Interpellatioun vum Fraktiounschef Lucien Weiler zur Problematik vum Héichwaasser

De Wuertlaut vun der Ried vum Interpellant Lucien Weiler am Kontext vu senger Interpellatioun iwer d’Héichwaasserbekämpfung
Här President, Dir Dammen an Dir Hären. Ech hoffen datt d’Kolleege vun der lénker Säit hei net mat engem Problem vun Héichwaasser haut de Mëtteg ze kämpfen hunn. Ech wollt soen, Här President, dass ech am Oktober vum leschte Joer eng Aktualitéitsdebatt hei an der Chamber ugefrot hat iwwer d’Problematik vum Héichwaasser.

Zanter hier huet et ganz vill gereent. Ech wëll Iech dat soen an déi Leit déi domadder ze doen haten, déi waren net amëséiert. Fir déi Leit déi hei banne menge si missten elo scho mat Zwëscheremarquen hei fueren. Ech wëll soen, datt ech déi Aktualitéitsdebatt ugefrot hat, dass dunn eng Rei Leit hei aus dem Parlament, och Leit aus der Regierung déi Demande zimlech amëséiert opgeholl haten a si hu se relativ ironesch kommentéiert an deem Sënn wéi iwwert wéi een Héichwaasser wëll hien dann op eemol hei am Hiecht schwätzen? Abee, ech muss Iech soen, Dir Dammen an Dir Hären, déi Leit déi den drëtte Januar dëst Joer mat Hab a mat Gut am Héichwaasser gestanen hunn, déi ware guer net amëséiert. An deementspriechend denken ech dass et gutt war wa mer, ee Moment lues maachen an eis Gedanke maachen iwwer dat wat an deene leschten zéng Joer an der ganzer Fro vun dem Héichwaasser sech gedoen huet. Naturkatastrofen Här President, dat si Phänomener déi et weltwäit ginn, Europa. Mir hunn et de leschte Summer erlieft an Däitschland. Hei zu Lëtzebuerg kënne mer soen, dass mer u sech kënne frou sinn, dass mer “nëmmen” mam Problem vum Héichwaasser gehäit sinn. Mir haten es 1993 zweemol. Mir haten es 1995 a mir haten es am Januar 2003. Jo, mir haten dotëschent nach eng oder déi aner Kéier, mä et war awer net dass et an deenen dramateschen Ausmoosse war wéi zu deene Kéiere wou ech elo just genannt hunn. 1993 war mer voll iwwerrascht ginn. 2003 si mer och iwwerrascht ginn. Mä mir ware besser preparéiert wéi virun zéng Joer. Dat heescht mir hate geléiert aus deene leschten zéng Joer. Net nëmme mir. Dat heescht d’Regierung, d’Gemengen, mä och d’Bierger, jiddereen hat Zäit fir sech anzestellen. Mir ware besser preparéiert. Wat awer net wëll heeschen dass mer optimal preparéiert waren. Mir waren op verschidde Plaze gutt preparéiert, op anere Plaze ware mer manner gutt preparéiert. An dofir denken ech, sollt eemol versiche bëssen e Bilan ze maachen an ze kucke wou mer viru komm sinn a wou et gehapert huet. Ech wëll, Här President, keng Analyse méi maache vun den Ursaache fir déi massiv Iwwerschwemmungen. Et ass an deene leschten zéng Joer dack a vill driwwer diskutéiert ginn, vun de Klimaverännerunge bis zum Wierder, zur Zersiddelung , zu der Zoubetonnéierung, zu der landwirtschaftlecher Bewirtschaftung, villes sinn Ursaachen. Et ass keng Ursaach déi alleng heirunner Schold ass. Mä et ass wahrscheinlech am Zesummespill vun enger ganzer Rei vun Ursaachen déi haut net soll den Objet vu menger Demande sinn. Grad wéi et net drëm geet fir Schëlleger ze fannen. 1993 wéi mer fir d’éischt hei debattéiert hunn, hu verschidde Regierungsmembere gesot a si hate Recht domat, dass net d’Regierung an et sinn net d’Schäffen an d’Gemengeräit an et sinn déi Responsabel an et sinn net d’Autoritéiten déi Schold sinn. Schold ass virun allem dat wat ech virdru gesot hunn an an alleréischter Stell d’Wierder an et geet och net, Här President, fir eraus ze fanne wat mer da solle maachen a wat mer misste maache fir dass ni méi e Mënsch en naasse Fouss kritt wann et vill reent a wann et Héichwaasser gëtt. Den Inneminister huet déi leschte Kéiern an engem Interview gesot, absolute Schutz gëtt et an der heite Fro net. Dee gëtt et net. Dee kann et net ginn. Dee gëtt et net am Ausland. Hie gëtt et och hei bei eis net. Wat awer net wëll heeschen, Här President, dass mer eis net musse Gedanke maachen, wat ass an deene leschten zéng Joer, zanter datt mer dat éischt Héichwaasser haten. Mir haten es an deene leschten honnert Joer méi oft. Mä dat wat eis a wou mer interpelléiert gi si vun 1993 un, wat ass an deenen zéng Joer geschitt? Wat huet nach ze geschéien? Wéi eng Approchen hu mer gewielt fir der Problematik entgéint ze trieden. Wéi eng konkret Mesure si geholl ginn? Wéi war d’Zesummenaarbecht tëscht Stat, tëscht Gemengen, tëscht den Administratiounen? Wéi steet et mat dem finanziellen Impakt vun deene ganze Mesuren an ech wëll och Här President, ee Wuert soen iwwer d’Roll vum Stausee. D’Héichwaasser 1993 an 1995 hunn eis opgeschreckt. Ech hu virdru gesot, d’Regierung, d’Gemenge

n a mir sinn all gemeinsam forcéiert gi fir eis Gedanken ze maache fir Strategien ze entwéckelen, fir esou wäit wéi et méiglech ass dësem, dem Héichwaasser kënnen entgéint ze trieden. Et si global Strategien, et si regional a lokal Strategien an et sinn och punktuell Mesuren déi an d’Ae gefaasst konnte ginn an déi och an d’Ae gefaasst gi sinn. Et kënnt een net derlaanscht, wann een de Bilan an e bëssen zréck kuckt op déi lescht zéng Joer fir festzestellen, dass villes geschitt ass. Mä d’Héichwaasser vun dësem Joer huet bewisen datt och nach villes ze maache bleift. Den Inneminister huet viru kuerzem eng Kéier gesot, dass Héichwaasserschutzpolitik, dass dat net komportéiert kuerzfristeg en ?Accéonismus? , mä dass esou eng Politik begrënnt op Ausdauer an op Beharrlechkeet. Här President, ech deelen dës Meenung. Mä ech deele se och nëmmen zum Deel. Et gi selbstverständlech eng Rei vu Moossnamen déi an enger Héichwaasserschutzpolitik mussen ergraff ginn, déi selbstverständlech nëmme kënnen à moyen an hei ass se souguer à long terme ugeluecht ginn a konzipéiert ginn an och ausgefouert ginn. Moossname fir Flossbetter ze erweideren. D’Renaturéierungsmoossnamen, d’Réckhaltebecken, d’Zesummenaarbecht och, déi ganz oft sech komplizéiert Uleeg tëscht Stat, Gemengen, Verwaltungen, d’Interaktioun an den Aktiounen tëschent deenen eenzelne Gemengen, tëscht deen eenzelne Verwaltungen. Ech komme gläich drop zréck. Dat sinn Domainer déi kritt een net vun haut, oder Terrainen, déi kritt een net vun haut op mar beackert. Do muss ee wierklech e laangen Otem hunn. Do muss ee beharrlech virgoen. Do muss ee mat vill Leit, musse kënne matdiskutéieren. Vill Leit musse mateneen eens gi fir dass een en fin de compte zu konkrete Léisunge kënnt. Mä et ginn op der anerer Säit awer och, Här President, Moossnamen déi guer net esou vill Zäit verlaangen. Déi kënnen a méi kuerzfristegen Zäitraim ëmgesat ginn a wann een duerch d’Land fiert an ech huelen, ech fänken hei zu Walfer un, ech fueren iwwer Miersch, Ettelbréck bis op Reisduerf dorower an ech kucke mat u wat a villen Dierfer a Stied an deene leschten zéng Joer gemaach ginn ass u punktuelle Moossnamen, da gesäit een datt hei ganz villes geschitt ass. Datt hei och an enger Rei vu Gemenge wierklech de politesche Wëllen do war, op Grond vun deene Katastrofen déi se erlieft hu fir eppes ze ënnerhuelen. Bei deenen engen ass méi geschitt. Bei aneren ass manner geschitt.

Ech wëll hei haut keng präzis Beispiller opziele wéi deen een a wéi deen aner agéiert huet. Ech wëll keen hei en Pilori stellen. Ech wëll awer soen, zum Beispill, datt eng kleng Gemeng wéi Ierpeldeng, déi net vill Moyenen huet, finanziell Moyenen, dass déi virbildlech hei virgaangen ass a villes zréckgestallt huet un deem wat se hätt kënne maachen u positiven Aktioune fir hier Bierger. Alles dat zréckgestallt hu wou an er Buergermeeschteren a Schäfferéit et gäre maachen, si et zréckgestallt hu fir ze kucken, well de Problem bei hinnen am Akutste war fir hei Mesuren ze ergräifen an d’Bierger vun Ierpeldeng a virun allem vun Angelduerf déi konnten am Januar 2003 déi éischt Bënëfisser aus esou enger Politik zéien. Ech hu gesot, de politesche Wëlle selbstverständlech vu lokale Responsabelen. Mä awer och d’Fro vu Finanzen. An ech wäert e bësse méi spéit op déi Fro zréckkommen. Ech hu gesot Här President, et gouf muneches gemaach. An et soll een dat net ënnerschätzen. Et gouf muneches gemaach vu Säite vun der Regierung. Wann ech eleng kucken de finanziellen Appui, deen de Stat, d’Regierung bei deenen eenzelne Projete gëtt, dann ass dat net négligable. Dat ass substantiell, dat ass vill. De Stat huet hei seng Responsabilitéit iwwerholl a wa mer spéider hin nach eng Kéier op d’Fro vun de Finanzen zréckkommen, dat wäert ech Iech soen, dass ech denken dass mat deem bis zu fofzeg praktesch a ville Fäll e méi héije Prozentsaz, dass de Stat do esou wäit gaangen ass wéi ech mengen dass en hätt misste goen. Op e méi wäit muss goen, kann een driwwer diskutéieren. Ech géif mengen net. D’Fro vun de Finanze muss op engem aneren Niveau méi am Detail gekuckt ginn. Ech hu gesot, d’Regierung huet substantiell Effortë gemaach an de Finanzen. Si huet dat um reglementareschen Niveau gemaach. An dat war nach laang net ëmmer esou einfach fir d’Iwwerschwemmungsgebidder an 30 Gemengen auszeweisen. Wat vill Misère gemaach huet. Wou vill Leit net frou waren a wat och politesche Courage benéidegt huet fir.

D’Iwwerschwemmungsgebidder auszeweisen, wat ebe Leit déi op eemol hiren Terrain net méi an enger Bauzone leien hunn, wat keng Bauterraine méi sinn. Mä déi sinn net frou wann ech, hoffe just datt hei un d’Regierung a virun allem den Inneminister dem Drock deen nach ëmmer ausgeübt gëtt fir dann erëm hei an do Terrainen aus deenen doten Zonen eraus ze huelen, fir dass déi net eraus geholl ginn. Dass se dra bleiwen, well déi sollen déi ausgewise sinn, dat si sensibel Zonen. Dat si geféierlech Zonen a mir sollen net méi higoen an an esou Zone weider bauen. Um System vun der Préalerte ass geschafft ginn. Et ass villes gemaach ginn. Et ass villes investéiert ginn. Ech weess net Här President, an eng Fro un den Inneminister op dee System dëst Joer beim Héichwaasser zefriddestellend geklappt huet. Datt mer rapportéiert ginn ass vu Leit déi concernéiert waren, déi hu mer gesot dass op jidde Fall um lokale Plang d’Informatioun net ëmmer esou geklappt huet wéi se hätt misste klappen. Et missten an deenen eenzelne Gemengen Hot-Linen bestoen, wou d’Leit kéinten op der Gemeng uruffen, fir zu all Moment gewuer ze ginn a wéi enge Situatioune sech Rot kënnen huele bei deenen eenzelne Gemengen. Hei sinn net iwwerall nach esou e System ze fonctionnéieren. Ech hu gesot vum Stat aus ass villes geschitt um kommunale Plang och. Ech hu Beispiller genannt. Wann ee laanscht d’Uelzecht, laanscht d’Sauer, d’Musel ass e wéinegt anescht. De Problem, well, a meng Kolleege wäerten dorobber agoen. Den Här Clement an den Här Strotz. Well d’Musel eng Regioun ass déi scho méi laang mat der ganzer Fro konfrontéiert ass an de Problem sech do vläicht e wéineg anescht stellt wéi an deene Regiounen déi laanscht d’Uelzecht, virun allem laanscht d’Uelzecht a laanscht d’Sauer leien. Et bleiwen nach, Här President, dass ech d’Impressioun hunn, dass bei deene ville Mesuren déi vu staatlecher a kommunaler Säit an deene leschten zéng Joer op de Wee bruecht gi sinn an déi duerch d’Bank an ech kenne praktesch kee Beispill wat sech net justifizéiert hätt. Ech kennen och, an éischt substantiell Resultater hu mer jo och gesi beim Héichwaaaser vun dësem Januar, da weess ech awer net op et net awer heiansdo un enger globaler Strategie an deem Ganze feelt an dass ech net gesi wou, wat esou schéi genannt gëtt, eng multisektoriell Conceptioun d’Interaktioun tëschent eenzelne Politiken an eenzelne Beräicher, op déi ëmmer an iwwerall klappt. D’Regierung hat virun e puer Joer en Dokument ausgeschafft, wat vum Conseil de Gouvernement ugeholl ginn ass, wou et geheescht huet eng Strategie globale en matière de zone inondable, wou geschwat ginn ass vun enger Conception multisectorielle qui définit des principes visant une cohérence accrue des politiques sectorielles. Ech weess net Här President, an et ass och dat u sech bësse meng Fro un den Inneminister, a wéi wäit hei déi Interaktioun an dat vernetztent Denken a Schaffen tëscht Stat, Gemengen an eenzelne Verwaltungen, wéi datt dat ëmmer an iwwerall klappt. Ech ginn Iech e Beispill. Jidderee vun eis weess an ech hunn déi leschte Kéier an engem Interview vum Inneminister dat och gelies, et soll een alles ënnerloosse fir den Zoufloss vu Waasser a gefährdete Géigenden, fir deen Zoufloss net nach ze förderen. Or, wa mer zum Beispill feststellen, aus enger Ausschreiwung vun den Travaux publics, wou et geet ëm Terrassementsaarbechten tëscht Schieren a Steeën, wou nees 4.000 Meter Drainage gemaach ginn. ECG gesinn de Moment op wéivill Plazen hei am Land wou déi zoustänneg Verwaltung, Bauverwaltung, am gaangen ass laanscht d’Stroossen Griewer opzemaachen, Réier anzeleeën, Drainagen ze maachen, wou d’Waasser selbstverständlech vill méi schnell an déi méi déif geleeëne Géigende bruecht gëtt. Am Plaz dass hei natierlech Ofleef an d’Wise gemaach gi wou d’Waasser sech kéint natierlech versickeren. Dat kuckt terribel gutt dran. Ech hu mer dat déi lescht op e puer Plazen ugekuckt. Et gëtt just eng formidabel propper an anstänneg Aarbecht gemaach. Mä ech stelle mer awer d’Fro op se net kontra-produktiv ass, well do gi wierklech grouss Waassermassen

a méi déif geleeë Géigenden drainéiert, déi souwisou scho mam Problem ze doen hunn. Wat hëlleft also, wann een Duerf, eng Stad, wann déi sech all méiglech Mesuren hëlt géint d’Héichwaasser an op der anerer Säit hu mer eng Politik déi drop zillt oder eng Handhabung vun enger Verwaltung drop zillt fir d’Waasser méi schnell nach erëm op déi Regioun zouzekréien.

Ech wollt also d’Fro stellen un den, Här President, un den Inneminister wéi et hei ass mat der Interaktioun, mat der Zesummenaarbecht tëscht eenzelne Verwaltungen, wann et hei geet ëm d’Conceptioun vu Politiken déi vun deenen eenzelne Verwaltunge gemaach ginn a wéi wäit hei d’Zesummenaarbecht fonctionnéiert? Wou ass d’Stëmm vun dem Héichwaasser an deenen eenzelne Beräicher, an deenen eenzelnen Domainer, wou verschidde Politiken développéiert ginn? Här President, d’Zesummenaarbecht tëscht Stat a Gemengen, Aktionismus, laangen Otem, alles dat ass gesot ginn. Mä virun allem stellt sech an der ganzer Problematik och d’Fro vun der Gemengenautonomie. Den Inneminister huet de Gemengen e Katalog zoukomme gelooss am Joer 2000 mat ronn 30 Mesuren, déi kéinten ergraff ginn a kéinten utile sinn an eenzelne Situatioune fir hei Schutz ze bidde géint Héichwaasser. Ech stelle mer awer d’Fro, op allze vill an ech wëll do kengem vun de Lokalpolitiker ze no trieden, op allze vill Gemengenautonomie a grad just an dësem Beräich, net kann eng Brems sinn? Wann ee kuckt an der Praxis wéi et fonctionnéiert? Déi eng Gemengen déi viru ginn, déi eppes opzeweisen hunn, déi geschafft hunn. Anerer déi vill méi lues gaange sinn aus Grënn wat hier eege sinn, beim politesche Wëllen ugefaang, iwwer d’Finanzmëttelen och eraus. Et si Gemengen déi finanziell gutt gestallt sinn, déi hunn nach ganz wéineg ënnerholl. Et si Gemengen déi finanziell net esou gutt dru sinn, déi hu ganz vill investéiert heiranner. An ech muss Iech soen, dass ech fannen hei eng gewëssen Ongerechtegkeet och par Rapport a vis-à-vis vun de Bierger. Selbstverständlech huet jidder Bierger dee Schäffen- a Gemengerot dee se sech dohinner gewielt huet. Mä déi déi d’Chance hunn an enger Gemeng ze wiele wou et bësse gegaasst gëtt, wou och Courage an oft vill politesche Courage gebraucht gëtt an zu Ierpeldeng, der Gemeng Ierpeldeng war et net ëmmer einfach fir dee Schäfferot, fir déi Mesuren déi se geholl hunn, fir déi duerchzesetzen. Mä si hu se duerchgesat a si hunn haut d’Resultater. Während deems an anere Gemengen d’Bierger net kënnen haut profitéiere vun dem Service deen aner Gemengen, well se ebe méi aktiv waren, well se och ganz oft méi Geld haten a méi Méiglechkeeten hate fir eppes ze maachen. Et kënnt hei eng fundamental Ongerechtegkeet eraus, déi eng par Rapport zu deenen aneren. Leit déi 1993 am Héichwaasser mat Hab a mat Gut ënnergaange sinn, et sinn der ganz vill dovunner déi am Joer 2003 duerch punktuell Mesure vun hire Schäffen- a Gemengeréit an der Zesummenaarbecht mam Stat keen Héichwaasser méi haten. An anerer, obschonns net duerch laangotmeg Mesuren, méi duerch punktuell Mesuren op eenzelne Plazen hätte kënne verschount bleiwen am Joer 2003, no zéng Joer Experienz hunn awer dëst Joer erëm am Héichwaasser gestanen an do fannen ech, Här President, ass de Punkt ukomm wou mer eis mussen iwwerleeën op mer esou kënne weider fueren? Zéng Joer hu mer elo geschafft. Op eenzelne Plaze gutt, op anere Plaze manner gutt. Aus Grënn déi ech genannt hunn. Déi eng Grënn, déi aner Kéier déi aner Grënn. Politesche Wëllen, finanziell Mëttelen an an an… Ech stelle mer d’Fro dauert et nach eng Kéier zéng Joer? Op enger Rei vu Plaze bis datt déi Moossnamen, ech schwätzen elo mol nëmme vun deene punktuellen, net vun deene laangfristegen déi e laangen Otem brauchen. Mä vun deene punktuelle Moossnamen, déi kéinte villen eenzelne Bierger a ville Regiounen hëllefen. Op mer eis do net mussen en anere Wee an eng aner Strategie iwwerleeën an ech weess datt den Inneminister och an der heiter Fro mat vill Respekt vis-à-vis vun de Gemengenautonomie virgaangen ass. Mä Gemengenautonomie an dësem Beräich, ech sinn iwwerzeegt dass vill Gemenge bereet waren hei op en Deel Autonomie ze verzichten. Grad just an deem heitege Beräich. Dann op der enger Säit se insistéiert géifen a gehollef kréien a virun allem wann de finanziellen Aspekt géif besser klappen an dat féiert mech zu der Fro vun de Finanzen. Ech hat se virdrun ugeschnidden. De Stat leet a mengen Ae bei deene Prozenter déi bäigeluegt ginn, 50 Prozent an e

nge Fäll, 60 Prozent bis zu 80 Prozent bei de Pilotprojeten, fannen ech datt de Stat e substantiellen Effort hei mécht. Et bleift awer dass am Héichwaasserschutz alles, awer och alles wat ee mécht, fuerchtbar deier gëtt. A wann eemol higeet an et kuckt een déi Gemengen, déi effektiv Efforten hei gemaach hunn, fir eppes op de Wee ze bréngen, da gesäit een dass do Gemengen higinn déi bis zu engem Fënneftel vun den Excédent vun hire Recettes ordinaires op Dépenses ordinaires, well dat ass jo dat wat en fin de compte, wat interessant un enger Gemeng ass, wat bleift iwwereg wann ech meng normal Einnahmen an ech hu meng normal Ausgaben, wat bleift iwwereg, dat ass jo dat woumadder Politik gemaach gëtt. Wann ee gesäit dass d’Gemengen higi bis zu engem Fënneftel iwwer den Zäitraum vun zéng Joer investéieren eleng an d’Mesures anti-crues.

Fir Héichwaasserschutz ze maachen. Dat ass enorm vill. Aner Gemenge brauchen dat net ze maachen. Aner Gemengen déi net concernéiert si vum Problem an anerer déi et net wëlle maachen, déi investéieren a positiv Aktiounen, a Servicer déi se hire Bierger offréieren. Hei ass och e Service. D’Leit si frou wa se keen Héichwaasser méi hunn. Mä et ass awer net déi Politik déi virun allem ee Buergermeeschter oder ee Schäfferot mol interesséiert, vun am mol am Intérêt fir hire Bierger e positive Service, wou de Bierger kann dovunner profitéieren ze leeschten. Hei si Gemengen déi während iwwert zéng Joer e groussen Deel vun hiren normale Recette mussen zréckstellen an ouni de Bierger nei Servicer, nei Infrastrukturen ze leeschten, musse se higoen an de Problem vum Héichwaasser léisen. An deementspriechend fannen ech Här President, well mer et hei mat enger Fro ze dinn hu wat eng national Fro ass. Dat hei ass keng regional Fro. D’Waasser, ech huelen nëmmen ee Beispill erausgräifen, d’Waasser wat vun deem zoubetonnéierte Kierchbierg ofleeft an an der Attert an duerno an der Sauer an op anere Plaze lannt, dat, pardon an der Uelzecht an duerno an der Sauer lannt .

Wann ee gesäit hei, wéi eenzel Regioune mussen d’Waasser och vun anere Regiounen entgéint huelen, déi déi méi déif leien an déi an de gefährdete Gebidder sinn, si selbstverständlech déi mussen d’Waasser vun do hier huele wou et kënnt. Sou dass ech soen, dat hei ass eng national Fro. Et ass eng national Responsabilitéit déi spillt. Et kann net sinn, et si Gemenge selbstverständlech déi concernéiert sinn, déi selwer Feeler gemaach hunn. An duerch hier eege Feeler och. Där ginn et déi net opgepasst hunn an déi an Iwwerschwemmungsgebitter gebaut hunn. Déi musse selbstverständlech op en Deel vun där Responsabilitéit droen, mä et kann awer net sinn dass déi Gemengen déi ganz Responsabilitéit an de ganze finanziellen Impakt hei mussen droen. De Stat dréit säin Deel. An ech fannen do dernieft schonn déi eenzel Gemengen déi hei am schlëmmste concernéiert sinn, si solle selbstverständlech och well se Feeler zum Deel gemaach hunn, ee Pourcentage droen. Mä da bleift awer och een anere Prozentsaz. Dee fannen ech misst vun de Gemengen am Kader vun enger Solidaritéitsaktioun kënne gedroe ginn. Et kann net sinn, dass déi Gemengen déi en fin de compte mussen d’Waasser entgéint hunn, da kënnt jo net nëmme vun hinnen an et kënnt net nëmme vun hire Feeler, mä et kënnt vun iwwerall am Land hier, dass mer hei missten e bësse méi solidaresch ënnert de Gemenge virgoen. Ech géif mer wënschen, Här President, vum Sivicol ass leider keen hei, dass en mol géif am Sivicol eng Diskussioun ustoussen déi iwwer déi Fro vum Finanzement hei ze diskutéieren. Ech hu gëschter hei ganz genee nogelauschtert iwwer d’Fro vum Enseignement musical an dem Finanzement dovunner diskutéiert ginn ass a wou d’Fro komm ass national Obligatioun oder pardon, Obligatioun oder fakultativ. Mission facultative, mission obligatoire. Ech soen Iech hei, d’Fro vum Héichwaasser dat ass weder eng Mission facultative nach eng Mission obligatoire, mä et ass eng Mission facultative-obligatoire. Dir gitt net forcéiert vum Stat fir eppes ze maachen, mä Dir sidd awer forcéiert op Grond vun de Besoinen an der Noutwennegkeet an deem datt den Intérêt vum Bierger ass fir eppes ze ënnerhuelen. A well mer et hei ze doen hu mat Obligatiounen déi zwar net d’Gemenge vum Stat imposéiert ginn, mä déi sech par la force des choses fir dem Bierger de Service maachen datt hien net mat Hab a mat Gutt am Waasser steet, fannen ech dat et eng Fro ass wou de Finanzement de Stat säin Deel vum Finanzement, fannen ech an engem anstännege Mooss iwwerhëlt, mä dass deen aneren Deel vum Finanzement net alleng kann op deene Gemenge leien déi nun eben mol concernéiert sinn. Vill aner Gemengen hei am Land, et si jo vill Gemengen déi net mam Problem vum Héichwaasser betraff sinn, déi awer duerch de Fait eleng vun der Topographie a vun dem Agencement wéi se leien awer och dozou bäidroen, datt aner Gemenge musse mat där Fro eens ginn, fannen ech dass de Sivicol sollt hei an enger Solidaritéitsaktioun versichen, versichen an enger Diskussioun zesummen an ech géif den Inneminister bieden de Sivicol ze encouragéieren esou eng Approche ze wielen, well wann hei d’Gemengen iwwer zéng Joer esou eng Efforte musse maachen an aner Gemenge brauchen dat net ze maachen, dann ass et eng Fro vun elementarster Gerechtegkeet an et kann een déi heite Fro vun dësem Finanzement net vergläiche mat anere Froe wou et ëm. Neen, et kann ee se net vergläichen. Ech hunn d’Beispill vum Enseignement musical geholl. Dat si jo och falkelschsten Deel, facultative Missiounen déi eng Gemeng sech nun eben mol operleet wa se dat wëll maachen, da musse se och kucke wéi se eens ginn. Bei den obligatoresche Missiounen, do ass et um Stat, selbstverständlech wa se de Gemengen obligatoresch nei Missioune gëtt, muss de Stat och kucken an zesummen an an Diskussioune mat de Gemenge kucke wéi d’Finanzéierung dovunner ka garantéiert sinn. Mä wéi gesot, well et hei eng Missioun ass déi e bëssen aus dem Oridinairen eraus geet, fannen ech einfach datt d’Solidaritéit ënnert de Gemengen hei kéint villes maachen an eng Diskussioun am Kader vum Sivicol an ech wäert dem Pres

ident vum Sivicol wann e kënnt, soen dass ech mer géif virstellen datt een esou am Sivicol dat dote soll approchéiere fir e bësselche méi Solidaritéit hei ze kréien. Här President, ech gesinn, ech kréien awer Schwieregkeete mat der Zäit. Dofir wëll ech zwou Froen nach just uschneiden, Här President.

Här President, ech hunn also en Appel gemaach hei wat d’Finanzéierung ubelaangt, well dat eng wichteg an eng sérieux Fro ass an déi Gemengen déi concernéiert sinn an déi während zéng Joer ganz grouss Efforte gemaach hunn, vill Projeten an Infrastrukturen zréckgestallt hunn, well se forcéiert ware fir hei ganz substantiell Efforten ze maachen, dass et hei un der Finanzéierungsfro e bësselche méi Solidaritéit misst ginn an och kéint ginn an ech sinn iwwerzeegt wann am Sivicol esou eng Fro ënner der Tutelle vum Inneminister géif richteg abordéiert ginn, dass een hei kënnt Léisunge fannen. Et bräicht net enorm vill ze si wann een aus dem Fonds de dotation communal e klenge Prozentsaz géif erausbriechen déi kenger Gemeng u sech ënner dem Stréch géif en fin de compte wéi doen, woumadder ee kéint hëllefe fir an deene Gemengen déi am schlëmmsten an an deene sensibelste Regioune kënnt hëllefen, da mengen ech dann hätte mer eppes Konkretes fäerdeg bruecht. Ech wollt Här President, nach zum Schluss zwou Froe stellen, wat de Staudamm vun Esch-Sauer ubelaangt. Mir kenne seng Missiounen. Drénkwaasserversuergung, d’Regulatioun vum Waasserstand an d’Stroumproduktioun. Just wat d’Regulatioun ubelaangt, mir wëssen dass mer 1993 Problemer haten, esou wäit wéi ech weess sinn duerno bei deenen Héichwaasser déi mer duerno haten ni méi Problemer opgetaucht. Ech géif awer gäre wëssen, Här President, vum zoustännege Minister no wéi enge Virschrëften an no wéi enge Regelen haut bei der Staumauer verfuer gëtt. Wien assuréiert d’Gestioun do? Wee kuckt wéi héich zu wéi engem Moment den Niveau vun dem Waasser am Stau ass fir dass mer, wann ee Problem sech stellt a mir missten d’Kapazitéite fir Waasser zréckzehalen hunn, ween ass zoustänneg? Wéi fonctionnéiert dat? Gëtt all Joers a vu Saison zu Saison nei gekuckt. Ech wëll och wëssen, ween ass zoustänneg fir d’Sécherheet bei der Staumauer. Wéi wäit, mir hu vun, ech mengen et sinn eppes méi wéi zéng Joer hier wou mer déi Stabiliséierungsaarbechten un der Staumauer gemaach hunn, wéi gëtt déi, gëtt déi periodesch kontrolléiert? Gëtt déi iwwerwaacht? Ech denken net dass ee Problem do vun engem Accident géif bestoen. Ech sinn zimlech sécher datt dat ganz improbabel ass. Mä et muss een awer hei permanent de Contrôle maachen an dass fir Leit och gutt ze wëssen datt dee Contrôle vun der Sécherheet vun dem Stau, dass dee fonctionnéiert. Ee Wuert nach. Als Coproduktioun ubelaangt am Kader vun der Privatisatioun vun deenen hydroelektreschen Zentralen ass jo déi Stroumproduktioun déi zu Esch-Sauer gemaach gëtt an déi jo ganz minimal ass, da si ronn 0,5 Prozent vun der Consomatioun vun eise Besoinen déi do hiergestallt ginn, ass déi jo a privat Hänn iwwergaangen. Deementspriechend a wann ee weess datt de Waasserstand am Stau op der enger Säit jo en Niveau muss hu fir datt de seng Régulatiounsfunktioun ka maachen an op der anerer Säit awer och gewëssen Niveau muss hu wéinst der Stroumproduktioun. An do stellen ech mer d’Fro op et net ka sinn dass hei en Interessekonflikt kënnt wa mer elo eng privat Exploitatioun hei hunn déi Intérêt huet dass fir d’Stroumproduktioun den Niveau vum Waasser op engem gewëssen Niveau ass während deem s d’Régulatiounsfonktioun vum Stau awer géif gegebenen falls een aneren Niveau commandéieren. Dofir d’Fro speziell och well ech mengen dass an der ganzer Exploitatioun och vun der Stroumexploitatioun kee Kommodo besteet, no wéi enge Critère fonctionnéiert dat doten. Ween huet do d’Soen, wéi den Niveau vum Stau ass? Ass et, sinn d’staatlech Stellen déi kucke wéinst der Régulatiounsfonktioun, dass den Niveau gehale gëtt oder spillen och hei déi privat Intérête vun dem deen haut de Bedreiwer ass vun der Exploitatioun kënnen déi hei mat era spillen? Här President, dat waren zum Schluss zwou, dräi konkret Froen déi ech un den Inneminister wollt stellen. Ech wëll just ofschléissend soen, dass ech fannen ënner dem Stréch dass an zéng Joer vill geschitt ass, dass Stat, d’Regierung, d’Gemengen, eenzel Gemengen extrem vill opzeweisen hunn. Dass awer e ganze Koup Saachen ze maache bleiwen, dat virun

allem och punktuell Mesuren déi keng zéng Joer brauchen, dass där kënnen ee ganzen Koup op d’Schinn bruecht ginn an dass et net méi nach eng Kéier zéng Joer dauert bis och op anere Plazen, esou wéi et schonn op ville Plazen de Moment fonctionnéiert a gutt fonctionnéiert, dass och d’Bierger an anere Regioune vum Land kënnen dorunner profitéieren. Ech géif den Inneminister bieden hei eng Kéier eng concertéiert Aktioun och mat deene Gemengen, wou mer nach Problemer hunn a wou mer déi gréisste Problemer hunn, mat deene Gemengen ze ënnerhuele fir dass mer, dat wat mer am Joer 2003 erlieft hunn net am Joer 2013 nach eng Kéier mussen erliewen. Mir sollen eis nach ee Moment Zäit ginn, mä mir sollen awer och Gas ginn, wat déi punktuell Mesuren ubelaangt. Wat déi méi laangotmeg Mesuren ubelaangt, do géif ech d’Regierung bieden zesumme mat de Gemengen op deem Wee dee beschratt ass an deen och gutt leeft, wann ee gesäit wat alles geschitt ass, weider ze fueren. Mä wéi gesot an deene punktuelle Mesuren hätt ech gären a war ech frou wann dës Diskussioun kënnt dozou bäidroen dass mer do e bësselche méi schnell weider kéimen. Ech soen Iech merci.