Merci CSF

De Parteipräsident François Biltgen huert d’Wuert.

50 Joer gëtt et elo d’CSF. Wann een e Jubiläum vun enger Organisatioun feiert, freet een sech, woufir et zu dëser Organisatioun koum, wat se bruet huet, a wat se nach brénge soll.

Huet d’CSV eng Fraesektioun gebraucht? Op alle Fall. Well vru 50 Joer woren d’Frae kaum präsent an der Politik.

Et war also wichteg a richteg, de Fraen eng offiziell Stëmm an der Partei ze ginn. Grad esou wéi et richteg war, datt d’Virgängerin vun der CSV, d’Rietspartei 1919 fir d’Aféierung vum Fraewahlrecht gekämpft huet.

An et war richteg, datt grad d’CSV e Fraeministär geschaf huet.

Schlussendlech war et richteg, datt d’CSV geschlechterspezifesch Quote bei den interne Wahlen agefouert huet.

All dat ass och, a vun allem, de Verdingscht vun der CSF, déi ëmmer erem Drock gemeet huet fir zu enger eschter Paritéit ze kommen. Zu enger Paritéit, déi awer net blann ass, déi net männerfeindlech ass, mee déi oppen a konstruktiv ass.

D’Frae spillen haut eng aner Roll an der Politik, wéi viru 50 Joer. Si spillen eng wichteg Roll an der CSV. An dat ass gutt esou.

Dofir, Merci CSF!

Fränz BILTGEN

Parteipräsident