’entreprise op engem héigen Niveau gehalen ginn. Hei spillt d’Gestion d’Entreprise och fir dee klenge Patron eng emmer méi wichteg Roll.

– zum aneren gett d’Lëscht vun den Beruffer nei aménagéiert. Daat heescht op där enger Seit, datt een verschidden Beruffer fusionnéiert, an op där aanerer Seit datt een nei Beruffer schaaft.

Diese Projet wärte mir demnächst an der Commissioun an hei am Plenum discutéieren. En anert Gesetz waat elo um Instanzewee ass, ass d’Reform vun der Loi-Cadre fir den Mëttelstand.

– zum engem muss méi an d’Investissements non-corporels investéiert ginn, daat heescht an der Haaptsaach an nei Brevets’en, nei Lizenzen, nei Iddien, souwéi an de Wëssens- an Technologietransfer, fir d’Schafung vun neien Entreprisen ze förderen.

– zum aneren gin fir d’Entreprisen nei Ureizer geschafen , fir hir Aktivéiten emwëltfrendlech an op eng nôhalteg Art a Weis auszeriichten.

– D’Entreprisen gin doriwwer eraus incitéiert , fir verstärkt an d’Fuerschung ze investéiren- – Last but not least soll an der Liewensmëttelbranche e Régime matt Instrumenter an Methoden geschafen ginn, deen d’Traçabilitéit an d’Qualitéit vun der Produktioun verbessert, an d’Liewensmëttelsëcherheet weiderhin assuréiert. Dis Mesure huet d’Chamber an hirem Débat iwert Liewensmettelsecherheet och esou formuléiert.

Wann mir méi Innovatioun an den Betriber wëllen, da kommen mir net derlaanscht fir iwwert d’Intégratioun vun neien Informatiounstechnologien an de Betriber ze diskutéiren. An an disem Beräich kënnen mir duerchaus hei zu Lëtzebuerg vun eng gréisserer ?Success-Story? schwetzen.

Enger Analyse no, vun Ceps- Instead, gin et emmer méi letzebuergesch Betriber déi op déi nei Informatiounstechnologien virbereed sin.

Laut dieser Etude sin ronn 97 % vun éise Betriber informatiséiert,87 % vun de Betiber déi informatséiert sin, hun en Accès op den Internet,65 % vun de Betriber déi informatiséiert sin, hun eng Web Seit,28 % vun hinnen machen hir Akäf en ligne,16 % machen hir Vente en ligne.

Un diese Chiffren geseit een, datt mir op disem Terrain, fréier Retard’en méi ewéi wett gemacht hun. Et därf sech elo awer op kee Fall op disen Resultater ausgerout gin, well trotz dem Sprint vun deene leschte Joaren, as Letzbuerg nach net am europäeschen Spetzepeleton.

Wichteg awer fir den de Prozess ze beschleunigen an zr sécuriséieren, as, datt eng uniform Signature électronique, esou séier ewéi méiglech kënnt. An disem Kontext sief och nach ervirgehuewen, datt d’Chambre des Métiers mam Konzept ?e-handwierk? e performant Instrument an d’Liewen gerouf huet, waat déi kommunikativ an informativ Relatiounen matt den Clients’en, souwéi déi intern Gestioun nôhalteg verbessert.

Här President

Ech muss erem drop hiweisen, datt den Image vum Handwerk, an der Gesellschaft , mee notamment bei deene Jonken, muss opgebessert gin. Haten mir 1985 nach 1773 Léiermédercher-an Bouwen, sou hun mer der 2002 nach 1395. An de läschten Joare sinn, trotz Ustrengungen seitens dem Handwierk, eng 300 bis 350 Léierplaze pro Joar net besat ginn.

Den Image vum Handwierk als lëschten Auswee, no enger verpatzter schoulescher Carrière gëtt den Chancen, déi haut emmer nach am Handwierk leien, sëcherlech net gerecht, an helleft de part et d’autre, kengem weider.

Ech wees datt hei un engem Projet de Loi geschafft gett. Ech well och net méi all déi Virschléi déi ech schons zu disem Thema hei op der Tribün gemaacht hun, elo widerhuelen. Eleng wéinst der Tatsaach datt an diser, vu klammenden Chômagezuelen geprägter Zeit, -350 Léierplatzen net besaat gi sinn-, eleng dowéinst muss ech nach eng Kéier derfir plädéieren, fir d’Léier méi attraktiv ze machen.

Et gett do Méiglechkeeten am prakteschem Oflaaf, mee virun allem muss eng Léier finanziell gleichgestallt gin mam Mindestloun. Wéi gesoot Här President, ech well mech net emmer widerhuelen, mee all dis Virschléi hun ech schons en détail bei den Budgetsdiscussioune gemaacht, an ze sin och do no ze liesen.

En anert wichtegt Ueleies vun menger Interventioun sinn déi aarbechtsmaartpolitesch Moossnahmen, déi do sin, fir deene Leit ze hëllefen, déi kéng Arbecht hun, oder deenen ze hellefen, déi vvirun allem Schwieregkeeten hun, fir eng Arbechtsplaz ze fannen. Wann och d’Ziel vun dise Moossnahmen a kéngster Weis soll an därf a Frô gestallt ginn, sou stinn dis Mesuren, dach awer an der Schosslinn, well et virun allem un Transparenz bei der Gestioun mangelt.

D’Käschten vun disen Initiativen ginn zu 75% vum Fonds pour l’emploi gedroen ; déi aaner 25% gin vun deem ofgedeckt, deen d’Arbecht bestellt. Daat sin ganz oft d’Gemengen, also och d’öffentlech Hand.

D’Handwierkerfédératioun huet net fir d’éischt vun enger ?Concurrence déloyale? geschwaat. Wann am Ufank dovunner ausgaangen ginn ass, datt d’Envergure sech ging an engem raisonnablen Mooss halen, sou hun haut mettlerweil verschidden Initiativen, d’Envergure vun groussen Betriber ereecht. Klärungsbedarf iwwert den Wee vun engem entspriechenden Gesetz ass hei ugesoot. De Projet, fir deen ech den Här Biltgen ausdrecklech félicitéieren, as jo en Denschdeg hei déposéiert gin.

Vun den Zouschëss aus dem Fonds pour l’Emploi sollen och Privatbetriber elo profitéiren, déi Aglidderungs – an Eremaglidderungsmoossnahmen organiséiren. Si sollen a mussen deenen nämlechten Konditiounen a Contrainten ennerleien ewéi déi eenzel Beschäftegungsinitiativen se hun.

Disen Text soll doriwwer eraus och Kloarheet schafen, op sech den Iwwergang vun disem Arbechtsmoart op den éischten Arbechtsmaart iwwerhaapt vollzéit, well sech mëttlerweil verschidden Initiativen net méi als réng Beschäftegungsinitiative verstinn. Doriwwer eraus ginn et eng Reih vun Fäll, wou den Demandeur d’Emploi lédeglech zweschent denen eenzelnen Initiativen hin an hir wiesselt . An verschiddenen Fäll gëtt och net méi onbedéngt drop agewierkt, fir datt sech déi Betreiten um éischten Arbechtsmaart no enger fester Arbecht emkucken.

Hei muss d’Administration de l’Emploi an engem verstärktem Moos mat agebonne gin.

Ech wéilt an disem Kontext aus engem rézenten Artikel vum 9.Mé 2003 am Lëtzebuerger Land zitéiren, wou dis Problematik opgegraff gouf:

?Das Problem besteht aber darin, dass Objectif Plein Emploi abgesehen von dem sicher nicht unberechtigten Verweis darauf, dass die Alimentierung von Arbeitslosen für die Gesellschaft ebenso einen Kostenpunkt darstellt wie deren Beschäftigung in Projekten zum Gemeinzweck, an Analyse über den sinnvollen Einsatz öffentlicher Gelder nicht viel liefern kann. Und ob man mit dem Verzicht auf möglichst rasche Platzierung im ersten Arbeitsmarkt den Betreuten nicht etwas vormache, sie entferne vom Leistungsdenken þdraussen’, ist offenbar keine Frage: þWenn sich die Leute bei uns wohler fühlen als unter dem Druck draussen, wieso nicht?’ sagt Roby Biewer (senges Zeechens Direkter vum Objectif Plein Emploi).?

Ech denken datt mir eis mat diser Argumentatioun vum Initialziel, daat ech emmer nach ennerstetzen, dach awer zolid distanzéiren. Aus disem Gewurrels vun Inconnus’en muss sech elo e Gesetzestext erginn, deen en transparenten an sënnvollen Cader fir dis Beschäftegungsmoossnahmen duerstellt.

Här Präsident,Dir Dammen an dir Hären,

Ech denken datt et sëcher net vu Muttwëll ass, fir op d’Kapitel vun den Failliten zeréckzekommen Et ass en Thema, wou et grad am Kontext vun enger ugespaantener ékonomescher Laag der Wert ass, fir e weider am Ae ze behalen. Mir haten Enn Januar eng Interpellatioun, wou déi dräi concernéiert Ministeren en puer interessant Pisten opgezeechent hun, fir dise Phénomène an de Grëff ze kréien.

Am europäeschen Verglach steet Lëtzebuerg un der Spëtz vun den Failliten, déi an den meeschten Fäll virun allem désastréis Konsequenzen fir d’Créanciers’en an fir d’Salariés’en matt sech zéien.

Den Wirtschafts- a Sozialrôt huet an sengem Avis fir 2003 zur wirtschaftlecher, sozialer an finanzieller Laag vun der Natioun verschidden Moossnahmen opgezeechent, déi och schons zum Deel vun deenen dräi zoustännegen Ministeren an der Interpellatioun positiv opgegraff an bewert gi sinn.

– Waat d’Formatioun vun den Chefs d’entreprise unbelaangt, sou ass et onerlässlech datt si mussen iwwert eng zolid Basisformatioun verfügen. Ech si schons beim Droit d’Etablissement drop agaange. D’Formation continue vun dem Chef d’Entreprise spillt och hei eng séier wichteg Roll.

– Doriwwer eraus mussen déi Régelungen aus dem Gesetz iwwert den Handelsregester schnell applizéiert ginn, déi virun allem iwwert den berufflechen Liewenslaf eng ganz Reih vun Informatiounen liwweren können, an déi fir d’Appréciatioun vu engem Dossier duerch den Ministère eng wichteg Informatiounsquell duerstellen.

Den CES ass och der Meenung, daat d’Kapitalopstockung nemmen en zäitlechen Remède kann duerstellen, well se der Verschiddenartegkeet vun den Sociétéiten an den Entreprisen net emmer Rechnung droen. Dobäi kënnt, datt dis Suen oft schnell schmelzen, wann déi éischt finanziell Obligatiounen mussen ôfgedeckt ginn. Ech denken awer, datt den Justizminister Luc Frieden richteg läit, wann e plangt, fir d’Mindestkapital vun deenen enzelnen Gesellschaftsformen unzehiewen.

Et ass Kapital waat vun Ufank un libéréiert gëtt. Et ass mir och kloar datt dis Mesure an kéngster Weis en Universalmëttel duerstellt, mä ech denken datt et en gangbaren Wee ass fir verschiddenen Persounen, déi op eng onseriös Art a Weis Gesellschafte grënnen, fir deenen et méi schwéier ze maachen.

Ech denken doriwwer eraus, datt dem CES seng Propositioun fir eng Réserve immunisée d’impôts een gangbaren Wee opzeechent, fir Kapital ôfzesecheren, daat an der Haaptsaach fir Investiounen am Betrib affectéiert ka ginn. Dist giff sech virun allem fir d’PME’en ausbezuelen. Dis Réserve kéint sech z.B. op en Deel vum Bénéfice belaafen, an jährlech plafonnéiert sinn. Et ass evident, daat am Fall wou keng Investitiounen getätegt ginn, d’Reserve no 5 Joar erem muss opgeléist an besteiert ginn.

Ech hun et schon eng etleche Kéiere op diser Tribün ennerstrach, datt et vun grousser Wichtegkeet ass, fir d’Investissementskapassitéite vun de kléngen an mëttelere Betriber ze stäerken.

Déi immuniséiert Réserve hätt och den Virdeel, keen oder praktesch kee Steierausfall fir d’Staatskeesen ze bedeiten, well déi Zommen, déi investéiert ginn, souwisou iwwer Scholdzënse kenne ôfgeschriwwe gin, a well déi Réserven, déi no enger festgeschriwwener Zäit nët fir Investitioune gebraucht ginn, nees als rénge Benefiss déklaréiert an och besteiert ginn. D’Regiirung huet schon e puer Mol ugedeit fir esou eng Mesure – déi jo net nei ass, ech hu schons 1996 en long et large heibanne driwer geschwaat – a Betruecht ze zéien. Ech wier frou, an et wier secher wichteg fir éis Betriber, wann dis Steiermesure giff berücksichtegt gin.

– Doriwwer eraus musse mir éis Mettele gin, fir éischter ze mierke, wéini e Betrib a finanziell Schwieregkeete kënnt. Bei der Steierverwaltung a bei der Sécurité Sociale musse Clignotante ugoen, wann e Betrib a finanziell Schwieregkeete kënnt. Dis 2 Verwaltungen sin nämlech déi éischt déi mierke wann e Betrib a Schwieregkeete kënnt. Et as haut schons op Ufrô hin machbar, datt en Echange de Données zweschend deenen 2 Administratioune stattfennt.

– Doriwwer eraus soll d’Regiirung awer préiwen, fir eng informatiséiert Bilanszentral an d’Liewen ze roufen, déi virun allem am Kontext vun der Offenléung vun den jährlechen Konten eng gewiichteg Roll kéint spillen. Ech well och an disem Context, ass ee Betrib mol ees a finanzielle Schwieregkeete, net onbedengt méi vun enger Gestion controlée schwetzen, mee éischter vun enger Gestion assistée. Ofbau vun de Charges administatives, as a bleiwt mat Secherheet en Thema fir haaptsächlech déi kleng Betriber. Hei muss awer och de Secteur selwer mat Proposen kommen, wéi, wou an ennert waat fir engen Emstänn esou eng Réductioun soll stattfannen. Esou wéi mir haut diese Problem uginn an discutéieren, as dach awer e besselchen marginal.

Här Präsident,

Ech sinn um Enn matt mengem Tour d’horizon iwwert den Lëtzebuerger Mettelstand ukomm. Ech denken datt den Wirtschafts- a Sozialrôt eng ganz Reih vun gangbaren Pisten opgezeechent huet. Ech machen en Appell un d’Regirung, eis Betriber weider als en stabilt Fundament vun der Lëtzebuerger Wirtschaft unzegesinn, an hir Beméihungen, waat d’Innovatioun an den Esprit d’entreprise an eisen Betriber ugeet, weiderzeféiren an auszebauen.